[Verfassung fir Europa]
 Deutsche Fassung        
 

Chemin de navigation : Accueil > Actualités > Juin 2005 > Transcription du face-à-face entre le Premier ministre Jean-Claude Juncker et André Hoffmann, défenseur du "non" (RTL Radio, Radio 100,7)

Actualité
Transcription du face-à-face entre le Premier ministre Jean-Claude Juncker et André Hoffmann, défenseur du "non" (RTL Radio, Radio 100,7)
Publication: 25-06-2005

Umoderatioun: Dir lauschtert elo eng Spezialemissioun am Hibléck op de Referendum vum 10. Juli iwwert de Vertrag fir eng Europäesch Verfassung. De Radio 100,7 zesumme mat RTL Radio proposéieren an deenen nächste 55 Minutten e Face-à-face tëscht dem Premier Jean-Claude Juncker an dem André Hoffmann vun der Partei déi Lénk. Dëse Face-à-face gëtt zäitgläich op deenen zwou Radiostatiounen en direct iwwer¬droen. Et moderéieren déi zwee Chefredakter Marc Linster a Jay Schiltz.

Jay Schiltz: Gudde Mëtteg. Nach genee 16 Deeg trennen äis, vun haut un, vum ominösen 10. Juli, dem Dag vum Referendum, bei deem d’Lëtzebuerger gefrot ginn, ob se Jo oder Nee soen zum Traité iwwert eng Verfassung fir Europa. Wat ugangs vu ville just als eng Formsaach ugesi gouf, huet sech mëttlerweil zu engem politesche Krimi, wann ee wëllt, entwéckelt, fir deem säin Ausgang wuel déi wéinegst nach géifen hir Hand an d’Feier leeën. Nach ni gouf esou vill an Europa iwwer Europa diskutéiert an och heiheem steet déi Diskussioun zanter Wochen, spéitstens awer nom franséischen an hollänneschen Nee, am Mëttelpunkt.

Marc Linster: Genee 482 Säiten huet déi däitsch Versioun vun deem Text, iwwert deen a gutt 14 Deeg ofgestëmmt gëtt, de Vertrag iwwert eng Verfassung fir Europa. Jo oder Nee, dat ass hei d’Fro a ronderëm geeschtere vill, vläicht begrënnt oder vläicht onbegrënnten Ängschte vun de Leit, iwwert dat wat se méiglecherweis mat hirem Vote den 10. Juli bewierken. An der Hoffnung, e wéineg Kloerheet an d’Diskussioun ze bréngen, proposéieren Iech haut RTL Radio Lëtzebuerg an de Radio 100,7 dëse Face-à-face an deem sech de Premier Jean-Claude Juncker an de Professer an Escher Scheffe vun déi Lénk, André Hoffmann géintiwwer sëtzen.

Gudde Mëtteg, Dir Hären.

Jean-Claude Juncker: Gudde Mëtteg.

André Hoffmann: Gudde Mëtteg.

Marc Linster: Wéi gesot, d’Diskussioun iwwert dee Verfassungstext huet europawäit dermoossen eng eegen Dynamik entwéckelt, datt um EU-Sommet déi läschte Woch déi europäesch Staats- a Regierungschefen decidéiert hunn, dem Ratifizéierungs¬prozess eng Denkpaus ze gënnen, allerdings mat der Optioun, datt all Land maache kann, wéi et et fir gutt fënnt. Déi Lëtzebuerger Chamber huet et fir gutt fonnt um Referendum vum 10. Juli festzehalen. Ass dat eng gutt Iddi Här Juncker, virun allem, wou Dir jo selwer an der Läscht op den Erklärungsbedarf opmierksam gemaach hutt?

Jean-Claude Juncker: Dat ass eng souverän Decisioun vun eisem Parlament. Et ass der Meenung, eist Parlament, datt déi Debatt, déi mer heiheem hunn ënnerteneen a mat de Leit, eng ass, déi een héige Grad vun explikativer Reife a Maturitéit erreecht huet. Dat ass an anere Länner, déi méi spéit hire Referendum sollten hunn, nach net de Fall. Den 10. Juli ass de Referendum an ech géif gären dozou bäidroen, datt d’Lëtzebuerger mat jo stëmmen.

Marc Linster: Här Hoffmann, Dir sidd och fir den 10. Juli als Termäin?

André Hoffmann: Mir hunn och gesot, mir sollen dee Referendum do bäibehalen, obwuel mer der Meenung sinn, datt eigentlech de Lëtzebuerger Vote keng ent¬schee¬dend Bedeitung méi huet, no deene Rejetën an Holland an a Frankräich. Mä mir mengen awer, datt d’Diskussioun onbedingt misst weidergoen an d’Ofbriechen, d’Ofblosen, vum Referendum, hätt eiser Meenung no dozou gefouert, datt d’Dis¬kussioun och ofgebrach gi wier. Mir sinn allerdings och der Meenung, datt deen Debat iwwert d’Zukunft vun Europa, iwwert d’Orientéierung vun Europa, iwwert déi politesch Ausriichtung, iwwert déi sozial Dimensioun, iwwert déi demokratesch Funktionnementer vun Europa, datt déi Diskussioun onbedingt och hei zu Lëtzebuerg nom Referendum muss weidergoen, egal wéi d’Resultat dann och wäert ausgesinn.

Jay Schiltz: Keng grouss Bedeitung hätt e fir Europa, sot elo den Här Hoffmann. Nach ni hat ee klengt Vollek esou eng grouss Entscheedung an Europa ze huelen, sot Dir Här Juncker läschten Dënschden an der Chamber. Ass dann elo Signalwierkung vu Lëtzebuerg z’erwaarden, egal wéi, esou oder esou, jo oder neen?

Jean-Claude Juncker: Mä kuckt emol, d’Fransousen an d’Hollänner hunn Nee gestëmmt, an de Verfassungsvertrag selwer gesäit de Fall vir, wou bis zu 5 Länner Nee stëmmen, datt dann den Europäesche Rot vun de Staats- a Regierungschefen sech muss nei mat där Fro beschäftegen. Dee Fall hate mer jo awer schonn zweemol an Europa: 1992 hunn d’Dänen Nee gesot zum Vertrag vu Maastricht, an am Joer 2001 hunn d’Iren Nee gesot zum Vertrag vun Nice. Elo sinn ech jo een almoudeschen, an ech soen et gëtt nëmme Länner, Natiounen a Staaten an Europa, mir hunn alleguer déiselwecht Rechter. D’Iren an d’Dänen, déi sinn nach eng Kéier stëmme gaang, nodeem d’Explicatiounsphase, déi hätt solle virdru sinn, nogedréckt ginn ass a kee Mënsch kann ausschléissen, datt wann d’politesch Verhältnisser sech wandlen, an déi wandle sech an deenen zwee Länner, ouni all Zweifel, an d’Diskussioun geet jo och virun an deene Länner, déi Nee gestëmmt hunn, datt dann déi zwee Länner sech eventuell déi Fro nach eng Kéier musse stellen, esou wéi dat och an der Vergaangenheet de Fall war, well déi kleng Länner hu jo net manner Rechter wéi déi grouss.

Wann ee klengt Land Nee seet, an dat kann nach eng Kéier gefrot ginn, nodeem alleguer déi aner hir Meenung gesot hunn, fir sech nach eng Kéier auszedrécken, da kann dat sech selbstverständlech och op d’Fransousen an op déi 16 Millioune Hollänner applizéieren.

An dofir ass dat een enorm wichtege Walgang, dee mer den 10. Juli maachen, well dee ka bewierken, wann d’Lëtzebuerger mat jo stëmmen, datt een Zeeche vu Weidermaachen, vun Europa virundroen, vu weider integréieren ergeet. Wann d’Lëtzebuerger Nee soen, dann huet dat eng deprimant Stëmmung op ganz Europa.

Ausserdeem, an dat ass mäin Haaptpunkt, ech mengen net, datt eng Kéier frësch verhandelt gëtt. Mä wann awer eng Kéier géif frësch verhandelt ginn, well mat dem Vertrag vun Nice, deen esou schlecht net ass, wéi e gemaach gëtt, mä deen awer och net alles a sech dréit, wat e misst, kënne mer Europa, dat erweidert Europa, net fonctionnéieren dinn. Mä wann dann an e puer Joer eng Kéier frësch verhandelt gëtt, jo dann hätt ech gären, datt deen, deen da Lëtzebuerger Premier ass, a Lëtzebuerger Ausseminister ass, datt e sech kann op ee positive Vote vu sengem Vollek beruffen, haaptsächlech zu deene Punkten och, déi wichteg fir eist Land sinn an déi Suergen, déi mer als Land an Europa hunn, déi si samt und sonder an deem Vertragsentworf, deen elo zur Ofstëmmung usteet, berücksichtegt ginn.

Wann an 3, 4 Joer de Lëtzebuerger Premier an de Lëtzebuerger Ausseminister do sëtzt an et soll probéiert ginn an de Steierfroen, zum Beispill, net méi eestëmmeg, mä mat Majoritéit ze stëmmen, sou datt Lëtzebuerg kënnt ënnert d’Rieder kommen, wa sollt probéiert ginn am Beräich vun der Sécurité sociale an eist Pensiounswiesen eran duerch Mehrheitsentschloss vun deenen aneren ze réguléieren, wa sollt decidéiert ginn, datt d’TVA-Sätz mat Mehrheet, also géint d’Lëtzebuerger Stëmm, vun haut 15 op mar 20%, ouni, datt mir wëllen, an d’Lut gesat ginn, da muss deen nächste Premier, deen dann do sëtzt, kënne soen, ma meng Leit ware mat deem d’accord an ech sinn elo net d’accord, datt mer op déi Froen zréckkommen.

