[Verfassung fir Europa]
 Deutsche Fassung        
 

Chemin de navigation : Accueil > Actualités > Juillet 2005 > D'Fro vum Dag: Ass eng eenheetlech Europäesch Immigratiounspolitik virgesinn?

Actualité
D'Fro vum Dag: Ass eng eenheetlech Europäesch Immigratiounspolitik virgesinn?
Publication: 04-07-2005

D’Verfassung gesäit eng gemeinsam Immigrationspolitik vir, déi op europäeschem Niveau eng besser a méi efficace Präventioun a Bekämpfung vun der illegaler Awanderung esou wéi vum Mënschenhandel soll garantéieren.

Fir d’Migratiounstréim kënne besser ze geréieren, ass eng gemeinsam Regelung fir d’Arrêts- an d’Openthaltsconditioune virgesinn. Dësweideren ginn d’Normen harmoniséiert, no deenen Visaen an Openthaltsgenehmegungen ausgestallt ginn. D’Verfassung garantéiert awer weiderhin all Land d’Recht festzeleen wivill Leit aus Drëttstaaten et op säin Territoire léist fir do eng Aarbecht ze sichen.

Déi gemeinsam Immigratiounspolitik definéiert och d’Rechter an d’Fräiheeten vun de Statsbierger aus Drëttlänner, déi sech regelmeesseg an engem EU-Memberstat ophalen, esou dass eng adequat Behandlung europawäit garantéiert ass.



Dernière mise à joude cette page le : 04-07-2005

Haut de page Haut de page