[Verfassung fir Europa]
 Deutsche Fassung        
 

Chemin de navigation : Accueil > Froen an Äntwerten > Froen iwwert d'Verfassung
Imprimer cette page Envoyer cette page

Froen iwwert d'Verfassung

Wéi ass den Text vun der Verfassung opgebaut?

D’Verfassung ass opgedeelt an 1 Präambel, 4 Deeler mat 448 Artikelen, 36 Protokollen, 2 Annexen an 1 Acte final, deen 50 Declaratiounen beinhalten.

Fir weider Informatiounen:

Wat ännert d’Verfassung?

D’Verfassung integréiert an engem eenzegen Text all déi bis ewell bestoend EU-Verträg. Si beinhalt awer och wichteg Neierungen, déi den demokratesche Charakter vun der EU festegen an den institutionelle Fonctionnement vun der Unioun méi efficace a méi transparent maachen.

Zum Beispill:

  • gëtt d’Charta vun de Grondrechter an der Verfassung verankert;
  • ginn d’Instrumenter fir d’Gesetzgebung an den institutionelle Kader vereinfacht;
  • gëtt d’Europäescht Parlament, zesummen mam Ministerrot Haaptgesetzgeber an der EU;
  • ginn déi national Parlamenter an d’Gesetzesprozedur agebonnen;
  • kréien d’EU-Bierger d’Recht, d’Kommissioun opzeruffen, en konkreten Gesetzesvirschlag an engem bestemmten Domaine ze iwwerhuelen an dem Conseil an Parlament ze proposéieren;
  • gëtt en europäeschen Ausseminister geschaaft;
  • gëtt den Europäesche Rot vun engem fir 2 an hallef Joer gewielte, permanenten an haaptberufflechen President geleet;
  • kritt d’Europäesch Unioun eng juristesch Perséinlechkeet a kann domat am eenstemmegen Numm vun de Memberstaaten internationale Verträg bäitrieden;
  • kréien d’Memberlänner d’Méiglechkeet aus der Unioun auszetrieden.

Fir weider Informatiounen:

Wéini trëtt d’Verfassung a Kraaft?

Wa bis Enn Oktober 2006 all Memberlänner den Text ratifizéiert hunn, trëtt d’Verfassung den 1. November 2006 a Kraaft. Falls 2 Joer no der Ënnerschrëft op mannst 4/5 vun de Memberlänner zougestëmmt hunn, mee de Rescht Problemer mat der Ratifikatioun huet, befaasst sech den Europäesche Rot nach emol mat där Fro. An deem Fall bleiwen déi bestehend EU-Verträg a Kraaft bis d’Constitutioun en vigueur ass.

Fir weider Informatiounen:

Kann een d’Verfassung nach nom Akraafttrieden änneren?

Jo! Eng Ännerung vun der Verfassung ass och nom Akraafttriede méiglech.

D’Europäescht Parlament an d’Kommissioun esou wéi all Regierung vun den EU-Memberstate kënnen dem Ministerrot ee Revisiounsprojet virleeën, deen un den Europäesche Rot weidergi gëtt. Déi national Parlamenter ginn iwwert all Revisiounsprojet am viraus informéiert.

D’Verfassung gesäit e puer Revisiounsprozeduren vir. Déi normal Prozedur ass déiselwecht, déi beim Ausschaffen vun der Verfassung ugewandt ginn ass.

E Konvent gëtt convoquéiert, dee sech zesummesetzt aus Vertrieder vun den nationale Parlamenter, vum Europäesche Parlament an der Kommissioun esou wéi aus de Stats- a Regierungschefen vun de Memberstaten. Dëse préift de Revisiounsvirschlag, schafft am Konsens eng Empfehlung aus, déi si un eng Konferenz aus Regierungsvertrieder vun de Memberstaten weidergëtt. D’Konferenz muss dann den definitiven Text eenheetlech unhuelen, éier déi national Ratifikatiounsprozeduren ageleet kënne ginn.

Eng vereinfachte Revisiounsprozedur gesäit vir, dass den Europäesche Rot och ka verschidden Ännerungen eestëmmeg unhuelen, ouni eng Konferenz anzeberuffen. An deem Fall ginn d’Parlament an d’Kommissioun consultéiert. Dës vereinfacht Prozedur ka nëmmen ugewandt gi fir Decisiounen, déi d’Kompetenzen vun der EU net erweideren.

Firwat schwätze mer vun enger "Verfassung"?