An dofir brauche mer ee kloert Mandat vum Jo. Dat ass wichteg fir déi zukünfteg Ofsécherung, net nëmme vun den europäesch wichtege Froen, mä och vun den national wichtege Froen an Europa.

Jay Schiltz: Firwat solle mer dann dogéint sinn, Här Hoffmann?

André Hoffmann: Oh, et gëtt eng Rei vu Grënn. Ech wëll awer fir d’éischt nach eng Kéier Stellung huelen, ganz kuerz zu deem wat den Här Juncker elo gesot huet, kuerz reagéieren. Ob e majoritairen Nee zu Lëtzebuerg deprimant wier fir Europa, déi Fro hänkt dovun of u ween, datt een denkt, wann een un déi Depressioun do denkt.

Marc Linster: Ween hutt Dir da gemengt, Här Juncker?

Jean-Claude Juncker: Ech hunn den Här Hoffmann net ënnerbrach, den Här Linster huet en ënnerbrach. Ech wëll dat soen, fir déi, déi äis um Radio nolauschteren.

Ech hu geduecht un déi, deenen et an Europa net gutt geet an déi d’Méiglechkeet hunn, wann an Europa, op Grond vun där Verfassung, déi richteg Politik gemaach gëtt – de Moment gëtt net ëmmer déi richteg Politik gemaach – déi däitlech a Richtung sozial Kohesioun a sozialen Zesummenhang tendéiert, déi kloer mécht, datt déi Sozialfroen eng mindestens équivalent Bedeitung hu wéi déi economesch relevant Froen, déi brauchen deen Opbroch, déi Stëmm vun engem klenge Vollek, wat jo bei sech doheem et fäerdeg bruet huet, mat Europa a wéinst Europa, mä net nëmme wéinst Europa, d’Équiliberen hei am Land tëscht Économie a Sozialem einegermoossen an der Riicht ze halen. Dat wier de Jo vun engem klenge Vollek, deen ee Jo zu enger grousser europäescher Ambitioun wier.

Europa ass net d’Affaire vun de Kapitalisten, vun de grousse Gesellschaften, vun de Banken. Europa ass d’Affaire vun deene Leit, déi eigentlech, wann de System net gutt organiséiert ass, sech net wiere kënne géint déi, déi wirtschaftlech méi staark sinn.

Marc Linster: Elo kënnt erëm d’Wuert un den Änder Hoffmann, deem ech effektiv d’Wuert ofgebrach hat fir déi Kloerstellung vum Här Juncker ze kréien.

André Hoffmann: Also, ech kommen op déi sougenannte sozial Dimensioun vun där Constitutioun natierlech nach am Detail zréck. Awer nach eng Kéier, ech mengen, datt den Här Juncker iwwersäit, datt de groussen Deel vun deene Leit, déi a Frankräich Nee gestëmmt hunn, genau déi sinn, op déi e sech elo wëllt beruffen, fir d’Lëtzebuerger opzefuerdere fir jo ze stëmmen. Ech sinn der Meenung, datt déi a Frankräich, déi ech do mengen, datt déi sech gutt informéiert hunn. Et ass bekannt, datt den Debat a Frankräich op eng ganz aner Aart a Weis ofgelaf ass wéi hei zu Lëtzebuerg, och op méi eng gläich verdeelten Aart a Weis wéi dat zu Lëtzebuerg hei geschitt, ausser elo hei am Moment, an dat hei ass och eng Initiativ, déi an där Hisiicht begréissenswert ass. Ech mengen och, datt mir musse feststellen, datt Europa am Moment an enger Kris stëcht, datt déi Kris awer net ausgeléist ginn ass duerch den Nee a Frankräich oder an Holland, sondern datt déi zwee Neeën, oder och op anere Plazen, wou een entretemps jo feststellt, do wou Sondagë gemaach ginn, datt et eng grouss Zuel vu Leit gëtt, déi hir Bedenken, hir Kritik, hir Zweifelen an heiandsdo och hiren Neen däitlech par rapport zu deem Verfassungsprojet do ausdrécken, dat ass d’Resultat, dat ass d’Resultat vun enger Entwécklung vun der europäescher Konstruktioun, déi Joren zréckläit. An déi Entwécklung vun der europäescher Konstruktioun, déi huet Realitéite produzéiert, mat deenen d’Leit all Dag konfrontéiert sinn an ech mengen, dat ass ee vun de Grënn, firwat, datt d’europäesch Konstruktioun an enger Kris ass an ech mengen och, datt déi do sougenannte Verfassung, keng Äntwert op déi Situatioun bréngt.

An also dann eigentlech elo d’Äntwert op d’Fro déi den Här Linster mer gestallt huet: firwat dann Nee? Ech moossen, ech muss jo ee Moossstab hunn, deen ech un deen Text do uleeën, fir kënne ze soen: kann ech domadder d’accord sinn oder net? An ech moossen se dann emol fir d’éischt um eegenen Usproch an da soen ech, et ka kee mer verzielen, datt deen onlieserlechen, onverdauleche Brocken, deen äis dohinnergetesselt ginn ass, wou iwwregens de gréissten Deel an deem Konvent iwwerhaapt net duerchdiskutéiert ginn ass, nämlech dee groussen Drëtten, deen äis herno bäigefléckt ginn ass an an deem Konvent iwwerhaapt net diskutéiert ginn. Et ka kee mer verzielen, dat wier eng Constitutioun. Et ka kee mer verzielen, en Text, an deem d’Staate sech verpflichte fir eng militäresch Oprüstung, an deem eng Allianz festgeschriwwe gëtt, eng militäresch Allianz, an deem virun allem, dat ass jo eisen Haaptkritikpunkt, an deem virun allem eng wirtschaftsliberal Orientéierung fest¬geschriwwe gëtt, ka kee mer verzielen, dat wier eng Constitutioun a scho guer net eng valabel Constitutioun fir Europa.

Wann ee kuckt wéi d’Realitéit ausgesäit: mir hunn an Europa de Moment an der Gréissenuerdnung vun 20 Milliounen Aarbechtsloser, plus esouvill Leit, déi duerch déi Aarbechtslosegkeet mat betraff sinn, hunn eng Situatioun wou d’Leit sozial onsécher sinn, well se net wëssen ob a wéini, datt se hir Aarbechtsplaz verléieren. Mir hunn iwwregens op verschiddene Plazen och ze gesinn d’néfaste Konsequenze vun der Liberaliséierung, déi an Europa ëmmer weidergedriwwe ginn ass, beispillsweis den Transportsystem an England. Mir hunn, fir et e bëssen awer och plastesch auszedrécken, mir hunn an Europa wierklech eng Situatioun, och op der enger Säit, Leit déi am Geld schwammen, déi am Fric schwammen an déi vun deene anere gären hätten, datt se sech d’Ceinture méi enk sollen zéien. En duerch¬schnëttlechen europäesche Manager, dee läit bei engem Monatsverdingscht vun enger halwer Millioun Euro. Dat ass dann deen, deen äis ziele kënnt, déi, déi bei ëm schaffen, géingen zevill verdingen oder d’Rente wären ze héich.

Ech mengen also, déi Constitutioun gëtt doropper keng Äntwert. Den Ausdrock Chômage kënnt net dra vir. Et mierkt een net, datt iergendeng Reflexioun stattfonnt hätt, wéi een där doe Situatioun kënnt begéinen. Am Géigendeel, et gëtt eigentlech dat, wat bis elo an den Traitéë stoung an och an der Europäescher Unioun gemaach ginn ass, dat gëtt weidergefouert. Also, wann ech se moossen, deen Text do, dee komeschen Text do, u mengen Erwaardungen oder u menge Virstellungen, wou ech mengen, datt ech se awer mat ville Leit géif deelen, also eng staark sozial Dimensioun fir Europa, een demokratesche Funktionnement vun Europa, wou also och zum Beispill d’Europaparlament wierklech eng legislativ Roll wéi een normalt Parlament géif spillen, en Europa wat ee friddlecht Europa wier, a wat och géif dokumentéieren mat Initiativë fir de Fridden, ech betounen also net militäresch Initiativen an Europa, wat eng nei Solidaritéit géif entwécklen, och mat deene Lànner an der Welt, déi méi aarm sinn. Wann ech et dorunner moossen, da soen ech wéi dann och an der Bibel iergendwou steet, gezielt, gewiën an ze liicht befonnt. Och wann et een décke Wälzer ass, wann een en op d’Wo leet, mä vun der Substanz hir ze liicht befonnt.

Wann den Här Juncker seet, d’Sozialkomponent, et deet mer leed, ech ginn dovun aus, den Här Juncker ass ee vun deene wéinege vun eise Politiker, deen déi Constitutioun ganz gelies huet, dovu ginn ech mol aus. Da muss ech awer soen, e misst mer eigentlech zielen, wou déi nei sozial Dimensiounen an där Verfassung sinn. Déi Absichtserklärungen am éischten Deel, déi stounge schonn an de Verträg bis elo, a mir wësse wat draus ginn ass. Dat si Verspriechen, déi zu engem groussen Deel net agehale gi sinn, jiddefalls vun de 70er Joren un ëmmer méi an den Hannergrond geréckelt sinn. Mir hu vum Ufank un dee wirtschaftsliberale Prinzip vun der fräier Konkurrenz, mir hunn eng Charta, déi vill gelueft gëtt, wou och sozial Rechter sollen drastoen, déi ganz nei sinn a wann een dann dat am Präzise kuckt, da stellt ee fest, déi Charta déi steet zréck hannert aneren internationalen Texter, déi a punkto soziale Rechter vill méi wäit ginn. An dann dee berühmten drëtten Deel, politique de l’emploi, näischt Neies, politique sociale, näischt Neies, wann ee se wierklech mat deene bestehenden Texter vergläicht, also déi Verfassung gëtt den Erausfuerderunge vun der Realitéit an den Erwaardunge vun de Leit, an ech mengen deene berechtegten Erwaardunge vun de Leit, net gerecht. Et misst also eng nei gemaach ginn.

