[Verfassung fir Europa]
 Deutsche Fassung        
 

Chemin de navigation : Accueil > Actualités > Juin 2005 > Interview de Jeannot Krecké au sujet du traité établissant une Constitution pour l'Europe (RTL Background)

Actualité
Interview de Jeannot Krecké au sujet du traité établissant une Constitution pour l'Europe (RTL Background)
Publication: 11-06-2005

Francine Closener: A wéi scho gesot, de Wirtschaftsminister ass elo eisen Invité. Jeannot Krecké, gudde Mëtteg.

Jeannot Krecké: Gudde Mëtteg.

Francine Closener: Hutt Dir dann och schonn ee Plang B, wann d'Lëtzebuerger den 10. Juli mat Nee stëmmen? Demissionnéiert Dir dann? Oder sidd Dir wéi Äre Parteipresident, Alex Bodry, fir nei Chamberwalen?

Jeannot Krecké: Ech hu kee Plang B. Ech setzen op de Plang A. Ech gleewen nach ëmmer drun, datt mir et fäerdeg bréngen hei zu Lëtzebuerg och esouvill Iwwer­zeegungs­aarbecht ze maachen, esouvill Erklärungsbedürfnis wat do ass, och elo de Leit kënnen ze bréngen. Datt mir och hei zu Lëtzebuerg nach d'Adhesioun fir dee Vertrag do kënne kréien.

Francine Closener: Dat heescht, Dir gitt fest dovunner aus, datt d'Leit dann awer mat Jo stëmmen?

Jeannot Krecké: Ech ginn net fest dovun aus, mä ech liewe vum Optimisme de la volonté.

Francine Closener: An Dir hutt kee Plang B?

Jeannot Krecké: Ech hu kee Plang B. Wouzou soll ech dann ee Plang B hunn? Ech mengen, wann et souwäit ass, dann [gëtt ënnerbrach]

Francine Closener: De Premier huet jo och een.

Jeannot Krecké: Da wësst Dir méi wéi ech.

Francine Closener: Ma deen huet jo gesot, e géif demissionnéieren. Also esou kloer wëllt Dir Iech dann awer net äusseren.

Jeannot Krecké: Nee, ech kucke mir déi Resultater un an et muss een och kucken, firwat dann eventuell Nee gestëmmt gëtt. Ech stelle fest, datt hei eng Regierung dohinner gesat ginn ass, déi eng konfortabel Majoritéit huet an ech stelle fest, datt notamment och de Premier konfortabel gewielt ginn ass. Ech hunn net héiere bis elo an all deene Versammlunge wou ech war, datt d'Leit eng nei Regierung wëllten. An da soll een hinnen eng Äntwert ginn op dat wat se gär hätten. An net Äntwerte ginn, déi se net gefrot hunn.

Francine Closener: Wonnert et Iech dann, datt den Nee och hei am Land esou massiv zougeluegt huet?

Jeannot Krecké: Et wonnert mech net, datt en zougeholl huet opgrond vun deem wat ronderëm geschitt ass, datt en do zougeholl huet wonnert mech net. Den Ausmooss dovun iwwerrascht mech trotzdem e bëssche, muss ech soen.

Francine Closener: Et besteet jo keen Zweiwel, datt Frankräich an Holland also, datt den Nee an deene Länner en Afloss hat. Firwat huet een dann eigentlech net an deene 25 Memberstaate gläichzäiteg ofstëmme gelooss? Europawale si jo schliis­s­lech och deeselwechten Dag. Dat hätt jo net esou schwiereg kënnte sinn, oder?

Jeannot Krecké: Et ass net méiglech an engem Dag ofzestëmmen, well d'Länner jo Ofstëmmungsgewunnechten hunn, déi verschidde sinn. Eenzelner stëmmen ëmmer Donnesch­des of beispillsweis, anerer Sonndes. An dat wier also net méiglech gewiescht. Mä et wier gutt gewiescht, wann ee sech emol scho gëeenegt hätt, ob mir alleguer ee Referendum maachen oder keen e Referendum. Et mierkt een, datt jiddwereen seng eegen Aart a Weis huet virzehuelen. Ech mengen, vill Leit wëllen ëmmer, datt mir eng Staategemeinschaft bleiwen a jiddwereen och selwer kann decidéiere, wéi en dat mécht. Dat ass elo gemaach ginn, dofir ass d'Fro, firwat maacht Dir et net méi zesummen? D'Äntwert ass ganz einfach. Mir wëllen do eng Gradwanderung maachen, datt nach Staate bestinn, mä datt et eng Gemeinschaft vun deene Staaten ass a vun deenen Natiounen ass. An dat bréngt mat sech, datt déi eng heiansdo froe fir méi Saachen zesummenzemaachen an anerer frou wieren, wa mir manner géingen zesummemaachen.

