[Verfassung fir Europa]
  |  
 Deutsche Fassung        
 

Chemin de navigation : Accueil > Actualités > Juillet 2005 > "Chat" avec le ministre François Biltgen sur la Constitution pour l'Europe
Imprimer cette page Envoyer cette page

Actualité
"Chat" avec le ministre François Biltgen sur la Constitution pour l'Europe
Publication: 05-07-2005

Mardi soir, 5 juillet 2005, entre 20 et 21 heures, dans le cadre d'une session de chat, le ministre du Travail et de l'Emploi, François Biltgen, a répondu aux questions des citoyens sur la Constitution pour l'Europe.

Le gouvernement organise une autre session de chat avec le ministre Nicolas Schmit mercredi soir 6 juillet. Cette session aura aussi lieu entre 20 et 21 heures. Une première session de chat a eu lieu le 4 juillet avec le ministre de la Santé et de la Sécurité sociale, Mars Di Bartolomeo.


Francois Biltgen : Bonsoir alleguerten, ech sinn wëlll prett fir mat Äech ze chatten. Also, ditt Äech keen Zwang unn. Verzeit vläit just heiansdo mäin Letzebuergescht. Wéi ech ann den 60er Joren an d'Primärschoul gung, hu mer dat manner geléiert. Fränz Biltgen

sonnenblume : moien - wat geschit ganz konkret wann letzebuerg mat nee stemmt

Francois Biltgen : Sollt Lëtzuebuerg den 10.Juli NEEN soen, géif eis Positioun, déi mir an Europa als Grënnungsmember hun - an daat huet en ënnert eiser Présidence nees gemierkt - geschwächt gin. Dat ass wëll bei Frankräich geschidd, wat schued ass, well Frankräich wéi mär traditionnel fir en méi sozialt Europa asteet. Mat engem JO géife mer au contraire e kloert Zeechen sétzen an d'Diskussiounen an dénen aaneren Länner déi e Referendum hun géifen nees beliewt gin. Dofier ass eis Stëmm den 10. Juli wierkléch wichteg. Wann mir Europa wëllen handlungsfäheg haalen, sollten mer den 10. Juli mat JO stëmmen.

Manuel : Här Biltgen inwiefern kann een vun enger demokratecher Unioun schwätzen wann d'europäech Bevölkerung kaum bis guer net an den Entstehungsprozess vum Verfassungstext matabezun gouf an dei Politiker dei den Text ausgeschafft hun, vum Vollek dozou guer net direkt ermächtegt waren?

Francois Biltgen : Dësen Text ass vir t'éischte Kéier vun engem Konvent virbereed gin, dén zu 75% aus gewielten an mandatéierten Vertrieder zesummegesaat war. Dobai kënnt dass och Leit aus der Zivilgesellschaft un den Aarbechten deelgeholl hun. Lëtzebuerg war vertrueden duerch den Jacques Santer an den Nico Schmit fir d'Regierong, an déi Häeren Helminger an Fayot souwéi d'Madame Wagener an den Häer Gibéryen fir d'Chamber.Genau ewéi déi bestehend EU Verträg huet och desen Text mat Eestemmegkeet vum europäesche Root missen ugeholl gin, an d'Bierger sin regelméisseg iwwert d'Aarbechten vum Konvent informéiert gin. Et muss een allerdings soen dass den Intérêt vun de Leit am Ufank relatiiv geréng war, an dass déi richteg Debatt mam Bierger eréischt seit e puer Wochen ganz intensiv am gaangen ass an doriwwer sin ech och frou. Den Text vun der Verfassung bréngt iwwregens och en Reih vun Verbasserungen, déi et erlaaben, de Bierger méi énk an den Entscheedungsdprozess anzabannen (z. B. d'Pétitiounsrecht, déi verstärekte Roll vum EU Parlament an vum der Chamber, asw).

sonnenblume : Eech machen mir och Gedanken wie eech mengen Kanner och soll erklaeren dat Länner die sofills mie grouss sin wie Letebuerg Decisioun geholl hun mat nee ze stemmen- ass dat well hier InnerPolitik sech zevill mat der fun der Union ausannaner setz oder ass well se awer eppes wessen wat mir net wessen

Francois Biltgen : An grousse Länner ass d'Distanz zu deem, wat d'Virdeeler vun der Europäëscher Unioun sinn, vill méi grouss, wei hei ze Lëtzebuerg. Zu Lëtzebuerg sinn Virdeeler vill méi direkt ze gesinn an ze spieren, wéi z.B. an Däitschland oder am Frankräich. Grouss Länner hun ëmmer och grouss intern Problemer, duerch déi se alles analyséieren, egal op dëst Problemer elo wirklëch eppes mat Europa ze dinn hunn oder net :o). Hei ze Lëtzebuerg sinn mir traditionnell emmer extrem gutt iwwert dat informéiert, wat an Europa leeft, och well mir vill auslännesch Zeitung, Télé asw. liesen bzw kucken. Et ass also secher net esou, datt d'Leit am Frankreich oder an Holland mei wëssen, wei mir hei ze Lëtzebuerg. Wat par contre ganz kloer ass: mir hun hei ze Lëtzebuerg e ganz däitlechen Avantage, un Europa deelzehuelen an weider dobai ze bleiwen. Wou mir virun 50 Joer ouni d'Unioun mat dat ärmst Land an Europa woren, hun mir mat der Unioun eise Wuelstand esou entwéckelt, datt mir haut dat Land, mam beschte Wuelstand, mat de beschte Sozialstandards'en, asw. an Europa sinn. Fir op Frankräich zréckzekommen, do hunn Sondagen erginn, dat et verschidden Uursaachen gouf fir Neen ze stëmmen: eng Parti Leit woren géint de Chirac, vill Leit sinn iwerhaapt géint Europa, wëll se fäerten dann hätt e grousst Land wéi Frankräich manner ze soen géintiwer de klénge Länner (do hu mär jo just eng aner Meenung), dann wollten eng Rei e méi sozialt Europa, mä och eng parti wollten en sozialistescht Europa!

strike : Ma ech wollt mol froen wei dei ganz geschicht mam arbeschtsmarché ausgesait wann den 10ten soll "jo" gewielt gin?

Francois Biltgen : Ech sin der Meenung dass dës Verfassung eis d'Méglechkeet geet, den Aarbechtsmarché souwuel ze dynamiséieren wéi och mat deenen néidegen Sauvegarden ze versin déi sozialen Dumping verhënneren. Den Kader fir daat ze maachen gët eis d'Constitutioun; et gëlt natierlech awer och an Zukunft nach (wéi Lëtzebuerg an der Vergaangenheet dat konsequent gemaacht huet), sech op europäeschem Niveau fir sozial orientéiert Législatioun anzesetzen. Dëst wier emsou méi einfach mat deser Verfassung déi den plein emploi als objectif vun der Europäescher Unioun festsetzt an d'sozial Moartwiirtschaft als Prinzip verankert. Den Traité chargeiert d'Unioun mat enger neier Missioun, dem Zesummenhang teschent dem wirtschaftlechen an dem soziale Fortschrëtt. D'Unioun muss schaffe fir eng dauerhaft Entwecklung déi sech baséiert op en equilibreierten Wiirtsachftswuesstum an op Präisstabilitéit, eng sozial Moartwiirtschaft, déi soll héich kompetitiv sinn an soll Vollbeschäftegung a soziale Fortschrëtt garantéieren. D'Vollbesschäftegung figuréiert vun elo un an den Ojektiver vum Traité. Déi national Politike sollen esou ausgeluecht ginn datt se déi gesaten Ziler erreechen. Et ass fir t'éischt datt europäesch Verträg vun der Vollbeschäftejhung an der sozialer Moartwiirtschaft schwätzen.

