[Verfassung fir Europa]
 Deutsche Fassung        
 

Chemin de navigation : Accueil > Actualités > Juin 2005 > Intervention du Premier ministre Jean-Claude Juncker au nom du gouvernement lors du débat parlementaire sur le projet de loi sur la Constitution pour l’Europe

Actualité
Intervention du Premier ministre Jean-Claude Juncker au nom du gouvernement lors du débat parlementaire sur le projet de loi sur la Constitution pour l’Europe
Publication: 28-06-2005

Här President,

Dir Dammen an Dir Hären.

Ech géif gären, elo wou et un der Regierung ass, am Numm vun däer selwechter dem Rapporter, dem Här Ben Fayot - oder ‚Fayots Ben’ wéi den Här Castegnaro seet - merci soen, fir dee Rapport, deen exzellente mëndlechen, esouwéi schrëftlechen, deen e virgeluecht huet a fir dee Liewenswee, deen et méiglech gemaach huet, datt en sech esou zu deene Froe konnt äusseren, wéi en et hei gemaach huet. Och Rapporten zu wichtege Saachen enstinn net aus dem Näischt, mä fannen hir Wuerzelen an Iwwerzeegungen. A beim Ben Fayot sinn dat déif Wuerzelen an däer, déi laang gewuess sinn an dofir war dat gutt nozelauschteren an och gutt gesot.

Déi Débatt, déi duerno stattfonnt huet, war och gutt, well mer ee Feeler net gemaach hunn heibannen. Eischtens hu mer net zevill mat deene gestridden, déi net hei sinn. Déi wollte jo och net, datt géif mat e gestridde ginn, dofir si se net heihinner komm, da solle mer och net mat e streide, wa se net hei sinn. An dat Zweet ass, datt net probéiert ginn ass der Europäescher Verfassung Dugenden, Mériten, Avantagen unzedichten, déi den Europäesche Verfassungsvertrag, wéi all politeschen Entworf vu Mënschen, ganz einfach net kann hunn.

Ech sinn dogéint, datt een dee Verfassungsvertrag a Grond a Buedem stanzt a verdäiwelt. Ech sinn och dogéint, datt een esou mécht, wéi wann duerch eng wonnersam europäesch Awierkung, am Fall wou dee Verfassungsvertrag eng Kéier a Kraaft trëtt, all Problemer déi mer an Europa hunn oder déi mer heiheem begéinen, géifen eng Léisung fannen. Esou ass et net. Wann et esou einfach wier, wieren anerer virun eis op d’Iddi komm, fir d’Problemer vun de Mënschen duerch Aufsätz ze léisen. Mir wëssen, datt een d’Problemer vun de Mënschen doduerch léist, dat een - ass den Aufsatz bis gutt geschriwwen - probéiert deem selwechte Been ze ginn, fir datt en an déi richteg Richtung lafe kann.

An et ass och däitlech ginn an däer Débatte, wéi och schonn a Gespréicher, déi virdru stattfonnt hunn, wouriwwer den 10. Juli, wann d’Lëtzebuerger - wéi ech fannen - een historesche Rendez-Vous mat sech selwer hunn a mat Aneren, wourëms et net geet. Et geet net drëm elo nodréiglech Nee ze soen, zu eppes wat scho geschitt ass.

Ech weess aus ville Gespréicher, onendlech ville Gespréicher, datt d’Erweiderung vun der Europäescher Unioun no Ost- a Mëtteleuropa - vu Malta a vun Zypern schwätzt erstaunlecherweis keen, solle mer eis emol froe wisou eigentlech net - datt d’Erweiderung no Ost- a Mëtteleuropa een Thema ass, dat d’Leit net lassléisst. Et muss een nach eng Kéier hei soen, datt et zu däer Erweiderung no Ost- a Mëtteleuropa keng valabel, alternativ Optioun ginn huet. Hätt et se ginn, hätten der eenzelner se jo formuléiert an no däer Nobiederei, anerer ofgeholl, fir ze soen, datt et een anere Wee géif ginn, wéi dee vun der Erweiderung, respektiv vum Bäitrëtt. D’Mënschen an Ost- a Mëtteleuropa wollten dat hunn, nodeem se de Kommunismus ewechgehäit hunn, ënner Ëmstänn, déi mer jo vergiess hunn. Dat ware jo déi kleng Leit, déi dat gemaach hunn. Dat waren net d’Eliten. Well d’Eliten hu sech am Regelfall arrangéiert mat deem System a mat deem Régime deen do war. Dat waren déi Leit, déi ausgespaart ware vu wiesentleche Liewensleef, déi se hätte kënne goen, wa se net den Zougang zu deene Selwechte verspaart kritt hätten a si hunn dat séier dacks ënner Asaz vun hirem Liewe gemaach, an deene kruziale Momenter, an dann ass et net un deenen, déi an der Sonn grouss gi sinn, an der Sonn vun der Fräiheet an och an der Sonn vum Marshallplang, vun deem déi Länner duerch de sowjetesche Wëllen ausgespaart gi waren, fir ze soen, bekëmmert Dir Iech ëm Är Saachen a mir bekëmmeren eis ëm eis Saachen.

Wann een d’Geschicht kuckt, duerchtrëppelt, heiandsdo Halt mécht op deene wichtege Kéieren - Schwänk, déi se huet - kritt se heiandsdo Sënn. Et mierkt een et just net ëmmer direkt. Et kann een zu sengem gréisste Benefice eng Ried vum Churchill noliesen - iwwregens net déi berühmten Züricher Ried vun 1946, déi och scho villes richteg gesinn hat, well si seet, datt déi grouss an déi kleng Länner missten a gläicher Dignitéit an Europa matenee schaffen - dat war richteg gesinn - an déi gläichzäiteg seet, England bräicht sech un däer Übung net ze bedeelegen. Dat war selten esou aktuell wéi haut. Den Churchill war ee grousse Mann, an dat weist virun allem - an net all seng Nofolger passen an d’Kategorie. Ech schwätzen net onbedingt vun dem aktuellen Amtsinhaber. Et sinn der jo nach virdrun ginn. Et ass jo net direkt vum Churchill bei de Blair komm. Et war nach eppes dertëschent. Den Churchill huet 1947 gesot, wéi d’paneuropäesch Bewegung sech zu Den Haag getraff huet fir den éischte Kongress vum europäesche Mouvement ze maachen, den alen Adenauer war derbei, de jonke Mitterand war derbäi, Philosophen, Gewerkschaftler aus allen europäesche Länner, souwäit wéi se hunn däerfe reesen, waren derbei.

