
Verfassung fir Europa
URL (Internet Adresse) : http://www.verfassung-fir-europa.lu/de/actualites/2005/05/19fro_vum_dag/index.htmlZurück zur Ursprungseite
Aktualität
D'Fro vum Dag: Waat ännert d'Verfassung?
Veröffentlichung: 19-05-2005
D’Verfassung integréiert an engem eenzegen Text all déi bis ewell bestoend EU-Verträg.
Si beinhalt awer och wichteg Neierungen, déi den demokratesche Charakter vun der EU festegen an den institutionelle Fonctionnement vun der Unioun méi efficace a méi transparent maachen.
Zum Beispill:
- gëtt d’Charta vun de Grondrechter an der Verfassung verankert;
- ginn d’Instrumenter fir d’Gesetzgebung an den institutionelle Kader vereinfacht;
- gëtt d’Europäescht Parlament, zesummen mam Ministerrot Haaptgesetzgeber an der EU;
- ginn déi national Parlamenter an d’Gesetzesprozedur agebonnen;
- kréien d’EU-Bierger d’Recht, d’Kommissioun opzeruffen, en konkreten Gesetzesvirschlag an engem bestemmten Domaine ze iwwerhuelen an dem Conseil an Parlament ze proposéieren;
- gëtt en europäeschen Ausseminister geschaaft;
- gëtt den Europäesche Rot vun engem fir 2 an hallef Joer gewielte, permanenten an haaptberufflechen President geleet;
- kritt d’Europäesch Unioun eng juristesch Perséinlechkeet a kann domat am eenstemmegen Numm vun de Memberstaaten internationale Verträg bäitrieden;
- kréien d’Memberlänner d’Méiglechkeet aus der Unioun auszetrieden.
Weitere Informationen
Letzte Änderung dieser Seite am : 19-05-2005