Aktualität
D'Fro vum Dag: Firwat eng Informatiounscampagne vun der Regierung?
Veröffentlichung: 10-05-2005

D’Regierung huet decidéiert, eng breet ugeluechten Informatiounscampagne ze lancéieren, fir de Bierger zu Lëtzebuerg déi Verfassung fir Europa méi no ze bréngen.

All Bierger soll déiselwecht Informatiounsméiglechkeete gebuede kréien, fir dat hien deen Dag vum Referendum, den 10. Juli, "en toute connaissance de cause" sech entweder fir oder géint d’Verfassung ausschwätze kann.

D’Informatiounscampagne vun der Regierung liwwert faktuell Informatiounen, déi et dem Bierger erméigleche sollen, gudd virbereed an déi politesch Debatt eranzegoen, déi um Niveau vun der Chamber, vun de politesche Parteien an den Initiativen vun der Zivilgesellschaft gefouert gëtt.


Weitere Informationen


Letzte Änderung dieser Seite am : 10-05-2005