Den Churchill huet deemols gesot, wéi et ëm d’Grëndung vum Europarot gaangen ass, deem seng Wichtegkeet och hei am Haus all ze dacks net richteg gesi gëtt, well en huet villes méiglech gemaach wat duerno geschitt ass, huet deemols gesot: mir fänken haut am Westen un, wat mer enges Dags am Osten op een Enn féieren. 1947. Wéivill verlueren Zäit a wéivill Jorzingten Trennung, onnéideg Trennung bis mer do waren, wou den Churchill, den Adenauer, de klenge Mitterand vun deemols, eigentlech scho gären an de 50er Joren hikomm wieren. Alles wier besser ginn an Europa, wa mer déi 60 Joer net gehat hätten, déi 60 Joer vun der Trennung waren. An doriwwer sech ze bekloen ass een ahistoreschen Akt, ass d’Vergiesse watfir Lähmunserscheinungen, datt dëse Kontinent kannt huet duerch dee kale Krich, wéivill Angscht - d’Leit hunn haut Angscht virun alle méigleche Saachen - wéivill Angscht, datt Generatioune vun Europäer haten, well d’Rakéiten openee geriicht waren. An dofir muss ee bei alle Bedenken am Detail zu deem europäesche Wierk vun der Erweiderung stoen, well si huet de Kontinent méi stabil gemaach, si huet de Kontinent méi sécher gemaach a si huet och d’Fräiheet, déi vill jonk Demokratien an Europa fonnt hunn, och méi definitv gemaach, well do gëtt et keen Zeréck.

1989 waren der vill, och hei am Haus iwwregens, déi fonnt hunn, nodeem de Kommunismus elo fort wier, wier jo alles an der Rei an de Kapitalismus hätt gewonn. Déi Lecture vun däer Zäsur an der europäescher Geschicht ass natierlech enorm falsch, well och de Kapitalismus, dee scheinbar triumphéiert huet deemols, ass jo keen ideale Gesellschaftssystem, näischt wat ee mat aller Kraaft wëllt, do wou en net geregelt ass, do wou en net bornéiert ass, do wou en net och Plaz léisst fir Hoffnungen, soll betonnéieren. Eigentlech hunn déi gewonn, déi ëmmer scho fir den drëtte Wee waren an dat sinn der vill, an déi verdeele sech op ënnerschiddlech politesch Sensibilitéiten. An dofir soll een och elo net esou maachen, wéi wann, no der Erweiderung an no dem Fall vun der Berliner Mauer - géint där hire Réck Europa, dat europäescht Haus, gebaut war an dofir huet et misse stabiliséiert ginn, wéi dee Réck vun der Berliner Mauer ewech war - wéi wann no dem Wegfale vum Kommunismus an no der Erweiderung no Ost- a Mëtteleuropa elo een ongebremste Kapitalismus, dee mat ongebremste Schaum iwwert eis Länner géif hirfueren, einfach géif duerchgewénkt ginn, wéi wa mer dee géife frenetesch applaudéiere wann e géif kommen. Dat ass net dat wat mer gären hätten. Dat ass net dat wouru mer gleewen.

An dofir ass deen Europäesche Verfassungsvertrag besonnesch wertvoll do, wou e sech net ouni Nuancen, net ouni Aschränkungen aussprëcht fir dat wat ee Wirtschaftsliberalismus nennt, woubäi et mer ëmmer leed deet fir déi Liberal, datt se mat deraarteg brutalen Descriptiounen, zumindest semantesch an der Melodie no, an Zusammenhang bruecht ginn. Et ass jo net dee Liberalismus, deen heibanne vertruede gëtt, dee mer domat mengen, wa mer vum Wirtschaftsliberalismus schwätzen. Dee kritt jiddwerfalls net seng Titelnoblesse an dëser Verfaassung.

An dësem Verfassungsvertrag gëtt en ënnert déi norméierend Gewalt vum politeschen Afloss gestalt. An et gehéiert zur Éier vun  eisem Kontinent, datt dat eng gedeelte Gewalt ass tëscht Nationalstaaten an deenen no Europa transferéierte Souveränitéitsattributer. Den Nationalstaat alleng, dee fir sech a fir seng Noperen [inaudible], dee féiert zum Géigendeel vun deem wat mer haut als Europäesch Unioun kennen. Et ass weltwäit keen anert Beispill ze gesinn, wou aus fräier Entscheedung Parlamenter, Regierungen, Länner a Leit Attributiounen hunn, mat aneren deelen, fir datt déi Attributiounen, déi - hätten se se alleng - zu geféierlechen Entwécklunge géife féieren oder awer sech, wéi dat an eisem Fall wier, als total onwierksam géifen erausstellen. Dofir, déi Souveränisten de gauche et de droite, déi sech elo hei zu Lëtzebuerg, och ongenéiert, zu deene Virgäng do äusseren, während se dat virdrun ni gemaach hunn. Ni. Esouguer d’Extrème-droite huet sech genéiert zu Lëtzebuerg géint Europa ze schwätzen. Elo ass eng nei Tonalitéit souwuel an Europa wéi och heiheem an der Débatte. Et genéiert ee sech net méi, fir eigentlech haart ze soe wat een ëmmer scho lues geduecht huet. Ech hoffen, datt iergendwou, op iergendenger Uni, soufern déi, déi do schaffen des Lëtzebuergesche mächteg sinn, eng Kéier ee sech ameséiert, an et ass keen Amusement, fir emol allguer déi xenophob Zwëschenzongeschléi ze relevéieren, déi an dëser Débatte bis elo hei am Land vun eenzelnen Unhänger vu bestëmmtenen Doctrinë gefouert gi sinn. Dat war heiandsdo séier erschreckend, souwuel zu Lëtzebuerg, wéi iwwregens och an eisem grousse westlechen Nopeschland, wou een däers och heiandsdo héieren huet.

Tëscht der Erweiterung an dem Akraafttriede vum Verfassungsvertrag - wann dat op ee gutt Enn ka bruecht ginn - geschitt näischt vun all deene Risiken, déi hei an der Débatte, net heibannen, mä dobausse geschriwwe gi sinn an duerno och net. Ech kréie vill Bréiwer, däer enger an och däer anerer, et ass konjunkturell séier ënnerschiddlech gefierwt. An do sinn der vill dobäi vu Leit, déi Suergen hunn, ech mengen esouguer éierlech Suergen hunn - dat mierkt een um Toun deen ugeschnidde gëtt, ob et éierlech Suergë sinn oder ob dat eng aner Motivatioun huet. An et gëtt einfach vill Leit, déi liewen an däer Virstellung, wéi wann elo, duerch déi Verfassungsdébatt an duerch déi Realitéit, déi mer haut an Europa hunn, honnertdausende, wann net Millioune vu Leit aus Ost- a Mëtteleuropa géifen heihinner kommen, de Leit hei d’Aarbecht ewechhuelen, de mëttelstännege Betriber d’Existenzgrondlage géife klauen a groussen Duercherneen hei géife maachen.

A viller, déi fir den Neen ënnerwee sinn, schüren déi Angscht, mat enger gewëssener Dosis Perfidie, muss ech soen. Well déi meescht vun hinnen intelligent Mënsche sinn, gleewen ech jo net, datt se dat gleewe wat se déi aner Leit wëlle gleewen dinn. A fir esou ze maachen, wéi wann elo mar einfach ee Bus voll polnesch Aarbechter, voll tcheschech Aarbechter, voll slowakesch Aarbechter hei géif zu Lëtzebuerg débarquéieren, an déi géife fir 2 Euro d’Stonn hei an iergendengem Betrib kënnen agestalt ginn oder géifen hiren eegene Betrib hei grënnen a géife sech ouni sech un eng Handelsgenehmegung ze halen, ouni sech un déi mëttelstänneg verfeinert Regelen, wat den Établissement ubelaangt, brauchen ze halen, dat ass eng Virstellung déi einfach béisaarteg ass. Dat ass gemaach fir de Leit Angscht ze maachen.