Reng juristesch ass d’Verfassung en internationalen Traité, dee vu souveräne Staten ënnerschriwwe ginn ass. D’Europäesch Verfassung ersetzt also a kengem Fall eis national Verfassung, die hei zu Lëtzebuerg an all hieren Elementer onageschränkt a Kraaft bleiwt.

De Begrëff „Verfassung“ soll de konstitutionelle Charakter vun dësem Text verdäitlechen, mat deem sëch d’EU virun allem als eng Unioun vu souveräne Staten, déi déiselwecht Wäerter deelen, définéiert. An deem Sënn ass d’Verfassung och e wichtegt Symbol vu Fridden an Eenegkeet an Europa, deenen an de leschte 50 Joer en erfollegräichen europäeschen Integratiounsprozess virausgaangen ass.

Ersetzt d’Verfassung fir Europa eis Lëtzebuerger Verfassung?

Nee! Eis national Verfassung bestëmmt och weiderhin d’politesch Organisatioun vun eisem Land. D’Verfassung fir Europa soll de Kader an déi gemeinsam Wäerter vun der Unioun definéieren a wäert also en Bestand hun, deen mat deene jeweilegen nationale Verfassungen kompatibler ass. D’Verfassung gesäit och vir, dass d’national Identitéit an hier fundamental politesch a verfassungsrechtlech Strukture vun de Memberlänner respektéiert ginn.

Firwat brauche mer eng Verfassung?

D’Adoptioun vun der Verfassung no engem 50-järegen europäeschen Integratiounsprozess ass néideg, fir de Fonctionnement vun enger erweiderter Unioun an engem vereenegten Europa weiderhin ze garantéieren. D’Institutiounen an déi bestoend europäesch Traitésen hu missen adaptéiert a vereinfacht ginn. D’Verfassung versicht, deene Bedürfnisser gerecht ze ginn andeems se probéiert, d’EU an hierem Decisiounsprozess méi demokratesch, méi effizient a méi transparent ze maachen. Virun allem awer ass dës Verfassung e grondleenden Text, deen d’Europäesch Unioun als Wäertegemeinschaft definéiert, an hir eng gemeinsam Identitéit gëtt.

Fir weider Informatiounen:

Kritt de Bierger duerch d’Verfassung méi Rechter?

Jo! Bis elo hat den EU-Bierger scho verschidde Rechter, déi ausschliesslich duerch d’EU garantéiert waren, wéi zum Beispill d’Fräizügegkeet am Persouneverkéier, d’Recht bei EU-Wahlen ze wielen a gewielt ze ginn, asw.

Mat der Verfassung ginn verschidden aner Rechter, déi bereits existéieren, mee nach net an engem eenhetlechen, rechtlech bannenden EU-Kader verankert waren, garantéiert. Esou ass elo d’Charta vun de Grondrechter an d’Verfassung intégréiert.

Dës Charta garantéiert op europäeschen Plang eng Rei vun elementare Rechter: Gläichheet tëschent Mann a Fra, d’Recht sech ze bestueden an eng Famill ze grënnen, asw. Am Ganze garantéiert d’Charta dem Bierger eng 50 Grondrechter.

De Bierger kritt iwwerdeems och d’rechtlëch Méiglechkeet, fir sech un engem konkreten Gesetzesvirschlag ze bedeelegen, andeems en d’Kommissioun, zesumme mat enger Millioun anere Bierger, bied, de Virschlag op den Instanzewee ze bréngen. Och ginn d’Debatten am Ministerrot ëffentlech gefouert, wann iwwert e Gesetzesprojet geschwat gëtt. Par ailleurs kritt de Bierger Accès op all Dokumenter vun den EU-Institutiounen.

Wat fir Critère muss e Land erfëllen fir Member vun der EU ze ginn?

Laut der Verfassung ass d’Unioun op fir all europäescht Land, dat déi gemeinsam Wäerter respektéiert a fördert. Dës Wäerter sinn am Artikel I-2 vun der Verfassung festgehal: de Respekt vun der Mënschewürd, der Fräiheet, der Demokratie, der Gläichheet, dem Rechtsstat souwéi de Mënscherechter an de Rechter vu Mënschen, déi zu enger Minoritéit gehéieren.

Sinn d’Annexë vun der Verfassung obligatoresch?

