Aktualität
D'Fro vum Dag: Fërdert d’Verfassung fir Europa de sozialen Dialog an de soziale Fortschrëtt ?
Veröffentlichung: 09-06-2005

D’Verfassung stäerkt d’Roll vun de Sozialpartner an der Unioun a fërdert de sozialen Dialog an Europa, virun allem duerch d’Unerkennung vum Tripartite-Sommet.

De soziale Fortschrëtt, d’sozial Gerechtegkeet an d’Vollbeschäftegung gehéieren zu den Haaptobjectiver vun der Unioun.

All Land, also och Lëtzebuerg, bestëmmt awer nach weiderhi seng Aarbechts- a Sozialpolitik.


Letzte Änderung dieser Seite am : 09-06-2005