pit : wat get mat deenen die schon nee gestummt hun.gin nach emool stemmen

Francois Biltgen : Déi Decisioun vun deenen Länner muss respektéiert gin. D'Fro vum Traité kéint sëch awer an dësen Länner an noer Zukunft nees eng Kéier stellen. Dëst ass bereits an der rezenter Geschicht vun der Union geschitt: 1992, wéi Danemark am Referendum den Traité vun Maastricht eng éischt kéier ofgeleent hun, oder d'Iren méi spéit bei engem Referendum iwwert Erweiterung. Mee d'Fro vum Traité mecht nëmmen Senn an dësen Länner ënnert enger Konditioun: wann et sëch erausstellt, datt eng grouss Majoritéit vun de Länner sech fir den Traité ausgeschwaat huet. Dann gët et kloer, datt e staarken politeschen Wëllen an der Union ass, fir den Traité ze kréien. Et wär dann komesch wann eng Minoritéit enger Majoritéit sech imposéieren géif. An wann een bedéngt, dass vill Innenpolitik an deenen zwee Neen ass, kann een sech firstellen, dass eng zweet Debatte an deenen Länner an engen aaneren Liicht géif oflaafen. Op jiddfereen FAll ass et dofir wichteg, dass all Länner hier Meenung iwwert den Traité soen, fir ze kucken wéi déi politesch Verhältnisser an der Union iwwert déi Fro sin. De Verfassungsvertrag gesäit fir, dat wann op t'manst 20 Länner dofir sinn, muss gekuckt ginn, wat een mat denen anere mecht. Nemmen wa 6 Länner dergéint wären, wär d'Prozedur definitiv eriwer. Dofir geet elo d'Prozedur weider. Vru kuerzem huet Zypern jo gesot, als 11. Land.

marc : Bonjour, An der ganzer Debate iwert d'Constitution gët dat neo-libral ëmmer als extrem schlecht dohinner gestallt. Den System an Grousbritannien zum Beispill ass op alle fall méi libral wéi mer daat hei zu Lëtzebuerg an an eisen Nopechlänner gewinnt sin. Et ass jo awer Fakt dass Grousbritannien vill manner Arbechtslosegkeet huet. Fierwaat gët dësen, den groubritanneschen System héi zu Lëtzebuerg emmer verworf an nie als Alternatif ungesin an an der ganzer Diskution iwer d'Constitutioun ëmmer als schlecht ungesin?

Francois Biltgen : Et ass richteg dat Groussbrittanien séng Aarbechtslosegkeet erofgesat huet. Allerdéngs zum Präis vun prekären Aarbechtsverhältnisser, dat heescht mat vill Deelzäitaarbecht, kuerzfristege Kontrakter, an zu bellege Léin. Dobäi kennt dat eng ganz Rei Leit méi wéi 48 Stonnen an der Woch schaffen. Esou een sozialt System wëlle mär net onbedéngt. An dofir si mär frou, datt weder déi aktuell Verträg nach deen neien Verfassungsvertrag esou liberal sinn wéi et duergestallt get. Europa ka Minimalbestemmungen erloossen fir den Schutz vum Aarbechter wat Gesondheet ubelaangt, z.B. also eng Limit zur Wochenaarbechtszäit festléen. 

tlr : Warum sollte ein Wähler in einer etablierten Demokratie eine Verfassung in einer Volksabstimmung absegnen, die dem europäischen Parlament noch nicht einmal ein Initiativrecht einräumt?

Francois Biltgen : Es stimmt, dass die Kommission allein das Initiativrecht besitzt. Jedoch darf man nicht vergessen, dass Sie die Gesamtinteressen der Europäïschen Union vertritt. So werden Gesetzesvorlagen mit Berücksichtigung auf die Interessen der Union ingesamt ausgearbeitet und sind nicht speziell auf einzelne Länder zugeschnitten. Ich kann ihnen versichern, dass ein Initiativrecht für das Europäïsche Parlament für Luxemburg nicht von Interesse sein kann, da wir mit unseren 6 EU-Abgeordneten nicht verhinderen könnten, dass Gesetze ausgearbeitet werden würden die gegen unsere fundamentalen Interessen verstossen. Wir dürfen in dieser Frage nicht vergessen, dass es sich um die EU nicht um ein Land oder eine Federation handelt, sondern um eine Union souveräner Staaten. Falls das Initiativrecht vom EP ausgehen würde, wären die Interessen eines kleinen Landes wie Luxemburg potentiell in Frage gestellt.

demessem : En reconnaissant le droit de travailler, la Constitution européenne nest-elle pas moins protectrice que notre propre constitution ?

Francois Biltgen : La Constitution pour l'Europe parle en effet d'un droit de travailler, qui se réfère plutôt à une non-discrimination sur le marché du travail qu'au droit spécifique indeividuel à un emploi. Cette formule a trouvé l'approbation aussi des Etats membres qui n'ont pas ancré les droit au travail dans leur constitution. Pourtant, ceci n'invalide en aucun cas les droits accordés aux citoyens par notre propre Constitution, qui continue à rester en vigueur! Le droit de travailler prévu au Traité constitutionnel ne s'applique en effet qu'à l'action de l'Union Européenne et ne met nullement en cause le droit au travail de notre constitution, ceci d'autant plus qu'en matière sociale l'Europe n'a qu'une compétence partagée.

En plus, le Traité constitutionnel est beaucoup plus concret en la matière qu'il est souvent affirmé: la Constitution assigne de nouveaux objectifs à l'Union: le plein emploi et la cohésion sociale., la lutte contre les discriminations etc... . De plus, une clause sociale prévoit la prise en compte des exigences sociales dans toute politique de l'Union, parmi lesquelles la promotion d'un niveau d'emploi élevé. Cela signifie concrètement que toute loi européenne qui serait contraire à ces objectifs pourrait être annulée par le juge communautaire. Je suis donc sincèrement d'avis que le niveau de protection du Traité constitutionnel est remarquable au vu de l'obligation de compromis qu'avaient les auteurs du texte.

Armstrong : Här Biltgen: Kann d'Verfassung konkret op de Chômage awierken? Falls Jo, wéi?

Francois Biltgen : Dës Verfassung, wéi all Verfassung,sou och déi Lëtzebuerg, gët kéng direkt Anwert op dës Fro. Mee eng Verfassung kann Rahmenbegingungen schaafen, déi dann vun politeschen Majoritéiten an den europäischen Länner benotzt kann gin fir den Chômage ze bekämpfen. Sou muss een wëssen, datt all Aarbechtsmarktpolitik fir d'éischt eng Kompetenz vun der Nationalpolitik ass. Duerch hiir Beschäftejhungspolitik (déi jo 1997 um Sommet zu Letzebuerg konkrétiséiert gouf) mecht se awer Drock op d'Memberstaten dat déi de chômage bekämpfen.