Marc Linster: Här Staatsminister, wann ech elo den Här Hoffmann héieren hunn, deen huet massiv Kritik hei formuléiert. Wann ech Iech an diversen Aussoen an der Vergaangenheet richteg interpretéieren an an Erënnerung hunn, Dir hutt och net gesot, dat wier elo den optimalen Text an Ären Europaministern Nicolas Schmitn sot emol eng Kéier an engem Interview, deen Text dat wier eng Carcasse, wou ee kënnt eng, je nodeem, méi eng liberal a je nodeem méi eng sozial Politik maachen. Firwat kämpft Dir trotzdem mat Leidenschaft fir de Jo?

Jean-Claude Juncker: Den André Hoffmann huet 17 Punkten hei opgefouert, déi e kritiséiert huet.

Marc Linster: Wann Dir se matgezielt hutt, da wäert dat esou sinn.

Jean-Claude Juncker: Ech hu mer dat erlaabt summaresch an eng Zuel ze kleeden, dat entsprëcht deem wat ech mer hei gemierkt hunn. Et ass bekannt, enfin ech hoffen, datt dat bekannt ass, datt ech a Saachen Europäesche Verfassungsvertrag – ech ka mam André Hoffmann eng laang Diskussioun driwwer féieren wann en ufänkt ob dat wierklech der nationaler Definitioun vum Wuert Verfassung entsprëcht – ech sinn do ähnlech reservéiert wéi heen, wat d’Qualifizéierung vun deem Vertragswierk do ubelaangt. Dat ass awer eng éischter sekundär Fro.

Et ass bekannt, datt ech mech 20 Joer laang iergeren an Europa, datt déi sozial Dimensioun net ausgeprägt genuch ass. Et huet kee méi dacks d’Europäesch Unioun kritiséiert wéinst ze schwaach ausgeprägte sozialpoliteschen Ambitioune ewéi ech. Et ass bal de Comble, datt ech muss dat haut verteidegen bal, wat ech awer net maachen, wat ech fréier kritiséiert hunn, well ech sinn der Meenung, haut och nach, datt Europa net genuch soziale Profil huet an datt mer eng Iwwer¬betounung vun aneren Uleiësen an Europa ëmmer esou haten, datt déi d’Vir¬fahrt haten.

Mä mol der Rei no. Den Här Hoffmann huet ouni all Zweifel Recht, wann e seet, d’Leit si mat deem Europa, wat mer haut hunn, net zefridden an dofir stëmme se géint dee Verfassungsvertrag. Dat ass och meng Analyse. D’Leit si mat deem, wat mer haut hunn, net zefridden. Ech och net, soss géif ech keng Politik heiheem maachen a soss géif ech keng Politik an Europa maachen. Wann alles an der Rei wier da kéint ech eppes anescht am Liewe maachen.

Marc Linster: Mä Dir zitt eng aner Konsequenz ewéi den Här Hoffmann.

Jean-Claude Juncker: Ech zéien, aus all deene Punkten déi e gesot huet, eng aner Konsequenz, well ech eng aner Lecture a ganz dacks eng aner, well divergéierend, staark oder schwaach divergéierend, Analyse hunn.

Also misste mer fir d’éischt emol schwätzen iwwert dat Europa wat mer hunn. D’Leit sinn net zefridde mam Euro, esou wéi wann et besser wier, datt mer dem belsche Kommando géife stoen, ouni datt een äis freet, wat da mat eiser Währung, dat heescht mat eiser Kafkraaft a mat eisem Akommes geschitt. Mir si méi staark ginn, well mer ee vun de Copropriétairë vun der gréisster an der stäerkster Währung vun der Welt sinn. Virdru ware mer een Trittbrettfahrer, deen no der belscher Päif huet mussen danzen, wann en iwwerhaapt nach konnt danzen.

Et gëtt gesot dee Verfassungsvertrag, dee géif d’Militariséierung vun Europa virschreiwen an e géif d’Europäesch Unioun gewëssermoossen an d’NATO-Bündnistreue aweisen. Ech wëll soen, datt et zu deene schlëmmste Momenter vun europäescher Nokrichsgeschicht gehéiert huet, datt mer net konnten agräifen am Balkan,  wéi vergewaltegt ginn ass, wéi Kanner dout gemaach si ginn, wéi regelrecht Kazetter matzen an Europa, zwou Flugstonne vun hei ewech, erëm opgeriicht hunn. Do hu mer d’Amerikaner musse ruffen, fir dee Misère do op een Enn ze bréngen. D’Europäer waren deemols schrecklech rosen, enttäuscht, iwwert d’Europäesch Unioun, datt mer keng Militärkapazitéit konnten alignéieren, fir déi fuerchtbar Mënscherechtsverletzungen, déi do matzen an Europa beemol erëm un d’Dagesliicht getruede sinn, fir déi op een Enn ze bréngen. Ech wëll net méi, datt mer mussen anerer ruffen, fir dofir ze suergen, datt d’Mënscherechter matzen an Europa respektéiert sinn. Ech wëll net méi, datt mer mussen anerer ruffen, d’Amerikaner oder soss een, fir dofir ze suergen, datt keng ethnesch Säuberungen an Europa geschéihen. Ech wëll net méi, datt d’Europäer mussen eng Kéier d’Amerikaner ruffen, déi se ansonsten dauernd kritiséieren, fir dofir ze suergen, datt rassistesch Gewalt an Europa ka gestoppt ginn. Ech hätt gären, datt d’Europäer dat selwer maachen. Dat gehéiert zur europäescher Zivilisatioun, zum europäesche Mënsche¬bild. Dorëms musse mer äis bekëmmeren. An datt gesot gëtt, a spezielle Beräicher géif dat mat der NATO zesummegemaach ginn, genéiert mech net, als Vertrieder vun engem Land dat an der NATO ass, an dat Grënnungsmember vun der NATO ass, eng NATO déi eestëmmeg muss decidéieren, ier Truppenasaz kënnt a wou all Land eng Stëmm huet a wou mer jo och gewisen hunn, datt et am Irak eben net dozou komm ass, datt ënner dem amerikanesche Kommando d’ganz NATO am Irak agesat ginn ass. Dofir kann ech déi Deelkritik Militariséierung net deelen. Et ass ee Stéck wehrhaft Humaniséierung vum Kontinent, déi mer wëllen iwwert dee Wee organiséieren.

Ass deen neie Vertrag wirtschaftsliberal? Jo an Nee. En ass net méi wirtschaftsliberal wéi déi al Verträg déi mer haten. Wat ass wirtschaftsliberal drun? Datt mer der Konkurrenz, dem Wettbewerb eng Plaz araumen. Ass dat schlecht fir äis?

André Hoffmann: Eng éischt, eng éischt.

Jean-Claude Juncker: Nee, ech mengen net. Ass dat schlecht fir ee Land wat mat deem System, ech schwätze vun eisem Land, gutt gefuer ass? Ware mir net déi, mir sinn hei och bei RTL, ware mir net déi, déi an Europa a ville Beräicher d’Privatiséierung, an ech si kee groussen Unhänger vun der Privatiséierung, eigent¬lech zur europäescher Politik gemaach hunn a virdru ganz Europa virdemonstréiert hunn, datt et keng Grenzen, notamment am Beräich vu Radio an Televisioun däerf ginn.

Da steet do, dat misst eng fräi an onverfälschte Konkurrenz sinn. Dat steet schonn zanter 1957 an de Réimesche Verträg. An ech hunn zu deene gehéiert, déi staark drop insistéiert hunn, datt dat géif virun an deem Vertrag stoen, well dat ass ee Protectiounsmechanismus, haaptsächlech fir déi kleng Länner a fir déi kleng Leit.

Entgéint deem wat gesot gëtt ass dat net d’Prädominanz vun de Wirtschafts¬intressien, mä d’Ofschottung géint schiedlech Effekter, déi d’faktuell Prädominanz vum Kapital ganz oft huet.

Kuckt emol, hätte mer gären, datt déi Länner mat deene mer op engem Bannemaart an Europa liewen, Frankräich, Däitschland, Holland, England virun allem, datt déi kënnen hir Betriber massiv ënnerstëtze mat honnerte Milliarden Euro, déi mir net hunn als Lëtzebuerger, fir eis Groussindustriebetriber z’ënnerstëtzen? Hätte mer dat gären? Fir datt mir hei kënnen apaken, well mer ee klengt Land sinn, well mer net genuch Finanzen a Finanzmëttel unzebidden hunn, fir eis grouss Betriber z’ënnerstëtzen, während déi aner Länner dat problemlos kënne maachen. Dat hu mer dach bei der Siderurgie erlieft.

Wa mer an den 80er an den 90er Joren net d’europäesch Konkurrenzpolitik gehat hätten, déi Frankräich, déi Däitschland, déi England verbueden hunn hir Betriber géint d’ARBED z’ënnerstëtzen, da géif et haut iwwerhaapt keng Schmelz méi zu Lëtzebuerg ginn, well dat huet et eréischt méiglech gemaach, datt et Regele gi sinn, un déi jiddweree sech gläichermoosse muss halen, anstatt datt just dee gewënnt, dee staark ass an deen deen d’Suen huet an dofir ass deen Hiwäis op d’Noutwendegkeet, datt d’Konkurrenz fräi an onverfälscht leeft, eng essentiel Bedeitung fir ee klengt Land a fir eng kleng Wirtschaft, déi sech aus eegner Kraaft net wiere kann an déi besser huet op engem Bannemaart mat festgefügten europäesche Regele kënnen ze funktionnéieren.