Un d’Verfassung annexéiert sin 36 Protokollen, 2 formell Annexen a 50 Declaratiounen. D’Protokollen an d’formell Annexë si juristesch bannend a gehéieren zum Text vun der Verfassung. D’Declaratiounen dogéint net, si hunn awer e politesche Wäert a kënnen och heiansdo vu grousser Bedeitung bei der Interpretatioun vum Text sinn.

Fir weider Informatiounen:

Kritt d’Unioun eng juristesch Perséinlechkeet a wat heescht dat?

D’Verfassung deelt der Unioun eng juristesch Perséinlechkeet zou. Bis elo hat se déi net, just d’Europäesch Communautéit an d’CECA haten se. Dat gëtt der Unioun eng verstäerkte Roll op internationalem Plang an erlaabt, falls néideg, eng eenheetlech Vertriedung vun der Unioun bei internationalen Organisatiounen oder Verhandlungen am Fall wou iwwert d’Kompetenzberäicher vun der Unioun geschwat gëtt.

Wat geschitt mat den Direktiven, Reglementer, asw.?

D’juristesch Instrumenter gi vereinfacht. Während d’Unioun bis elo 36 Zorte vun Instrumenter zur Verfügung hat, fir hir Decisiounen ëmzesetzen, limitéiert d’Verfassung déi Instrumenter elo op 6 Zorte vun Akten: d’Gesetz, d’Kadergesetz, d’Reglement, d’Decisioun, den Avis an d’Recommandatioun (Artikel I-33). Déi zukünfteg Gesetzer (fréier Reglementer) sinn direkt applicabel an all EU-Land, ouni dass se mussen an nationalt Recht ëmgesat ginn. D’Kadergesetzer (fréier Direktiven) fixéieren d’Ziler déi mussen erreecht ginn, mä musse vun de Memberlänner mat hinne fräigestallte Mesuren zilgerecht ëmgesat ginn.

Wat ass de juristesche Wäert vun der Charta vun de Grondrechter?

Bis elo war d’Charta vun de Grondrechter, déi am Dezember 2000 zu Nice adoptéiert ginn ass, net an den EU-Verträg festgeschriwwen. Duerch d’Verankerung an der Verfassung kritt se eng constitutionnell Valeur. Wann d’Memberlänner den Text vun der Verfassung ratifizéiert hunn, sinn d’Rechter, déi an der Charta garantéiert sinn, vis-à-vis vu Mesuren vun den europäeschen Instanzen a vis-à-vis vun Ëmsetzungs-Mossnahmen vun de Memberlänner aklobar.

Wat geschitt, wann d’Verfassung an engem oder méi EU-Memberstaten net ratifizéiert gëtt?

Falls zwee Joer no senger Ënnerzeechnung nëmme 4/5 vun den EU-Memberstaten de Vertrag iwwert eng Verfassung fir Europa ratifizéiert hunn, befaasst sech den Europäesche Rot mat dëser Fro.

Fir weider Informatiounen:

Wat ass eng "qualifizéiert Majoritéit"?

Am Ministerrot an am Europäesche Rot ass all Land duerch seng Ministeren bzw. säin Staats- oder Regierungschef vertrueden. En fonction vu senger demographescher Gréisst huet all Land awer net déiselwecht Stëmm, mä kritt nom Prinzip vun der Ponderatioun eng gewëssen Unzuel vu Stëmmrechter vum Traité zougedeelt. Lëtzebuerg huet am Rot 4 Stëmmen, Däitschland, Frankräich, Italien a Groussbritannien hunn der jeweils 29.

Vum éischten November 2009, ersetzt d’Verfassung den aktuellen, relativ komplizéierte System vun der qualifizéierter Majoritéit duerch eng méi einfach Decisiounsmethod vun der duebler Majoritéit. An dësem System ginn d’Decisiounen mat enger duebler Majoritéit vu respektiv 55% vun de Memberstaten a 65% vun der Populatioun vun der Unioun ugeholl. An dësem System kritt also all Land zwee Stëmmen: eng Stëmm, wou de Prinzip vun der Gläichheet tescht de Memberstate gëllt, an eng zweet Stëmm, wou de Prinzip vun der demographescher Ponderatioun gëllt. Am System vun der duebler Majoritéit ass eng qualifizéiert Majoritéit erreecht, wann 55% vun den EU Memberstaaten déi zesummen op mannst 65% vun der EU Bevölkerung représentéieren, sëch zesummen doen.

Fir eng Décisioun ze blockéieren, mussen sech op d’mannst 4 Länner, die zesummen 35% vun der Populatioun ausmachen, zesummendoen.