Doriwer eraus kennt den Text e puer Verbesserungen un: als grousst politesch Objektiv gesait den Traité fir d'éischt eng sozial Moartwiirtschaft fir, déi fir d'éischt an engem europäischen Text den "plein emploi" viséiert, eng Institutionaliséierung vum Sozialen Dialog op europäescher Ebene durch Tripartite Sommet ass och firgesin, den droit de grève kritt och en konstitutionnellen Karakter, den Traité gesait och Méiglechkeet fir, e Comité d'emploi ze kréieren,deen sech méi staark matt Aarbechtsfroen op europäescher Ebene auserneesëtzen soll. An dann vergësst een ang gaz konkret Innovation-déi vun der initiative populaire (eng millioun Ennerschreften kënnen Kommissioun opfouderen, hier eegen bestemmten Propositioun ze analyséieren. Europäesch Syndikater, déi vill méi Memberen wéi 1 Millioun, wärten sëcher Gebrauch können maachen, fir der Kommissioun Propositiounen ze ënnerbreeden.

Daddes : Fier een Chat fannen ech dei lescht entfert e bessen zevill kopeiert, wellt der eppes dozou soen ?

Francois Biltgen : Bestemmt hutt Där déi doten Äntwert schons kritt, mä si ass awer richteg. Et muss een wëssen, dat mär als kléngt Land eis emmer erem bei wichtegen Dossierën duerchsetze konnten, well mer e gudde Ruff haten an hunn. E Ruff, dat mer Europa weider bruecht hunn. Doduerch hate mer dann och Kredibilitéit fir eis Interessen ze waren. Esou konnt eise Premier Jean-Claude Juncker an dem Dossier Zënsbesteierung Allianzen schmiiden fir eis Bankplaz ofzesécheren. Wa mer Nee soen ass eis Positioun a Fro gestallt. Vru kuerzem huet d'BBC anscheinend e Reportage gewisen iwer d'EU Institutiounen um Kiirchbierg mat dem Ennertoun, dat wa Letzebuerg géif Nee soen all dat a Fro gestallt wär.

Patrick : Här Biltgen, passeiert konkret mat Holland an Frankreisch wann all die 23 Länner den traité ratifizeiert hun? gëtt an Frankreisch an Holland esou lang gestemmt bis se jo soen wie Irland?

Francois Biltgen : Wann effektiiv um Enn just 2 Länner NEE gesoot sollten hun, ass et esou dass den europäeschen Root muss entscheeden waat gemaach gëtt. Mir hun schon Fäll d'Präzedentsfäll Irland oder Dänemark. Et kéint een séch theoretesch viirstellen dass wann just zwée Länner isoléiert do stinn, d'Vollék nach emol em séng Meenung gefroot gett. Ech muss awer soen dass et am Moment schwéier virauszegesin ass waat konkret geschitt, an ech mengen dass et elo emol grad wichteg ass dass mäer Lëtzebuerger en Zeechen sétzen fir dass dén Ratifikatiounsprozess en neien Wand kritt.

Donomos : Hued eis Regierung dann schon Plaeng waat se machen wann Verfassung ungeholl gett? Ech huelen ejo emol un dass Verfassung ejo een Kompomess ass wei een daat schon oefters heiren hued, an dass duerno nach waert drun geaennert gin. An wei engen bereicher ass dann do nach nobesserung erwenscht?

Francois Biltgen : D'Regiirung wäert an enger ganz eischter Phase, an all Fall, déi Debatt iwwert Europa, déi elo am Gaang ass, weiderféieren. Et ass wichteg an et ass eng gutt Saach, datt d'Biirger hei am Land elo vill an intensiv iwwert Europa debattéieren. Dës Debatt muss och no eisem Referendum weidergoen.

Wann d'Verfassung a Kraaft ass, mussen och d'Parlamenter ageschallt ginn, soubal d'Kommissioun en Gesetzesvirschlag (wéi dat an Zukunft heescht) mecht. Wann e Véierel vunn de Länner de Virschlag ofleenen, muss d'Kommissioun deen iwerschaffen. Ech sinn iwerzeegt, dat duech des Prozedur vill méi europapolitesch Debatt entstoe wärt.

An enger zweeter Phase, no dëser Debatt, kann d'Regiirung sëch dann e séchert Bild dovunner maachen, wat vun de Leit hei am Land un méi Europa gewënscht get. Wëll och an Zkunft wärten d'Verträg ofgeännert ginn. Ech mengen, zum Beispill, datt den Text ganz sécher méi Mindestbestemmugen am soziale Beraich kinnt verdroen, och wann den Text, wei en elo ass, schons villes erlaabt. Mee, wei gesoot, d'Regiirung wëll zesummen mat de Biirger, nom Referendum, iwwerléen, wat fir Lëtzebuerg als Zukunftsperspektive an Europa wëllen hunn.

Manuel : Här Biltgen mech geing et interesseieren wisou d'europäecht Parlament nach emmer net iwwert en Initiativrecht verfügt a wisou den Ersatz (Petitiounen) dofir, deen d'Matsproocherecht vun der europäecher Bevölkerung eigentlech oofsecheren sollt, fir d'Komissioun net verbindlech as.

Francois Biltgen : D'Verfassung fir Europa verstäerkt schon d'Roll vum Europaparlament, dat d'EU-Bierger vertrëtt. A bal alle Politikberäicher mussen esouwuel d'Europaparlament ewéi de Ministerrot gemeinsam zoustëmmen. Bis elo wor dat net de Fall. All nei ernannten europäesch Kommissioun muss vum Europaparlament guttgeheescht ginn. D'Europaparlament übt och déi politesch Kontroll iwwert d'europäesch Kommissioun aus, a kann hier Démissioun bewierken. D'EU Parlament huet also e Matsproocherecht, wat doduech méi grouss gët wëll méi Gesetzer zesummen vu parlament a Ministeschrot musse ugeholl ginn.

Mär wären awer als Letzebuerger nët frou, wann d'Parlament en eegent Initiativrecht hätt. Da kéinte grouss Länner Virschléi maachen, déi eis Intressiën kënnten a Fro stellen. Dofir ass et richteg dass d'Kommissioun d'Initiativrecht huet. Et muss ee wëssen dat et op europäeschem Plang d'Kommissioun ass déi den europäeschen intérêt vertrett, an dass Lëtzebuerg mat der Verfassung och wiederhin ewéi all aanert Land och an dëser vertrueden ass.

Zum Petitiounsrecht dat heiten: Wann 1 Millioun Biirger der Kommissioun e Gesetzesprojet ennerbreeden, kann ech mer viirstellen dass den Text op den Instanzewé bruecht gett.

jester : moien, ech wollt froen waat geschitt wann ee seng Breifwahldokumenter bis elo nach net per Post kritt huet, an ee gesot krit et keint een dann einfach op d'Wahl verzichten, wa se net mat zäiten ukommen? Waat haalt dir dovunn? A waat kann ech maachen wann elo geint meng Meenung gestemmt get?

Francois Biltgen : Ech géif Iech do vleit proposéieren, Iech direkt mam Staatsministär (Tél. 478 2115) a Verbindung ze sétzen fir eng praktesch Léisung ze fannen.

ECH_18 : Meng haaptfro ass fierwaat desen referendum net firun dem elargissement gemeet gin ass, fir dass mer drop fierbereet gewiercht wieren?

Francois Biltgen : Daat ass natirlëch eng berechtëgt Fro. Fir vill Leit ass den Elargissement effektiv ze vill séier gaangen. Et sin jo schons virun 2004 Erweiderungen gin. Haut stellt natirlëch keen méi a Fro, dass Spuenien, Portugal an Griechenland - déi alleguerten aus enger Diktatur komm sin an zimlëch aarm waren - Memberen vun der EU gi sin. D'Erweiderung ass fir ganz Europa an besonnësch fir Lëtzebuerg eng immens Chance. Eis Land exportéiert ewell méi an déi 10 nei Memberlänner ewéi an d'USA. Mat deenen Länner sin nei Märt fir eis Entreprisen opgaangen an daat schaaft natirlëch Aarbëchtsplaazen zu Lëtzebuerg. Den Erlargissement dierf een nët als Bedrohung, mais als eng grous Chance gesin.