Francine Closener: Dat ka mol an d'A goen. War et dann trotz allem an Ären Aen awer richteg fir ee Referendum ze maachen? Oder hätt een d'Vollek besser net gefrot an et wier een einfach iwwert d'Parlament gefuer wéi vill aner Länner eben och? Da wär jo sécher ee Jo erauskomm.

Jeannot Krecké: Wann Dir mech perséinlech frot, war ech éischter der Meenung, datt dat hei eng Matière ass, déi sech ganz schlecht prêtéiert fir ee Referendum. En 300-Säiten-Dokument, wat ganz komplizéiert ass, wat och nach Traitéen aus der Geschicht, alles mat eriwwerhëlt, wat eng onheemlech komplex Matière ass, dat ass menger Meenung no net gutt gemaach fir e Referendum. Ech mengen, et war zwar noutwënneg an dofir ass och hei zu Lëtzebuerg op eemol op dee Wee gaange ginn, fir d'Leit zu Rieds kommen ze loossen, schwätzen ze loossen zu Europa, well eis Europawalen falen ëmmer mat den Nationalwalen zesummen an dat bréngt mat sech, datt am Fong geholl déi Sujeten ni richteg opkommen. An et hat een och d'Bedierfnis, datt déi Acceleratioun vun der Geschicht, den Elargissement an dat alles, datt dat de Leit awer vill Suerge gemaach huet, kombinéiert mat engem anere wirtschaftlechen Ëmfeld wéi dat, wat mir nach virun 10 Joer haten, mengen ech, vill Ängschten huet. De Misère ass, datt een hätt missten iwwert déi Ängschte schwät­zen a vläicht net iwwert de Vertrag. Et hätt een dat vläicht éischter beim Elargissement kënne maachen, mä vu datt mir et do net gemaach hunn, hu mir et elo gemengt hei ze maachen. Bon, am Nachhinein ass een ëmmer méi schlau an et mierkt een, datt dat do komplizéiert war. Ech wëll och do net elo soen, deen ee war dofir, deen aner war dogéint. Ech war net frou driwwer, mä bon.

Francine Closener: Also, gesitt Dir schonn, dee Prozess ass eng Quittung fir eng Politik déi laanscht d'Leit leeft? Déi vläicht eng aner Sprooch schwätzen an d'Politiker vläicht och als allzevill arrogant eriwwerkommen?

Jeannot Krecké: Also, datt ech soll arrogant a menger Aart a Weis Politik ze maachen, sinn, dat iwwerloossen ech jiddwerengem. Ech hat d'Impressioun, ech wier dat net.

Francine Closener: Dat war elo net perséinlech fir Iech gemengt, mä allgemeng.

Jeannot Krecké: Ech wier och déif enttäuscht, wann een dat géing denken. An ech géing mech och gär mat deem zesummesëtze fir ze kucken, wou da meng Arroganz géing leien. Mä ech hat also net d'Impressioun, datt ech esou géing virgoen. Mä et ass richteg, datt ee Bedürfnis do war fir driwwer ze schwätzen, an datt Suergen do sinn. An datt een de Leit d'Geleeënheet gëtt fir driwwer ze schwätzen. Ech mengen, et ass och dee grouse positive Punkt vun deem Ganzen, nämlech, datt Europa mol een Thema ginn ass, datt Saache konnten opgeklärt ginn. Ech mengen, d'Leit wëssen no deem Debat hei vill méi wéi dat, wat se virdru wossten an et kennt een och d'Zesummenhäng vläicht e bëssche besser. An dat huet mat sech bruecht, mengen ech, datt och d'Leit méi frank a fräi gesot hunn, datt se eenzel Ent­wéck­lungen net gutt fannen. An ech fannen, dat ass och richteg, datt een dat ausdréckt. Ech mengen et ass un äis z’erklären wat un hire Kritike richteg ass an eisen Aen, also wat berechtegt ass. An eng Rei Saachen, muss ech awer soen, si guer net berechtegt.

Francine Closener: Mä vill Protester riichte sech jo géint eng wirtschaftsliberal Politik, déi d'Verfassung géif festschreiwen. Kënnt Dir dat dann novollzéien?