 Ech sinn dofir, datt een an der Politik de Leit d’Wouerecht seet. Ech sinn awer dogéint, datt ee fir d’Zoustëmmung vun de Leit ze kréien, de Leit Geschichten erzielt, fir se fäerten ze dinn a fir déi Angschtgefiller déi se hunn, nach wiesentlech ze verstäerken. Dat ass am héchste Mooss irresponsabel. Dat ass onmoralesch, fir de Leit Angscht ze maachen. Et mécht een de Leit keng Angscht, wa keng Ursaach dofir do ass, datt se Angscht sollen hunn. An dofir muss een de Leit hei am Land däitlech soen, datt dat wat do geschitt a wat do gesot gëtt, esou net geschitt, an esou och net däerf gesot kënne ginn.

Et kënnt hei op Lëtzebuerg, weder no der Erweiterung nach no Akraafttriede vun der Verfassung, ee polneschen Aarbechter schaffen ënnert de Mindestléin, ënnert den Tarifléin zu Lëtzebuerg an et ka keen hei ee Betrib opmaachen, dee sech net un d’lëtzebuerger Aarbechtsrecht, un d’lëtzebuerger Sozialgesetzgebung hält. Dat geet einfach net. Dat geet hei am Land net. An ech géif dach d’Lëtzebuerger bieden, déi soss jo, wat ech gutt fannen, kritesch si géint Aflossmoossnahmen, déi am Ausland gestart ginn, fir d’Denken hei am Land ze forméieren, dach bieden net alles ze gleewen, wat op der däitscher Televisioun gesot gëtt, fir vun aneren Televisiounen, mä dat ass jo eng aner Saach, hei net ze schwätzen.

Wann an Däitschland gesot gëtt, datt polnesch Aabrechter fir 3 Euro d’Stonn zu Potsdam an engem Schluechthaus schaffen an honnerten ostdäitsch Aarbechter doduerch effektiv hir Aarbecht verluer hunn, dann ass dat richteg, mä et ass falsch fir ze mengen, dat wier och zu Lëtzebuerg richteg an et wier hei méiglech. Wann den däitsche Gesetzesgeber, deen dichtegen, dat gemaach hätt, wat mir hei am Land gemaach hunn, 1994 fir d’éischt, 2002 fir d’zweet, nämlech kloer ze stellen, datt d’lëtzebuerger Aarbechtsrecht territorial ugewandt gëtt, datt jiddwereen deen zu Lëtzebuerg schafft oder ee Betrib opmécht sech muss un d’lëtzebuerger Gesetz halen, de lëtzebuerger Mindestloun, d’lëtzebuerger Tarifléin, da wier dat an Däitschland net geschitt, da bräichten se am Frankräich keng Débatten driwwer ze féieren, datt de polnesche Klempner, de Plombier polonais - deen iwweregens mat enger Clef française schafft, dat nëmme niewelaanscht erwähnt - datt deen de Leit géif d’Aarbecht ewechhuelen. Hei am Land geet dat net, well mir hunn hei am Land et fäerdegbruecht eng mustergülteg Sozialgesetzgebung ze hunn, entstan duerch laang Jore vu sozialem Dialog an duerch laang Débatten hei am Parlament. An dofir géif ech häerzlechst drëm bieden, net alles wat an Däitschland, a Frankräich als realexistéierend Gefor ka beschriwwe ginn, als effektiv Geforemomenter fir Lëtzebuerg ze begräifen.

Mir hunn eis besser geschützt, net en vue vun deem Élargissement, wéi anerer, mä well mer ëmmer eng Rei vu Prinzipien hei am Land zur Uwendung bruecht hunn. An ee vun de Prinzipien ass, datt egal ween hei am Land schafft, deen dat nëmme kann zu engem gerechte Loun maachen an datt ee fir déi selwecht Aarbecht ëmmer muss mindestens dee selwechte Loun kréien. Dat ass ee konstante Prinzip vu lëtzebuerger Aarbechtsrechtgesetzgeung a vu lëtzebuerger Sozialgesetzgebung. Dat hu mir gemaach an dee Verfassungsvertrag, kënnt en, ännert dat net ëm ee Milimeter. Dat bleift esou. An déi déi esou maachen, wéi wann duerch de Verfassungsvertrag d’sozial Wüste zu Lëtzebuerg géif entstoen, verkennen total d’Rechtslag déi mer hei am Land hunn an och de politesche Wëlle vun der Regierung a vu villen aneren, fir dofir ze suergen, datt dat dobäi bleift. An dofir ass doriwwer net ofzestëmmen. Mir hunn all gesetzlech Arsenalinstrumenter déi mer brauchen, fir net an déi Situatioun ze kommen an däer, op Grond vun der Verfehlung vun däer do nationaler Politik, Däitschland a Frankräich no dem Élargissement eragerode sinn. Dofir brauche mer doriwwer net ofzestëmmen, mir solle just soen, et ass gutt esou bei eis wéi et ass a wëssen et ännert sech och net duerch dee Verfassungsvertrag.

Well ech bei der Erweiderung war, ech weess, datt et enorm vill Leit gëtt, déi Problemer hu mat der Erweiderung a Richtung Tierkei. Dat ass jo een Thema, un dat ech mech ëmmer extrem virsichteg eruwoen, well ech sinn op mannst an 3 grousse lëtzebuergeschen Dageszeitunge kritiséiert ginn 1997, well ech deen eenzege war, dee sech dogéint gewiert huet, wéi mer Presidentschaft haten 1997, datt d’Tierkei géif de Kandidatestatus kréien. Do ass mer gesot ginn, dat wier net diplomatesch gewiescht, déi Zukunftshelden, déi wäitbléckend, déi dat geschriwwen hunn, déi selwecht déi haut soen, mir hätten de Leit dat ni richteg erkläert mat der Tierkei. Ech hat et probéiert, et huet just kee mer gehollef hei am Land, wéi mer dat probéiert hunn. Ech wëll zu däer Saach soen, dat ass awer eng Débatte fir sech, datt déi Erweiderung, falls se géif kommen, selbstverständlech net eng Erweiderung ass déi am Galopp kënnt, déi och weder historesch, nach sachlech, nach vun den eigentleche Befundelementer hir, déi selwecht Ingrédienten huet, déi selwecht Komponenten huet, wéi déi Erweiterung déi mer elo hannert eis hunn. Dat sinn zwee grondverschidden Themen. Déi Verhandlunge ginn ergebnisoffen gefouert, wéi de Conseil Européen am Dezember 2004 festgestalt huet. Dat heescht, datt déi kënnen no enger laanger Zäit zur Memberschaft féieren, mä datt déi ënnerwee awer och, wann d’Tierken a wa mir mierken, datt déi Vollmemberschaft net geet, ech mengen dat mierke mer och enges Dags, aus enger Rei vu Grënn, an een anert Verhältnis, besonnescher Natur agewise ginn, déi Relatiounen tëscht Europa an der Tierkei, wat eppes ass tëscht Associatioun an der Vollmemberschaft.

