[Verfassung fir Europa]
 Deutsche Fassung        
 

Chemin de navigation : Accueil > Actualités > Juin 2005 > Jean-Claude Juncker confirme qu'il démissionnera de ses fonctions de Premier ministre en cas d'un "Non" au référendum du 10 juillet 2005

Actualité
Jean-Claude Juncker confirme qu'il démissionnera de ses fonctions de Premier ministre en cas d'un "Non" au référendum du 10 juillet 2005
Publication: 03-06-2005

Lors d'une conférence de presse au Luxembourg, le Premier ministre Jean-Claude Juncker a confirmé qu'il démissionnerait de ses fonctions en cas d'un "Non" luxembourgeois lors du référendum sur la Constitution pour l'Europe du 10 juillet 2005. Ce serait une "affaire de décence élémentaire vis-à-vis des électeurs luxembourgeois". "En cas de non, ce n'est pas au peuple de partir, c'est à moi de m'en aller... C'est ça la démocratie", a souligné Jean-Claude Juncker.

Ci-joint vous trouverez des extraits en luxembourgeois de la conférence de presse.

Den Vertrag zur Verfassung fir Europa: gudd fir Lëtzebuerg a gudd fir Europa

(...) "Nun hu mer den 10. Juli zu Lëtzebuerg ee Referendum an deem lëtzebuergesche Referendum kënnt eng extrem grouss Bedeitung zou.

Well dat ass deen éischte Referendum no deem Neen, deen et am Frankräich ginn ass an deen et an Holland ginn ass an dofir sti mer, dat mierkt ee jo och scho gutt, ënnert enger extremer europäescher a weltwäiter Observatioun.

Ech sinn nodrécklech nach ëmmer der Meenung - firwat wier ech dat net méi ? - datt dee Vertrag, dee mer ënnerschriwwen hunn, besser ass wéi dee Vertrag vun Nice an een Europa méiglech mécht, dat besser ka gi, wéi dat wat mer haut hunn, woubäi dat wat mer haut hunn, schonn net schlecht ass.

Dee Vertrag vun Nice - dat hat ech no der Ënnerschrëft vun deem selwechte gesot - war gutt fir Lëtzebuerg an e war net esou gutt fir Europa. Dee Vertrag dee mer elo ënnerschriwwen hunn, ass gutt fir Lëtzebuerg, en ass gutt fir Europa an en ass doduerch besser fir Lëtzebuerg, wéi dee Vertrag vun Nice, deen net gutt fir Europa, wann och gutt fir Lëtzebuerg, war. 

Mir hunn dee gréissten Deel vun eise Suergen an deem Verfassungsvertrag kënnen ënnerbréngen a mir hunn och, zesumme mat aneren, déi richteg Äntwerte kënne dorop formuléieren, ënner anerem am Beräich vun der Sozialpolitik, well de sozialpoliteschen Zouschnëtt vun deem Vertrag esou ass, datt e villes méiglech mécht, wat déi Verträg virdrun net erlaabt hunn, ënnert anerem déi Bestëmmung déi seet, datt all europäesch Aktioun, Initiative an Directive muss op hir Sozialverträglechkeet hinn iwwerpréift ginn, wat haut net de Fall ass. Dat war eng Positioun déi net am Konvent zréckbehale ginn ass, mä déi d’Regierungskonferenz zréckbehale huet, sou datt sozialpolitesch de Vertrag selwer méi wäit geet, wéi de Konvent gaangen ass, deen der Regierungskonferenz virgeschalt war.

Ech sinn also der Meenung, datt mer een eminenten Intérêt hunn, datt mer dee Vertrag zu Lëtzebuerg ratifizéieren, doduerch, datt mer d’Zoustëmmung vum Lëtzebuerger Vollek fir dee Vertrag kréien.