Jeannot Krecké: Ech kann novollzéien, datt d'Entwécklung, déi déi lescht 10 Joer war an déi äis bruecht huet an déi Situatioun, déi mir haut hunn. Mir kënne schwät­zen iwwert d'Aart a Weis, wéi d'Situatioun sech haut gëtt. Wéi Lëtzebuerg als klengt Land, wat net méi kapabel ass, selbstverständlech all Decisioune selwer ze huelen. An och Decisiounen nach kann huelen, mä déi awer null Effekt hunn. Wann ee weess, datt een haut a Konkurrenz steet mat jiddwerengem, weltwäit. Dat ass et virun 10, 15 Joer net ginn. Haut kann de Plang vun engem Architekt an Indien zäitgläich ausgeschafft ginn anstatt hei. Haut kann d'Comptabilitéit a Japan gemaach ginn, déi muss net hei gemaach ginn. Zäitgläich ass dat méiglech. Dat war net méiglech virun 10, 15 Joer. Mir hunn also en Ëmfeld, wat totat geännert huet. Mä wat net noutgedrongen eppes ze dinn huet mat Europa. Mä dat gëtt awer Europa elo zougeschriwwen. A fir elo ze soen, de Verfassungsvertrag, dee schreift dat fort – 1957, wéi mir ugefaang hunn, war et wierklech nëmmen opgebaut op wirtschaftlech Aspekter a ganz liberal Aspekter. A wat an dee Verfassungsvertrag awer hei era­kënnt, an dat schéngt awer elo wierklech guer net eriwwerzekommen, dat ass déi eenzeg Bremsen déi elo agebaut sinn, déi Sozialverträglichkeitsklauselen, déi iwwerhaapt elo mol kommen, fir d'Éischt säit 1957, déi sinn an dësem Vertrag. An et ass jo scho bal een Drama, datt elo dëse Vertrag dat ugehaange kritt, e wier neoliberal, während all déi Verträg virdrun, do war et richteg. Dat hei ass deen Eenzegen, deen emol eng Kéier d'Rad emdréint an deen anere Wee geet. Mä dat geet ganz an der Mass vun de Kritiken ënner.

Francine Closener: Et geet de Leit vläicht och einfach net duer.

Jeannot Krecké: Jo, et muss een awer och kucken. Mir si jo net eleng hei. An dat geet vläicht de Lëtzebuerger net duer. Mä et sinn och aner Länner, déi denken anescht doriwwer.

Francine Closener: De Fransouse geet et jo awer och net onbedéngt duer.

Jeannot Krecké: Jo, mä mir kommen awer och aus därselwechter Gemeinschaft, déi d’Membres fondateurs duerstellen. Mir hunn eng Entwécklung kannt, déi parallel gelaaf ass. Mir hunn eng laang Geschicht am Zesummeliewen. Anerer hunn eng ganz kuerz Geschicht am Zesummeliewen. Anerer, wéi d'Finnen, wéi d'Schweden, gesi beispillsweis den ëffentlechen Déngscht als Eppes ganz Anescht u wéi mir. Guer net ze schwätzen, wéi d'Griichen eventuell d'Wirtschaftspolitik gesinn. Dat ass e Risenënnerscheed ginn. An dofir ass dat hei ee Kompromiss, an et ass net dat, wat Lëtzebuerg eleng hätt wëllten eriwwerginn. Mir hätte méi sozial Verträglechkeets­klauselen, déi mir och schonn oft bruecht hunn, do eragewënscht. Mä dat hei ass ee Kompromiss. Wann een elo mengt, Lëtzebuerg eleng, ausserhalb vun Europa, géing dat besser fäerdeg bréngen, dat ass ee Riseniertum.

Francine Closener: OK. Mä et steet jo awer och fest, datt et ganz vill Ängscht ginn, déi och méi oder manner berechtegt sinn virun der Bëlleg-Konkurrenz zum Beispill aus deenen neie Memberslänner fir ee Loundumping, Ofwandere vun de Betriber, Chômage an esou weider. Wéi huelt Dir de Leit da gär déi Ängscht? Wa se emol net den Traité als dat ugesinn, wat Dir elo sot. Eng Garantie.

Jeannot Krecké: Dat kann een net. [Et ass] een Traité. Huet schonn een d'Lëtze­buerger Verfassung gelies a gekuckt, wat entstan ass vu Politik aus esou enger réck­stänneger Verfassung, wéi mir eng hunn? Ech soen dat esou, wéi ech et denken. Et ass eng ganz fortschrëttlech Politik komm, eng ganz fortschrëttlech. Eng ganz sozial Politik. Lies emol een eng Kéier, wat an deem Vertrag do bei äis drasteet, an där Verfassung, a wat mir doraus gemaach hunn. Esou ass dat och hei. Ech mengen, wa Saachen net gutt sinn, dann ass et net d'Schold vun den Traitéen eleng, dann ass et och d'Schold vun deem, wat gemaach ginn ass vun äis an der Europapolitik a mir hunn d'Verantwortung. Net den Traité. An dofir [gëtt ënnerbrach]

Francine Closener: An Dir kritt dann elo vläicht eben d'Quittung, eben.

