Hinweis:Ihr Browser zeigt diese Seite nicht korrekt an weil er Stylesheets nicht korrekt interpretiert. Dies ist wahrscheinlich auf die Nutzung einer alten Browserversion zurückzuführen.

 
[Verfassung fir Europa]
 Version française        
 

You are here : Startseite > Froen an Äntwerten > Froen iwwert d'Kampagne
Diese Seite drucken Diese Seite versenden

Froen iwwert d'Kampagne

Firwat eng Informatiounscampagne vun der Regierung?

D’Regierung huet decidéiert, eng breet ugeluechten Informatiounscampagne ze lancéieren, fir de Bierger zu Lëtzebuerg déi Verfassung fir Europa méi no ze bréngen. All Bierger soll déiselwecht Informatiounsméiglechkeete gebuede kréien, fir dat hien deen Dag vum Referendum, den 10. Juli, "en toute connaissance de cause" sech entweder fir oder géint d’Verfassung ausschwätze kann.  D’Informatiounscampagne vun der Regierung liwwert faktuell Informatiounen, déi et dem Bierger erméigleche sollen, gudd virbereed an déi politesch Debatt eranzegoen, déi um Niveau vun der Chamber, vun de politesche Parteien an den Initiativen vun der Zivilgesellschaft gefouert gëtt.

Fir weider Informatiounen:

Wat genee beinhalt d’Informatiounscampagne vun der Regierung?

Der Regierung hir Informatiouns- a Sensibiliséierungscampagne baséiert op:

  • dësem Internet-Site, mat Äntwerten op déi Froen, déi Dir iech am meeschte stellt;
  • eng breet Diffusioun vum Text iwwert d’Verfassung fir Europa, op Ufro;
  • geschriwwent Informatiounsmaterial, ugefaang mat engem Depliant, den ëm Ouschteren un all Bréifboîte verdeelt gouf, an enger Broschür iwwert déi wichtegst Inhalter vun der Verfassung fir Europa, déi den 11., 12. an 13. Mee un all Haushalt verdeelt gëtt;
  • Annoncen an der geschriwwener Press a Spoten um Radio an op der Tëlee an am Kino an déi déi verschidden Aspekter vun der Verfassung duerstellen;
  • Den Dialog mam Bierger duerch eng Serie vu sougenannten Internetchaten vu Regierungsmemberen mat de Bierger.

Déi politesch Debatt gëtt an der Chamber gefouert souwéi um Niveau vun de Parteien, an duerch Initiativen um Niveau vun der Zivilgesellschaft.

Fir weider Informatiounen:

Wou kann ech eng Copie vum Traité kréien?

 Dir kënnt iech an elektronescher Form eng Copie vum dësem Site eroflueden.

Eng gebonne Copie kritt Dir op Ärer Gemeng an op folgend Ulafstellen, wou Dir een Exemplaire ofhuele kënnt:

  • Ministère des Affaires étrangères, Tél.: 478-2850, 6, rue de l’ancien Athénée, L-1141 Luxembourg
  • Service information et presse du gouvernement, Tél.: 478-2181, E-mail: info@sip.etat.lu, 33, boulevard Roosevelt, L-2450 Luxembourg
  • Chambre des députés; Tél.: 46 69 66-1
  • Commission européenne – Représentation au Luxembourg, Tél.: 43 01-34925, E-mail: burlux@cec.eu.int
  • Parlement européen – Bureau d’information au Luxembourg, Tél.: 43 00-22596 et 4300-22597

Fir weider Informatiounen:

Gëtt et d’Verfassung fir Europa och op Lëtzebuergesch?

Den Text vum Traité ass op europäeschem Niveau an offizieller Fassung an den 20 offizielle Sproochen vun der Europäescher Unioun disponibel. Dir fannt déi Texter am Journal officiel vun der Europäescher Unioun. Vu datt Lëtzebuergesch keng offiziell Sprooch vun der Europäescher Unioun ass, ass den Text net op Lëtzebuergesch am Journal officiel publizéiert. D’Lëtzebuerger Regierung stellt de Bierger den Text entweder op Däitsch oder Franséisch zur Verfügung. Dir kënnt iech eng Copie hei um Site eroflueden oder iech fir eng gebonne Copie vum Text u folgend Adressen wenden:

  • Ministère des Affaires étrangères, Tél.: 478-2850, 6, rue de l’ancien Athénée, L-1141 Luxembourg
  • Service information et presse du gouvernement, Tél.: 478-2181, E-mail: info@sip.etat.lu, 33, boulevard Roosevelt, L-2450 Luxembourg


Letzte Änderung dieser Seite am : 07-05-2005

Top Zum Anfang der Seite