Fir esou ze maachen, wéi wann een dësem Verfassungsvertrag géif seng Zoustëmmung ginn, gläichzäiteg definitv décidéiere géif elo géif d’Tierkei sofort, auf gestern, Member vun der Europäescher Unioun ginn, ass eng total Verkennung vun der eigentlecher Situatioun, wéi se sech presentéiert a vum eigentleche Kalenner, wéi en opläit. Dee Kalenner huet iwwregens zur Folleg, datt mar d’Kommissioun d’Verhandlungsmandat tëscht der Europäescher Unioun an der Tierkei bekanntmécht, wou am Detail beschriwwe gëtt wat fir eng Elementer an deene Verhandlungen ze berücksichtege sinn. Ech géif d’Leit alt scho prophylaktesch an antizipativ bieden, net ze mengen, wa se dat mar de Muere sommaresch duergestalt kréien, mar den Owend plutôt, datt elo eng nei Étapp a Richtung méi séier Erweiderung, a Richtung Tierkei geschitt. Dat ass een normale Prozess an dee Verhandlungsmandat deen ëmmer eestëmmeg muss vun deene 25 Ausseministeren ugeholl ginn. Dat ass keen Ticket fir séier a Richtung Erweiderung ze starten, mä dat ass de Katalog vun all deene Punkten, déi an deene Erweiderungsverhandlunge musse berücksichtegt ginn.

Déi déi Zweifel hunn iwwert déi richteg Artikulatioun vun däer Grondrechtcharta mussen zouginn, wa se se liesen, am Detail, datt wann déi Charta verbindlech bis erkläert ginn ass, duerch d’Akraafttriede vun deem Verfassungsvertrag, datt déi Hürden déi d’Tierkei muss huelen, fir Member vun der Europäescher Unioun ze ginn, selbstverständlech méi héich sinn, wéi se dat haut wieren. Dat war net d’Ursaach, et soll keen esou maachen, ech hunn dat heiandsdo an der franséischer Débatte esou héieren, datt dat elo extra gemaach gi wier an der Perspektive vu Bäitrëttsverhandlunge mat der Tierkei. Mä d’objektivt Produkt dovun ass awer, datt d’Tierkei wiesentlech méi héich muss sprangen a méi ee laangen Ulaf muss huelen, wa se wëllt deene Konditioune gerecht ginn.

Mir stëmmen also net of iwwert den Élargissement, zu deem et keng Auditioun ginn ass, mir stëmmen net of iwwert de Bäitrëtt vun der Tierkei, mir stëmmen net of iwwert eng Verännerung vun der Soziallandschaft zu Lëtzebuerg. Déi muss hir Upassunge maachen, am Kader vun deene Gesamtiwwerleeungen, déi ëmmer ze féiere si wann et ëm d’Sozial-, ëm d’Wirtschafts- an ëm d’Fiskalpolitik geet. Si kritt keen Optrag duerch europäesch Verfassungsgebung fir sech widdernatierleche Verwerfungen hinzeginn. Et ass eng Angscht, déi een net brauch ze hunn an dofir soll och keen déi Angscht schüren.

Et gëtt awer nach iwwer eppes net ofgestëmmt, an dat ass iwwer de Staatsminister. Éischtens net iwwer dat, wat deen an der Vergaangenheet emol gesot huet - well ech hunn elo observéiert, esouwuel an der Wuertmeldung vun enger Fraktioun, déi sech hei an der ganzer Fraktiounsstäerkt emol net zu engem Fënneftel wollt weisen, wéi och an eenzelne Kommentare op eenzelnen Medien zu Lëtzebuerg, déi jo net manner politesch sinn, wéi déi, déi hei am Haus gemaach ginn. Et gëtt ëmmer gesot, firwat ass dee Staatsminister elo op eemol fir ee Vertrag vun deem e gesot huet, et wier eng Dunkelkammer? Ech wëll just, esou vill autobiographesche Petting muss dir mir hei duerchloossen, soen, datt ech dat net iwwer de Vertrag gesot hat, „Dunkelkammer“, mä iwwer de Konvent. Während op eenzelne Radioën monter gesot gëtt, ech hätt dat iwwer de Vertrag gesot. Firwat soll ech op den Detail oppassen, wann et mam Graffen och geet?

An dee sech am meeschten deemols driwwer opgereegt hat, nieft dem Här Fayot, dee sech ëmmer opreegt, wann ech esou meng Saache soen, dat war den Här Gibéryen. Also déi rege sech awer selten iwwer dat selwecht op. Mä den Här Gibéryen war déck zefridden mat dem Resultat vum Verfassungskonvent, well hien hat e jo och ënnerschriwwen, obschonn zwee Texter zur Ënnerschrëft oplungen. Een, wou dra steet, mir hätte gären eng Europäesch Constitutioun, an ee wou dra stoung, mir brauche keng Europäesch Constitutioun. Esouvill Blieder loungen net do, et waren der nëmmen zwee. Et konnt ee sech net ieren. „Jo“ oder „Nee“ war et do, an den Här Gibéryen huet bei Jo ënnerschriwwen, dofir verstinn ech net, fir wat datt en haut Nee seet. Ech hätt hien dat haut gäre gefrot, mä en ass net do. Der verstitt elo vläicht besser, fir wat datt en net do ass.

Ech hat de Verfassungskonvent kritiséiert, well ech gesot hunn, deen hätt deelweis am Däischtere geschafft. Ech hat dem ‚Spiegel’ eppes gesot, wat den Här Fayot dem Tageblatt dräit Méint virdru gesot hat, iert en den Duerchbléck hat. A mir waren eis an der Fundamentalanalyse jo och eens.

Den drëtten Deel, deen hei dauernd kritiséiert gëtt, dat war deen Deel, dee gemengt war, mat der Dunkelkammer. Déi Tatsaach, datt Lëtzebuerg 5 Deputéierten hat am Verfassungskonvent, anstatt wéi herno an der Regierungskonferenz 6, dat war deen Deel, dee gemengt war. Déi méi genau Präzisioun vun den Aufgabe vum ze wielende President vum europäesche Rot, wourunner de Konvent vill geschafft hätt, par rapport zu deenen initial Ideeën vum Här Giscard d’Estaing, huet dee richtegen Ustrach an der Regierungskonferenz kritt, grad wéi d’Recht, d’Presidentschaft auszeüben, total am Däischtere gelooss vum Konvent, eréischt eng richteg Beliichtung kritt huet an der Regierungskonferenz. An déi Deeler, déi do kritikabel waren, dat waren net nëmmen Deeler déi vum Staatsminister kritiséiert ginn ass, mä och vun de Kollege kritiséiert gi sinn, während den Aarbechte vum Konvent an am Konvent déi supplementar Demanden ëmmer gestallt gi sinn, esou datt ee muss en Ënnerscheed maachen tëscht Deeler vum Konventsresultat an dem Ennprodukt vun der Regierungskonferenz, dee mir elo Verfassungsvertrag nennen.