Et muss een awer och wëssen, dat eréischt vru kuerzem d'Letzebuerger Verfassung esou ofgeännert gouf, dat am Prinzip all Verfassungsännerung kann engem Referendum ennerworf ginn. Well den europäesche Verfassungsvertrag indirekten Afloss op eis Verfassung huet, ass et dofir richteg esou en Text dem referendum ze ennerbreeden.

marc : Merci fir är Äntwert, ech haat nach eng Fro. Wann mer elo 20 Länner zesummen kreien déi JO soen, waat geschitt dann mat deenen déi Nee gesot hun? Wéi geet et dann wéider?

Francois Biltgen : D'Verfassung gesäit just dee Fall vir. D'Deklaratioun 30 schreiwt fir, datt wann 1/5 vun de Memberstaaten, soit also 5 an enger Unioun vun 25 Memberstaaten, Probleemer mat der Ratifikatioun huet, géif sech den Europäësche Rot vun den Staats- oder Regierungscheffen mat dëser Situatioun befassen. Bis elo hun 2 Memberstaaten "Neen" gesoot zum Traité, 11 hun en bereits ratifizéiert. Mir sinn also am Fong um gudde Wee fir 4/5 Zoustëmmungen zum Text ze kreien... Wat geschitt also mat Frankraich an Holland? Esou eng Situatioun, wou verschidde Memberstaaten en Traité ofgeléint hunn, gouf et bereits an der Geschicht vun der Unioun: mir schwammen hei also net am Niemandsland. Dänemark an Irland hunn an der Vergaangenheet och schons Traités'en ofgeléint. Et goufen dann awer Léisunge fonnt, déi et hinnen erlaabt hunn, fir deene Traités'en bäizetrieden, ouni de Vertrag awer substantiell emzeänneren. Ech géif mir keng Suergen em Frankraich an Holland maachen: an der Unioun, wann et e Wëlle gëtt, fanne mir och eng Léisung. Mä fir t'éischt mussen op t'manst 20 Länner Jo gesot hunn.

Manuel : Här Biltgen dir soot, "dass déi richteg Debatt mam Bierger eréischt seit e puer Wochen ganz intensiv am gaangen ass". Fir mech as daat en gudden Grond "Nee" ze stemmen, well just wann mer den firleienden Text oofleenen, besteet d'Meiglechkeet, dass een neierdings interesseiert Vollek matbestemmen kann an eng nei Verfassung vum Vollek fir d'Vollek schreiwen kann. Daat as eng eemoleg Chance. Mer sollten se notzen!

Francois Biltgen : Natirlëch begréissen ëch ët, dass d'Leit sëch elo nach méi intesiv mat Europa beschäftëgen. Zanter ech Politik maachen, an dat ass méi wéi 20 Joer, hunn ech emmer erem Konferenzen iwer Europa ginn, allerdéngs waren déi seelen gudd besicht. Elo ass dat aneschtes, an ech si frou driwer.Aneren ass et t'selwecht gaan. An aaneren Länner ass daat glecklëcherweis och den Fall. Där dierft awer nët vergäessen, dass ët an Europa verschidden Meenungen gin. An waat d'Vollek vun engem Land wëll, ass nach laang nët waat d'Vollek vun deem aaneren wëll. Dësen Text ass en Kompromiss teschend 25 Länner. Eis Vollek wor och aktiv - wann ëch daat esou soen kann - beim Ausschaffen vun desem Text mat bedeelëgt. 2002 haat eis Chamber Formulären un all Haushalt gescheckt, wou d'Leit hir Meenung an hir Virschléi zu enger europäëscher Verfassung konnten festhaalen. 10.000 Exemplären vun deenen Formulären sin zereckkomm an déi énorm Vielfalt vun Iddeen an Meenungen sin am Convent beim Ausschaffen vun dësem Text mat agefloss. Nach e lescht Wuert zu deser Fro: Där mat Äech leider Illusiounen dat d'europäecht Vollék kéint eng nei Verfassung schreiwen. Wann eng nei Verfassung komme géif ass zeguer ze fäerten dat verschidde Länner keen neie Konvent méi wéilten asetzen..

demessem : Avec la Constitution, y aura-t-il davantage de délocalisations ?

Francois Biltgen : Je ne suis pas d'avis que la Constitution aura un impact quelconque sur d'éventuelles délocalisations; bien au contraire: le rejet de la Constitution par les luxembourgeois pourrait conduire à une incertitude auprès de nombreuses entreprises et investisseurs quant à la position du Luxembourg en Europe et envers l'intégration européenne. Beaucoup d'entreprises se sont établies au Luxembourg précisément A CAUSE de notre position en Europe et de notre capacité de pouvoir créer un environnement réglementaire et fiscal favorable; capacité que cette Constitution continuera à nous accorder! En fait nous n'avons presque pas connu de délocalisations en dehors du Luxembourg, mais nous en connaissons toujours vers le Luxembourg. Sinon nous n'aurions pas pu doubler (!) les emplois depuis 20 ans. Un message anti-européen de notre part risquerait donc de décourager les investissements.

Paul : Am moment ass et jo esou dat den taux de chomage zu Letzebuerg vun joer zu joer erop geet. Mengt der dat et mam traité sech situatioun verbessert oder eischter veschlechtert? Vill Leit sin gengt dee traité well sie eben faerten dat aarbechtsloosegkeet doduerch erop geet. Waat soot dir dozou?

Francois Biltgen : Bekämpfung vum Chômage muss eng absolut Prioritéit sin. Et ass an Europa sou, an daat wärt sech mat dësem Traité nët änneren,dat Nationalregierungen d'Haaptkompetenz an Instrumenter hun fir den Chômage ze bekämpfen. Mär hun fir den Moment nach eng vun den déiwsten Chômagezuelen an der ganzer Union. Mir schaafen regelmaesség Arbéchtsplaatzen, duebel esouvill wéi virun 20 Joer. D'europäesch Unioun huet daat erlabt an gefördert. Déi Steigerungen, déi Däer beschreiwt hu mär analyséiert. Trotzdeeem zu Letzebuerg all dag nei Aarbecht geschaaf get, kréien eng Parti Leit kéng Schaff. Mär hun zu Letzebuerg spezifesch Problemer wat déi méi schwach kategorien vun Arbechtslosen ugét, onqualifizéiert Leit, eelerer, Fraen déi zeréckwellen op den Arbéchtsmart. Den Arbéchtsminister as amgang déi Instrumenter vun der Beschäftegungspolitik, déi hei sollen wirken, ze iwerkucken an huet zum Dél schons Projeten déposéiert. Dat ass eis Hausaufgab doheem an dei musse mär heiheem léisen. Dozou gehéiert och eng Schoulreform an eng Reform vun der Weiderbildung. Allerdéngs wirkt déi aktiv Arbéchtsmartpolitik nemmen dann wann och Plaatzen geschafen ginn, an hei ass den groussen europäeschen Moart fir eis Entreprisen liewenswichtég. Dofiir, d' Lëtzebuergesch Wirtschaft ass ganz staark ofhängeg vun den ausslänneschen Märkt an der Union, sou gin zum Beispill HAndlungsbeziehungen matt den neien europäeschen Länner elo schons méi grouss wéi matt Amerika: dat schaaft Arbechtsplatzen: mee et muss een nët vergàessen, dass eis zwee Haaptpartner, Frankreich and Däitschland, nach emmer ënnert schwaachem Wuestum leiden. Déi beschten Aarbechtmarkpolitik fir Lëtzebuerg ass nach emmer dass et an der Union, an haaptsechlech an eisen Haaptpartner, wirschaftlech besser geet.

pit : mir waerten dann awer eisen sozialstandar verleieren.alles wat mir erkaempft hun geet eis verluer?