Jeannot Krecké: Nee, et ass den Traité, deen d'Quittung kritt. A Lëtzebuerg kritt se eventuell par la suite. Mä ech hat jo verstanen, datt een ofgewielt gëtt vun de Lëtzebuerger well ee seng Saach als Lëtzebuerger Regierung net gutt gemaach hätt an der Europapolitik. Dat kann ech duerchaus verstoen. Ech kann et manner verstoen, wann déi Roserei sech just op een Traité auswierkt, deen nëmmen een Instrument ass a wou een dat Eent an dat Anert kann domat maachen. Also, dee beschte Beweis ass jo do. Mir hunn dat Eent an dat Anert fäerdeg bruecht. An déi Ängschten, déi elo do sinn, déi si berechtegt.

Mä elo viru kuerzem huet nach ee Politiker, deen dogéint ass, mir gesot: jo, mä dee Chômage hei zu Lëtzebuerg, dee klëmmt jo nëmmen an do ass Europa nu wierklech net kapabel, do eng Äntwert ze ginn. Majo, wat hu mir hei zu Lëtzebuerg? Mir sinn déi, déi schafen nach wéi vor sechs-, siwen-, aachtdausend Plazen d'Joer. Mir hunn ongeféier esou vill [Schafungen vun Aarbechtsplazen] wéi mir Chômage hunn. Oder loosse mir soen, mëttlerweil hu mir es e bëssche méi. Mir missten et also fäerdeg bréngen an engem Joer, dat jo dann ze resorbéieren. Mä de Problem läit jo net dodran. Mir schafen nach Aarbechtsplazen. Mir fueren och weider domadder. Mä mir liewen an enger Groussregioun, wou d'Leit wëlle bei äis kommen. An dee Succès, dee mir hunn, wat d'Leit jo vergiessen, ass datt mir ee Risesuccès hunn einfach hei zu Lëtzebuerg a mir sollen deen net futti maachen. Déi Leit wëlle jo bei äis schaffe kommen, well ee bei äis besser verdéngt, e bessert Sozialnetz huet, einfach besser opgehuewen ass. An dat muss ee sech dann awer emol duerch de Kapp goe loossen. Méi Europa vun 1957 aus un, wou mir zu sechs waren, bis haut huet mat sech bruecht, datt Lëtzebuerg ëmmer besser do stung. Ëmmer besser do stung. Firwat wëlle mir dat elo bremsen? Datt dat net ideal war, sinn ech mir voll bewosst. An datt dat als Konsequenz och hat, beispillsweis, datt mir Chômage hunn, dee relativ héich ass an dee mir Suerge mécht. Mä da musse mir d'Grenzen aféieren erëm. A wa mir d'Grenzen aféieren, kënne mir da wierklech eis Leit astellen, déi mir hunn? Mä wou gi mir dann eis Produkter an eis Servicer verkafen, wann d'Grenzen do sinn? Mengt Dir, déi aner wieren domat d'accord, datt mir bei hinnen alles géinge verkafen, awer just eis Leit dierfen dru schaffen? Esou geet dat do net. Da gi mir och näischt méi lass an da bleiwe mir op eise Palplanches sëtzen, an op eisen Trägeren an op eise Banken. Well déi liewe jo net vun deene 450 000 Konsumenten, déi mir hunn.

Francine Closener: Ee Reizwuert an där ganzer Diskussioun ass d'Bolkestein-Directive. Hand op d'Häerz, Här Krecké, déi kënnt jo awer esou oder esou?

Jeannot Krecké: D'Bolkestein-Directive kënnt mat Sécherheet net. Kënnt mat Sécherheet net.

Francine Closener: Gitt Dir do Äert Wuert?

Jeannot Krecké: Ech erkläre mech. Mir wäre frou gewiescht, Lëtzebuerg, wa se zréckgezugéif. Net well ech fannen, datt alles, wat do dra steet, net gutt ass. Et si ganz gutt Elementer dran. Et sinn Elementer, déi äis weiderbruecht hätten. Mä en ass politesch esou verfuer an esou verhonnst, datt een de Projet muss zréckzéien. D'Commissioun huet dat net gemaach. Wat maache mir elo? D'Commissioun ass déi Eenzeg, déi et kann zréckzéien. Mä d'Parlament, zesumme mam Conseil, kann hi­goen a Lëtzebuerg huet dat elo gemaach, probéieren deen Text ze verbesseren, Saachen erauszepuchen, aner Saache festzeschreiwen dran, datt ee seng Sécher­heet huet. An ech mengen, deen Text beonrouegt mech zwar e bësschen, datt elo d'Brite kommen, déi eng aner Optik hu wéi mir. Mir hu wierklech elo probéiert eng Verbesserung ze bréngen. Et ass elo mühsam fir doriwwer ze schwätzen, mä ech fuerdere jiddwereen op, dee géint déi Directive ass, awer elo mol ze kucken, wat Lëtzebuerg fäerdeg bruecht huet. A mir hu jo och ënner Lëtzebuerger President­schaft fäerdeg bruecht ze soen, deen doten Text kënnt net esou a Fro. Et ginn e ganze Koup Saachen erausgeholl a mir hätte gären eng Directive, déi déi Déngscht­leeschtungen emol eng Kéier géing regelen an net an där do Directive. Dat ass eise Beitrag. An dofir kënnt net Bolkestein, et kënnt eng ganz aner Directive Services, wa se kënnt.