An déi zweet Saach, ech weess, datt eigentlech méi Leit ,wéi et misst sinn, queesch mat mir sinn, well ech gesot hunn, ech géif zerécktrieden, wann d’Lëtzebuerger dee Verfassungsvertrag hei net géife ratifizéieren. Bon, ech sinn elo schonn eng gewëssen Zäit an der Politik, 22 Joer, mengen ech, an der Regierung, dovun 10 Joer Staatsminister. Ech hunn zwar héieren, datt de Radio gemellt huet, meng Popularitéit wier no 10 Joer em 3 Prozent agesackt, fir op 89 erofzestiirzen, dat vergläicht sech gutt mat de Resultater vu menge Kollegen hei ronderëm, also net hei an der Chamber, mä an deenen anere Länner. Stellt iech emol vir, den Här Chirac géif gesot kréien, en hätt 89 Prozent Zoustëmmung, da géif esouguer vläicht d’Tageblatt an aner Objektiver kommentéieren, a soen, dat wier erstaunlech, no esou enger laanger Zäit.

Mä onofhängeg dovun, sinn ech laang an der Politik, an d’Saach ass esou. Ech hu mir ëmmer Méi ginn, wann ech eng Fro gestallt kritt hunn, dat ze soen, wat ech gemengt hunn. An ech hunn dat och ëmmer gesot. Ech hunn d’Leit nach ni ugeschmiert. Dat hunn ech och virun engem Joer an engem aneren Zesummenhang, an engem ähnleche, bewisen. Do sinn ech am Dezember, am Wëssen drëm, datt dat alles géif knapps ginn hei am Land, gesot: jo, wann dat esou ass, da kann ech dat net méi maachen. Well ech et och net kéint, Lëtzebuerg adequat, convenabel an esou wéi d’Leit et verdéngen, ze vertrieden, wann d’Lëtzebuerger Nee gesot hätten an engem essentielle Moment vun der europäescher Geschicht. Eisen Afloss zu Bréissel wier Null, wa mir dat maachen. An ech hu mir geduecht - ech hu mir awer eréischt herno geduecht, nodeem ech spontan geäntwert hat, ech äntwerte jo spontan, well ech wëll jo dat soen, wat mir duerch de Kapp geet - et ass jo besser du sees dat de Leit virdrun, wéi datt d’Leit herno rose mat der ginn, wanns du den 11. Juli aus dem Palais kënns, a sees, sou dat do war et dann. Ech hätt et awer net dierfe soen. Ech hätt et net dierfe soen. Et ass net ëmmer gutt, fir dat ze soen, vun deem ee mengt, datt d’Leit d’Recht hätten et ze wëssen, wann een net gläichzäiteg sech Rechenschaft driwwer gëtt, datt d’Leit dat komplett falsch herno interpretéieren. An dofir deet et mir Leed, net datt ech et gesot hunn - well ech hunn dat gesot - wat ech mengen. Mä et deet mir Leed, datt dat ee Moment laang d’Debatt an eng Richtung gedriwwen huet, wou se manifestement net hiegehéiert huet. Ech wollt dat hei soen, an och deene Leit soen, déi dat net gutt verstanen hunn.

Ech hunn dee läschten Daaschdeg, wéi se beim Marie-Josée Jacobs doheem soen, hei erkläert fir wat datt ech mengen -zu Stengefort och, mä et ass och un der Grenz - firwat datt ech mengen, datt ee soll zu däer Verfassung Jo soen. Ech wëll d’Haus hei net nach eng Kéier mat engem Aufsatz ophalen, fir wat datt ech dat mengen, an et hunn esou vill exzellent Kollegen hei, och aus hiren ënnerschiddleche berufflechen Erfahrungen, fréier Ausseminister, fréier Statssekretären am Ausseministère, fréier Ministeren, bref, an däer, déi et enges Dags ginn, wat awer viraussetzt, Här Huss, datt ee sech dann un d’Verfassung hält, dat ass en elementare Prinzip fir dohinner ze kommen, well do ginn ech [gëtt ennerbrach] – (...) Elo hunn ech den Artikel 50 vun der Verfassung virgeluecht, do steet dran, datt ee keng Gefiller vun bausse soll unhuelen, d’Parteistatuten zielen net an der Chamber, zielen net hei. Hei geet et em ganz aner Saachen, wéi engem Kongressbeschluss vun deene Gréngen hei Folg ze leeschten. Mä et ass eng aner Saach doriwwer streiden (...), ech zielen iech bei deenen déi Neen soen, net zu deenen déi aus berechnenden, falsch opgewéckelte Grënn Nee soen, ech soen net, datt dat en europäeschen Neen ass, et ass jiddenfalls keen nationalisteschen, dofir wëll ech eigentlech guer net mat iech streiden. Mir hunn nach, wéi ech hoffen, joerelaang genuch Zäit fir dat ze maachen. All déi Grënn sinn genannt.

Ech wëll der zwee, dräi nach nennen, déi mir net genuch beliicht gi sinn. Wat ech essentiell fannen, fir e klengt Land ass, datt deen europäesche Verfassungsvertrag, déi europäesch Kompetenzuerdnung ganz kloer stellen, datt staark Allusiounen mat vum Här Goerens dorop gemaach ginn. Mir wëssen wann dee Verfassungsvertrag a Kraaft ass, datt mir eng Debatt net méi brauchen ze hunn. Dat ass déi Debatt iwwer d’Kompetenzkompetenz, wou d’Europäesch Unioun sech selwer Kompetenze gëtt, déi se laut Souverainitéitsiwwerdroungsverträg net huet. Elo wësse mir, dofir ass Europa zoustänneg, dofir ass ee Land zoustänneg. Dat halen ech fir wiesentlech, well domat sinn d’national Souverainitéite respektéiert, domat sinn och déi national Identitéiten respektéiert, domat sinn och déi national, institutionell Strukturen vun de Memberstate respektéiert.

Et geet awer net duer, datt dat an deem Verfassungsvertrag steet, dat muss och d’Kommissioun iwwer déi ech mech selten kritesch äusseren, well ech et einfach gutt fannen, wann ee sech net ëmmer kritesch zur Kommissioun äussert, well soss wier ee laang am gaangen. Déi muss dat och mat Inhalt erfëllen, an déi muss einfach wëssen, datt et nierft dem Prinzip vun der Subsidiaritéit, et och de Prinzip vun der Proportionalitéit gëtt, déi am Verfassungsvertrag awer och fir Regelen ass, well do erstmaleg gesot gëtt, äer Bréisseler Regelungen, tëscht Gänseféissecher, äer europäesch Regelungen dierfen net ze wäit an den Detail goen. Et géif muenchem Commissaire gutt dinn, wann e lass kéim zu Bréissel. Ech wëll soen, wa seng Generaldirekteren onkontrolléiert lass ginn, sech virzestellen, datt de Buergermeeschter vu Biekerech besser weess, wat gutt ass fir seng Leit, a fir seng Landschaft, a fir seng Zoustänn an Ëmstänn a senger Gemeng, wéi e Commissaire zu Bréissel. D’Kommissioun muss léieren, datt dee Programmrausch, déi Reguléierungswut am Detail, déi een do heiansdo feststellt, eppes ass, wat der europäescher Idee schued, an net déi europäesch Idee viru bréngt. An dofir ass et och um Parlament, un dësem Parlament, dat jo nei Rechter kritt duerch den europäesche Verfassungsvertrag, well d’Parlamenter kënnen Asproch erhiewe géint d’Directiven, falls se der Subsidiaritéit net entspriechen, oder wa se de Proportionalitéit net entspriechen, wa se d’Reguléierungswut ze wäit dreiwen, fir drop ze uechten, datt do mat der Heckeschéier heiansdo laanscht déi iwwergräifend Kompetenzgrossmannssucht vun eenzelne Leit an däer Bréisseler Kommissioun do virginn. Ech gehéieren net zu deenen, déi d’Kommissioun systematesch kritiséieren, éischter zu deenen, déi se systematesch verdeedegen. Et muss een einfach wëssen, wat net gutt ass, ass net gutt, a wat net gutt ass, ass schlecht, a wat schlecht ass, soll opgehale ginn, ier d’Ministèren alleguer Problemer kréien.

