
Verfassung fir Europa
URL (Internet Adresse) : http://www.verfassung-fir-europa.lu/de/actualites/2005/05/11fro_vum_dag/index.htmlZurück zur Ursprungseite
Aktualität
D'Fro vum Dag: Gëtt et d’Verfassung fir Europa och op Lëtzebuergesch?
Veröffentlichung: 11-05-2005
Den Text vum Traité ass op europäeschem Niveau an offizieller Fassung an den 20 offizielle Sproochen vun der Europäescher Unioun disponibel. Dir fannt déi Texter am Journal officiel vun der Europäescher Unioun.
Vu datt Lëtzebuergesch keng offiziell Sprooch vun der Europäescher Unioun ass, ass den Text net op Lëtzebuergesch am Journal officiel publizéiert.
D’Lëtzebuerger Regierung stellt de Bierger den Text entweder op Däitsch oder Franséisch zur Verfügung. Dir kënnt iech eng Copie hei um Site eroflueden oder iech fir eng gebonne Copie vum Text u folgend Adressen wenden:
- Ministère des Affaires étrangères, Tél.: 478-2850, 6, rue de l’ancien Athénée, L-1141 Luxembourg
- Service information et presse du gouvernement, Tél.: 478-2181, E-mail: info@sip.etat.lu, 33, boulevard Roosevelt, L-2450 Luxembourg
Letzte Änderung dieser Seite am : 11-05-2005