Francine Closener: Déi net onbedéngt besser ass.

Jeannot Krecké: Déi ass wesentlech besser, soss kënnt se net.

Francine Closener: Sidd Dir sécher do?

Jeannot Krecké: Honnertprozenteg.

Francine Closener: Trotz där englescher Presidence?

Jeannot Krecké: Honnert Prozent sécher! Well och d'Englänner hu jo do net alles ze soen, mä de Problem ass, d'Presidentschaft ka Villes bewierken. Dat hu mir gemaach. An den Texter kann een et beweisen.

Francine Closener: Competitivitéit ass jo Tromp. Net just am europäeschen, mä och am nationale Kontext. Dir hutt an deene leschte Wochen a Méint e puer Aussoe gemaach, déi net iwwerall gutt ukomm sinn, zum Beispill iwwert den Index oder iwwert d'Bequemlechkeet vun de Lëtzebuerger. D'Patrone fannen dat zwar ganz gutt. D'Gewerkschaften awer guer net a gesinn an Iech een allze liberale Minister. Stéiert dat Iech?

Jeannot Krecké: Jo, wat d'Gewerkschaften iwwer mech soe stéiert mech an ech probéieren a permanentem Kontakt trotzdem ze bleiwe mat hinnen, fir mech z’erklären, well wéi ech an d'Regierung komm sinn, hunn ech net ugefaang, anescht ze denken. Ech muss allerdéngs soen, ech hunn eng Situatioun virfonnt, wou ech en anere Bléckwénkel vläicht och drop geworf hunn a mir eng ganz Rei Froe gestallt hunn. A wann een elo verbuede kritt, Froen ze stellen an och eng Rei Feststellungen, déi ech gemaach hunn, fir déi vu mir ze ginn, dann hunn ech meng Aufgab net gemaach. Da soll ech net méi Minister sinn. Ech mengen, a wann ech Wirtschafts­minister sinn, da bekëmmeren ech mech an alleréischter Stell och ëm d'Wirtschaft. Den Environnementsminister këmmert sech haaptsächlech ëm den Environnement. En dierf net Abstractioun maache vun deem, wat d'Wirtschaft wëllt an ech dierf net Abstractioun maachen, wat dat Sozialt wëllt an den Environnement. Dofir schaffen ech jo an enker Zesummenaarbecht. Den Här Lux an ech, mir hu bis elo nach, fir nëmmen dat Beispill ze huelen, mä mam Här Biltgen ass et d'selwecht. Dir hutt dach nach keng Problemer gesinn, wou mir krass ausernaner gedrift sinn, obschonn jiddwereen eben seng Saache kuckt an dofir si mir do. An et ass dat Gesamt, wat jo erauskënnt, wat u sech ee proppert Bild soll ginn a wat een Equiliber soll duerstellen. Dat hunn ech festgestallt. Mä dat huet näischt mat Lëtzebuerg ze dinn, dat huet näischt mat Europa ze dinn. Mir hunn eng Situatioun, ech hunn et virdrun ugedeit, wou eben haut d'Marchéen op sinn, elo musse mir decidéieren, mir, déi ëmmer fir oppe Marchéë plädéiert hunn, déi eise ganze Wuelstand opgebaut hunn, och um Pays d'origine, deen elo souvill verruff gëtt. Wat ass dat dann anescht, Banken, déi hei sëtzen an anzwousch anescht hir Servicer verkafen? Mir liewe jo net vun eise 450 000 Konsumenten. Wat ass dat dann anescht, wa mir RTL, ee Medienempire, hei opgebaut hunn? Mir hunn dat dach vollbruecht, dat alles wéinst dem Pays d'origine. An dofir soen ech, loosse mir dach oppassen, datt mir net dat futti maachen, wat äis zu deem Wuelstand hei gehollef huet. An dofir soen ech, musse mir äis just drop astellen a vläicht anescht ginn. Mir hu jo awer elo mat de Gewerkschafte fäerdeg bruecht, eng ganz Rei Punkten ze definéiere wou mir soen, ma da komm, mir maachen dat. Ech si frou och, datt deen Drock vun Europa komm ass. Soss hätte mir wahrscheinlech munnech Saachen net esou gemaach.