Wat ech gutt un deem Verfassungsvertrag fannen, dat ass eppes, wat awer nu wierklech, mengen ech, net gesot ginn ass, dat ass, datt een och senger Wee ka goen, wann et engem net méi gefällt. Dat halen ech fir een aussergewéinleche Réckgewënn vun nationaler Souverainitéit. Datt een net definitiv agespaart ass an däer Europäescher Unioun. A wann et engem ze waarm op de Kuele gëtt, da kann ee sech hiewen a goen, no e bësse komplizéierte Prozeduren. Mä jiddweree muss wëssen, en ass net méi op onendlech Zäit, well de Vertrag huet jo keng, wéi den Här Fayot gutt duergestallt huet, keng zäitlech Begrenzung, agespaart an eppes aus deem ee léiwer eraus wier, well e sech doranner net méi wuel spiert.

Ech fannen et gutt, datt dee Verfassungsvertrag, en fait, nëmmen 114 Artikelen huet. Deen éischten an deen zweeten Deel, dat ass dat, wat wierklech d’Bezeechnung «Europäesch Verfassung» verdéngt, déi ass net méi grouss an net méi laang, net méi komplizéiert an net manner, net manner an net méi subtil wéi national Verfassungen och. Dat ass wat Europa ass, wat do an deenen 114 Artikelen vun dem éischten an dem zweeten Deel steet.

Den drëtten Deel, iwwer dee mir zu puer net frou waren - och d’Member vum Konvent waren net frou, datt deen op eemol do mat dra komm ass - ass u sech soss näischt, wéi de Versuch eppes, wat total illisibel war, méi lisibel ze maachen, och wann ech mat der Madame Flesch d’accord sinn, datt e largement illisibel bliwwen ass. Mä mir hate fënnef Verträg mat deene mir geschafft hunn, plus nach dräi klenger, wann ech de Fusiounsvertrag an ähnlech Instrumenter dobäi huelen. Jiddweree weess, dee praktesch mat Europa ze dinn hat, wat dat fir een bibliothekareschen Opwand all Kéier bedäit huet, fir ze wëssen, a wat fir engem Vertrag datt ee wier, a wat déi Verträg géife soen, a wéi kompatibel, datt déi Dispositiounen tëscht den eenzelne Verträg wieren. Et ass gutt, datt mir haut nëmme méi ee Vertrag hunn, datt mir eng gewësse Beschränkung hunn, an zwar eng zolit Beschränkung vun den Décisiounsmechanismen an der Europäescher Unioun.

An et ass gutt, datt mir deenen dräi Pilierë lass sinn. Europäesch Gemeinschaft, Aussen- a Sécherheetspolitik, drëtten Deel, „Justice an Affaires intérieures“ déi mir op lëtzebuergesch ni iwwersat kritt hunn, wéi JAI. Wéivill Leit verstinn eis, wa mir vum JAI schwätzen? Mir brauche ni méi vum JAI ze schwätzen, well de JAI ass fort. Vermësst een en? Neen, et wosst keen datt en do wier. Wat een eigentlech hätt misse maachen an der pädagogescher Duerstellung vun alldeem, wat mir hei hunn, et hätt ee missen, de Leit déi verzweifelt no deem onlieserleche drëtten Deel, alleguer déi Verträg matschécken, déi ofgeschaft ginn, a se da misse froen: wëllt dir dat behalen, oder wëll dir dat neit hei kréien? Dat wier eigentlech déi richteg Fro gewiescht. Mä wann ee géint de Verfassungsvertrag stëmmt, da behält ee jidderfalls deen décke Koup do, deen nach ni ee gelies huet, an dee mir probéiert hunn, an dee méi klengen drëtten Deel esou zesummen ze schreiwen, datt en zwar nach net allgemeng verständlech ass, awer méi applikabel gëtt, an deen et méiglech gemaach huet, villes ze präziséieren wat no Präzisioun geruff huet.

Déi Charta vun de Grondrechter, déi fënnt eng Kommentéierung, déi een heiansdo zur Verzweiflung dreift. Elo hu mir, d’Madame Flesch scho wéi se Ausseminister war, vill anerer duerno, 30 Joer laang mat hir gekämpft, datt dach déi Europäesch Unioun, de Rechtsraum do, zumindest soll d’Personnalité juridique kréien. Kritt se elo. Datt déi Europäesch Unioun kann der Europäescher Conventioun fir Mënscherechter als Europäesch Unioun bäitrieden. Ka se elo. An dobäi gi mir eis dann nach déi Charta, déi d’Englänner an d’Schwede verhënnert hunn am Joer 2000 zu Nice, obligatoresch ze maachen, a wou se dës Kéier mat partiellen Aschränkungen averstane war, datt se géif obligatoresch ginn. Ech sinn eigentlech net bereet, datt een dat kleng riet. Wou gëtt et dann dee kontinentale Raum soss anzwuersch op der Welt, wou d’Rechter opgeschriwwe sinn? Net nëmme Rechter vun haut, mä Rechter déi wäit eragräifen a geféierlech Verirrungen, déi d’Mënschheet kann an der Zukunft huelen. Hei sinn d’Rechter vun de Kanner festgeschriwwen, déi sinn net an alle Verfassungen vun der Europäescher Unioun an hire Länner festgeschriwwen. Hei ass festgeschriwwen, an däer Grondrechtcharta, datt d’Klone vu Mënschen net erlaabt gëtt. Wou ass da soss an der Welt e Grupp vu 27-28 Länner, dee sech selwer imposéiert, net all geféierlech Verirrunge vum mënschleche Geescht matzemaachen?

Hei gëtt festgeschriwwen an däer Charta, datt net mat mënschlechen Organer kann Handel bedriwwe ginn. D’Welt ass awer voll mat Handel vu mënschlechen Organer. Hei ass ee geuerdneten ziviliséierte Raum, an dat soen ech net als Ofgrenzung par rapport zu aneren, deem sech och emol op seng Zukunftsrechter zougewisen, an deem e kloer weist, wat d’Mënschen dierfen a wat d’Mënschen net dierfen. Si dierfen alles wat an hirem Rechtsraum, och an hirem zivilen a perséinleche Recht haut zu Lëtzebuerg dierf.