Francois Biltgen : Do kann ech Äech net Recht gin: D'Verfassung stäerkt nämléch d'Roll vun den Sozialpartner an der Unioun a fördert de sozialen Dialog an Europa, virun allem duerch d'Unerkennung vum Tripartite-Sommet. De soziale Fortschrëtt, d'sozial Gerechtegkeet an d'Vollbeschäftejhung gehéieren fier t'éischte Kéier zu den Haaptobjectiver vun der Unioun. D'Memberlänner bestëmmen awer nach weiderhin seng Aarbechts- a Sozialpolitik. All Land bestëmmt also och weiderhin seng eegen, éventuell méi strikt Standarden sélwer.

Nach e Bléck an d'Vergaangenheet: wéi d'Europäesch Gemeinschaft 1958 ugefaangen huet, gouf et bal kéng sozial Bestemmungen an de Verträg, déi koumen eréischt vun Mëtt der 70er Joren un dobäi, vrun allem an den 90er. An all där Zäit hu mer zu Letzebuerg eise Sozialmodell ausgebaut an net ofgebaut. Dat kenne mer och an Zukunft maachen. Et ass awer méi einfach, wa mer méi europäesch Bestemmungen iwer Sozialpolitik kréien. Dofir sinn jo och déi 2 grouss Gewerkschaften zu Letzebuerg fir de Vertrag.

Flep : Här Minister, ouni iech lo op d'feiss trepplen ze wellen, mais wisou war d'Informatiounsbrochure vun der Regierung voll vun positiven Argumenter a baal neischt Negatives ze gesin? An der Rei, dir wellt dass mir dofir stemmen, mais sollt eis eng verantwortungsvoll Regierung esou eppes Wichteges net meiglechst neutral dokumenteiren?

Francois Biltgen : D'Regierung ass fest dofunnen iwerzeegt, dass dësen Traité nët nëmmen gudd fir Europa mais och gudd fir Lëtzebuerg ass. Wann daat nët den Fall wär, hätten eisen Staatsminister an eisen Aussenminister Enn 2004 nët hir Ënnerschrëft ënnert dësen Vertrag gesaat. Déi genannten Brochür ass un all Haushalt verscheckt gin, fir d'Leit op d'Innovatiounen vun dësem Vertrag opmierksam ze machen. An do kann een eis nët virwerfen Saachen verdréint ze hun oder an engem positiven Liicht présentéiert ze hun. Fakt ass dass déi Saachen, déi elo beemol ass "neoliberal" oofgestempelt gin - fir nëmmen een Beispill ze nennen - ët schons zenter 1957 gëtt. Déi Neierungen déi vergesin sin, kommen den Erwuardungen vun den Leit vun engem méi demokratëschen Europa entgéint. Daat kann een nët oofstreiden. An déi Neierungen sin an der Brochür vun der Regierung présentéiert an am Détail behandelt gin.

Daddes : Ech mengen dei meescht Leit stemmen zou dass Verfaassung Verbesserungen brengt, ech mengen awer eichter dass d'Fro gellen muss: ass Verfaasung sou wei se ausgeschaft gin ass sou gudd dass se ouni weideres ungeholl kenn gin. Een groussdeel vun den Leit waarden wahrscheinlech op eng besser ausgeschaften Versioun och wann daat verschidden anneren Leit als falsch erscheint. Wann geif een NEE am Land gewielt gin missten dann net eis gewielten Vertrieder dei Entscheedung sou vertrieden dass eis positioun an Europa net geschwächt get anstatt ze resigneieren?

Francois Biltgen : Verfassung ass e Kompromis zweschen 25 onofhängeg Länner, daat ass en schwéieren Exercice. Fir desen Traité hun mër méi ewéi véier Joer gebraucht: vun 2000 un, wéi den Konvent an d'Liewen geruff gin ass, bis den Akkord zweschen den Regierungen ënnert der irescher Présidence am Joer 2004. Dës Kompromiss war esou villen Zoufäll ausgesaat: sou huet e Regierungwiesel missen kommen an Spuenien,fir dass dësen Compromis iwwerhaapt méiglech konnt gin. Esou einfach wärt et nët gin, en neien Traité ze verhandelen, deen eng déi Verbesserungen beinhaltet, déi jidfereen fir richteg hällt. Dest hengt jo vun den politeschen MAjoritéiten an all den europäeschen Länner of: esouguer wann all Land eng Majoritéit fir, déi ménger politescher Famill ugehéiert (wéi wahrscheinlech daat och wär?), dann ass et guer nët sëcher, dass Iwwerzeegungen vun ménger Parteiiwwerall an dem Text eremzefannen wär. Wann et en Nee sollt gin, dann wärten politesch Vertrieder natiirlech net résignéieren, mä weider dorunn schaffen, datt ass hier Responsabilitét, Interessen vum Land ze verteidegen. Mee et soll een sech kéng Illusiounen maachen, dëst wärt méi schwéier gin. Bei Frankreich mierkt een dat bereits elo, wéi wärt et bei engem Land wéi eisem? Wat mengt Däer?

binsman : ass letzebuerg dan wierklech am europäeschen concert esou wuchteg un ze hesinn, dass daat ganzt nach eng aaner nues kéint kréien? kann et dann net och sinn, dass wann t'letzebuerger mat nä stëmmen, sech drop besonne get, vläit awer eng constitutioun ze maachen, déi deen numm och verdéngt?

Francois Biltgen : Ech sin iwwerzeegt dass bei engem lëtzebuerger Jo d'Ruder en faveur vun der europäescher Integratioun eremgerass kann gin. An ech mengen secher net dass mär bei engem Lëtzbuerger Nee eng besser Constitutioun kéinten kréien; bestëmmt kéng déi besser wier fir Europa, an schon guer keng déi besser wier fir Lëtzebuerg! Mat der géigenwäerteger Stëmmung an Europa géing en lëtzebuerger Nee deenen an d'Hand spillen déi manner Europa oder en Europa wëllen dat net um Prinzip vun der sozialer Moartwirtschaft berout, an hiirt politesch Gewiicht an Europa stäerken. Do wieren mär an enger denkbar schlechter Ausgangspositioun fir eng besser Constitutioun auszehandelen, wann daat iwwerhaapt dann nach méglech wier.

marc : Wann mer JO stëmmen, gin et dann fir Lëtzebuerg grouss Verännerungen? Waat sin déi gréissten Fierdeler déi dann "fir eis eraussprangen?"