Et ass elo den Optrag erausgaang, Recherche et Développement, Innovatioun, solle mir elo mol Gas ginn. Mir hunn elo wierklech emol ugefaang, och am Bildungswiesen emol unzefänken, an d'Weiderbildung, wou mir wäit ewech waren. Ech hunn elo dës Woch nach eng Kéier den Esprit d'entreprise frësch erëm ugekuerbelt mat Cam­pagnë, mat Donnéeën, déi eng wëssenschaftlech Base hunn. Mir probéieren an den Ecoinnovatiounen, dat ass dach eppes inconnu hei, mol hinzegoen, och do Re­cherche ze maachen, um Niveau vun der Energie eng ganz aner Politik ze maachen. Dat sinn dach Saachen, wou ee gesäit, datt elo duerch deen Drock, deen op äis komm ass, duerch Lissabon, mir awer elo bereet sinn, eppes ze maachen.

Francine Closener: Och d'Gewerkschafte ginn do vläicht mat, mä bei anere Punkten, wéi zum Beispill beim Index, loosse se jo awer net mat sech schwätzen.

Jeannot Krecké: Dat hu se kloer an däitlech zum Ausdrock ginn, ech hunn Notiz dovunner geholl an ech hunn elo mol gesot, um Niveau vun der Regierung, als Koordinator, mir sollen op deene Punkte schaffen, déi ech Iech elo gesot hunn an net um Index. Well ech och der Meenung sinn, datt den Index net den Haaptpunkt vun eiser Konkurrenzfähegkeet ass, et ass een Element, deen ee gesäit et als immens wichteg, deen aner als manner wichteg, mä loosse mir awer kee Reliounskrich vum Stapel loossen, wa mir souvill Saache virun der Dir hunn, op deene mir kënne schaffen.

Francine Closener: A wéini rappe mir dann un mat deene Reformen? No der Presidence oder eréischt no de Gemengewalen? Well bis November muss d'Regie­rung jo och ee Reformprogramm op Bréissel schécken. Et gëtt jo awer Zäit, datt elo eppes kënnt.

Jeannot Krecké: Also, et kann een äis net virwerfen, mir hätten net fréi ugefaang. Mir hunn am Dezember ugefaang, déi éischt Tripartite zesummenzeruffe, wou zumin­dest emol deen Deel, deen d'Wettbewerbsfähegkeet beinhalt, wou mir domat ugefaang hunn. Duerno hate mir nach zwou Sitzungen, do hu mir drop geschafft. A mir hunn ee Konsens op ee ganze Koup Punkten erausfonnt, wou elo d'Regierungs­mitglieder ufänken drop ze schaffen.

Do sinn och Punkten dran, déi mir net an der Tripartite haten, wat d'Educatioun ubelaangt, wat den Environnement ubelaangt an esou, dat si och d’Cohésion sociale, wéi mir eist Sozialnetz opbauen a weider organiséieren. Dat war jo net do de Sujet. Mä elo am September, Mëtt September wier ech frou, wann d'Ministeren déi éischt Donnéeë géinge ginn. Mir, dee se muss kollektéieren an och kucken, datt et iwwertenaner stëmmt, net datt mir bei deem engen de Contraire soe wéi bei deem aneren, an datt mir dat da virbereeden. Dat ass awer décemment net ze maachen. An do musse mir schonn eis Leit onheemlech bruskéieren, well déi hun elo esou vill geschafft an där ganzer Presidence, dat si jo net d'Ministeren eleng, dat si jo och all déi Fonctionnairen, déi do hannendru stinn, an ech muss soen, Hutt of virun deenen. An déi mussen elo déi nächst Aufgab huele fir de 15. September wa mir éischt Resultater gesinn, da musse mir dat mol beschwätzen, och mat de Sozialpartner, mam Parlament. D'Parlament kënnt awer eréischt den 12. fir d'Éischt zesummen, mengen ech. Mir kënnen dat awer dann net éischter maachen. Also ass et fatalement do hannendrun, an deen Datum vum 15. Oktober, dee wäerte mir hei zu Lëtzebuerg iwwerhaapt net kënnen anhalen. Dat soen ech der Kommissioun mat där ech mech treffen den 19. Juli zu deem Sujet. Ech hunn hinnen et schonn ugedeit. Ech hu gesot, deen Datum do kënne mir net fäerdeg bréngen, wa mir mam Parlament musse schwätzen. Déi kommen den 12. eréischt zesummen. A mir sinn och eréischt tëscht dem 15. September an dem 1. Oktober iwwerhaapt emol an der Lag, eppes dohinner ze leeën. Esou schnell kënne mir dat no der Presidence net maachen. An dofir huet dat näischt mat de Gemengerotswalen ze dinn, näischt mam Referendum, mä dat ass eng logesch Konsequenz, datt mir esou ginn. An ech soen Iech, mir bréngen et emol net fäerdeg fir de 15. Oktober fäerdeg ze ginn.