Deen europäesche Verfassungsvertrag verbidd eis net, de Mariage vun Homosexuellen anzeféieren, an obligéiert eis och net, de Partenariat dee mir gestëmmt hunn d’läscht Joer, ofzeschafen. En intervenéiert net am Familljerecht, en intervenéiert net an d’Adoptiounsrecht. E léisst alles dat an den Hänn vum Nationalstat. Déi demonstrativ Oper, déi gesonge gëtt, wéi wann Europa sech elo géif stiirzen op alles, wat haut an der nationaler Zoustännegkeet ass, an dat ass ee Gefill wat d’Leit systematesch de Moment bäibruecht kréien, stëmmt net. De Verfassungsvertrag mécht just de Géigendeel. E verweist d’Europäesch Unioun eigentlech op ville Punkten an hir Schranken. An do wou et fir eis wichteg ass, an esouguer do wou mir bereet sinn mat deenen aneren europäesche Länner Léisungen erbäi ze féieren, léist en d’läscht Décisioun beim Lëtzebuerger Parlament.

Dat ass wichteg bei de Steieren, vun deenen ech soen, datt mir mussen Coordinatioun an Harmoniséierung op ville Pläng maachen. Dat hu mir jo och gemaach bei der TVA a bei der Kapitalertragssteier. Mä mir kréien net enges Daags vun enger Majoritéit vun anere State virgeschriwwen, datt d’TVA vun 15 op 19 oder 22 oder 25 Prozent erop geet. Et ass keen deen décidéiert datt eis Liewensmëttel, déi mir mat 3 Prozent haut besteieren, datt déi muer musse mat 25 Prozent besteiert ginn. Een halleft Liewe sinn ech am gaangen an Europa mat de Leit ze streiden, iwwer Steieren, an et sinn der munecher hei bannen, déi do alt emol scho periodesch dobäi waren, wéi den Här Grethen. An ech maachen do villes mat, awer ëmmer esou datt et passt hei heem. A fir sécher ze sinn, datt et passt, brauch een a läschter Analyse, jee nodeem wien déi Dossieren ze vertrieden huet, d’Unanimitéit. Net fir net matzemaachen, mä fir näischt octroyéiert ze kréien, wat een aus sozialen, aus wirtschaftspoliteschen, aus kulturellen a soziologeschen Grënn net wëllt. Dat stellt dëse Verfassungsvertrag sécher, grad wéi e sécher stellt, datt an der Sozialpolitik, do wou mir gäre selwer Meeschter wieren, wat jo net heescht, datt mir net op anerer Rücksicht huelen, selwer kënnen décidéieren, wat soziale Sache ist, a wat net.

Ech sinn dogéint, datt eng Majoritéit vun anere Staten décidéiere kann, wéi eis Pensiounen hei fonktionnéieren. Gott weess, datt ech mat villen hei banne schonn décken Zodi hat wéinst de Pensiounen. Mä ech hu gären, datt mir hei banne streiden, an hei bannen décidéieren, am Wëssen drëm, wat an deenen anere Länner geschitt. Mä net, datt déi aner décidéieren, wat mir hei ze maachen hunn. Dat soen ech als een deen, mengen ech, seng europapolitesch Convictiounen net all Kéier muss hei aus dem Bauchladen eraus zéien, fir d’Publikum ze beandrocken. Mä dat soen ech, well ech der Meenung sinn, datt dat zum manner gutt fonctionnéirenden Europa passéiert. Wann ëmmer méi Länner duerch eng majoritär Décisioun d’Steier a sozialpolitesch Décisiounen opgezwonge kréien, féiert dat zu enger Désaffectioun an zu enger Ofkéier vun der europäescher Idee. An dofir ass et gutt, datt dat an däer Verfassung hei steet.

Grad ewéi et gutt ass, datt mir hei an dësem Verfassungsvertrag de Prinzip vun der duebeler Majoritéit ageschriwwen hunn, fir dee mir schonn zu Nice agetruede sinn. D’Leit fäerten hei heem - ech fäerten dat net, mä ech muss zur Kenntnis huelen, datt d’Leit dat fäerten - mir géifen elo iwwerrannt ginn an deem groussen Europa, dat hunn d’Leit hei heem nach ëmmer gefaart. Si hu scho fonnt an der Benelux wieren der dräi e bësse vill. Wéi mir 6 gi sinn, du 9 gi sinn, wéi 10 gi sinn, wéi 12 gi sinn, wéi 15 gi sinn, wéi mer 25 gi sinn, ëmmer dat selwecht Gespréich. Mir waren awer nach ni esou gutt drun, wéi elo. An all Kéier wann déi Europäesch Unioun méi grouss ginn ass, ech sinn net der Meenung, datt déi nach soll onendlech laang, an och méiglechst séier erweidert ginn, ech sinn der géigendeeleger Meenung, mä all Kéier wann déi Europäesch Unioun nei Stécker vum Kontinent an de Kuerf geluecht kritt huet, ass eisen Afloss méi grouss ginn. Et ass dach eppes wäertvolles fir e klengt Land, op engem méiglechst groussen europäeschen Sëtz ze sëtzen, iwwer all kontinental Froen décidéiert gëtt, zu 25, zu 27, zu 30, anstatt datt mir, wéi honnerte Joere laang, a besonnesch an deenen 150 läschte Joer mussen erdulden an erleiden, wat dräi oder véier grousser alleng décidéieren, datt een do ka mat schwätzen. Dat fannen d’Leit selbstverständlech hei am Land. Dat ass net selbstverständlech, dat war ni eis Situatioun an Europa. Ech hunn dat schonn eng Kéier gesot.

Wéi mir dee Referendum 1921 haten, a wéi d’Lëtzebuerger décidéiert hunn, mir missen eng Wirtschaftsunioun mat Frankräich maachen, hu mir eng mat der Belsch kritt - wéi mir wëssen, e Referendum. Dunn ass den deemolege Staatsminister Reuter op Paräis gefuer, an en huet dräi Wochen op ee Rendez-vous gewaart an en ass vun engem Sous-secrétaire d’État parlementaire, Pichon, huet de Geck geheescht, empfaange ginn an deen huet him gesot, ‚dat interesséiert eis net’. Dat ass Lëtzebuerg ouni Europa. An déi, déi mengen, hei kéint ee Solotouren dréinen, an hei kéint ee sech ausklameren aus der geographescher an demographescher Realitéit, déi iere sech fundamental. Kleng Länner kréien näischt geschenkt, wa se alleng sinn. A kleng Länner kréie vill, wa se sech intelligent, virsiichteg an engagéiert abréngen, a méi breet Disziplinen, wéi déi vun der Europäescher Unioun, déi gutt duerchstrukturéiert sinn an déi gutt duerchorganiséiert ginn.

