[Verfassung fir Europa]
 Deutsche Fassung        
 

Chemin de navigation : Accueil > Actualités > Juillet 2005 > D'Fro vum Dag: Wat ass eng "qualifizéiert Majoritéit"?

Actualité
D'Fro vum Dag: Wat ass eng "qualifizéiert Majoritéit"?
Publication: 01-07-2005

Am Ministerrot an am Europäesche Rot ass all Land duerch seng Ministeren bzw. säin Staats- oder Regierungschef vertrueden.

En fonction vu senger demographescher Gréisst huet all Land awer net déiselwecht Stëmm, mä kritt nom Prinzip vun der Ponderatioun eng gewëssen Unzuel vu Stëmmrechter vum Traité zougedeelt. Lëtzebuerg huet am Rot 4 Stëmmen, Däitschland, Frankräich, Italien a Groussbritannien hunn der jeweils 29.

Vum éischten November 2009, ersetzt d’Verfassung den aktuellen, relativ komplizéierte System vun der qualifizéierter Majoritéit duerch eng méi einfach Decisiounsmethod vun der duebler Majoritéit. An dësem System ginn d’Decisiounen mat enger duebler Majoritéit vu respektiv 55% vun de Memberstaten a 65% vun der Populatioun vun der Unioun ugeholl. An dësem System kritt also all Land zwee Stëmmen: eng Stëmm, wou de Prinzip vun der Gläichheet tescht de Memberstate gëllt, an eng zweet Stëmm, wou de Prinzip vun der demographescher Ponderatioun gëllt. Am System vun der duebler Majoritéit ass eng qualifizéiert Majoritéit erreecht, wann 55% vun den EU Memberstaaten déi zesummen op mannst 65% vun der EU Bevölkerung représentéieren, sëch zesummen doen.

Fir eng Décisioun ze blockéieren, mussen sech op d’mannst 4 Länner, die zesummen 35% vun der Populatioun ausmachen, zesummendoen.



Dernière mise à joude cette page le : 01-07-2005

Haut de page Haut de page