Francine Closener: Kann een dann dovun ausgoen, datt d'Erofdrécke vun de Produktiounskäschte vun de Betriber iewescht Prioritéit huet, wéi d'Lëtzebuerger Land dat dës Woch schreift?

Jeannot Krecké: Iewescht Prioritéit huet an Europa de Wuesstem an den Emploi. An Emploi schafen ass ouni Wuesstem net méiglech. An hei zu Lëtzebuerg hu mir nach aner Elementer, mä déi hänken och um Wuesstem. Dierf ech drun erënneren, datt mir äis trotzdem verschriwwen hunn duerch eis Sozialgesetzgebung, notamment duerch eis Pensiounen, engem Wuesstem, dee mindestens 4% an der Moyenne muss sinn.

Francine Closener: Dat soll jo awer och elo nach eng Kéier iwwerpréift ginn, ob dat dann alles esou weider ka laafen, alles wat um Rentendësch decidéiert gouf. Do kënnt jo och nach ee Rapport.

Jeannot Krecké: Also, fir de Moment hunn ech d'Aufgab ze kucken, datt mir eng héich Croissance behalen, soss geet dat do jo am Sozialwiese schonn net op. Guer net ze schwätze vum Emploi a vun aneren Elementer. An dofir musse mir 4% uviséieren, dat heescht, datt mir och doduerch hoffentlech den Emploi garantéieren, mä dat heescht awer och, datt mir ganz vill Saache mussen ulackelen, well mir si jo net déi, déi permanent amgaange sinn, nei Saachen z’entwéckelen. Mir musse ganz oft, ech war elo an Israel, do spruddelt et nëmme vun Iddien. An ech wier frou, wann deen een oder deen anere mat sengen Iddien op Lëtzebuerg komme géing, wann e se net an Israel realiséiert kritt, mir offréieren him gären eng Plattform, fir datt e se realiséiert, well jiddwereen, deen heihinner kënnt mat enger gudder Iddi an der Inno­va­tioun, an neien Entwécklungen, och an der Biotechnologie an neien Technologien iwwerhaapt, ma dee schaaft jo ëmmer esou vill Aarbechtsplazen. An d'Aarbechts­plaze brénge jo mat sech, datt mir et fäerdeg bréngen, eist Sozialnetz ofzesécheren. Dofir, dat Ganzt hängt zesummen a mir hunn äis do eppes verschriwwen, wou mir dann och mussen drop schaffen. Dofir et ass net wann ech oder iergendee mengt, d’iwwergoend Zil wär elo de Wuesstem. Nee. Et ass eng logesch Konsequenz vun all deem, wat mir decidéiert hunn an deene leschte Joren, datt mir esou ee Wuesstem elo brauchen an esou ee Wuesstem heescht, datt mir och mussen attraktiv bleiwen. Also wa mir net wëllen attraktiv bleiwen, et soll ee mir et soen, dann hu mir de Wuesstem net an dann hu mir och all deen anere Rescht hannendrun net.

Francine Closener: Also awer Erofsetze vun de Produktiounskäschten?

Jeannot Krecké: Jo, mä Produktiounskäschte ka jo och sinn, datt een um Niveau vun der Energie spuert. Et kann och sinn, datt een um Niveau vun der Innovatioun am Betrib duerch Restructuratioune probéiert sech anescht z’organiséieren. Dat muss jo net ëmmer heesche manner Leit, dat muss net ëmmer heeschen, datt d'Leit manner verdéngen, dat heescht och innovativ sinn. Mir hunn ee ganze Koup Felder, menger Meenung no, wou mir net genuch drop geschafft hunn. Mir mussen och kucken, datt mir eng Rei Produkter hei zu Lëtzebuerg wahrscheinlech net méi kënnen hierstellen [gëtt ënnerbrach]

Francine Closener: Zum Beispill, wat dann net?