A wann déi Europäesch Unioun an Zukunft décidéiert, trëtt dëse Vertrag a Kraaft, dann zielt duebel Majoritéit. Dat heescht, net déi Grouss décidéieren, Majorité qualifiée hin oder hier, et mussen ee Staat méi wéi d’Halschent vun alle Memberstaten averstane sinn. Et kënnen net déi véier-fënnef Grouss décidéieren. Déi kënne blockéieren. Mä décidéiere kënne mir nëmmen an deem Europa vun 27 wat mir elo hunn, der 15 Memberstaten averstane sinn. Dat heescht, datt wann ofgestëmmt gëtt, déi franséisch an déi englesch an déi spuenesch an déi italienesch Stëmm net méi wäert ass wéi eis Stëmm. A da gëtt gekuckt ob déi Majoritéit vun de Länner, wou eis Stëmm esou vill zielt wéi déi vun deene Groussen, ob dat 65 Prozent vun der Bevölkerung refletéiert. Do spille mir keng esou eng ganz grouss Roll méi, mä bei deem éischte Vote si mir esou vill wéi d’Fransousen, si mir esou vill wéi d’Englänner. Wéini hate mir dat da schonn, hei, op dësem Kontinent, deen nach esou vill Stréch kritt huet, datt eis Stëmm esou vill wäert war, wann ofgestëmmt ginn ass, wéi d’Stëmm vun deene Groussen, bei Länner. An da kréie mir, an dat ass fir mech en Haaptgrond fir zu deem Verfassungsvertrag Jo ze soen, an och heiansdo vill Ierger, deen ech heiansdo net verstoppt kréien.

Ech akzeptéiere net, datt gesot gëtt, ech hätt mat der Madame Polfer ee Vertrag ausgehandelt, a mat dem Här Asselborn ee Vertrag ënnerschriwwen, deen e manner sozialt Europa géif. Ech akzeptéieren dat net. Firwat ausgerechent elo, wou ech al a verstänneg ginn, soll ech mech dohinner setzen zu Roum, den 29. Oktober an ënnerschreiwen, datt Europa elo soll manner sozial ginn? Firwat? Et ass jo am eigentleche Sënn, am héchste Mooss beleidegend, fir engem ze ennerstellen, hie géing bewosst ,kalbliddeg eng Ënnerschrëft leeschten, fir datt manner Sozialpolitik an Europa kéint gemaach ginn. Et steet an deem Vertrag eng iwwergräifend horizontal Sozialklausel, déi all Politiken de sozialen Exigenzen ënnerwerft. An dat ass eppes Essentielles. Dat ass d’Primat vun der Sozialpolitik erëm hiergestallt, dat ass dat, wat mir europäesche Sozialmodell nennen, vun deem d’Madame Flesch geschwat huet, nämlech wirtschaftlech Kraaft a Kombinatioun bréngen mat sozialer Gerechtegkeet. Wirtschaftlech Kraaft heescht guer näischt, wa se net bestëmmte Finalitéiten an der Gesellschaft déngt. Déi huet der Solidaritéit ze déngen, déi huet der Organisatioun vun der Gesellschaft a Gerechtegkeet ze déngen, déi huet dem gläichméissege Verdeelen no de Maassstäb vun der Gerechtegkeet vum erwirtschaftete Räichtum ze déngen. Wirtschaft ass kee Selbstzweck. Déi Verfassung hei seet net, datt d’Wirtschaft alles ass, si seet ganz genau de Géigendeel. Well se iwwert alles d’sozial Exigenz stellt, an dat ass Ursaach genuch, fir deem Vertrag do Zoustëmmung ze ginn.

Wie weess dann, datt mir dat nach eng Kéier erëm kréien? Esouguer meng gutt Frënn déi am Konvent waren, haten dat net am Text vum Konvent erakritt, dat ass an der Regierungskonferenz an den Text era komm. An dat hu mir zesumme virbereet, mat de Kollegen déi am Konvent waren. Also ech maachen hei kee Concours tëscht deenen engen an deenen aneren. Déi Texter ware jo do, mä mir hunn zu e puer an däer Regierungskonferenz dat duerchgedréckt. A wann ech elo héieren, datt et jo net wouer ass, datt mir zwou Konzeptiounen hu vun Europa, déi sech opposéieren, déi déi de Maart wëllen, dee keng Solidaritéit produzéiert, an déi, déi sozial Marktwirtschaft wëllen, déi fir d’alleréischte Kéier an engem europäesche Vertrag steet, an déi wëllen och sozialt, normativt Verhale vun den öffentlechen Hänn forcéieren. Déi, déi elo soen, dat wier net wouer, dat wier alles en Iertum, et wëll een net nëmmen de Maart, et wëll ee selbstverständlech och sozialt Europa. Mä spéitstens am Oktober proposéiert d’lëtzebuerger Regierung, datt mir dat kënne mir jo maachen, déi horizontal Sozialklausel huelen, an direkt ufänken. Et muss ee jo net de Vertrag dofir stëmmen. Mir kënne jo, wa mir alleguer enger Meenung sinn, soen, zu 27 okay, dat wat elo eréischt soll kommen, 2007, 2008, 2009, dat maache mir direkt, e politesche Beschloss an dann teste mir emol, wéi dat da geet mat der Bolkestein-Directive, déi mir net wëllen, mä déi anerer wëllen, déi mir net esou wëllen, an anerer gären esou hätten, wa mir dann dat duerch de sozialen Triichter lafe loossen.

Wa mir dat awer wëlle maachen, kënnen, op Grond vun eisen Iwwerzeegungen, déi net vu jidderengem hei banne sinn, jo da musse mir an der Positioun sinn, am Oktober an duerno, fir dat kënnen ze verlaangen. Wat soll een dann eppes verlaangen wou d’Leit dogéint gestëmmt hunn? Wann ee gäre méi eng adequat Sozialpolitik hätt, wann ee géif gäeren d’Méiglechkeet opmaachen, eenzel sozialpolitesch relevant Deeler direkt zur Applikatioun ze bréngen, well dat och duerch e politesche Beschloss kann erbäi gefouert ginn, da wier et net gutt, wann ee géif géint dee Verfassungsvertrag do stëmmen, well soss hätt deen, deen dat do misst virbréngen nawell e schlechte Moment vläicht ze passéieren, an nach e puer weider Explikatiounen ze ginn, iert et zum regelrechten Text vun senger Propositioun kënnt.

A wann dee Vertrag - wat ech net gleewen - well il ne faut pas sous-estimer le génie des peuples, y compris français et néerlandais… Ech si fundamental iwwerzeegt, datt dee Verfassungsvertrag esou a Kraaft trëtt. Dat dauert méi laang, dat gëtt schwiereg, dat brauch vill Gespréich. Mä wann en net esou a Kraaft trëtt, weess ech, datt deen, dee mir hunn, net fonctionnéiert. Also, brauche mir een neien. Mir kënnen och elo [inaudible], mir kréien dann ee neie Vertrag. An ech soen dat nach eng Kéier. Wa mir wëllen an deen neie Vertrag, falls en da géif kommen, dat fir eist Land a fir Europa - mä mir sinn hei am Lëtzebuerger Parlament - fir eist Land wëlle kréien, da kënne mir net géint dee Verfassungsvertrag hei stëmmen, soss hu mir näischt an der Hand wa mir enges daags mussen eis Kaarten op den Dësch leeën.

Ech soen iech Merci.




Dernière mise à joude cette page le : 29-06-2005

Haut de page Haut de page