[Verfassung fir Europa]
 Deutsche Fassung        
 

Chemin de navigation : Accueil > Actualités > Juin 2005 > Interview de Jean Asselborn au sujet du résultat du référendum néerlandais sur le traité constitutionnel (Radio 100,7)

Actualité
Interview de Jean Asselborn au sujet du résultat du référendum néerlandais sur le traité constitutionnel (Radio 100,7)
Publication: 02-06-2005

André Dübbers: Här Asselborn, 63% géint déi Europäesch Constitutioun. Dat ass de klore Verdikt an Holland. Wat sinn dann d'Ursaachen? Hunn hei och d'Attentater Fortuyn a Van Gogh gespillt?

Jean Asselborn: Ech sinn elo eréischt just an Amerika ukomm. Ech hunn déi Resultater, plakeg Resultater héieren. Dat ass natierlech däitlech, dat do. Wat d'Participatioun ugeet an och wat d'Resultat ugeet. Bon, ech mengen, dat Resultat do muss een och decoupléieren vun deem wat den 29. Mee a Frankräich geschitt ass. Well dat, wat sech elo an Holland zougedroen huet, dat huet ee gesinn sech entwéckelen an de leschte Wochen, an de leschte Méint. Bon, d'Hollänner hunn effektiv do eng kloer Sprooch geschwat. Et ass jo elo erëm ee Politiker do, deen e wéineg well an d'Fussstapfe komme vum Pim Fortuyn. Dee seet, mir waren zevill tolerant mat der Toleranz. Déi natierlech Liberalitéit, wann ech esou däerf soen, vun den Hollänner, déi gëtt de Moment duerch de Prozess do a Fro gestallt. Sécherlech spillen de Mord um Van Gogh an och dee ganze Phänomen Fortuyn mat doranner. Och hei ass, wéi a Frankräich, net op d'Fro geäntwert ginn. Et ass net drop geäntwert ginn, ob effektiv mir ee politescht Europa brauche mat enger Verfassung. Mä et sinn eben déi Gefiller, déi Ängschten, all déi Entwécklungen, déi schif gelaf sinn an der hollännescher Gesellschaft am leschte Joer, déi sinn hei vläicht erëm eng Kéier bei deem Referendum zum Virschäi komm an dofir ass dat Resultat och esou kloer.

André Dübbers: Mä wäert dann en zweeten negative Vote no Frankräich een Impakt och op de Lëtzebuerger Referendum kréien?

Jean Asselborn: Also, den 10. Juli, dat sinn ech iwwerzeegt, do kucke ganz vill Europäer, an net nëmmen Europäer, op äis. Mir an eisem Land géifen a mengen Aen richteg leien, wa mir géifen op d'Fro äntweren. An d'Fro ass: Brauche mir e méi staarkt, politescht Europa an der Zukunft? Fir matzespillen op engem Niveau, wou d'Amerikaner matspillen, wou d'Chinese matspillen an anerer. Lëtzebuerg ass duerch ee méi staarkt Europa ëmmer och méi staark ginn. Méi Europa bedeit och, datt Lëtzebuerg ëmmer konnt méi matschwätzen an Europa, wann net seng Gréisst gekuckt gëtt, well déi ass verschwindend kleng. Wa mir méi Europa erabruecht hunn an Europa, dann ass Lëtzebuerg ëmmer méi staark ginn an et hat ëmmer méi Gewiicht. Ech géif och mengen, datt mir wierklech, ouni d'Regierung oder eist Land oder déi vill Diplomaten, déi matschaffen un der Presidence wëllen zevill ze luewen, mä op villen Ecke vun der Welt gi mir consideréiert als eng Presidentschaft, déi bis elo déi Saach anstänneg gemaach huet. An ech ka mir net virstellen, datt d'Lëtzebuerger no där Presidentschaft dat Ganzt da kréine mat engem Nee. Ech sinn iwwerzeegt, datt mir den 10. Juli weise kënnen, datt een och kann op engem Land op d'Fro äntweren, op den Text, net op den innepolitesche Kontext. An dofir mengen ech, datt dat wat Frankräich sech ka leeschten, wat Holland sech elo geleescht huet, datt mir äis dat net solle leeschten. Mä datt mir wierklech op d'Fro äntweren, datt mir an eis Zukunft kucken an domadder och erëm den Dréi fäerdeg bréngen, datt déi Referenden, déi am Hierscht kommen, datt déi erëm ënnert engem vill méi positive Gesiichtspunkt kënnen dann och organiséiert ginn an och beim Resultat do gëtt gehofft, datt mir kënnen d'Wenn bréngen.

André Dübbers: Mä sollten d'Lëtzebuerger dann awer mat Nee stëmmen, wäert Dir dann demissionéieren, wéi een dat an der Noriichtenagence AFP konnt liesen?

Jean Asselborn: Also, ech hunn iwwerhaapt net mat der Noriichtenagence AFP geschwat. Dat ass eng Erfindung vun enger Journalistin oder wien et da gemaach huet. Ech denken net drun, wa géife Schwieregkeete kommen, datt een do géif, weder ech nach eis Partei, d'Bengele bei d'Tromm geheien. Esou eppes kënnt jo guer net a Fro.



Dernière mise à joude cette page le : 02-06-2005

Haut de page Haut de page