[Verfassung fir Europa]
 Deutsche Fassung        
 

Chemin de navigation : Accueil > Actualités > Juillet 2005 > Nicolas Schmit et André Hoffmann présentent leurs arguments pour, respectivement contre la Constitution pour l'Europe (RTL-Radio, 4 juillet)

Actualité
Nicolas Schmit et André Hoffmann présentent leurs arguments pour, respectivement contre la Constitution pour l'Europe (RTL-Radio, 4 juillet)
Publication: 04-07-2005

RTL-Radio présente quotidiennement les arguments du pour et du contre relatifs à la Constitution pour l'Europe. Les invités de RTL-Radio dans ce contexte ont été le ministre délégué aux Affaires étrangères et à l'Immigration Nicolas Schmit ainsi que André Hoffmann, partisan du Non, membre du parti Déi Lénk.

Nicolas Schmit: No dem Zesummebroch vun den totalitäre, kommunistesche Regimer ass déi oppen an demokratesch Gesellschaftsform de politesche System fir Europa. Dëse Verfassungsvertrag verstäerkt d'Demokratie an der Europäescher Unioun. D'Obligatioun vun alle Memberstaaten d’demokratesch Rechter fir hier Bierger voll ze respektéieren. D’Europäescht Parlament dat am legislative Prozess eng zentral Roll spillt. Eng méi demokratesch legitiméiert Kommissioun, déi méi transparent schaffe soll, mä awer och méi konsultéiere muss. Méi Dialog mat der Zivilgesellschaft a méi eng wichteg Plaz fir d'Sozialpartner am Kader vun dem legislative Prozess. D'Decisiounen am Rot mussen öffentlech an a voller Transparenz geholl ginn fir, datt jiddwer Bierger genau novollzéihen kann, wéi seng Regierung gestëmmt huet.

André Hoffmann: Wat den Nicolas Schmit elo iwwert d'Demokratie a Westeuropa gesot huet, dat ass nun awer tatsächlech näischt Neies. An d'Verfassung bréngt an där Hinsicht och näischt Neies. Am Géigendeel, an dat ass fir mech awer e ganz wesentleche Kritikpunkt, déi Verfassung schreift eng ganz bestëmmte politesch Orientéierung fest. Dat widdersprecht engem vun de gronddemokratesche Prinzipien vun enger Verfassung iwwerhaapt. Wat d'Europaparlament ubetrëfft, kritt awer dat Parlament nach ëmmer net déi normal legislativ Rechter déi ee Parlament normalerweis hätt. D'Kommissioun behält d'Hegemonie. A wat den Europäesche Rot ubetrëfft an d'Öffentlechkeet, do maache mir eis jo awer keng Illusiounen. Si gi sech eens virdrun an hire geheimen Ofsproochen an da kommen se an d'Öffentlechkeet an deelen dann der Öffentlechkeet hir Decisiounë mat.




Dernière mise à joude cette page le : 06-07-2005

Haut de page Haut de page