Fir wéi eng Decisiounen ass, laut der Verfassung, eng qualifizéiert Majoritéit néideg?

Duerch d’Verfassung gëtt d’Ofstëmmung mat qualifizéierter Majoritéit zur Regel. D’Berechnung vun dëser duebler Majoritéit orientéiert sech esouwuel un der Unzuel vun den EU-Memberstaten ewéi och um Niveau vun der EU- Bevölkerung.

Domainer, an deenen d’Decisiounen net méi eestëmmeg getraff musse ginn, mä wou mat der Verfassung eng qualifizéiert Majoritéit duergeet, sinn ënnert anerem d’europäesch Dimensioun vun der Asil- an Immigratiounspolitik, à l’exclusion also vun eventuellen nationale Quoten- a Contingentsbestëmmungen esou wéi verschidden Aspekter vun der Sozialpolitik.

D’Unanimitéit an d’Méiglechkeet fir en eenzelne Staat, eng Decisioun duerch säi Veto ze verhënneren bleiwt wieder bestoen, e.a. an der Aussen-, Sécherheets- an Defensepolitik an an der Steierpolitik.

Wat ass d’Positioun vum Europäesche Parlament zu der Verfassung?

Den 12. Januar 2005 huet d’Europäesch Parlament de Vertrag iwwert eng Verfassung fir Europa ugeholl a sech ouni Virbehalt fir seng Ratificatioun ausgeschwat.

De Rapport vu MM. Richard Corbett (PSE, UK) an Inigo Mendez de Vigo (PPE/DE, ES) iwwert deen Europadeputéierten mat enger grousser Majoritéit ofgestëmmt hunn, kann hei erofgeluede ginn: http://www2.europarl.eu.int/omk/sipade2?L=FR&OBJID=93192&LEVEL=3&MODE=SIP&NAV=X&LSTDOC=N

Wéi eng Roll spillt den zukünftegen President vum Europäesche Rot?

Seng Roll ass et, den Europäesche Rot ze presidéieren. An dësem Kader huet de President eng Koordinatiouns- an Animatiounsroll a muss och d’Impulser ginn, fir datt den Europäesche Rot als Decisiounsorgan efficace an transparent fonctionnéiert. Zesumme mam Europäeschen Ausseminister muss de President vum Europäesche Rot d’Unioun am Ausland op héigem Niveau representéieren, besonnesch wann et ëm d’Aussen- a Sécherheetspolitik geet.

Fir weider Informatiounen:

Wat gesäit d’Verfassung a puncto Europäesch Aussepolitik vir?

D’Aussepolitik vun der Europäescher Unioun berout op deenen selwëchten Prinzipien a Wäerter, déi zu hirer Ceatioun gefouert hunn: d’Demokratie, den Rechtsstat, d’Universalitéit an d’Indivisibilitéit vun de Mënscherechter an de fundamentale Fräiheeten, de Respekt virun der Mënschewürde, d’Prinzipien vun der Egalitéit an der Solidaritéit esou wéi de Respekt virun de Prinzipien, déi an der Charta vun de Vereenegten Natioune festgeschriwwe sinn, esou ewéi natierlech de Respekt vum Völkerrecht.

Decisiounen an aussepolitesch Froen gi weiderhin eestëmmeg am Europäesche Rot oder am Ministerrot geholl.

Eng Neierung stellt allerdings d’Schafe vum Poste vun engem Europäeschen Ausseminister duer. Dësen neie Posten bréngt mat sech, dass d’EU aussepolitesch, an Domainer wou d’Memberstate sech dat wënschen, duerch eng eenzeg Person representéiert gëtt, esou dass d’Unioun doduerch international u Visibilitéit gewënnt. Esou kann den Europäeschen Ausseminister z.B. am Numm vun der EU am Sécherheetsrot vun der UNO eng Ried halen.

Fir weider Informatiounen:

Wat ännert sech fir d’Presidence vum Ministerrot?

Baséierend op engem Rotatiounssystem, huet d’Presidence bis elo all 6 Méint gewiesselt. Esou ewéi Lëtzebuerg d’Presidence den 1. Januar 2005 vun den Hollänner iwwerholl huet, esou iwwerhëlt Groussbritannien ab dem 1. Juli d’Presidence vum Ministerrot fir déi nächst 6 Méint.

