[Verfassung fir Europa]
 Deutsche Fassung        
 

Chemin de navigation : Accueil > Actualités > Juin 2005 > Déclaration du gouvernement à la Chambre des députés sur le référendum du 10 juillet par le Premier ministre Jean-Claude Juncker

Actualité
Déclaration du gouvernement à la Chambre des députés sur le référendum du 10 juillet par le Premier ministre Jean-Claude Juncker
Publication: 21-06-2005

(Transcription de la déclaration)

Datum vum Referendum bleift den 10. Juli
Bilan vun der Lëtzebuerger Présidence
Stabilitéits- a Wuestumspakt
Reform vum Lissabonprozess
Stoppen vun der Bolkesteindirective ënnert Lëtzebuerger Présidence
Thematik vun der Delokaliséierung, haut an Europa, an seng Bedaitung fir Lëtzebuerg bis ewell
Solidaritéit an Entwécklungshëllef ënnert Lëtzebuerger Présidence
Emweltschutz
Finanzperspektiven 2007-2013
Agrarpolitik
Lëtzebuerger Baueren a Wënzer an Europa
Ee Reckschrëtt ouni Verfassung
Zwou géigensätzlech Virstellungen vun Europa
Europa, ee politesche Friddensprojet
Erweiderung
Euro
Wat fir en Europa hätte mer gär?
De Verfassungsvertrag a seng Ratifizéierung
Akraafttriede vun der Verfassung
„Mir hunn äis ëmmer richteg entscheed“
D’Verfassung leet d’Kompetenzen fest tëscht der EU an den eenzelne Länner
D’Verfassung verankert d’Eestëmmegkeet an de Steieren
D’Verfassung stäerkt d’Roll vun den nationale Parlamenter
D’Verfassung bréngt een europawäit Petitiounsrecht
D’Verfassung gëtt d’Méiglechkeet fir gemeinsam géint d’Kriminalitéit, den Terrorismus an d’Finanzkriminalitéit virzegoen
D’Verfassung an d’Asylproblematik
D’Verfassung schreift d’sozial Maartwirtschaft an: alles muss der Sozialexigence ennerworf gin
D’Verfassung stärkt d’Lëtzebuerger Positioun an Europa
Europäesch Verteidegungspolitik an aktiv Solidaritéit
D’Verfassung bréngt mei Demokratie, méi Transparenz, méi Sozialpolitik
D’Decisioun vum 10. Juli 2005: eng Saach vun Häerz

Datum vum Referendum bleift den 10. Juli

Här President, Dir Dammen an Dir Hären, d’Chamber huet decidéiert haut de Mëtteg eng Aussprooch ze halen an hirem Kreess, fir op d’Fro, op een dee fir den 10. Juli vun dësem Joer an d’A gefaasste Referendum ofhale soll, oder ob een e verréckele soll. Dat ass wéi ëmmer, wann et ëm Wichteges geet, eng souverän Decisioun vum Parlament, vun deenen, déi gewielt gi sinn, fir déi Leit, déi hei am Land wunnen, ze vertrieden.

Ech war 4 Deeg zu Bréissel an dunn annerhalwen Dag a Kanada, an du gëschter zu Washington, an ech hu matkritt, sou wéi déi aner Leit hei am Land och, ouni dorop kënnen en decisiven Afloss ze huelen – d’Decisioun vum Parlament ass d’Decisioun vum Parlament – dass déi, déi d’Parlament zesummestellen, der Meenung sinn, de Referendum, dee mir geplangt haten, soll op deem Datum stattfannen, fir deen en ugesat war. Déi Decisioun ass vun der Regierung ze respektéieren, a vun der Regierung och net ze diskutéieren, a vun der Regierung och net ze disputéieren, a vun der Regierung och net ënner Kontrovers ze stellen.

