Hinweis:Ihr Browser zeigt diese Seite nicht korrekt an weil er Stylesheets nicht korrekt interpretiert. Dies ist wahrscheinlich auf die Nutzung einer alten Browserversion zurückzuführen.

 
[Verfassung fir Europa]
 Version française        
 

You are here : Startseite > Aktuelles > Juli 2005 > Nicolas Schmit und André Hoffmann stellen ihre Argumente für, respektiv gegen die EU Verfassung vor (RTL-Radio, 1. Juli)
Diese Seite drucken Diese Seite versenden

Aktualität
Nicolas Schmit und André Hoffmann stellen ihre Argumente für, respektiv gegen die EU Verfassung vor (RTL-Radio, 1. Juli)
Veröffentlichung: 01-07-2005

RTL-Radio präsentiert täglich eine Serie von Argumenten für und gegen die Verfassung für Europa. Hier finden Sie eine Argumentation des beigeordneten Ministers für auswärtige Angelegenheiten und Immigration Nicolas Schmit sowie des Beführworters des Nein, André Hoffmann, Mitglied der Partei Déi Lénk.

André Hoffmann: Déi sozial Dimensioun vun der Europäescher Unioun, déi bleift nach ëmmer hannen dran. An dat huet natierlech och domat ze dinn, datt dee Prinzip vun der fräier Konkurrenz, dat heescht eigentlech vum dereguléierte Maart, alles dominéiert. An deem Prinzip gëtt dann och d’Sozialpolitik ënnerworf. Wann een den Text liest, da stellt ee fest, datt déi nobel Erklärungen iwwer d’sozial Wäerter am éischten Deel onverbindlech bleiwen. D’Charta vun de Grondrechter déi gëtt hirem Usproch vun engem soziale Kader iwwerhaapt net gerecht, a se bleift wäit zeréck am Verglach zu aneren internationale Verträg, wéi zum Beispill, d’Charta vun de soziale Rechter vum Europarot, oder den internationale Pakt vu soziale Rechter vun 1966 am Kader vun der UNO. Zum Beispill, wat d’Recht op Aarbecht betrëfft, ass net dran, Recht op Wunneng, net dran, Recht op Erzéiung, net dran, Recht op e mënschewierdegt Akommes, net dran.

Nicolas Schmit: Dës Verfassung stellt der Unioun als zentralt Objektiv fir eng sozial Marktwirtschaft ze wierken. D’Unioun soll sozial Exklusioun bekämpfen, sozial Gerechtegkeet a sozial Sécherheet fir jiddwer Bierger erbäiféieren. Besonnesch d’Gläichheet vu Mann a Fra ass eng zentral Missioun vun der Europäescher Unioun. Europäesch Sozialpolitik ass bis ewell awer ongenügend weider entwéckelt ginn. Net well d’Texter dat net erlaabt hätten, awer well de politesche Wëlle ganz oft, oder politesch Majoritéite, ganz oft gefeelt hunn. D’sozial Dimensioun muss an de kommende Joeren eng Zentralstellung anhuelen. Dës Constitutioun verbessert dës Entwécklung. D’Sozialpartner, an domat déi europäesch Gewerkschaften, kréien explizit méi eng wichteg Roll duerch dës Verfassung. Déi horizontal Sozialklausel kann et erlaben all europäesch Politik op hir sozial Dimensioun besser ze kontrolléieren an och déi sozial Dimensioun ze verstäerken.




Letzte Änderung dieser Seite am : 06-07-2005

Top Zum Anfang der Seite