D’Europäesch Verfassung ersetzt also a kengem Fall eis national Verfassung, die hei zu Lëtzebuerg an all hieren Elementer onageschränkt a Kraaft bleiwt.
De Begrëff "Verfassung" soll de konstitutionelle Charakter vun dësem Text verdäitlechen, mat deem sëch d’EU virun allem als eng Unioun vu souveräne Staten, déi déiselwecht Wäerter deelen, définéiert.
An deem Sënn ass d’Verfassung och e wichtegt Symbol vu Fridden an Eenegkeet an Europa, deenen an de leschte 50 Joer en erfollegräichen europäeschen Integratiounsprozess virausgaangen ass.
Copyright © Gouvernement luxembourgeois