Francois Biltgen : Lëtzebuerg kritt mat dësem neien Traité mei Sécherheet fir seng Zukunft an Europa ze plangen. Den Traité vu Nice ass, wei de Staatsminister gesot huet, gutt fir Lëtzebuerg mee schlecht fir Europa. En ass schlecht fir Europa, well en zevill Onsecherheeten, zevill Exceptiounen, zevill Iwwergangsregelungen mat sech bréngt. Den Verfassungstraité offréiert de richtege Zaitkader an d'Instrumenter fir op Moss ze schaffen. Den Vertrag bréngt Ofsécherungen fir eist Matsproocherecht. Mär kréien 6 (an nët 5 wéi am Nizzavertrag) Deputéierten am Europaparlament garantéiert, mär ginn mat allen aneren Länner an der EU-Kommissioun gläichberechtegt, asw Den Verfassungstraité brengt och wesentlech Virdeeler fir eist Wirtschaft: mir hun d'Secherheet, datt keng Steierharmonisatiounen iwwert eise Kapp eweg décidéiert ginn; mir kreien d'Garantie, datt eist sozial Secherheet weider am Dengscht vun de Bierger ze Lëtzebuerg schafft, well déi Bereicher, déi fir eis wichteg sinn, weider an der Unanimitéit bleiwen; mir hun d'Zouso, datt all Décisioun, déi vun der Kommissioun proposéiert gëtt, op hier sozial Konsequenzen iwwerpréiwt gëtt. Den neien Traité bréngt also keng grouss Bouleversementer mat sech, mee en reduzéiert den Stagnatiounsrisiko an séchert eist Intérêts'en.

NM : waat haalt dir dan dovunner den service public ze remplaceiren an fir d concurrenz op ze maan ? dat heecht jo och dat educatioun der concurrenz opgemeet get?

Francois Biltgen : D'Constitutioun schwätzt sëcher nët dervun den Service Public ze remplacéieren! D'öffentlëch Dëngschtleeschtungen sollen wuel an engem gewëssen Konkurrenzëmfeld schaffen fir dass se net ganz Secteuren vun enger nationaler Economie besetzen. Dëst applizéiert sech awer nët op d'Erfëllen vun hieren spezifeschen Missiounen! An dësem Kader behaalen och d'Memberstaaten d'Kompetenz fir öffentlech Dëngschtleeschtungen ze liwweren, ze executéieren an ze finazéieren.

Dat gëlt natiirlech besonnesch och fir d'Educatioun. Do ass de Verfassungsvertrag ganz kloer. Dat bleiwt eng national Kompetenz!

emilio : Wier et dofir net besser gewiecht een eenheetlechen Ratifizéierungsprozess a ganz Europa ze machen? Zum Beispill een Referendum an Europa um selwechten Dag, dann géif et vill manner Diskussiounen tëschent deenen eenzelnen Oofstëmmungen, an d'Leit géifen sech net duerch een Neen vun aaneren Länner beaflossen loossen

Francois Biltgen : Do gin ëch iech absolut Recht. Leider war daat nët méiglëch, well an der Konstitutioun oder am Grondrecht vun verschiddene Länner kee Referendum virgesin ass. Nach um leschte Conseil Européen hat eise Staatsminister Juncker dat virgeschloen, eng Rei aner Länner waren och des Kéier nët domadder d'accord.

pit : wann lo giff nee gesoot gin, misst dann net den traité "verbessert"gin,well wann mer jo soen sinn mer d'accord.et senn awer sachen do dran die net gut senN

Francois Biltgen : De Risiko ass just dass dén Text dén dann eraus kënnt ganz sécher kéng Verbesserung vum aktuellen Text wäert sin. Ech sin der Meenung dass den Vertrag wéi mer en elo um Dësch leien hun dé béschtméigléchen Kompromiss ass dén sécherléch e puer redaktionnell an strukturell Schwächten huet, mé dén awer op der aanerer Seit fir Lëtzebuerg vill Garantien huet, ewéi z. B. d'Eestemmegkeet an der Steierpolitik an an der sozialer Sécherheet oder eng staark Präsenz an den EU Institutiounen. Et ass jo och esou dass d'Verfassung éischter eng Absichtserkläerung ass ewéi en verbindléchen präzisen Programm. Alles wäert also dovun oofhänken wéi den Text emgesaat gett.

Dobäi kënnt folgendes: vill Leit fannen déi 2 éischt Deeler iwer d'Unioun an hiir Institutiounen respektiv d'Grondrechter gudd. Si fannen awer den 3. Deel iwer d'konkret Politiken schlecht. Déi 2 éischt Deeler si nei. Den dretten besteet elo schons zu méi wéi 95%. Wan de Vertrag ofgeleent get, trieden déi 2 éischt Deeler net a Kraaft, den 3. bleiwt a Kraaft ofgesinn leider awer vun e puer Verbesserungen (horizontal Sozialklausel, europäechen Sozialgipfel,...)

binsman : kann een sech dann virstellen, dass et an zukznft an europa och eng sozial harmoniséierung no uewen, zb un den standard vun letzebuerg, kann ginn? an wann, wou huelen zb déi nei länner dann t'moyen'en hier?

Francois Biltgen : Sécher ass daat virstellbar, an den Traité gett déi Base dofiir hiir. Letzbuerg huet emmer fir déi do Approche gekämpft an den europaeeschen Institutiounen. Allerdéngs ass et richtég datt én, wéi der soot realistesch muss sinn. An villen Bereicher huet d'Unioun duerchaus héich harmoniséiert Mindeststandarden wéi zum Beispill am Bereich Sécherhét op der Arbécht, wou och mär oft hu missen eis Standarden no uewen upassen! An aneren Beräicher, vrun allem am Aarbechtsrecht, ass dat nët emmer esou einfach. Emmerhin gett domatt eng Basis, en Sokkel vun europaeeschem Sozialrecht geschaaf, déi fir vill Länner an hiir Beschaeftégt och e Fortschrett duerstellt. Eng weider Upassung no uewen muss awer den Contrainten vun allen Memberstaaten Rechnung droen, wann mär nett wellen, datt den clivage teschent Laenner méi grouss gett. Domat gett eng radikal Harmonisatioun no uewen problematesch. Et geet also nemmen mat kléngen Schrett, woubei lues an lues all Beschäftegt an Europa , haaptsaechléch déi manner protégéiert, vun dénen schrettweisen Harmonisatiounen no uewen profitéieren. Iwregens stinn bal an allen sozialen EU-texter, dat wann e Land méi héich Standarden huet, wéi de festgelueten Mindestsockel, dat nët däerf vun dem neien Text profitéieren, fir séng Standarden erofzesetzen.

Flep : Här Minister, wiesou ass do eigentlech dei Klausel dei seet dass herno just eppes kann geännert gin wann all Memberstaat deem zoustemmt? Wisou ass et keng 2/3 Majoriteit wei bei "normalen2 Decisiounen?

Francois Biltgen : Dir hutt Recht. Dofir ass et kéng eigentlech Verfassung, mä wéi den Text et selwer seet, e Verfassungsvertrag. Genau esou wéi daat bei virrëschten europäëschen Verträg (déi jo awer oft genuch geännert gin sin) den Fall war, kann dës Verfassung bei grondleegënden Ännerungen - zum Beispill wann d'Union méi Kompetenzen kréien soll - nëmmen duerch ën Konvent respektiv eng Regierungskonferenz emgeännert gin. Manner déifgräifend Ännerungen gin an enger vereinfachter Form vum Europäëschen Rot ugeholl. An all Fall mussen déi national Parlamenter, dat heescht och eis Chamber, hiren Accord gin. Et muss een awer och soen dass dës Method eis erlaabt dass déi Beräicher déi fir eis vun engem speziellen intérêt sin net kënnen ouni eisen Accord oofgeännert gin.

Donomos : Fir den Diskussiounen an den interessi un Europa bei den letzebuerger mei ze entfachen misst een dann och villeicht nedd am selweschten Joer Europaparlament wiehlen wei eist Parlament vum Land. Gin edd do och iwwerleeungen? Elo wann constitutioun kennt kritt daat Parlament ejo och mei Pouvoir.