D’Verfassung gesäit vir, dass 3 Länner als sougenanntenen „team presidency“ am Kader vun enger Gesamtperiod vun 18 Méint, während jeweils engem Semester iwwert den (Minister)Rot presidéieren. D’Gesamtperiod vun 18 Méint ass als Koordinéierungskader geduecht a soll déi dräi betraffe Länner als Team fonctionnéiere loossen.

Den EU-Ausseministerrot gëtt allerdings vum Europäeschen Ausseminister presidéiert an den Europäesche Rot vun sengem gewielte Präsident.

Wäert den Europäeschen Ausseminister d’Ausseministere vun den EU-Memberstaten remplacéieren?

D’Ausseminister vun den EU-Memberstaten gi weder vum Europäeschen Ausseminister remplacéiert nach gi se him ënnergeuerdnet. All Land gëtt no baussen an am EU-Ausseministerrot weiderhin duerch säin Ausseminister representéiert, deen och déi national Intressie vertrëtt.  D’Europäesch Unioun gëtt allerdings, zumols wann et ëm Aussen- a Sécherheetspolitik geet, vum Europäeschen Ausseminister no baussen representéiert.

D’Verfassung gesäit d’Schafen vum Posten vun engem Europäeschen Ausseminister „à double casquette“ vir. Dësen ass Member am Ministerrot an Vize-Präsident vun der Kommissioun.

Am Rot besteet seng Hauptaufgab doranner, fir eng gemeinsam Europäesch Aussen- a Sécherheetspolitik auszeschaffen.

Als Kommissär ass e responsabel fir déi aussepolitesch Aktioune vun der Kommissioun.

Fir weider Informatiounen:

Wäerten d’Ambassadë vun den EU-Memberstaten duerch Delegatiounen vun der Unioun ersat ginn?

Déi national Ambassadë gi weder innerhalb der EU nach an Drëttstaten duerch EU-Delegatiounen ersat. D’Verfassung preciséiert, dass d’Delegatiounen an enker Zesummenaarbecht sti mat den Diplomatesche Missiounen an de Konsulater vun den EU-Memberlänner (Artikel III-328).

D’Verfassung gesäit nieft dem Posten vun engem Europäeschen Ausseminister och nach d’Schafen vun engem Service européen pour l’action extérieure vir.  Seng Organisation a säi Fonctionnement ginn duerch eng Europäesch Decisioun vum Europäesche Rot definéiert.

Wéi genee kann d’Initiativrecht vun der Bevölkerung ausgoen?

Den Artikel I-47 vun der Verfassung gesäit vir, dass eng Million EU-Bierger aus enger „signifikativer“ Unzuel vun EU-Memberstaten d’Kommissioun obfuederen kënnen en bestëmmten Gesetzesprojet virzeleen.

Wivill Décisiounen gin vum Europaparlament mam Ministerrot nom Prinzip vun der Codécisioun geholl?

95% vun den Décisiounen gin vum Ministerrot a vum Europaparlament zesummen geholl. Am aktuellen System sin et der just 75% Et bleiwen Ausnahmefäll déi vun der Verfassung firgesin sin, fir d’Gesetzer an Kadergesetzer nëmmen vum Conseil, oder, méi rar, nëmmen vum Europaparlament adoptéiert ze loossen an net vun deenen zwee zesummen.

An der Aussen-, Secherheets- an Défensepolitik gett d’Europaparlament zwar informéiert, mee d’Décisiounen ginn vum Ministerrot oder dem Europäesche Rot getraff, wou d’Ministeren ennert der Kontroll vun hieren Nationalparlamenter ofstëmmen.

Wéi fonctionnéiert d’Prozedur vun der Codecisioun?

D’Codecisioun ass eng Legislativprozedur no där d’Europäesch Parlament zesumme mam Ministerrot Gesetzer kann decidéieren. Praktesch heescht daat, falls de Conseil d’Positioun vum Europäesche Parlament a senger eegener Positioun net consideréiert, kann d’Parlament d’Adoptioun vun der Gesetzespropositioun verhënneren.

Ass eng eenheetlech Europäesch Immigratiounspolitik virgesinn?

D’Verfassung gesäit eng gemeinsam Immigrationspolitik vir, déi op europäeschem Niveau eng besser a méi efficace Präventioun a Bekämpfung vun der illegaler Awanderung esou wéi vum Mënschenhandel soll garantéieren.

