[Verfassung fir Europa]
 Deutsche Fassung        
 

Chemin de navigation : Accueil > Actualités > Juin 2005 > Interview de Jean-Claude Juncker au sujet du résultat du référendum aux Pays-Bas sur la Constitution pour l'Europe (RTL Télé)

Actualité
Interview de Jean-Claude Juncker au sujet du résultat du référendum aux Pays-Bas sur la Constitution pour l'Europe (RTL Télé)
Publication: 02-06-2005

Jean-Claude Juncker: Et ass eng ganz geféierlech Entwécklung, well et laut een ongenéierte Retour zum Nationalstaat an, et indiquéiert d'Tendenz a ville Länner, sech just mat sech selwer ze beschäftegen an net méi mat dem Noper. Dat ass eng geféierlech Desagregatiounsbewegung an Europa, déi sech natierlech virun allem op ville Plazen géint déi kleng Länner wäert auswierken, well mir dann net méi Verständnis genuch bei eise groussen Noperen op Dauer fannen, fir déi Problemer, déi mir hei hunn a vun deene mir der vill net selwer kënne léisen. Den hollänneschen Nee, méi nach wéi de franséischen, ass eng ganz schlecht Nouvelle fir d'lëtzebuergesch Zukunft wann déi Tendenz sech géif duerchsetzen.

Joëlle Hengen: Wat haalt Dir dann vun där Propositioun vum Wolfgang Schüssel, dee seet, einstweilen emol de Ratifizéierungsprozess auszesetzen, eng Informatiounscampagne ze maachen uerchter Europa an dann an deene 25 Länner deeselwechten Dag e Referendum méi spéit ze maachen.

Jean-Claude Juncker: Den Här Schüssel huet net gesot, datt een de Ratifizéierungsprozess soll aussetzen, mä e wollt um Schluss vun deemselwechten e kontinentale Referendum, wann ech dat kann esou soen, maachen. Ech fannen déi Iddi gutt, mä si daagt näischt. Well mir hunn eng national Verfassung, déi verschwënnt jo net mat der Aféierung vun enger Europäescher Verfassung oder mat Bléck op eng Europäesch Verfassung. An déi Verfassung schreift fir, datt d'Chamber, wa mir ee Referendum hunn, dann eben d'Chamber, nodeem d'Vollek geschwat huet, an d'Chamber muss sech, fanne mir, dorunner halen, dee Vertrag ratifizéiert. Mir musse mat enger Majoritéit vun de Leit hei am Land Jo soen. A wann eng Majoritéit vun de Leit Jo seet, da kënne mir déi Verfassung akzeptéieren. Wann eng Majoritéit vun de Leit Nee seet, hu mir se einstweilen net akzeptéiert an da musse mir kucken, wat mir maachen. Mä mir kënnen net, wa Lëtzebuerg dogéint stëmmt a 17 Länner stëmmen dofir a 60% vun der Bevölkerung stëmmen dofir, wësst Dir, mir hunn der net esou vill wéi déi aner, da soen, OK, elo hutt Dir fir äis decidéiert. Mir mussen, wann et ëm d'Zukunft vun de Lëtzebuerger geet, eis Decisioune selwer huelen.

Joëlle Hengen: Wéi ass d'Stëmmung dann haut an Europa bei Äre Regierungskollegen.

Jean-Claude Juncker: Miserabel.



Dernière mise à joude cette page le : 03-06-2005

Haut de page Haut de page