Charakter vum Referendum

Et gëtt nach ëmmer Onkloerheeten, wat dann ee Votum vum Lëtzebuerger Vollek als direkt Konsequenz huet, well ëmmer erëm geschriwwe gëtt, wat jo och richteg ass, datt laut eiser Verfassung de Referendum nëmme konsultative Charakter huet.

Ech wëll hei nach eng Kéier ganz däitlech soen, well ech ëmmer nach Bréiwer an déi Richtung kréien, déi dat a Fro stellen: wann d’Lëtzebuerger Nee stëmmen, ratifizéiert d’Chamber dee Vertrag net. Een Nee vum Lëtzebuerger Vollek zitt ee grad esou staarken Nee vun der Lëtzebuerger Chamber no sech.

Déi Virstellung d’Vollek stëmmt nee an d’Chamber stëmmt jo, ass eng falsch Virstellung. Dat ka mat Sécherheet net stattfannen. Wa mer awer wëllen, datt dee Ratifizéierungsprozess Chancë behält, wa mer méi ee staarkt Europa wëllen, wa mer een Europa wëlle wat sech net an den Nationalstaat zréckentwéckelt, wéi een dat am Frankräich an an Holland konnt gesinn, da gëtt et Ursaachen a grousser Zuel firwat, wéisou a firwat, datt d’Lëtzebuerger deem Vertrag sollen zoustëmmen.

Am Lëtzebuerger Interesse op europäeschem Niveau

Wann et beim franséischen a beim holläneschen Nee bleift a wa mer enges Dags, mä dat dauert nach, 7, 8, 10 Joer, erëm iwwert een neie Vertrag misste schwätzen, dee bei wäitem net kann esou gutt ginn, wéi deen deen ofgelehnt ginn ass, da kënnt et dee Moment drop un am richtege Lager an op der richteger Säit vun der Barrière gewiescht ze sinn.

Déi Lëtzebuergesch Interesse bei engem Iwwerdenke vun dem europäesche Verfassungsvertrag sinn honnertmol besser duerchzesetzen, wann d’Lëtzebuerger Vollek jo gesot huet zu dem Vertrag, hu keen eegent Gewiicht méi, wann déi Ausso vum Lëtzebuerger Vollek eng Nee-Ausso gewiescht wier.

Déi Lëtzebuerger Politiker déi dat enges Dags ze maachen hunn, wat ech scho méi laang elo maachen, nämlech Lëtzebuergesch Interessen an Europa duerchzesetzen, sinn enorm geschwächt am Fall wou dee Vertrag eng Kéier géif iwwerpréift ginn, wann de lëtzebuergesche Referendum schief gaange wier.

Wat dann elo mam franséischen a mam holläneschen Nee geschitt, dat gesäit een eréischt wann de Gesamtprozess ofgeschlosss ass. Wa méi wéi 5 Staaten nee stëmmen, ass et souwisou Schluss, dann hu mer iwwerhaapt keng Méiglechkeet méi, fir nach déi Verfassung a Kraaft ze setzen an do kënnt et op d’Meenungsäusserung an op d’Ofstëmmung vun all Vollek un.

Do sinn d’Länner gläich. Een ass esouvill wéi deen aneren. Mir sinn esouvill wéi d’Fransousen, mir sinn esouvill wéi d’Hollänner, mir sinn och esouvill wéi d’Spuenier, déi jo gesot hunn.

Dat muss jiddweree wëssen, deen den 10. Juli um Referendum deelhëlt an dofir kämpfen ech, wann déi Presidentschaft bis eriwwer ass - éischter ass dat nu wierklech net méiglech - mat aller Energie a mat aller Déterminatioun fir ee Jo vun de Lëtzebuerger zu deem Vertrag.

Dat ass ultra wichteg an et huet eng vital Bedeitung fir d’Positioun vun eisem Land an allen europapoliteschen Diskussiounen, Déliberatiounen an Décisiounen, vun deenen nächsten 20 Joer.