Fir d’Migratiounstréim kënne besser ze geréieren, ass eng gemeinsam Regelung fir d’Arrêts- an d’Openthaltsconditioune virgesinn. Dësweideren ginn d’Normen harmoniséiert, no deenen Visaen an Openthaltsgenehmegungen ausgestallt ginn. D’Verfassung garantéiert awer weiderhin all Land d’Recht festzeleen wivill Leit aus Drëttstaaten et op säin Territoire léist fir do eng Aarbecht ze sichen.

Déi gemeinsam Immigratiounspolitik definéiert och d’Rechter an d’Fräiheeten vun de Statsbierger aus Drëttlänner, déi sech regelmeesseg an engem EU-Memberstat ophalen, esou dass eng adequat Behandlung europawäit garantéiert ass.

Wat ass de Subsidiaritéitsprinzip?

De Subsidiaritéitsprinzip ass e Prinzip dee seet, dass d’Europäesch Unioun nëmmen dann ausserhalb vun hiren Exklusivkompetenze agéieren kann, wann d’Zieler déi ugestriewt gin um Niveau vun de Memberstaten nët ausreichend erreecht kënne gin mee, au contraire, besser op EU Niveau.

Ginn dem eenzelne Bierger seng demokratesch Rechter an der Unioun duerch d'Verfassung fir Europa gestärkt?

All Bierger gëtt duerch den neien Afloss, deen d’Verfassung den nationale Parlamenter an dem Europaparlament gëtt, an der Unioun besser vertrueden.

Duerch de Prinzip vun der partizipativer Demokratie, deen an der Verfassung verankert ass, gëtt den Dialog tëschent den europäeschen Institutiounen an der Zivilgesellschaft gefërdert.

D’Bierger kënne sech och neierdéngs europawäit zesummendoen an der Commissioun e Gesetzesvirschlag virleeën.

Huet Lëtzebuerg mat der Verfassung weiderhin eppes an Europa ze soen?

Lëtzebuerg behält selbstverständlech seng Stëmmrechter an och säi Vetorecht am europäesche Ministerrot, esou wéi seng 6 Deputéierten en engem Europaparlament, dat un Afloss a Pouvoir gewënnt.

Eis Chamber gëtt mat dëser Verfassung direkt an den europäeschen Decisiounsprozess abezunn a kritt neierdéngs 6 Wochen Zäit fir all europäesche Gesetzvirschlag z’iwwerpréifen an och ze kontrolléieren ob d’Unioun hir Kompetenzen net iwwerschratt huet.

Wat seet d’Verfassung a puncto Educatioun a Recherche?

D’Memberlänner si weiderhi verantwortlech fir hir national Educatiounspolitik, déi duerch Uniounsprogrammer ergänzt a beräichert gëtt.

D’Verfassung fërdert duerfir europawäit, zesumme mat de Memberstaten, d’Léiere vun de Sproochen, d’Mobilitéit an den Austausch vun de Studenten (Erasmusprogramm), d’Upassung vun den Diplomer an der Dauer vun de Studien.

Si gesäit och d’Zesummenaarbecht vun den Universitéiten an en europawäiten Erfahrungsaustausch vun den Schoulsystemer vir.

Firwat brauche mir iwwerhaapt eng Verfassung fir Europa?

Mir brauchen eng Verfassung, fir datt dat méi grousst a vereentent Europa besser fonctionnéiere kann.

Mat dëser Verfassung kann Europa d’Aufgabe vun der Zukunft op sozialem, politeschem, wirtschaftlechem an ecologeschem Plang besser meeschteren.

Doriwwer eraus kënnt d’Verfassung den Erwaardunge vun de Bierger entgéint: méi demokratesch, méi transparent a méi biergerno.

Behält Lëtzebuerg mat der Verfassung nach seng national Identitéit?

D'Union respektéiert d'Gläichheet vun de Memberlänner esou wéi hir national Identitéit mat hire grondleeënde politeschen a constitutionnelle Strukturen. D'Fërderung vun der kultureller a sproochlecher Identitéit bleift eng national oder regional Kompetenz vun de Memberstaten. D'Union setzt sech als Zil, dës Aktiounen z'ënnerstëtzen. Och zu Lëtzebuerg ginn eis Sprooch an eis Kultur weiderhi vun den Awunner geprägt.

Fërdert d’Verfassung fir Europa de sozialen Dialog an de soziale Fortschrëtt ?