An deem neie Vertrag schreiwe mer fir d’éischte Kéier dran, dat stoung net zu Roum a soss néierens, datt et eng Sozialmarktwirtschaft ass, deen europäesche Bannemaart, schreiwe mer déi éischte Kéier dran, datt et eng Rei vu soziale Rechter gëtt, déi z’observéiere sinn a wa gesot gëtt, an anere Konventioune steet dat och an déi gi méi wäit, da muss ech soen, dat steet an anere Konventiounen, mä déi Konventiounen an déi Rechter ka kee Mënsch akloen.

Dat hei ass eng Grondrechtecharta, déi een, falls eng europäesch Institutioun, d’Parlament, de Conseil vun de Ministeren oder d’Kommissioun dogéint verstéisst, deen Eenzelne se kann uféiere viru Geriicht. Grad wéi déi europäesch Mënsche¬rechtskonventioun, vun där Charta seet, datt iwwerall do wou mer deeselwechte Begrëff gebraucht hu wéi d’Mënscherechtskonventioun, déiselwecht Realitéit viséieren, am Fall wou et Divergenz géif ginn, déi europäesch Mënscherechtskonventioun applicabel ass.

Mir hunn an deem neie Vertrag eng iwwergräifend horizontal Sozialklausel stoen. Alles dat wat ënnert dem Thema Wirtschaftsliberalismus beschriwwe gëtt an deen net mäi favoriséierte Gesellschaftsmodell ass, wann en net ageschränkt wier duerch aner Dispositiounen, wäit dovun ewech. Ech si kee Wirtschaftsliberalen am klassesche Sënn vum Wuert. Do hu mer elo eng Sozialklausel drastoen, déi seet, datt all Politik de sozialen Exigenze muss ënnerworf ginn an all Politik déi gemaach gëtt, muss iwwerpréift ginn ob se de sozialen Exigenzen entsprëcht.

Dat heescht d’Prädominanz vum Sozialen ass ganz kloer. An den Aarbechte vum Konvent, dee virun der Regierungskonferenz iwwert de Verfassungsvertrag war, war déi Sozialklausel net dran. Déi ass an dee Verfassungsvertrag komm, well eng Rei Regierungen, dont eis, ganz staark insistéiert hunn op d’Noutwendegkeet, déi et géif gi fir dat sozialt Primat vun all Politik an d’Finalitéit vun der sozialer Cohesioun an dee Vertrag eranzeschreiwen. Fir also ze maachen, wéi wann dat heiten den Duerchmarsch vum Wirtschaftsliberalismus wier, dee kenger Gêne a kenge Bornen ënnerworf wier, da féiert een d’Leit an d’Ier, well hei sinn déi sozial Suergen, déi sozial Imperativer mindestens gläichberechtegt behandelt, wann net esouguer iwwergeuerdent, well jo all Politik de sozialen Exigenze sech muss kritesch fir hir Machbarkeet ënnerwerfen, andeem dat iwwerpréift gëtt, esou datt ech mengen, datt een dat, wéi d’Latäiner gesot hätten: cum grano salis, mat e bësse Sënn fir Nuancë muss huelen, wéi och déi Fuerderung, datt d’Europaparlament misst d’Initiativrecht kréien.

Ech sinn an alle Fäll do dergéint, datt d’Europaparlament een Initiativrecht kritt, wéi een Nationalparlament. Mir hu 6 Deputéierten an deem Europaparlament. Ech wëll net, datt 80 däitsch, 80 englesch an 80 franséisch Deputéierten Initiativë kënnen huelen, déi am Interêt vun hire Länner sinn. Ech hätt gären, datt d’Initiative¬monopolrecht bei der Bréisseler Kommissioun bleift, bei deenen, déi dat allgemengt Intresse vun der Europäescher Unioun, dat heescht vun all Memberstaat, musse wahren, anstatt datt d’Nationalintressien de parlamentareschen Duchmarsch kënne probéieren an domat déi sämtlech Mechanisme vun der Europäescher Unioun forcéieren, sech an déi Richtung anzeweisen, wou d’Majoritéit an netden Intérêt général, dat ass net dat sewlecht, sech wëllt hibewegen.

D’Europäer sinn déi, déi elo eng grouss Decisioun geholl hunn, wann et ëm d’Drëtt Welt geet wannechglift, fir d’Entwécklungshëllef massiv an d’Lut ze setzen. Dat ass net dat wat mir gären hätten. Mir hunn als klengt Land, a mir kënnen alleguer zesummen houfreg dorop sinn, 0,84% vun eisem nationale Räichtum zur Verfügung gestalt fir de Misère an der Welt an d’Aarmut an der Welt ze bekämpfen. Mir hunn ënner Lëtzebuergescher Presidentschaft d’Europäer gezwongen dat bis 2010 op 0,56% eropzesetzen.

Mir hunn alleguer déi grouss Länner an Europa, déi äis generéis Lektioune ginn, och am franséischen Neelager, generéis Lectiounen äis erdeelen, et bis haut nach net fäerdeg bruet hunn, och nëmmen d’Halschent vun deem Wee ze maachen, dee mir gemaach hunn. Mir bréngen elo eng nei europäesch Positioun an d’international Verhandlungen an, sou datt een och net ka soen, datt Europa deem aarmen Deel vun der Welt géif de Réck dréinen.

A well ech beim franséischen Nee war an da verloossen ech dat Nee-Lager do, et muss ee jo awer gesinn, datt selbstverständlech där Leit dobäi waren, déi den Definitioune vum Här Hoffmann an deelweis och vu mir entspriechen, nämlech déi d’Flemme hu mat Europa, déi sech net an hire soziale Rechter genuch geschützt spieren, där waren dobäi. Mä et waren awer och de Le Pen derbei, déi eppes ganz anescht wëlle wéi mir. Et waren déi derbäi, déi soe Frankräich, Frankräich, Frankräich, wat intresséieren äis d’Nopeschlänner. Ech werfen déi Leit, Gott weess, net an een Dëppen, dat si Welten am Neelager, déi déi eenzel Deeler vum Nee trennen, mä Här Hoffmann, Dir musst och déi Froe beäntwerten, déi äis heiheem intresséieren.

Sidd Dir der Meenung, datt soll a Steieren anerer decidéiere wat mir hei zu Lëtzebuerg ze maachen hunn? Sidd Dir der Meenung, datt am Pensiouns- a Rentewiesen anerer duerch Majoritéit decidéiere géint eis Stëmm, well mer et besser wësse wat gutt fir äis ass, datt bestëmmten Decisiounen an Europa geholl sinn? Sidd Dir der Meeung wéi ech, datt mir selwer eisen TVA-Saz fixéieren, mir hu mat 15% deen niddregsten oder datt eng Majoritéit vun anere Lànner dee Saz ka fixéieren? Sidd Dir der Meenung, datt et gutt ass oder schlecht ass, datt mer 6 Deputéierten an dee Verfassungsvertrag ageschriwwe kritt hunn, während virdru probéiert ginn ass, äis der nëmme 4 oder 5 ze ginn? Sidd Dir der Meenung, datt et gutt oder schlecht ass, datt Lëtzebuerg déiselwecht Rechter huet, wann et drëm geet ee Commissaire op Bréissel ze schécken, wéi déi grouss Länner? Sidd Dir, jo oder nee, der Meenung, datt et fir ee klengt Land gutt ass, wann et bei enger gemeinsamer Aussenpolitik ka matmaachen, wéi datt et muss probéieren alleng an der Welt eens ze ginn? Sidd Dir, jo oder nee, der Meenung, datt et gutt ass, wa mer äis mat Froe vun Asyl a vun Einwanderung gemeinsam regelen, anstatt, datt ee klengt Land, wat ee räicht Land ass, well d’Leit hei am Land vill schaffen, ëmmer méi Leit aus aneren Deeler vun der Welt unzitt, déi mer besser hätte gemeinsam an Europa esou mënschewürdeg opzefänken, datt mer déi Efforten ënnertenee verdeelen. Dat sinn déi Froen, wou mer ganz staark drop geuecht hu bei de Verhandlungen, datt déi géifen adequat berücksichtegt ginn.

Et gëtt gutt europäesch Grënn – et ass net den Duerchmarsch vum Wirtschafts¬liberalismus – mir mussen als Ponderatioun de politesche Mix tëscht Sozialem a Wirtschaftlechem, mat deem mer, däerf ech dat soen, hei am Land leschtenenns gutt gefuer sinn an déi Verfassung bréngt villes ënnerdaach, wat fundamental lëtzebuergesch Suergen an all deene Verhandlunge ware vun 1985, Acte unique, bis op Nice am Joer 2000, wou ëmmer erëm probéiert ginn ass vun deene méi grousse Länner, äis déi Rechter do ewechzehuelen an elo hu mer jo erlieft, wat d’Resultat ass vun där Situatioun an där mer sinn.

Déi, déi politesch gestäerkt sinn, déi, déi sech net méi genéieren, déi, déi einfach soe wat se gären hätten, dat sinn zum Beispill eis englesch Frënn, déi einfach näischt méi wëlle wësse vun der Solidaritéit mat deene méi aarme Länner an Europa, déi einfach näischt dovu wëlle wëssen, datt mer musse gläichméisseg deelen, zu eisem gréisste Benefiss och nach, well eisen Aussenhandel mat Ost- a Mëtteleuropa ass haut méi grouss wéi dee mat Amerika. Mat deenen 102 Milliounen Ost- a Mëtteleuropäer hu mer haut méi Handel wéi mat deenen 290 Milliounen Amerikaner.

