Hinweis:Ihr Browser zeigt diese Seite nicht korrekt an weil er Stylesheets nicht korrekt interpretiert. Dies ist wahrscheinlich auf die Nutzung einer alten Browserversion zurückzuführen.
D’Bréifwal ass méiglech.
Mä si ass u verschidde Konditioune gebonnen: et muss ee méi wéi 75 Joer al sinn oder den Dag vum Referendum aus beruflechen oder privaten Ursaachen net zu Lëtzebuerg sinn.
D’Demande muss tëschent dem 1. Mee an dem 10. Juni beim Schefferot vun der Gemeng, an där ee wunnt, agereecht ginn.
Bei der Demande muss e Beweis leien, datt een den 10. Juli net kann an de Walbüro goen. Da kritt een de Walziedel zougeschéckt.
Kuckt w.e.g. och ënnert "Briefwahl" fir déi néideg Instructiounen.
Copyright © Luxembourg Government