D’Verfassung stäerkt d’Roll vun de Sozialpartner an der Unioun a fërdert de sozialen Dialog an Europa, virun allem duerch d’Unerkennung vum Tripartite-Sommet. De soziale Fortschrëtt, d’sozial Gerechtegkeet an d’Vollbeschäftegung gehéieren zu den Haaptobjectiver vun der Unioun. All Land, also och Lëtzebuerg, bestëmmt awer nach weiderhi seng Aarbechts- a Sozialpolitik.

Ass ët richteg datt d’Verfassung fir Europa d’Immigratioun an der Unioun besser regelt ?

D’Verfassung gesäit gemeinsam Moossname fir eng europäesch Immigratiounspolitik vir. Doduerch ass op europäeschem Plang eng méi coordinéiert a méi efficace Präventioun a Bekämpfung vun der illegaler Awanderung an dem Mënschenhandel méiglech. All Land kann awer selbstverständlech nach no der Aféierung vun der Verfassung d’Unzuel vun de legalen Awanderer op sengem Aarbechtsmaart selwer festleeën.

Huet d’Verfassung fir Europa en Impakt op eng méiglech Erweiderung vun der Unioun ?

D’Verfassung bestätegt dass d’Unioun op ass fir all déi europäesch Staten, déi d’Wäerter vun der Unioun respektéieren a sech engagéieren dës zesummen ze fërderen. Dës Wäerter sin : D’mënschlech Dignitéit, d’Fräiheet, d’Demokratie, d’Gläichheet, de Rechtsstat, d’Mënscherechter an d’Rechter vun de Minoritéiten. Eng weider Viraussetzung besteet doran festgeluete wirtschaftlech z’erfëllen. Ouni déi Wäerter a Critèren ze respektéieren, ka keen neit Land Member vun der Unioun ginn.

Kann duerch d’Verfassung fir Europa d’ Ëmwelt besser geschützt ginn ?

D’Verfassung mécht aus dem Emweltschutz en Haaptobjectiv vun der Unioun. Virun allem sinn de Schutz vun der mënschlecher Gesondheet an d’Erhale vun den natiirleche Ressource strategesch Ziler. D’Unioun wäert och weiderhin eng international Virreiderroll spillen, wéi zum Beispill am Kader vum Kyoto Protokoll. D’Union trëtt och weltwäit fir de Respekt vu wesentleche Prinzipien an, wéi de Prinzip vum "pollueur-payeur" oder de Precautionsprinzip.

Garantéiert d’Verfassung fir Europa d’Erhalen vun den nationalen ëffentlechen Déngschter ?

Fir d’éischte Kéier ginn d’Missiounen vun den ëffentlechen Déngschter duerch en europäeschen Vertrag unerkannt. Den Zougang zu dësen Déngschter ass eent vun de fundamentale Rechter vun der Charte. Et bleift un de Memberstaten fir mat all hire Mëttelen dofir ze suergen, datt déi ëffentlech Déngschter hir Missiounen erfëlle kënnen.

Gëtt déi organiséiert Kriminalitéit an Europa duerch d’Verfassung besser bekämpft?

D’Verfassung gesäit méi eng enk Zesummenaarbecht tëscht der Police, der Douane an de Geriichter aus de Memberstaten vir, fir den Terrorismus an déi grouss, grenziwwerschreidend Kriminalitéit, wéi de Mënschen- oder den Drogenhandel méi efficace ze bekämpfen. D’Kooperatioun fir d’Sécherung vun den Aussegrenzen gëtt verstäerkt, an domadden och d’Sécherheet an der Unioun.

Verstäerkt d’Verfassung de Fridden an Europa?

Europa, wéi mir et haut kennen, ass nom 2. Weltkrich gegrënnt gi fir de Fridden op eisem Kontinent an an der Welt  ze sécheren. Dat bleift och nach haut ee vun den Haaptziler, wou d’Unioun sech als Wäertegemeinschaft definéiert an identifizéiert. Laut der Verfassung muss all europäesch Politik, innerhalb an ausserhalb vun der Unioun, der Fërderung an der Sécherung vum Fridden dengen.

Wäert Europa mat der Verfassung elo aussepolitesch mat enger Stëmm schwätzen?

Am Beräich vun der Aussen- an Sécherheetspolitik gesäit d’Verfassung eng wesentlech Neierung duerch d’Schafe vum Poste vun engem europäëschen Aussenminister vir, deen an engems zum Vize-Präsident vun der Kommissioun ernannt gëtt. Hien präsidéiert an Zukunft den Ausseministerrot vun der Unioun, wou hien déi gemeinsam europäesch Aussepoliitk coordonnéiert a féiert. Dank senger duebler Fonktioun verschaaft en der Union méi Gewicht an der Welt.