Dat sinn déi Froen, nieft de grousse Prinzipien, iwwert déi ech gären diskutéieren, déi sech handfest gestalt hunn, wéi d’Lëtzebuerger Regierung, déi lescht, huet musse verhandelen an dës huet mussen ënnerschreiwen. Ech hu mer eppes dobäi geduecht, Här Hoffmann, wéi ech meng Ënnerschrëft ënnert dee Vertrag gesat hunn, well ech fonnt hunn, dat do ass net dat Idealt, dat ass wierklech net dat, am Detail, dat Europa wat ech gär gehat hätt. Mir hunn äis zu 25 eens gesat, 25 Regierungen, déi sech aus méi wéi 100 Parteien zesummesetzen, dat gehéiert och zu Europa, zur Kompromisskultur, datt ee sech zesummerappt, fir mat deenen aneren eppes fäerdeg ze bréngen anstatt, datt jiddwereen a sengem Eck probéiert eppes ze maachen.

Wa mir zwee kënnten d’Verfassung schreiwen, géif se anescht gi wéi se elo ass, mä mir géifen äis net iwwert all Punkt eens ginn. Dir géift iwwerhaapt net mat jiddwerengem an Europa eens gi fir eng Verfassung ze maachen. Et muss ee sech zesummerappen, fir déi wichtegst Punkte fir Lëtzebuerg a fir d’Lëtzebuerger, fir déi wirtschaftlech a fir déi sozial Intressie vun eisem Land, déi sinn och am institutionelle Beräich an där Verfassung esou beeschriwwen, andeem ass esou begéint ginn, datt ech mat guddem Gewësse ka soen, et ass besser mir soe jo zu dësem Vertrag, wéi datt mer et bei enger eventueller Neiverhandlung drop ukomme loossen, alles dat erëm vu vir eran opzemaachen an erëm eng Kéier jorelaang ze streiden, fir déi Rechter ze kréien, déi mer elo kënne kréie wa mer jo soen.

Jay Schiltz: Mir sollen da vläicht dem André Hoffmann d’Geleenheet ginn op eenzelne vun deenen

André Hoffmann: Op déi 117

Jay Schiltz: ech mengen esouvill waren der dat net, op e puer Froen

Marc Linster: Komm mer probéieren dat vläicht: engersäits huet den Här Juncker eng ganz Partie Froen un Iech gestalt, wou e gär Äntwerten hätt, do kënnt Dir dann dodrop äntwerten. Den zweete Punkt ass awer, heen huet ënnert anerem gesot, et gëtt eng Prédominance vum Sozialen an deem Verfassungstext, déi wier evident. Déi zwee Kapitele kënnte mer da vläit emol méi genee ënnert d’Lupp huelen. Vläicht mat der Prädominanz vum Sozialen ugefaangen.

André Hoffmann: Ech kann et einfach net novollzéien an ech mengen, datt, dat hunn ech och schonn op aneren Diskussoune gesot, an ech hunn och festgestalt zu Esch zum Beispill, wou ech aus dem Sall eraus drop higewisen hunn, datt déi Behaaptung, déi bal vu jiddwerengem um Dësch och opgestalt ginn ass, dee Vertrag do, dat wier eng Avancée, dat wäer ee Fortschrëtt an der sozialpolitescher Orienta¬tioun vun der Europäescher Unioun, wou ech gesot hunn, déi Behaaptung déi hält einfach der Iwwerpréiwung um Text net stand an ech mengen och eng Rei vun Aussoen, déi den Här Juncker elo gemaach huet, hunn eigentlech relativ wéineg mat deem Text ze dinn, iwwert dee mer awer eigentlech ofstëmmen.

Déi sozial Dominanz, also nach eng Kéier, ech soen Iech emol ee Beispill, fir datt dat e bësse méi konkret gëtt, wéi dat mat deenen uklobare Rechter steet, vun deenen den Här Juncker geschwat huet. An der Charta, dat ass jo dann haaptsächlech deen Deel wou dann déi sozial Rechter sollte formuléiert sinn a wou dann och gesot gëtt, si wieren aklobar, ech muss awer direkt a Klammere soen, et gëtt eng Rei vun och Juristen, déi ganz ënnerschiddlecher Meenung sinn, wat d’Aklobarkeet vun deene Rechter do an deem Deel do iwwerhaapt ubetrëfft, dat ass also absolut net esou kloer, mä da wann een d’Artikele selwer kuckt, do steet le droit de travailler. Ça veut dire quoi ça? Wat ass dann iwwerhaapt do nach anzekloen? Et steet dran, mol net l’aide au logement. Ech ka mech erënnere viru Joren hate mer an der Chamber, ech mengen ech war do nach net dobäi, eng Chamberkommissioun hat ee grousse Rapport ausgeschafft iwwert d’Wunningsfro zu Lëtzebuerg an do stoung grouss driwwer, le droit au logement, dat wier ee vun de fundamentale Grondrechter iwwerhaapt. Hei steet nach dran, le droit à l’aide au logement, wat dat och ëmmer heescht, gell. Dat heescht, wann dat also e bëssen eng minimal finanziell Hëllef ass, dann ass dat schonn op iergend eng Aart a Weis erfëllt. Et steet dran, nach als Beispill, d’Recht vum Zougang zu Servicer am Beräich vun der Protection sociale, also Krankheet, Alter, Chômage an esou weider an esou fort. Wann een deen Artikel liest, da seet ee sech, jo ok gutt. Wann dat do dann och aklobar ass, wonnerbar. Wat awer ëmstridden ass, wéi gesot, souwisou. Da muss een awer kucken, an dat mécht jo och dee Brocken och zum Deel esou onverdaulech an onlieserlech, well et net duergeet, datt een déi 480 Artikele liest, mä datt een och nach ëmmer d’Erklärunge muss liesen, déi zu deenen Artikelen dann do stinn  a wann een dann d’Erklärung zu deem Artikel liest, iwwert deen Accès zu der Protection sociale, da steet do, dat gëlt nëmme fir déi Länner wou iwwerhaapt esou Servicer bestinn an et steet emol net dran, d’Länner engagéiere sech do, wou se géife bestoen, géife se erhale bleiwen. Dat gëtt mer herno d’Geleenheet och op Lëtzebuerg an d’Geforen, déi den Här Juncker do beim Nee gesäit fir Lëtzebuerg, op déi zréckzekommen.

Dat heescht also, déi sozial Rechter déi do dra stinn, déi si minimal, bis null. Vun der Aklobarkeet ass keen esou richteg iwwerzeegt an da soen ech nach eng Kéier, et gëtt awer entretemps eng Charta vum Europarot vu soziale Rechter, déi vill méi wäit geet. Et gëtt entretemps een internationale Pakt, dat ass am Kader vun der UNO, och vu sozialen, ekonomeschen, kulturelle Rechter dee vill méi wäit geet, wou den Droit au travail zum Beispill drasteet, awer net nëmmen drasteet le droit au travail, mä wou och drasteet den Engagement, fir dann natierlech alles ze maachen, fir datt deen Droit au travail och tatsächlech de Leit zegutt kënnt, dat heescht, datt se och wierklech eng Aarbecht hunn. Do steet dran, progressiv Gratuitéit vun der Éducatioun op allen Niveauen. Mir wëssen, datt entretemps an Europa d’Tendenz just an déi aner Richtung geet, dat heescht d’Gratuitéit vum Enseignement allmählech ofzeschafen. Hei steet nach just dran, zu där Fro, den Enseignement obligatoire soll gratis sinn. Et steet emol net dran, et misst iwwerhaapt een Enseignement obligatoire ginn. Also déi Aussoe vun deem soziale Fortschrëtt, där neier sozialer Dimensioun, déi ass einfach mat dem Text net ze beleeën. Et deet mer leed a mir stëmmen awer iwwert deen Text of.

Och déi berühmten horizontal Klausel zur Sozialpolitik, déi ëmmer erëm zitéiert gëtt, déi och den Här Juncker zitéiert huet, déi ass an hirer Substanz net nei. Esou een Artikel steet schonn an den Traitéë virdrun. Artikel 136 Amsterdam ass à peu près datselwecht an et geet och do vu Mesurë riets, déi misste gemaach ginn, ënnerholl ginn, fir déi Objektiver, déi dann do opgezielt sinn, d’Promotion de l’emploi, Pro¬tection sociale adéquate, deelweis genau déiselwecht Wierder och wéi an där berühmter Sozialklausel an och an deem neien Text net mat iergendwéi engem méi verbindleche Charakter wéi bis elo.

Services publics, ech bleiwen dobäi, ech si fir d’Services publics, och am Medie¬secteur, do bleiwen ech derbei. Mir haten eng Diskussioun, wou mer zu deem Thema net vill ze soe kruten, mengen ech zu Mondorf, wou ech jiddwerfalls selwer net genuch gesot hunn, wat ech eigentlech dozou halen, ech si fir eigentlech ëffentlech rechtlech Servicer och am Beräich vun de Medien. Ech hunn net gesot, ech si géint Privatmedien, dat wier och hei vläicht e bësse schwéier dat ze soen, hunn ech och net gesot, och wann ech nëmme beim 100,7 wier, hätt ech dat och net gesot, mä ech sinn awer der Meenung, datt et ëffentlech rechtlech Medienanstalte muss ginn an ech sinn och der Meenung, datt et an enger ganzer Rei vu Beräicher Services publics musse ginn an datt eigentlech um Niveau vun Europa et dringend nout¬wenneg wier eng Charta vun den ëffentlechen Dingschter auszeschaffen, wou définéiert géif ginn, wat dat iwwerhaapt ass, well dat ass hei net dran définéiert. Den Ausdrock Services publics, dee kënnt jo praktesch net vir, dat ass elo ersat duerch déi Services d’intérêt économique général. Déi och net präzis définéiert sinn a wat fir mech och vum Begrëff hir net kann datselwecht sinn, duerch dee Begrëff écono¬mique, net kann datselwecht sinn, wéi dat wat ech verstinn ënnert deem wäite Begrëff Services publics a wann een da kuckt, wat steet dann do iwwert déi Services d’intérêt économique général, da stellt een ëmmer erëm fest an dofir bleiwen ech bei menger Ausso, hei gëtt alles dem wirtschaftsliberale Prinzip ënnergeuerdent, da steet do, déi Services d’intérêt économique général musse grondsätzlech och dëm Prinzip vun der fräier Konkurrenz ënnerworf ginn, mat e ganz puer klenge Restriktiounen, wou dann Hëllefen erlaabt sinn, mä wéi gesot ganz restriktiv an net am Kader vun enger Definitioun vun de Services publics.

