[Verfassung fir Europa]
 Deutsche Fassung        
 

Chemin de navigation : Accueil > Actualités > Juillet 2005 > Nicolas Schmit et André Hoffmann présentent leurs arguments pour, respectivement contre la Constitution pour l'Europe (RTL-Radio, 8 juillet)

Actualité
Nicolas Schmit et André Hoffmann présentent leurs arguments pour, respectivement contre la Constitution pour l'Europe (RTL-Radio, 8 juillet)
Publication: 08-07-2005

RTL-Radio présente quotidiennement les arguments du pour et du contre relatifs à la Constitution pour l'Europe. Les invités de RTL-Radio dans ce contexte ont été le ministre délégué aux Affaires étrangères et à l'Immigration Nicolas Schmit ainsi que André Hoffmann, partisan du Non, membre du parti Déi Lénk.

Nicolas Schmit: Sécher ass d’sozial Dimensioun vun Europa net séier an net wäit genuch ausgebaut ginn. Dat läit haaptsächlech net un den Texter, mä virun allem un engem ongenügende politsche Wëlle vun enger Majoriéit vu Memberstaaten. Dëse Verfassungsvertrag stellt e besseren Équiliber zwëschen de wirtschaftlechen Zielsetzungen an der noutwenneger, méi staarker sozialer Dimensioun duer. Déi horizontal Sozialklausel huet et biswell net ginn. Esouguer ganz am Contraire, bis elo hu missen d’Verbesserungen am soziale Beräich un hirem Impakt op d’Entreprisë gepréift ginn. Déi sozial Rechter, déi an der Charte vun de fundamentale Rechter ageschriwwe goufen, kréien eng ganz aner Bedeitung, well si kënne virun den europäesche Geriichter ageklot ginn. Wa gewëssen Deeler vun der Sozialpolitik, wéi Renten a sozial Sécherheet, den nationalen Décisione virbehale bleiwen, esou gëlt et awer och den europäesche Sozialmodell iwwerall an Europa ze stäerken, besonnesch och an deenen neie Memberstaaten.

André Hoffmann: Wat fir ee Problem steelt sech an Europa um soziale Plang? Déi verschidde Länner hunn, an deene leschte Jorzéngte, relativ wäit entwéckelt Sozialsystemer entwéckelt, wäit entwéckelt sozial Protectioun. De Problem ass, datt et ëmmer méi schwéier gëtt, déi um nationale Plang ze halen, wéinst der globaliséierter Weltwirtschaft an engem liberale Sënn. Wann um Niveau vun der Europäescher Unioun net verbindlech sozial Norme festgeschriwwe ginn am Aarbechtsrecht, an der Fro vum Mindestloun oder Mindestakommes, vun der sozialer Protectioun, da besteet d’Gefor, datt et esou weider geet wéi bis elo, dat heescht innerhalb vun der Europäescher Unioun maachen d’Länner sech eng Standuertkonkurrenz, op de Léin, um Sozialrecht, op der Steiergerechtegkeet an dat riskéiert eng Spiral ze ginn no ënnen an et weess een net owu se ophéiert.



Dernière mise à joude cette page le : 08-07-2005

Haut de page Haut de page