Ass dës Verfassung a Marmer gemeesselt oder kann se nach no der Ratifikatioun geännert ginn?

Selbstverstandlëch kann d’Verfassung, esou wéi daat bei virrëschten europäësche Verträg den Fall war, geännert ginn. Bei grondleegënden Ännerungen, zum Beispill wann d’Unioun méi Kompetenzen kréie soll, gëtt ë Konvent an eng Regierungskonferenz aberuff. Manner déifgräifend Ännerunge ginn an enger vereinfachter Form vum Europäësche Rot ugeholl. An all Fall mussen déi national Parlamenter, dat heescht och eis Chamber, hiren Accord ginn.

Wat sinn d’Rechter vum Bierger an deem groussen Europa?

D’Charta vun de Grondrechter vum Bierger ass an der Verfassung fir Europa festgeluegt. Dës Charta leet eng Rei vu fundamentalen aklobare Rechter fest, wéi zum Beispill: de Respekt vun der europäescher Mënscherechtskonventioun, d’Meenungsfräiheet, de perséinlechen Dateschutz, d’Gläichheet virum Gesetz, d’Gläichheet vu Mann a Fra, d’Rechter vun de Kanner a vun den eelere Leit, souwéi sozial Rechter an d’Recht op Educatioun. D’Europäesch Institutiounen an all d’Memberlänner musse sech un déi Verpflichtungen halen.

D’Europaparlament sollt méi Pouvoir a méi Kompétenzen kréie. Gëtt d’Verfassung dëser Erwardung gerecht?

D’Verfassung fir Europa verstäerkt d’Roll vum Europaparlament, dat d’EU-Bierger vertrëtt. A bal alle Politikberäicher mussen esouwuel d’Europaparlament ewéi de Ministerrot gemeinsam zoustëmmen. Bis elo wor dat net de Fall. All nei ernannten europäesch Commissioun muss vum Europaparlament guttgeheescht ginn. D’Europaparlament übt och déi politesch Kontroll iwwert d’europäesch Commissioun aus, a kann hir Démissioun bewierken.

Ass et wouer datt d’Verfassung eng europäesch Arméi virgesäit ?

Neen, dat ass net de Fall. Déi gemeinsam Sécherheets- a Verdeedegungspolitik gëtt ausgebaut, fir dass d’Unioun zur internationaler Sécherheet a Friddenserhalung am Sënn vun der UNO Charta bäidroe a Konflikter op hire Grenzen vehënnere kann. D’Décisiounen an dësem Beräich ginn eestëmmeg ugeholl. Kee Memberland kann dozou gezwonge ginn, un enger militäresche Actioun deel ze huelen.

Steet och eppes iwwert d’Sozialpolitik an der Verfassung fir Europa ?

De solziale Fortschrëtt an d’Vollbeschäftegung sinn Haaptzieler vun der Verfassung. Och wann d’Sozialpolitik haaptsächlëch eng national Kompetenz bleift, ënnerstëtzt a kompletéiert d’Union mat alle Mëttelen d’Actioune vun de Memberstaten, andem si gemeinsam Strategien ausschaffen. Dëst verhënnert awer nët, datt all Land och weiderhi seng eegen, méi strikt Standarde festleeë kann.

Gesäit d’Verfassung eng europäesch Kulturpolitik vir?

D’Devis vun der Unioun ass "Vereent an der Diversitéit". De Memberen hir verschidden a villfältëg national a regional Kulture gi vun der Unioun gefërdert. Si ënnerstëtzt d’Aktioune vun de Länner, fir d’Erhalen an d’Promotioun vun hirem kulturellen a geschichtleche Patrimoine.

Wat steet an der Verfassung iwwert déi europäesch Entwécklungshëllef?

Mat der Verfassung huet sech d’Unioun och kloer Ziler a punkto Coopératiouns- an Entwécklungspolitik gesat. An dësem Gebitt ass Europa elo schonns weltwäit féierend. Déi europäesch Entwécklungshëllef leescht e fundamentale Bäitrag zur Bekämpfung vun der Aarmut an der Welt. D’Coopérationspolitik setzt sech weltwäit och an, fir de Prinzip vun der Demokratie an dem Rechtsstat ze fërderen.



Dernière mise à joude cette page le : 06-06-2005

Haut de page Haut de page