An da kéim ech gären, well dat fir mech effektiv déi fundamental Fro ass, wat ass mat der fräier onverfälschter Konkurrenz? D’Fro ass,  an den Här Juncker huet et op anere Plaze jo selwer eigentlech des öftere gesot, an ech géif esouguer soen d’Fro richteg gestalt, mä ech mengen aus menger Siicht net déi richteg Äntwert ginn, d’Fro ob d’europäesch Konstruktioun a Richtung geet vun engem fräie Maart, ongereglte Maart, virun allem, an alles anescht hannendrun oder ob et a Richtung geet vun engem sozialstaatleche Modell, wou de Prinzip vun der Konkurrenz deem eigentlech ënnerworf gëtt, also net ofgeschaaft gëtt, mä wou de Prinzip vun der Konkurrenz sozialstaatleche Regelen ënnerworf gëtt.

Ech wëll dofir och, well den Här Juncker huet jo och e bësse méi laang geschwat, ech wëll gären e Wuert soen iwwert den Historique vun der Europäescher Unioun, well ech en anescht gesi wéi heen. Et ass richteg, datt an deenen éischte Verträg, also am CECA-Vertrag, am Vertrag vu Roum an esou weider an esou fort, et ass richteg, datt do och d’Économie de marché drasteet an datt och d’Concurrence libre drasteet, awer et steet och vun Ufank un dran, Progrès social, amélioration des conditions de vie an esou weider an esou fort an ech mengen, datt an deenen éischte Jorzingten, bis an d’70er Joren eran, déi verantwortlech Spëtzepolitiker ouni se iwwerméisseg wëllen ze luewen, awer eigentlech der Meenung waren, jiddwerfalls hu se et gesot, datt eigentlech de Maart, den intégréierte Maart, e Mëttel wier, een Instrument, eng Étappe, fir zu engem politeschen a sozialstaatlechen Europa ze kommen an ech sinn der Meenung, datt vun de 70er Joren un, mer wësse jo wat an de 70er Jore geschitt ass, et ass eng ekonomesch Krisesituatioun komm an et ass d’Offensive vum Neoliberalismus komm, vu wou och ëmmer, ob dat aus England koum oder aus Amerika, dat ass egal, mä et ass eng Offensive komm an ech sinn net deen Eenzegen, dee behaapt, datt vun do un, also vum Acte unique un, iwwer Maastricht an da soen ech awer bis an deen Text hei eran, déi Verspriechen zwar nach ëmmer esou verbal do stinn, mä awer konkret Ëmsetzungen, konkret Ëmsetzunge vun deene sozialstaatleche Verspriechungen net nokommen.

An elo feelt awer nach eppes Wichteges, well den Här Juncker seet, freet, an ech fannen dat eng wichteg Suggestioun och fir mech a fir drop kënnen ze äntweren, freet, hätt Dir da gären, datt eise Pensiounsrégime vun aneren an Europa decidéiert gëtt? Ech soen neen, et hänkt dovun of wéi dat gemengt ass. Ech sinn der Meenung, datt wann an Europa de fräie Maart, de fräie Maart als Prinzip dominéiert, an dobei bleiwen ech dobäi an d’Nationalstaate behalen zwar hir Kompetenz fir hir Sozialsystemer, dat klengt dann op den éischte Bléck gutt, mä d’Gefor ass awer, an ech mengen déi Gefor ass awer och am gaange realiséiert ze ginn, dat ass, wann net um eruopäeschen Niveau europäesch Regelen agefouert ginn, datt dann d’Regressioun automatesch kënnt, well d’Regressioun dann eng Suite gëtt vun enger Standuertkonkurrenz, wéi se am Moment scho funktionnéiert. Dat gëlt fir d’Steieren, dat gëlt fir d’Sozialstandarden, d’Steieren op de Betriber, mengen ech elo haaptsächlech, dat gëlt fir Sozialstandarden an esou weider an esou fort an dofir sinn ech also der Meenung, datt mer och um europäesche Plang europäesch Regele kënne kréien an ech ka mer net virstellen, datt dat an iergendenger Aart a Weis géif Lëtzebuerg schueden. Komm mer weisen dat vläicht och méi konkret.

Wann an Europa, wann an Europa gesot gëtt, beispillsweis, all Land sollt oder d’Staaten engagéiere sech zu enger minimaler sozialer Protectioun an déi gëtt och définéiert oder zu engem Mindestloun, dee gëtt définéiert. Wann deen définéiert gëtt, par rapport zum PIB, muss ee jo deenen ënnerschiddleche Situatioune Rechnung droen, beispillsweis. Wann ee sech esou eng Rechnung hëlt, etkann ee sech och aner Modeller virstellen, dann dréit een deenen ënnerschiddlechen Entwécklungs¬stadie vun de Länner Rechnung. Wann een nach eppes dobäisetzt, wat vun, och vun enger Rei vu Wirtschaftswëssenschaftler och gefrot ginn ass, am Zesummenhang mat der Élaboratioun vun dëser Constitutioun, eng Clause de non-régression, dat heescht also, datt een draschreift, dat net däerf d’Sozialprotectioun erofgeschrauft ginn op Grond vun der Standuertkonkurrenz, da kritt een déi Acquisen déi mir hei zu Lëtzebuerg hunn, da kritt ee se garantéiert, während wa mer weiderginn a Richtung vun engem fräie Maart, der fräier Konkurrenz iwwerlooss, ouni europäesch sozialstaatlech Regelen, da fäerten ech ganz staark, datt mer an deem Standuert¬krich do och dozou kommen, fir lues a lues, nach méi eis Sozialstandarden erofzesetzen, eis Protection sociale, eis Léin an esou weider an där Spiral do no ënnen ze féieren.

Jay Schiltz: An deene Kritiken déi geäussert ginn, do dréckt sech, menger Meenung no, och vill Ängschten aus, déi d’Leit eventuell hunn. Den Här Hoffmann huet elo gefrot déi sozial Dimensioun, déi Dir uféiert Här Staatsminister, wier mam Text net ze beleeën. Hutt Dir eng Plaz wou Dir dat kënnt beleeën an dann och vläicht, kënnt Dir déi Ängschten novollzéien an eent vun den Argumenter ass jo och ëmmer bei de Leit dobaussen d’Erweiderung, datt dat alles ze séier geet an datt d’Leit dovunner iwwerrumpelt ginn, datt se net gefrot ginn domadder

Marc Linster: an d’Tierkei steet virun de Dier.

Jean-Claude Juncker: Ech wollt nach eng Kéier drun erënneren, ech hat et am Ufank vun eisem Gespréich gesot, datt ech zanter 20 Joer, an an deene leschten 12 Joer verstäerkt, zu deene gehéieren, déi Europapolitik kritiséieren, well se net sozialpolitesch propper genuch gefouert ass. Dat huet näischt mat den ale Verträg ze dinn, et huet näischt mam neie Vertrag ze dinn. Dat huet mat de politesche Majoritéiten an Europa ze dinn an dat geet net mat lénks a mat riets, well ech war emol puer Joer

André Hoffmann: Ass dat da grad de Wee, fir dat dann an eng Verfassung ze schreiwen, wat jo am drëtten Deel de Fall ass, wou d’Politike festgeschriwwe ginn?

Jean-Claude Juncker: Den drëtten Deel, op deen deen europäesche Verfassungs¬vertrag fir mech hätt kënne verzichten, wann een deen anescht ratifizéiert hätt, dat ass u sech d’Fusionéiere vun alle Verträg déi mer hunn, fir datt se méi lieserlech ginn. Ech weess, datt se total onlieserlech bleiwen, mä Här Hoffmann, ech hunn 20 Joer laang musse 5 Verträg parallel op mengem Pult leie loossen, wann ech iwwerhaapt wollt wësse wouriwwer datt mer schwätzen. Elo hunn ech wéinstens een, deen ech ka kucken, mä dat ass méi eng Saach fir déi alldeeglech Praxis wéi elo grouss Prinzipiendiskussioun do ronderëm dréinen ze loossen.

Ech sinn also ëmmer der Meenung gewiescht, mir musse méi Sozialpolitik maachen. Europa verléiert d’Zoustëmmung vun de Mënschen, wa sech d’Iddi duerchsetzt, Europa ass net fir déi normal Leit gemaach, fir déi kleng Leit gemaach, fir déi schaffend Leit gemaach. Dat ass déi gréissten Zuel vun Europäer an déi fanne sech ganz oft net erëm an deem wat mer do maachen an ech hunn dat ëmmer kritiséiert. Ech war ëmmer der Meenung, datt mer sollen ee Mindestsockel vun Arbeitnehmerrechter an Europa maachen.

Denn neie Vertrag erméiglecht dat. En erméiglecht et net manner wéi déi Verträg virdrun. En erméiglecht et esouguer méi einfach, well de Vertrag gesäit vir, datt wann enges Dags d’Meenung ass an Europa, datt mer sollen a bestëmmte Beräicher vun der Sozialpolitik mat Majoritéit decidéieren, datt mer dat kënnen ouni Vertragsännerung duerchaus maachen an da géife mer, wann déi richteg politesch Majoritéiten do sinn, dat kënne maachen.