Jeannot Krecké: Majo, VHS-Kassettë kënne mir net méi hierstellen. Éischtens gi se net gebraucht, an zweetens ass dat mëttlerweil eppes, wat esou einfach hierzestellen ass, datt d'ganz Welt dat kann hierstellen. A mir hunn einfach ze héich Léin duerfir. An duerfir musse mir kucken, Produkter ze kréien hei op Lëtzebuerg, Entwécklungen hei op Lëtzebuerg ze kréien, duerfir huele mir jo och mettlerweil méi Recherche-Elementer. D'Goodyear mécht mëttlerweil méi Recherche hei, wéi datt se Produkter elo produzéiert. Duerfir probéiere mir esou Saachen heihinner ze kréien. Mä da musse mir d'Ausbildung dorop ausriichten, mir mussen dat ganzt Ëmfeld dorop ausriichten. Mir musse ganz aner Weeër goen. Duerfir probéiere mir an der Logistik eventuell eppes ze maachen, net nëmmen, datt mir Saachen afléien an direkt erëm ausféieren, mä datt mir hei Leit d'Méiglechkeet ginn doropper ze schaffen, datt Aarbechtsplazen dee Moment hei geschaf ginn, an da geet et erëm an d'Ausland, anstatt datt et elo quasi bannt enger Stonn wou se erakommen erëm erausginn. Datt och hei Saache verschafft ginn, well mir brauche muer och nach Leit, déi an der Industrie schaffen. Mir brauche Leit, déi och manuell nach musse schaffen. Mir kënnen net jiddwereen zum Docteur en science maachen. Mir brauchen och där do Plazen. Fir déi musse mir awer en anere Genre Betriber huelen, wéi dat, wat mir bis elo gewinnt waren.

Francine Closener: Mir hu schonn e wéineg iwwerzunn, duerfir nach eng allerleschte Fro, awer séier. Dir hat Iech jo viru kuerzem och an deem ganze Kontext fir nei Steiererliichterunge fir d'Betriber ausgeschwat. Wéi ass et dann domadder? Maacht Dir dat dann? De Premier wollt sech net dozou äusseren. A stéiert et Iech och net, datt Lëtzebuerg da beim Steierdumping an Europa monter géif mat­maachen?

Jeannot Krecké: Also, Lëtzebuerg steet doudsécher net am Verdacht am Steier­dumping matzemaachen. Ech muss jo de Kapp rëselen, wann ech dat do héieren. Et ass am ieweschten Drëttel vun deene ganz schlechten. Dat heescht, mir gehéiere mëttlerweil zu deenen, an elo ass Däitschland nach an där Skala mat dran, déi elo roof geet. Dat heescht, mir si geschwënn ganz uewen, déi déi héchste Sätz hunn. Ech mengen, wann d'Lëtzebuerger der Meenung sinn, mir sollen déi héchste Steiersätz an Europa fir d'Betriber hunn, awer vläicht déi niddregst fir d'Leit, OK, dat ass eng Iddi, mä ech weess awer net, wéi mir dann de Leit nach kloer maachen, déi wëllen ee Betrib grënnen oder déi wëllen delocaliséieren, well passt op, mir schwätze vun Delocaliséieren a Polen an a China. Vu wat huet Lëtzebuerg da gelieft? Wat ass da wann d'Goodyear heihinner schaffe kënnt, Dupont, ass dat keng Delocalisatioun? Wann d'Deutsche Bank hei eng Bank opmécht? Wat ass dat dann? Dat ass och Delocalisatioun.

Francine Closener: Also kommen dann elo déi Steiererliichterungen?

Jeannot Krecké: Dat ass an der Regierung nach net diskutéiert ginn an dat gëtt diskutéiert. A mir haten et, allerdéngs, déi Proposen déi ech gemaach hunn, berouen eenzeg an alleng op deem, wat mir diskutéiert hunn och an de Koalitiouns­verhand­lungen. Dat ass punktgenau dat, wat mir do festgehal hunn, wat ech do gesot hunn, duerfir hunn ech do keng Neiegkeet gesot. Dat ass eppes, wat de Premier schonn ugekënnegt hat bei de Koalitiounsverhandlungen. Duerfir ass dat keen neit Element. Mä ech ka mech ëmmer erëm nëmme wonneren, wa Leit sech excitéieren op esou enger Fro, vun där geschwat ginn ass, scho bei de Koalitiouns­verhandlungen, a wou gesot ginn ass, mir musse vläicht kucken och symbolesch ënner 30 ze kommen. Mä firwat gëtt dann direkt engem nogesot, datt ee Steierdumping wëllt maachen? Wa mir mëttlerweil déi héchst si geschwënn déi do sinn, a wa mir eng gënschteg Be­steierungs­basis hunn an een awer muss zumindest driwwer nodenken, ob mir déi sollen halen, a kombinéiert mat engem aneren Taux, vläicht eppes maachen. Et dierf een awer nach iwwer Saachen nodenken. Soss sot mir et, dann halen ech direkt op mat der Aarbecht.

Francine Closener: Also, Dir hutt jo da scho gutt nogeduecht, mä Dir verrot äis awer net, ob se elo kommen a wéini. Dat ass nach net fir haut.

Jeannot Krecké: Do wou der Recht hutt, hutt Dir Recht. Esou ass et.

Francine Closener: Jeannot Krecké, merci, datt Dir Iech Zäit geholl hutt.



Dernière mise à joude cette page le : 16-06-2005

Haut de page Haut de page