[Verfassung fir Europa]
 Deutsche Fassung        
 

Chemin de navigation : Accueil > Actualités > Juillet 2005 > Nicolas Schmit et André Hoffmann présentent leurs arguments pour, respectivement contre la Constitution pour l'Europe (RTL-Radio, 5 juillet)

Actualité
Nicolas Schmit et André Hoffmann présentent leurs arguments pour, respectivement contre la Constitution pour l'Europe (RTL-Radio, 5 juillet)
Publication: 05-07-2005

RTL-Radio présente quotidiennement les arguments du pour et du contre relatifs à la Constitution pour l'Europe. Les invités de RTL-Radio dans ce contexte ont été le ministre délégué aux Affaires étrangères et à l'Immigration Nicolas Schmit ainsi que André Hoffmann, partisan du Non, membre du parti Déi Lénk.

André Hoffmann: Mir kréien zanter Joere versprach, de fräien an oppene Bannemaart géif Aarbechtsplaze schafen, d'Aarbechtslosegkeet géif ofgebaut ginn, sozial Rechter géifen ausgebaut ginn, d'Aarbechts- an d'Liewensbedingunge géife besser ginn. Wéi gesäit d'Realitéit aus? Ëmmer méi Chômage, ëmmer méi sozial Onsécherheet. An op déi Problemer gëtt dës Verfassung keng Äntwert, oder besser si gëtt déi falsch Äntwert, nämlech weiderfueren wéi bis elo, an och nach als Verfassung festgeschriwwen. Amplaz bräichte mir nei a couragéiert Schrëtt an eng aner Richtung a Richtung vun engem europäesche, sozialstaatleche Modell.

Nicolas Schmit: Dat ass scho richteg, datt d'Erausfuerderunge fir Europa kolossal sinn. Globaliséierung ass dee grousse Problem fir eis Europäer, de schnellen technologesche Wandel, sécher déi héich Aarbechtslosegkeet a ville Länner. Duerfir brauch Europa méi politesch Kraaft an enger Welt, déi sech total verännert. D'Erausfuerderung brauch solidaresch Äntwerten. An ech mengen, datt déi hei Constitutioun, dee Projet, eng Rei Äntwerte bidd, fir datt Europa gestäerkt an dat 21. Joerhonnert erageet, datt et säin Afloss behält, besonnesch den Afloss wat seng Wäerter ubelaangt, säi Sozialmodell besser kann an enger globaliséiert Welt verteidegen. Dofir steet déi hei Verfassung, fir datt den europäesche Bierger besser op seng Suergen an Ängschten Äntwerte kritt, fir eng besser Demokratie, mä awer och fir eng besser Sécherheet, interner an externer Art.




Dernière mise à joude cette page le : 07-07-2005

Haut de page Haut de page