Francois Biltgen : Dat ass net falsch, awer verfassungsrechtlech net einfach. Vrun allem méngen ech datt d'Parteien net méi sollen déi selwecht Kandidaten op deenen 2 Leschten opstellen. Déi 2 aktuell Koalitiounspartner hunn sech an hirem Koalitiounsaccord verpflicht, dat doten ze kucken. Et ass zwar och verfassungsrechtlech schwiireg, mä wann op t'manst déi grouss Parteien dat géife maachen, wéisten d'Leit wien se dann elo "an Europa" schécken.

jos : sidd dir der meenung, dass et beim referendum nemmen em d'zukunft vun europa geht oder gohen sollt, oder ob een och sollt daat bewerten waat europa ons bis elo bruet oder net bruet huet?

Francois Biltgen : Diskussiounen beweisen, dass d'Leit nët einfach Abstraktioun maachen vun dëser Fro vun Lëtzebuerg an Europa. Ech mengen awer, dass Europa fir Lëtzebuerg déi eenzegarteg Méiglechkeet ass fir gudd an emmer besser ze liewen. Ass et dann nët esou an der Geschicht, dass wann et Europa nët gudd goung, dann ass et onsem Land doutsecher och nët gudd gaang. Dëst wor esou, and wärt sech och an Kukunft nët äneren. Dësen Traité, deen d'Länner an BiirgerInnen vum europäeschen Kontinent weider verbannen soll, ass an deem Sënn eng gudd Saach fir Lëtzebuerg, wëll Europa eng kloer Perspektiv gëtt, waat mir brauchen. Ouni eng solch Perspektiv kënnen verschidden Länner der Versuchung nees erléen sin, eegen Wéer ze goen. Ann dofir solle mer och kucken wat Europa eis bruecht huet. Wa mer d'Rad vun der Geschicht zréckdréien, wéi verschiddener an Europa dat wëllen wär dat schlecht fir eist Land.

pit : wir et net mi einfach geweecht fir eis iwert die verschidden kapitelen eenzel oofzestemmen?

Francois Biltgen : Da wäer et e laangen Wahldaag gin...an mir wäeren wahrscheinléch net op e gemeinsamen Nenner komm... An dann hätt een awer net gewusst, op de Vertrag ugeholl wär oder nët.

Jean-Luc : Här Minister, wei kann Europa mat dësem Traité engersäits déi verschidden national Identitéiten erhalen, an anerersäits d'Handlungfähegkeet an den Zesummenhalt vun der Communautéit verstäerken, ass daat kee Widdersproch an sech ?

Francois Biltgen : D'Deviis vun der Unioun ass jo net vir naischt "Unie dans la diversité". Mär Lëtzebuerger hun d'Chance heiheem ze erliewen dass d'Sproochevielfalt an dé kulturelle Reichtum fir ons ganz bereichernd ass an dass do eigentléch kee Widersproch besteht...au contraire fannen ech.

Et muss ee wessen - dat steet an dem éischten Deel vun dem Verfassungsvertrag - dat et réng europäesch Kompetenzen, gedeelten Kompetenzen an réng national Kompetenzen get (wou d'EU awer d'memberstaten ennerstützen kann).

Also, op eng ganzer Rei Punkten bleiwen d'Memberstaten ganz oder vill kompetent, wéi Kultur, Schoul, Soziales, asw. An dat ass gudd esou. Op aneren wéi an der Aussenpolitik an an der Sécherheetspolitik kritt d'Communautéit méi Kompetenzen, an och dat ass grad gudd fir e kléngt Land wéi Letzebuerg.

emilio : Muss d'Verfassung nët awer regelméisseg iwerschafft gin au fur et à mesure wéi d'Unioun erweidert gëtt fir dass aaner Länner och hier Iddien an Usichten können mat afléissen loossen ?

Francois Biltgen : Dës Verfassung, wéi all déi vergaangen europäescher Texter, déi jeemols geschriwwen gouffen, wärt och verännert gin. Déi europäesch Konstruktioun wor ëmmer en dynaeschen Prozess, déi gedriwwen gouff vun Leit an Länner. Dëst wärt och nët aneschter sinn an d'Zukunft. All Land, ewéi daat bis elo ëmmer de Fall wor, kann dann matt dorun gestalten, wéi et weider soll goen. Lossen mër nët vergäessen, dass d'Natur vun dem europäeschen Projet nach ëmmer eng Union vun souveränen Staaten ass, déi fräi zesummen entscheeden, wéi si zesummen wëllen liewen. Identitéit an Egalitéit vun all de Länner ass e Grondprinzip vun der Union, deen och nees stark verankert gët an der Verfassung.

surya : Här Biltgen inwiefern ass et ze verantworten, dass sech net nemmen d'Parteien mee och de Staat parteilech an e Referendum anmechne an en domadd an senger Essenz quasi ad absurdum feieren well en doweinst senger repäsentativer Funktioun net mei gerecht get?

Francois Biltgen : Dass sëch politesch Parteien zu esou enger éminent wichteger politescher Fro positionnéieren an sech an en Referendum anmëschen, souwuel fir den jo wéi fir den nee, as jo wuel daat mannst waat een vun politeschen Parteien erwaarden sollt! D'Regierung probéiert objektiv z'informéieren an ech fannen dass d'Informatiounskampagn esou objektiv ewéi méiglech as. Wat d'öffentlech Positionéierung vun den Regierungsmemberen ugeet, sou wier et jo awer äusserst befremdlech wann déi keng Positioun zu esou enger wichteger Fro bezéihen géingen, zumools et och nach em en Text geet deen den Staatsminister an den Aussenminister selwer am Numm vun der Regiirung ennerschriwwen hun! E Politiker huet eng Meenung ze hunn. Et kann nët sinn dat nëmmen een aus der Oppositioun därf eng Meenung hun, awer net e Minister!

Marianne : Moien! mer schwätzen an der schoul iwwetr verfassung an do wollt ech froen op laut deem neien text homosexueller sech duerfen bestueden?

Francois Biltgen : An der Verfassung ass d'Recht op d'Bestiednis festgeschriwwen. D'Familljerecht ass awer och weiderhinn eng national Kompetenz. Et bleift also un de Regierunge vun all Memberland selwer ze decidéieren op d'Bestiednis tëschent Homosexuelle an dem jeweilege Land méiglech ass.

pit : et ass fakt dat firmen aus letzebuerg an d'ausland produzeieren ginn well se do mi belleg schaffen .wat soot der dozou ?

Francois Biltgen : Dozou muss én soen, datt d'Envergure vun Auslagerungen aus Letzebuerg eraus an Belléglounlänner vill manner grouss ass wéi bei verschiddenen vun eisen Noperen. Am Konträr, vill Betriiber kommen op Letzebuerg wéinst eisen aneren Avantagen.

Vill Betriber bleiwen hei well se hei eben aner Avantagen hunn wéi, trotz héigem Sozialstandard an héigen Lounkäschten, z. B. den sozialen Friden, dén och en Kompetitivitéitsfacteur ass.

Et ginn och Betriiber déi deelweis auslageren. Dat ass kee Feeler. Doduech kréien se en neie Marchéen am Ausland, mä bleiwen hei verankert.

