
Verfassung fir Europa
URL (Internet Adresse) : http://www.verfassung-fir-europa.lu/de/actualites/2005/05/27fro_vum_dag/index.htmlZurück zur Ursprungseite
Aktualität
D'Fro vum Dag: Ginn dem eenzelne Bierger seng demokratesch Rechter an der Unioun duerch d'Verfassung fir Europa gestärkt?
Veröffentlichung: 27-05-2005
All Bierger gëtt duerch den neien Afloss, deen d’Verfassung den nationale Parlamenter an dem Europaparlament gëtt, an der Unioun besser vertrueden.
Duerch de Prinzip vun der partizipativer Demokratie, deen an der Verfassung verankert ass, gëtt den Dialog tëschent den europäeschen Institutiounen an der Zivilgesellschaft gefërdert.
D’Bierger kënne sech och neierdéngs europawäit zesummendoen an der Commissioun e Gesetzesvirschlag virleeën.
Letzte Änderung dieser Seite am : 27-05-2005