Bilan vun der Lëtzebuerger Présidence

Mir kommen aus enger Zäit, an där munches geschitt ass hei an Europa. Eng Zäit, déi séier gelaf ass, eng Zäit an där een Evenement dat anert gejot huet. Et war fir eist Land eng privilegiéiert Zäit, well mir op Villes konnten Afloss huelen, a munches hu mussen erdulden, well mir et net anescht konnten an d’Fassong kréien. Déi lëtzebuergesch Presidentschaft vun der Europäescher Unioun, déi an e puer Deeg schlofe geet, ass eng déi an der Verlängerung vun den Traditioune vun de lëtzebuergesche Presidentschafte steet, nämlech eng, déi sech op ganz ville Pläng sech duerch grouss Fortschrëtter an der Europäescher Unioun auszeechent.

Mir waren ugetrueden – wann ech an de grousse Kategorie bleiwen, vun deem wat ze regele war, aus eiser Siicht eraus, aus der Siicht vun deenen aneren eraus – fir eng Rei grouss Dossieren a Richtung Léisung vun deeneselwechten ze beweegen. Dacks ass dat äis gelongen, heiansdo ass dat schifgaangen.

Stabilitéits- a Wuestumspakt

Mir waren ugetrueden am Beräich vun der europäescher Wirtschafts- a Währungsunioun, fir de Stabilitéits- a Wuesstemspakt ze reforméieren. Dat ass äis gelongen, obscho kaum ee gemengt hat, dat kënnt äis geléngen. Déi Reform, déi seet der wirtschaftlecher a monetärer Stabilitéit net Awar, mä reconfirméiert se, esou wéi eist Parlament se confirméiert an exigéiert hat, wéi et de Maastrichter Vertrag et ratifizéiert huet. Mir léisen dee Stabilitéitspakt aus senger automatescher, mechanescher Applicatioun eraus a verweisen en an dee Raum, wou e vun Ufank un eigentlech higehéiert huet, nämlech dee vun enger breeder, gesamtwirtschaftlecher Lecture. An dee reforméierte Stabilitéitspakt produzéiere mir de Prinzip, dee mam gesonde Mënscheverstand eppes ze dinn huet, a mat der lëtzebuergescher Aart a Weis eppes ze dinn huet, wéi d’Finanzpolitik zënter ëmmer scho gemaach gëtt, nämlech datt een a gudden Zäite muss spuere fir a schlechten Zäiten déi Suen ze hunn, déi ee brauch, fir net drastesch budgetär korrektiv Moossnamen, déi d’Konjunktur nach weider géinge schwächen, virzehuelen.

Reform vum Lissabonprozess

Mir hunn d’Reform vum Lissabon-Prozess gemaach. Lissabon-Decisioun, Lissabon-Strategie, Lissabon-Programm, dee mir am Joer 2000 an därselwechter Stad ugeholl haten, a vun deem mir festgestallt hunn, bei der Zwëschebilanzéierung, datt en net all Erwaardungen erfëllt huet, déi e konnt an deen europäeschen eco-soziale Reformprogramm stellen. Mir hunn déi Zwëschebilanzéierung gemaach a mir hu se anescht gemaach wéi se vun der Kommissioun a vun 4-5 Regierunge vun der Europäescher Unioun, déi net zu deene gehéieren, déi kleng Länner vertrieden, an net zu deene gehéieren, déi keen Afloss hunn, dat net wollte maachen. Mir hu Suerg dofir gedroen, datt nieft der Noutwennegkeet, déi et gëtt, d’europäesch Wirtschaft méi kompetitiv ze maachen, gläichzäiteg d’Finalitéit vun der sozialer Kohesioun net ënner den Dësch fält, an d’Noutwennegkeet vun ecologescher Politik net an Oppositioun bruecht gëtt, zu wirtschaftlechem a sozialem Fortschrëtt.