Ech ginn Äech d'Beispill vun Textilcord. Déi mussen effektiv aus Keschtegrënn eng Produktiounslinn an d'tschechech Republik auslageren. Mä si investéieren an eng nei - méi produktiv - Linn zu Letzebuerg. Natiirlech stungen 40 Aarbechtsplazen um Spill. Wat ass du geschidd? D'Sozialpartner sinn sech eens ginn en Kollektivvertrag ze maachen, deen d'Käschten niddreghält. An den Aarbechtsministär bezillt elo d'Emschoulung vun de 40 Leit fir dat déi op där neier Linn schaffe kennen.

Där Beispiller ginn et nach. Mat esou enger Politk huet jiddereen nemmen Avantagen.

Manuel : "Där mat Äech leider Illusiounen dat d'europäecht Vollék kéint eng nei Verfassung schreiwen." Daat verlaangen ech jo och net. Et sollt een d'Leit einfach elo nach eng keier em hier Meenung froen. Wann et 2002 gaang as misst et och elo goen. Den Ennerscheed as deen, dass d'Leit elo interesseiert sin.

Francois Biltgen : Méngt Däer? Ech well mech gären ieren, mee den Débat an Frankreich ass nach nët laang eriwwer, an d'öffentlech Diskussion huet awer staark bereits ofgeholl. Et sin awer ganz wichteg Saachen geschitt an Europa nom Referendum, ewéi den europäeschen Sommet vum 16 an 17 Juni zu Bréissel, wou een gesin huet, datt et keen Plang B gët, ewéi vill Unhänger vum Nee am Frankreich gemengt hun, an wou déi national Egoismen an der Budgetsfro méi staark woren, wéi den europëschen Intérêt. Huet en d'Protagonisten vum Nee am Frankreich zu dësen wichtegen Froen héieren? Net vill. Extrem Lénksparteien sin sech elo nët eens, op si e gemeinsamen Progamm fir Présidentschaftswaalen vun 2007 ausschaffen sollen. Europa ass ganz schnell aus hieren Käpp gaang. Firwaat soll ët nët matt all Mensch esou gin. Mee Däer hutt Recht, dass an den nationalen politeschen Debatten Europa eng méi grouss Plaatz fannen muss. Zu Lëtzebuerg ass dëst ëmmer méi wéi soss de Fall gewiescht, wëll Europa eng grouss Roll an eisem Liewen spillt, an awer net genuch. Wann een an méi e grouss Land geet, ass daat nët onbedengt de Fall. Fir daat ze änneren wärten nach laang Zeit brauchen, mee mär mussen et maachen!

Daddes : Natierlech ass et schweier an wahrscheinlech mei schweier wei mer all mengen sou eppes auszeschaafen, mee et geet emmerhin em Zukunft vun Europa an wann een net ganz anverstaanen ass, respektiv manner wei 50% vun den Leit am Land anverstaanen wären dann muss et schons iwerschafft gin, och wann et nach sou laang dauert. Ech fannen et mei schro wann een eppes iwerstierzt

Francois Biltgen : Eis soll et drëms goen fier déi erweidert Unioun handlungsfäheg ze haalen. D'Verhandlungen am Konvent hun iwwert 18 Méint gedauert an ons Vertrieder an der Regierungskonferenz hun sech voll agesaat fir d'Intérêt'en vun onsem Land. D'Regierung huet den Text den 29. Oktober 2004 mat rouegem Gewëssen ennerschriwwen. Och wann et bestëmmt net dén Text ass dén erauskomm wäer wann mär eléng mat ons verhandelt hätten, ass et e Schrëtt an déi richteg Richtung, net nemmen fir Europa, mä och fir onst Land.

pit : also ass dem frits bolkestein seng direktiv net vum desch sie heescht just net mie sou

Francois Biltgen : Déi Propositioun vum Komissär Bolkestein vun Januar 2004 wäert secher net telle quelle adoptéiert gin. Duerfir huet notamment den Conseil européen am März ënner lëtzebuerger Présidence gesuergt, deen en kloren Message doriwwer gin huet. Wat elo geschitt as dass souwuel d'Europäescht Parlament wéi den Conseil drun schaffen fir sech op eng Directive eenszegin, déi zwar en Marché intérieur vun den Servicer crééiert (wou Lëtzebuerg d'ailleurs immens wirtschaftlech Avantagen draus kéint zéihen), déi awer souwuel Sozialdumping verhënnert wéi och eis Services d'Intérêt Général préservéiert. Dobäi muss een wëssen, dat eist Aarbechtsrecht schons elo - am Géigesaz zu dem däitschen - esou ass, dat jiddereen deen op Letzebuerg schaffe kennt eise Mindestloun bezuelt muss kréien, eis allgeméng verbindlech Kollektivverträg muss respektéieren , asw. Dat géif och net mat der neier Directive änneren.

Manuel : Här Biltgen där schwätzt emmer dervun waat gudd fir Letzebuerg as ,misste mer net soulues ufänken dervun ze schwätzen waat fir Europa gudd as?

Francois Biltgen : Ëch mengen ët ass keen Zoufall, dass mir Grënnungsmember vun der Union sin. Déi leschten 50 Joer hun gewisen, dass d'Interessen vun eisem Land enkt mat deenen vun Europa verbonnen sin. Eppes waat gudd fir Europa ass, ass natirlëch och gudd fir Lëtzebuerg. Eis ass et an de leschten 60 Joer nemmen sou gudd gaang, well et kee Krisch méi gouf, well eben déi grouss Länner europäesch agebonnen waren. Den neien Vertrag mecht dat nach méi, vrun allem wat Aussen- a Secherheetspolitik ubelaangt. Während deenen leschten 6 Méint, wou Lëtzebuerg d'Présidence haat, huet eis Land sëch mat vill Ersaatz fir en Europa am Sënn vun eisen Grënnungspäpp agesaat. Daat heescht fir en Europa ouni national Egoismen, mais fir en staarkt an gëeenëgt Europa wou d'Memberlänner zesummen un engem Strang zéihen. Dofir sinn ech honnertprozenteg iwerzeegt, dat de Vertrag gudd fir Europa AN fir Letzebuerg ass.

Mister : Den Fall gesaat den Text ging nach eng Keier geännert gin, weinst Frankreich, Holland (an vleicht och Letzebuerg), mussen dann déi aaner Länner den Vertrag nach eng Keier nei ratifizeiren. Oder aanescht gefroot: wann mir mat JO stemmen, an den Text duerno weinst e puer Länner geännert get: mussen/diefrfen mir dann nach eng Keier oofstemmen goen ?

Francois Biltgen : Den Text kann nët einfach esou geännert, ouni dass Lëtzebuerg domat d'accord wir. Eng Ännerung kënnt allerdings engem neien Text gläich, iwert deen - egal wéi kleng déi Ännerung och ass - natirlëch muss nei oofgestëmmt gin. Falls ët zu enger Re-négociation géif kommen, esou wär ët menger Meenung awer wichtëg ze wëssen, wéi daat eegent Vollek zu deem aalen Text stong. Mat engem JO wär Lëtzebuerg an enger staarker Positioun am Kader vun der Ré-négociation déi Punkten ze verteidegen - wéi zum Beispill d'Unanimitéit bei der Steierpolitik -, déi fir Lëtzebuerg vun immenser Wichtëgkeet sin.

Francois Biltgen : Villmols merci fir den Chat. Ech hunn all Äre Froen pertinent fonnt. Ech hoffen dat Där och méng Äntwerten pertinent fonnt hutt. Da bis de Sonnden an de Walkabinnen. Fränz Biltgen




Dernière mise à jour de cette page le : 06-07-2005

Haut de page Haut de page