Soulaang wéi déi englesch maartversiesse Politik sech ka spären dogéint, datt déi méi sozial responsabel politesch Dimensioun sech an Europa duerchsetzt, ass dat natierlech schwéier. Mir hunn et hei mat zwee Biller, mat zwee Konzepter vun Europa ze dinn: déi déi nëmmen de Maart wëllen, an ech wëll net nëmmen de Maart, well de Maart selwer produzéiert keng Solidaritéit. D’Mënsche brauchen awer Solidaritéit. Dofir muss de Maart funktionnéieren, mä e muss esou a senge Produkter ëmorientéiert ginn a Richtung Organisatioun vun der Solidaritéit, dat ass dat Europa un dat ech gleewen. Dat ass och déi Politik, déi mer hei am Land zanter dem 2te Weltkrich maachen. kucken anstänneg ze produzéieren, anstänneg ze wirtschaften, mä dann awer de Produkt vun dem wirtschaftlechen Erfolleg net nëmmen eenzelne Leit zoukommen ze loossen, mä dat an der Allgemengheet esou z’organiséieren, datt jiddwereen zu sengem kënnt an do ass deen Europäesche Verfassungsvertrag, wat déi sozial Dimensioun ubelaangt, méi entwéckelt wéi déi Texter vu virdrun. Mä esouguer déi Texter vu virdrun, déi also manner gutt waren, déi hu mer net voll ausgenotzt. Et ass dat wat den Här Hoffmann elo just gesot huet an do sinn ech absolut mat him d’accord.

Déi Méiglechkeeten, déi mer och ma Amsterdamer Vertrag haten, iwwregens am Zesummenhang mam Beschäftegungskapitel an dee Vertrag agefouert ginn an net an der Breet vun der Sozialpolitik, deen hu mer jo genotzt fir de Sommet emploi 97 zu Lëtzebuerg ze maachen, wou mer mol erstmaleg probéiert hunn europäesch beschäftegungspolitesch Elementer do uneneenzehänken.

André Hoffmann: Politique sociale steet do, net Beschäftegungspolitik.

Jean-Claude Juncker: Jo mä ech wëll soen, dat ass am Zesummenhang mat der Insertion am Amsterdamer Vertrag vun engem spezielle Kapitel iwwer d’Beschäfte¬gungs¬politik komm, iwwregens géint grousss Widderstänn och vun der deemoleger englescher Regierung, dat war d’Regierung Major nach. Dat ass zu deem Punkt.

Zu deem anere Punkt wat d’Steieren ubelaangt: ech gesinn och d’Gefor vum fiskalen Dumping, selbstverständlech. Wann een net europäesch Mindestregelungen hëlt an ech plädéieren heftegst dofir, datt mer europäesch Mindestregelen, och bei de Betribssteiere kréien, esouwuel wat d’Bemiessungsgrondlag ubelaangt, wéi wat de Steiersaz ubelaangt. Ech hätt just gären, datt mer dat eestëmmeg maachen. Wësst Dir Här Hoffmann ech sinn elo, waart emol, vun 89 u Finanzminister. 15 Joer laang Drock, wat d’Finanzplaz Lëtzebuerg ubelaangt an ech war ëmmer der Meenung d’Kapital soll anstänneg besteiert ginn. Ech war ni der Meenung, datt et richteg wier, datt déi Leit déi géint Loun a Gehalt schaffen, bis de leschten Cent besteiert ginn an déi déi Kapitalerträg hunn, wa se déi an d’Ausland bréngen, iwwerhaapt net. Dovun huet d’Finanzplaz Lëtzebuerg vill gelieft. Ech hunn, zesumme mat aneren an Europa, eng Regelung kritt, wou mer elo eng Kapitalertragsbesteierung maachen, ouni datt mer, wat déi aner gär gehat hätten, eist Bankgeheimnis opginn an ech wëll och hunn, datt mer bei der Betriebsbesteierung zu Mindestregele kommen awer zu deene Mindestregelen déi och passen an eist Land an net wann déi Däitsch, wann déi Franséisch, wann d’Englänner, déi féieren d’Steierdiskussioun führend an Europa, fannen et misst esou goen, datt dat duerch Majoritéitsbeschloss de Lëtzebuerger kann opgezwonge ginn. Steierpolitik kann een einvernehmlech regelen, mä d’Parla¬ment muss selwer zoustëmmen, d’lëtzbuergescht Parlament, a wat fir eng Richtung, datt déi Regele ginn.

Wann et richteg wier, wat Dir sot, datt de Wirtschaftsliberalismus hei nei Triumpher feiert an där Verfassung

André Hoffmann: Oh, ech hunn am fong geholl gesot net neier, mä nach ëmmer déiselwecht.

Jean-Claude Juncker: Jo an ech soen Iech, wann ech de Sozialmodell zu Lëtzebuerg, dee mer gemaach hunn an der europäescher Uerdnung, deen ech jo muss verteidegen, Dir kënnt e viru kritiséieren, da soen ech, dann hu mer de Maximum aus deene Méiglechkeete gemaach, déi mer op dëser Plaz an zu dëser Zäit an Europa hunn. An déi Verfassung déi schreift jo net eng bestëmmte Politik vir, där d’Regierungen net kënnten échappéieren. Dat ass einfach net esou, well mir maache jo ënnerschiddlech Politik opgrond vun deenen ale Verträg a vu datt déi al Verträg an déi nei Verträg zesummeféierend afléisse gelooss ginn, kënnt et also net zu enger Gewiichtsverlagerung tëscht deem wat d’Europäesch Unioun decidéiert a wat déi national Regierunge maachen a mir hunn ebe keng wirtschaftsliberal Politik am eigentlech Sënn vum Wuert gemaach. Mir hunn dee strengste Kënnegungs¬schutz zu Lëtzebuerg duerch ee Gesetz vun 1989, deen no dem Gesetz iwwert den Acte unique komm ass. Mir hunn d’Währungsunioun gemaach 1991 an obschonn se alleguer wollten hunn, datt mer den Index sollten ofschafen, hu mer den Index net ofgeschaft an Dir fannt an deem neie Verfassungsvertrag näischt, wat äis obligéiert eis Mindestléin an eise Kënnegungsschutz an eis Indexéierung vu Léin a Gehälter ofzeschafen. Näischt fannt Dir dodran, well déi Politikberäicher si kloer an däitlech getrennt.

Den Droit au travail an den Droit de tavailler, majo mir hunn an eiser Verfassung den Droit au travail stoe fir eist eegent Land. Mir hunn äis dorun ze halen. Dat ass ee protestativt Recht, well mir bréngen et och net fäerdeg fir dat fir jiddwereen, leider, ze maachen. Den Droit de travailler an där europäescher Charta wëllt eigentlech soen, net eng Ofschwächung vun deem wat an eiser Verfassung steet, dat kann den Europäesche Verfassungsvertrag guer net maachen, e wëllt soen, datt keen däerf verbuede kréie schaffen ze goen. An där Länner hu mer an der Welt vill an an Europa och nach ee ganze Koup gehat, wou bestëmmte gesellschaftlech Kategorien, op Grond vu bestëmmte Critèren, ethneschen Zouschnëtts, gesot kréien, Dir däerft hei net eng Aarbechtsplaz unhuelen. Dat selwescht fir den Zougang zur Protection sociale. Et gëtt an eenzelnen osteuropäesche Länner ganz Gruppë vu Minoritéiten, deenen den Zougang zu geregelter, organiséierter, staatlech organiséierter Sécurité sociale verspaart ass. Et si fir déi Fäll ze regelen, wou déi Dispositiounen do an d’Charta komm sinn, déi ee kann akloen, wann ee fënnt, datt eng europäesch Institutioun dogéint verstéisst, während fir dat nationalt Handele vun de Regierungen déi national Verfassung an déi national Gesetzer selbstverständlech gülteg bleiwen an déi Konventioune vum Conseil de l’Europe iwwer Sozialrechter oder vun der UNO, déi kann een net akloen. Déi si ganz einfach net aklobar. Dat si Prinzipien¬declaratioune mat deenen ech ganz zefridde sinn, mä et ka keen eenzelne Bierger, fillt e sech a senge Rechter geschmälert, dat akloe kommen, während hei, wann d’Kommissioun eng Decisioun hëlt, déi net am Aklang steet mat der Grondrecht¬charta, all Bierger kann d’Europäesch Kommissioun virun déi dofir zoustänneg Geriichtsbarkeete bréngen.

Dat, wat Dir sot, Här Hoffmann, ass a ville Punkten dat, wat ech fréier och gesot hunn a wat ech nach soen: et kënnt drop un, wat fir eng Politik datt mer mat där Verfassung maachen. Déi Verfassung, och déi lëtzebuergesch, schreift net vir, datt eng lénks oder eng riets oder eng Politik aus der Mëtt gemaach gi muss. Mir musse kämpfe fir eng bestëmmten Iddi vun Europa. dofir suergen, datt dat wat wertvoll ass un där Iddi, dat ass nämlech, datt mer een europäesch friddlech geuerdnete Kontinent hunn, datt mer dorunner festhalen an déi déi géint d’Verfassung sinn, dat si selbstverständlech net d’Leit déi géint de Fridde wieren, dat ass iwwerhaapt net meng Approche, wann ech mat Kollege schwätzen, déi net där Meenung sinn, mä all Dag gedëlleg dru viruschaffen, lues a lues a Stéck fir Stéck, datt d’Solidaritéiten esou wuessen, datt se net méi kënnen ausernee briechen. Mir hunn de Choix tëscht engem solidaresch organiséierten Europa, engem sozial orientéierten Europa oder dem Réckfall an déi reng maartwirtschaftlech inspiréiert Gesamtpolitik, wéi se vun eenzelne Regierungen an Europa, an dat hunn déi lescht Woche bewisen, bedriwwe gëtt. Deem wëlle mir äis an de Wee stellen an d’Verfassung hëlleft äis dobäi, hëlleft äis net all Froen ze beäntwerten, mä déi Verfassung ass esou, datt wa mer se oflehnen, vill Froen, déi mer haut hei am Land richteg kënne beäntwerten, an Zukunft net méi esougutt kënne beäntwerten.

