Aktualität
D'Fro vum Dag: Huet Lëtzebuerg mat der Verfassung weiderhin eppes an Europa ze soen?
Veröffentlichung: 26-05-2005

Lëtzebuerg behält selbstverständlech seng Stëmmrechter an och säi Vetorecht am europäesche Ministerrot, esou wéi seng 6 Deputéierten en engem Europaparlament, dat un Afloss a Pouvoir gewënnt.

Eis Chamber gëtt mat dëser Verfassung direkt an den europäeschen Decisiounsprozess abezunn a kritt neierdéngs 6 Wochen Zäit fir all europäesche Gesetzvirschlag z’iwwerpréifen an och ze kontrolléieren ob d’Unioun hir Kompetenzen net iwwerschratt huet.


Letzte Änderung dieser Seite am : 26-05-2005