Hinweis:Ihr Browser zeigt diese Seite nicht korrekt an weil er Stylesheets nicht korrekt interpretiert. Dies ist wahrscheinlich auf die Nutzung einer alten Browserversion zurückzuführen.

 
[Verfassung fir Europa]
 Version française        
 

You are here : Startseite > Aktuelles > Juli 2005 > Erklärung des Premierministers Jean-Claude Juncker an die Bürger nach der Veröffentlichung der Ergebnisse des Referendums
Diese Seite drucken Diese Seite versenden

Aktualität
Erklärung des Premierministers Jean-Claude Juncker an die Bürger nach der Veröffentlichung der Ergebnisse des Referendums
Veröffentlichung: 10-07-2005

Nachdem die luxemburgischen Wähler sich mehrheitlich für die Verfassung für Europa ausgesprochen haben (56,52% dafür und 43,48% dagegen), machte Premierminister Jean-Claude Juncker die folgende Erklärung in luxemburgisch:

"D’Lëtzebuerger hu gewielt. Si hunn hier Meenung gesot, an si hunn hier Meenung däitlech gesot.

Si hunn se gesot an engem Moment, an deem Europa sech a kengem gudden Zoustand befënnt, well vill Leit sech froën, wou geet et hin, wat maache richteg, wat maache mer falsch? Ech si frou, datt d’Lëtzebuerger däitlech "Jo" zu Europa gesot hunn matt 56,52%. Ech hat gemengt, dat Resultat géif méi knapps ginn an Eenzelner hu gehofft, dat Resultat géif méi däitlech ginn. Elo musse mer matt deem Resultat, wat mer zesummen fäerdeg bruecht hunn, eppes ufänken, eppes heiheem ufänken, an eppes an Europa ufänken.

De Message, dee vun deem däitlechen lëtzebuerger Votum ausgeet, op de Rescht vun Europa, an de Rescht vun der Welt, ass datt deen europäeschen Verfassungsvertrag op der europäescher Dagesuerdnung bleift, datt nodeem zweemol "Nee" gesot ginn, an Frankräich an an Holland, d’Lëtzebuerger "Jo" gesot hunn, esou wéi ech dat gehofft hat, esou wéi ech dat och a wuessendem Mooss gespuert hat. A menger Usproch fir Nationalfeierdag hat ech gesot, d’Lëtzebuerger hätten sech – et war e bessen en gelungenen Ausdrock – bal ëmmer richteg geluecht. Si hunn sech haut richteg opgestallt fir d’Saachen heiheem richteg ze packen an fir d’Saachen an Europa ze packen.

Et hunn iwwer 56 – 56,52% - vun de Lëtzebuerger "Jo" gesot, et get och Lëtzebuerger déi "Nee" gesot hunn. Ech gréissen déi, déi "Jo" gesot hunn an soën hinnen merci. Ech weess, datt se fir hieren Vote Courage gebraucht hunn. Ech gréissen awer och déi, déi "Nee" gesot hunn. Och si hunn heinsdo Courage gebraucht, an och si brengen eppes zum Ausdrock, vun deem d’Politik gutt beroden wier wa se et giff ophuelen, obwuel et diffus ass, kontradiktoresch ass. 56,52% hui gesot, si wären matt deem Europa wéi et ass, a matt deem Europa wéi et sech ofzeechent, deem Vertrag, averstaanen.

An 43% hu gesot, entweder, datt se matt eenzelen Saachen vun deem Europa wat ass, net averstaanen wieren, oder matt eenzelen Saachen vun deem Europa wat kennt, net averstanen wieren.

D’Regierung ass d’Regierung vum ganze Land, a wann ech dat dierf esou soen, de Staatsminister probéiert zumindest Staatsminister fir d’ganzt Land ze sinn. Ech hätt gäeren - bei aller Zefriddenheet iwwert deen decken "Jo", wann ee vergläicht matt deem, deen a Frankräich war, do ass gesot ginn, 54% "Nee" wier en Erdbeben, wat ass dann 56% méi wéi 56% "Jo"? - ech hätt gäeren, datt mer eis elo rem zesummen fannen, datt mer déi Divergenzen, déi Differenzen, déi Nuancen, déi opgetrueden sinn an der Meenung vun de Lëtzebuerger, datt mer déi iwwerbrécken, fir zesummen rem eng Kéier 100% ze ginn.

Mir sinn e Vollék vun 100%."




Letzte Änderung dieser Seite am : 12-07-2005

Top Zum Anfang der Seite