Hinweis:Ihr Browser zeigt diese Seite nicht korrekt an weil er Stylesheets nicht korrekt interpretiert. Dies ist wahrscheinlich auf die Nutzung einer alten Browserversion zurückzuführen.
Während d’Unioun bis elo 36 Zorte vun Instrumenter zur Verfügung hat, fir hir Decisiounen ëmzesetzen, limitéiert d’Verfassung déi Instrumenter elo op 6 Zorte vun Akten: d’Gesetz, d’Kadergesetz, d’Reglement, d’Decisioun, den Avis an d’Recommandatioun (Artikel I-33).
Déi zukünfteg Gesetzer (fréier Reglementer) sinn direkt applicabel an all EU-Land, ouni dass se mussen an nationalt Recht ëmgesat ginn.
D’Kadergesetzer (fréier Direktiven) fixéieren d’Ziler déi mussen erreecht ginn, mä musse vun de Memberlänner mat hinne fräigestallte Mesuren zilgerecht ëmgesat ginn.
Copyright © Luxembourg Government