Mir géifen op eng durabel Aart a Weis eis Positioun an Europa schwächen, wa mer via Referendum dee Vertrag géifen zréckweisen an dofir wäert ech leidenschaftlech fir ee Jo vun de Lëtzebuerger kämpfen. Leidenschaftlech, ouni däer Verfassung do Méritten unzedichten, déi se net huet. Mä awer och andeem ech mech all deene populisteschen Tendenzen, déi och zu Lëtzebuerg sech hei Gehéier verschafen, an de Wee stellen, déi eis wëllen erklären, dat wat mer déi leschte 50 Joer an Europa gemaach hätten, dat wier alles falsch gewiescht, do wier näischt richteg dru gewiescht an et wier elo emol erëm un der Zäit fir all Fro och d’Basisfro nei ze stellen. 

Et gëtt keng geuerdnet Lëtzebuergesch Zukunft, wa mer eis net eng richteg Plaz an der Europäescher Unioun an an der europäescher Solidaritéit op Dauer verschafen an dofir musse mer jo stëmmen.

Demission vum Premierminister am Fall vun engem Nee zu Lëtzebuerg

An dofir sinn ech och e bësse verdrësslech driwwer, datt eng Ausso, déi ech gëschter gemaach hunn, an engem Gespréich mat de Kollege vun de Radioen, mëssverständlech verstane ginn ass oder vläit konnt verstane ginn, während ech gemengt hat, si wier net mëssverständlech. Dat war d’Fro: wat geschitt dann an der Lëtzebuerger Politik wann et een Nee ass.

Ech hunn am Dezember gesot, datt wann d’Lëtzebuerger géife mat Nee stëmmen, datt ech dann net wëllt Premier zu Lëtzebuerg bleiwen an ech hu gëschter erkläert, well dat ass jo d’Differenz tëscht deemols an haut, dat wier gewiescht wa Lëtzebuerg alleng géif nee soen.

Ech wëll haut präziséieren, dat gëlt an alle Fäll. Well ech gesinn d’Positioun vun eisem Land dauerhaft an dramatesch geschwächt an Europa an an aneren Zesummenhäng, wann d’Lëtzebuerger mat Nee stëmmen. Ech bleiwen also bei däer Ausso vun Dezember 2004, datt ech dann net gesinn, wéi ech kann d’Interesse vum Lëtzebuerger Land mat däer selwechter Iwwerzeegung an heiandsdo och mat deem selwechte Succès, leschten Enns, duerchsetzen wéi virdrun. 

Wann d’Lëtzebuerger, dat ass awer hir Décisioun, fannen deen europäesche Wee, dat ass net de Wee dee Lëtzebuerg sollt goen, dann huelen ech dat mat Respekt zur Kenntnins, mä ech ka mech dann net méi fir mäi Land esou asetzen wéi bis elo, well dann all Ressorte gebrach sinn, déi mer gehollef hunn, ëmmer dann an d’Lut ze kommen, wa mer eng staark Lëtzebuergesch Stëmm an Europa gebraucht hunn, fir eis Interessen a fir europäesch Interessen duerchzesetzen.

D’Fro ass, "Jo oder Nee, Lëtzebuerg an Europa"?

An dofir wollt ech dat just präziséieren, well jo jiddwereen dat elo kommentéiert huet, mat Ausnahm vu mir, wat ech dann eigentlech do gesot hunn, wat ech dovun denken, an ech wollt dat just präziséieren an der Hoffnung fir de Rescht, datt keen dee Referendum soll begräifen als eng Ofstëmmung iwwert "Jo oder Nee Juncker". Dat ass net d’Fro.

D’Fro ass, Jo oder Nee Lëtzebuerg an Europa. Mä ech hale vill dovun, trei, éierlech a brav de Leit ze soe, wat ee selwer denkt a wat ee mécht wann eng Majoritéit vun de Leit hei zu Lëtzebuerg anescht denkt. Ech halen dat iwwregens fir een urdemokrateschen Usaz.

