Hinweis:Ihr Browser zeigt diese Seite nicht korrekt an weil er Stylesheets nicht korrekt interpretiert. Dies ist wahrscheinlich auf die Nutzung einer alten Browserversion zurückzuführen.
Virum Referendum huet d’Chamber schonn an engem éischte Vote iwwert d’Verfassung fir Europa ofgestëmmt.
Well d’Parteien, déi an der Chamber vertruede sinn, sech an enger grousser Majoritéit fir d’Akraafttriede vun der Verfassung fir Europa ausgeschwat hunn, wäert dee Vote positiv ausfalen.
Sollt d’Vollek awer beim Referendum mat Nee stëmmen, sou wäert d’Chamber sech dësem Votum ënnerwerfen an d’Verfassung fir Europa net unhuelen.
Bei engem positive Vote muss d’Chamber eng zweete Kéier ofstëmmen.
Copyright © Luxembourg Government