Marc Linster: Eis Emissioun ass bal eriwwer. Droit de réponse fir den Här Hoffmann awer nach.

André Hoffmann: Also ech sinn einfach der Meenung, datt wann de Jo an alle Länner majoritär gewiescht wier, iwwert wéi ee Ratifizéierungsprozess och ëmmer, datt dat eigentlech d’Legitimatiounskris an der Europäescher Unioun verschäerft hätt, well a Wierklechkeet e groussen Deel vun de Leit a virun allem vun deene Leit déi op hir Léin ugewise sinn oder op hir Renten, datt déi Leit par rapport zu där Europäescher Unioun ëmmer méi entfriemt ginn an dat huet eppes mat der sozialer Entwécklung ze dinn an et huet eppes och mat der Fro ze dinn, wéi wäit datt d’Leit eigentlech fannen, datt se an déi demokratesch Prozeduren ageweit géife ginn.

Wat Dir mir do iwwert den Droit de travailler, ech mengen, do sidd Dir ee Säitepad getrëppelt, deen eigentlech mat deem wat do drasteet net vill ze dinn huet, well wann et wierklech esou gemengt wäer, den Droit de travailler, well an eenzelne Länner vun deene 25 nach net jiddwereen d’Recht hätt ze schaffen, da wäer et awer wierklech eng Bestätegung vun engem absolute Minimalismus an a punkto Rechter, wou ech esouguer gär géif behaapten, datt en op anere Plazen an därselwechter Charta souwisou ofgeséchert wäer, nämlech an deem Deel vun den Droits de l’homme, dee jo eigentlech jo näischt anescht ass wéi d’Mënscherechtskonventioun vun 1950,

Jean-Claude Juncker: Jo wësst Dir Här Hoffmann, dat si Länner déi ware laang Zäit kommunistesch. Do ass nach net alles esou wéi hei. Do muss nach e bëssen an déi richteg Richtung geschafft ginn.

André Hoffmann: Jo mä sot mer net, am Konvent wäer iwwerluet ginn, le droit de travailler setze mer dran a mer setzen den Droit au travail net dran, well, ech soe ganz einfach, le droit au travail ass net dra komm, well och op där doe Plaz dat der liberaler dominanter Stréimung net gefall hätt, genau wéi Droit au logement.

Jean-Claude Juncker: Also Här Hoffmann, Dir wëllt wierklech soen, ech hätt ee Vertrag ënnerschriwwen, mat deem ech bewosst hätt wëllen dat wat an der Lëtzebuerger Verfassung steet, nämlech datt jiddwereen e Recht op Aarbecht huet, hätt wëllen ënnerhillegen an ech géif elo dem Grousskapital d’Lëtzebuerger zum Fraass virgeheien, fir datt déi d’Leit kënnten drun hënnere schaffen ze goen. Dat kann dach net Ären Eescht sinn?

André Hoffmann: Dat mengen ech, ech mengen, datt et eng ganz Rei vu Leit gëtt, déi fir de Oui plädéieren, déi keng schlecht Absichten hunn, mä déi

Jean-Claude Juncker: Géift Dir mir dat zougestoen? Här Hoffmann géift Dir mir dat zougestoen?

André Hoffmann: Ech kann net an Äre Gedanke liesen, ech wollt just soen, ech, ënnert deenen déi hei fir dee Vertrag plädéieren, gëtt et der sécher eng Rei, déi keng ganz béis Absichten hunn. Mä ech mengen awer, datt se de Vertrag selwer, also den Text selwer an am historesche Kontext, op eng Aart a Weis liesen, déi ech net kann deelen, well ech mengen,datt een en eigentlech anescht muss liesen an dat hunn ech jo virdru schonn eng Kéier erkläert. An dann nach eng Kéier, déi Fro vun den nationale Kompetenzen a vun de soziale Regelen, ech widderhuelen nach eng Kéier, dat ass fir mech ee ganz entscheedende Punkt. Wa mer et net fäerdeg bréngen, well, well, well déi national Staaten ëmmer méi ënner Drock geroden, well et ëmmer méi schwéier gëtt am nationale Kader d’Sozialrechter oprecht z’erhalen, also zum Beispill am Kader vun der liberaler Globaliséierung, dofir musse mer, menger Meenung no, dee sozialstaatleche Modell dee mer um nationale Kader erkämpft hunn an deene Jorzingte virdrun, musse mer op den europäeschen Niveau hiewen an dat bitt deen Text hei eben net.

Jean-Claude Juncker: Mä ech sinn der Meenung, ech soen dat nach eng Kéier, datt mer an Europa Mindestsocklen Arbeitnehmerrechter brauchen. Do trennen äis jo da keng Welten an ech si frou, datt Dir zougitt, sou wéi ech zouginn datt et beim Neen Argumenter gëtt, déi een deelweis kann novollzéien, datt Dir deenen déi dee Vertrag ënnerschriwwen hunn, zumindest an hirer lëtzebuergescher Komponent, net ënner¬stellt hei een anere Wirtschaftssystem ze maachen, wéi deen un dee se gleewen a fir dee se sech ee Liewe laang agesat hunn, dat ass nämlech, datt all Mënsch ka vun eisem Wirtschaftssystem profitéieren

André Hoffmann: Mä deen akzeptéieren, deen an Europa dominéiert, dat ass de Virworf

Jean-Claude Juncker: An d’Politik besteet doranner, datt och déi kleng Lëtzebuerger, dat ass ee Vollek wat esouvill wert ass wéi déi aner, duerch déi Stëmm, déi se an Europa hunn, kënnen dozou bäidroen, datt déi richteg politesch Mixtur an den inhaltleche Festleeunge vun der europäescher a vun der nationaler Politik geschitt. Mir stoungen ëmmer an Europa fir d’Sozialdimensioun vun Europa. Mir waren ëmmer dogéint, datt just déi Grouss eleng decidéiert hunn a mir waren ëmmer dofir, datt Europa, souwéi och d’Länner déi et zesummesetzen, sech solidaresch weist mat deenen Deeler vun der Welt, deenen et net esou gutt geet. Alles dat léist deen neie Verfassungsvertrag zou an dat ass dat wat eigentlech zielt. D’inhaltlech Politikgestaltung, dat ass, wat mech méi intresséiert eigentlech wéi déi méiglech Verierungen, déi d’Verfassung a sech huet oder déi méiglech besser Präziséierungen déi se bréngt.

Marc Linster: Et ass kuerz no eng Auer, domadder wäre mer bal um Enn vun der Emissioun. Et wär nach sécherlech vill ze soen an ze diskutéieren. Dat wäert och nach vun eisen zwee Invitéën an och op eisen zwee Radiostatiounen nach an den nächsten Deeg passéieren. Ganz um Schluss wollt de Jay Iech awer nach eng Fro stellen am Zesummenhang mam 10. Juli an ech bieden Iech awer ëm eng kuerz Äntwert dann.

Jay Schiltz: An dat wier, Ärem Gefill no oder Ärer Hoffnung no auszedrécke wat dann de Prognostik wier fir den 10. Juli, Här Staatsminister.

Jean-Claude Juncker: Vun deem Dag u wou mer decidéiert hunn zu Lëtzebuerg ee Referendum ze maachen, soen ech, an Dir zwee Chefredaktere wësst dat, datt dat ganz knapps gëtt. Ech hunn ni zu deene gehéiert, déi gemengt hunn, et géif ee Spazéiergang ginn. Demokratie ass kee Spazéiergang an d’Vollek schwätzt gäre mat, lauschtert net nëmme gären no. Ech kämpfe mat Leidenschaft fir de Jo, well ech der Meenung sinn, datt dat dee beschten Text ass, dee mer de Moment an Europa kënne kréien an ech kämpfe mat Leidenschaft fir de Jo, well all Punkten déi fir eist Land wichteg sinn, an deem groussen europäeschen Zesummenhang vun deem Verfassungsvertrag zur Zefriddenheet vun eisem Land an zum Beschte vu senge Bierger geregelt gëtt.

Marc Linster: Här Hoffmann, Äre Prognostik.

André Hoffmann: E Prognostik maachen ech net, ech mengen och, datt et vill méi knapps gëtt wéi dat am Ufank gemengt gi war an erwaart gi war. Ech plädéiere fir den Neen, well ech, an ech bleiwen och dobäi, ech mengen, datt déi Leit déi mat der aktueller Orientéierung vun der Europäescher Unioun net zefridde sinn, déi dorënner leiden an hirer sozialer Situatioun, datt déi fir déi do Verfassung net kënne stëmmen an duerch hiren Neen ausdrécke kënnen, datt eigentlech een neien Text mat vill méi enger staarker sozialer Dimensioun misst ausgeschafft ginn.

Jay Schiltz: Voilà dat war et fir dëse Face-à-face, de Radio 100,7 an RTL Radio Lëtzebuerg soen Iech Här Juncker, Här Hoffmann op alle Fall merci, datt Dir Iech de Mëtteg fir dës Emissioun Zäit geholl hutt. Iech dobausse merci fir den Intressi a fir Ärt Nolauschteren a bis geschwënn.



Dernière mise à joude cette page le : 28-06-2005

Haut de page Haut de page