Ech hunn déi Verfassung zesumme mat der Madame Polfer ausgeschafft, ech hunn se zesumme mam Här Asselborn ënnerschriwwen. Während dem Ausschaffen hunn ech mech beméit lëtzebuergesch Interessen an europäesch Interessen fest am An ze hunn, a wéi et drëm gaang ass fir se z’ënnerschreiwen, hunn ech mech gefrot, ass dat gutt oder ass dat schlecht fir mäi Land? An ech sinn der Meenung, datt et gutt ass fir mäi Land.

Wann d’Land selwer der Meenung ass et wier schlecht fir d’Land, jo da wëllt deen elementaren Anstand, de Respekt virun de Leit an engem Land a virun hirer Meenung, datt een dat seet. Wann Dir a sou enger kruzialer Fro, déi zukunftsbestëmmend fir Lëtzebuerg ass, net d’Saachen esou gesitt wéi Äre Premier, da kann et net d’Konsequenz draus zéien, datt d’Vollek muss goen, da muss ech goen. Dat ass, c’est la démocratie. 

A fir dann ze soen, dat ass een Erpressungsmanöver, dat ass jo ganz erstaunlech. Dat ass jo dat selwecht wéi wann ee virun de Wale seet, ech trieden no de Walen zréck, wann ech net méi gewielt gi sinn.  Mir mussen dach emol Verstand unhuelen an däer Fro.

Ech gesinn an Holland an a Frankräich ginn déi, déi do d’Geschécker vun de Länner féieren, kritiséiert well se net gesot hu se géifen zrécktrieden a well se sëtze bleiwen, well si sech méi wichteg fannen wéi hir Länner an zu Lëtzebuerg ginn ech kritiséiert, well ech soen, ma d’Leit gi vir an ech zéien d’Konsequenzen dodraus.

(...)

Mir sinn an der Demokratie an d’Demokratie huet Grondregelen. Ech ännere meng Meenung a substantielle Froen, déi Natioun betreffen an de Kontinent betreffen, net vun haut op mar, an dofir wollt ech, ouni engem ee Virworf doraus ze maachen, dat awer nach eng Kéier präziséieren.

Am Résumé

Am Résumé: déi Finanzperspektiven, wann ee se wëllt zum Ofschloss bréngen, bleiwen eng extrem schwiereg ze léisend Fro. Ech si gesamtpolitesch zur Opfaassung komm, datt d’Noutwendegkeet fir déi Finanzperspektiven unzehuelen, de Budget vu 7 bis 13, ze präziséieren no deenen negative Referenden, méi grouss ginn ass, well d’Onsécherheet an der Welt iwwert de Wee vun Europa wiisst a wa mer do nach eng Kéier et net fäerdeg brénge verstäerkt sech zu eiser aller Nodeel, och wirtschaftlech betruecht, déi negativ Impressioun déi Europa, wat säin Zukunftswee ubelaangt no baussen, vermëttelt huet.

Ech sinn no wéi vir der Meenung, datt et grad no dem franséischen an dem holläneschen Neen, al a gutt nei Grënn gëtt, fir d’Lëtzebuerger den 10. Juli hir Zoustëmmung ze ginn zu däer Verfassung.

Et ass wichteg fir d’Positionnement vun eisem Land an deenen nächste Joren a fir d’Stellung vun eisem Land an Europa.

An dat wat meng perséinlech Konsequenzen ubelaangt, déi ech ze zéien hunn aus dem Referendum, par rapport zu deem wat ech am Dezember 2004 gesot hunn, sech näischt geännert huet, mä ech d’Lëtzebuerger awer géif häerzlech drëm bieden net u mäi Schicksal ze denken, mä un hirt, wann se den 10. Juli stëmme ginn, da solle se jo stëmmen.



Dernière mise à joude cette page le : 03-06-2005

Haut de page Haut de page