Mir hunn den Equiliber gehalen, deen Deel vun der Lissabon-Strategie war, den Equiliber och, deen d’Politik vun dësem Land iwwer all déi Joren onofhängeg vun der Compositioun vun de Regierungen ausgezeechent huet. Den Drock war grouss, dat Ecologescht ewechzedrécken. Den Drock war immens, dat Sozialt méi niddreg opzehänken.

Mir hunn dat gemaach, andeem mir déi Allianzen an der Europäescher Unioun organiséiert hunn, bei Regierungen, beim Europäesche Parlament, déi ee brauch, fir datt d’Stroosse kënne virun esou riicht lafen. Eenzel Regierungen, notamment déi britesch, waren iwwer déi Ausriichtung, d’Confirmatioun vun der Artikulatioun vun der Lissabon-Strategie, net frou. Si waren och net fräi vu Revanchegelüsten op aneren Dossieren.

Stoppen vun der Bolkesteindirective ënnert Lëtzebuerger Présidence

Mir hunn et bei eisem Mäerz-Sommet vun dësem Joer zu Bréissel, deen iwwer de Stabilitéitspakt gaangen ass, an iwwer d’Lissabon-Strategie gaangen ass, och fäerdeg bruecht, d’Bolkestein-Directive iwwer d’Liberaliséierung vun den Déngschtleeschtungen ze stoppen. Se aus hirem normalen, sech harmlos duerstellenden, legislative Weiderverfolgungsprozess erauszeléisen, fir där Directive eng aner, nämlech méi eng sozial Direktioun ze ginn.

Dat sinn esou Saachen, déi um Enn vun enger Presidentschaft nawell gären a Vergiess geroden. Déi, déi Presidentschaft an eng quasi onméiglech Weiderféierungssituatioun gesat hätten, wa mer se net gemaach hätten. Elo gëtt et awer an der Europäescher Unioun vun deenen alen 15, an der Europäescher Unioun vun deenen neien 25 der ganz vill, déi gären déi sougenannte Bolkestein-Directive esou duerchgezunn hätten, an esou gestëmmt hätten, an esou a Kraaft gesat hätten, wéi se ursprénglech geplangt war. Wann een zweemol verléiert, eemol bei Lissabon, an eemol mam Bolkestein, dann ass een a schlechter Stëmmung fir weider Kompromësser ze maachen.

Thematik vun der Delokaliséierung, haut an Europa, an seng Bedaitung fir Lëtzebuerg bis ewell

Mir hunn eis intensiv – well dat ass een Thema, wann och net dat iwweraus grousst Thema als dat et oft duergestallt gëtt, well d’Inzidenze vun deem Thema éischter marginal sinn, mä awer wichteg sinn, fir déi, déi dovu betraff sinn – mat der Thematik vun der Delokaliséierung ausernee gesat, de Bléck geschäerft fir d’Noutwennegkeet, déi et gëtt, och dee Prozess esou wäit wéi normativ gräifbar ass, duerch Regelwierker z’encadréieren.

Mech huet et durabel verdrësslech gemaach, datt dat Europa, wat mir an deene leschte Jore gemaach hunn, ganz dacks associéiert gëtt mat der Vokabel Delokaliséierung, esou wéi wa se gewënscht gewiescht wier, oder awer esou, wéi wa se net ze verhënnere wier.

Ouni de Vertrag vu Maastricht a Währungsunioun, ouni de Vertrag vun Nice iwwer d’institutionell Reformen, ouni d’Perspektiv vun deem neie Verfassungsvertrag hätt d’Globaliséierung, weltwäit an och an Europa, an deemselwechte Mooss sech als wirtschaftlech Gesamtkonzept duerchgesat, wéi et et gemaach huet. D’Europäesch Unioun, duerch déi verschidde Verträg, déi mir ofgeschloss hunn, duerch déi verschidde Politiken, déi mir probéieren z’alignéieren, stellt géint déi noziv, géint déi schiedlech Auswierkunge vun där Globaliséierung a vun deenen aus sozialer Irresponsabilitéit erwuessender Delokaliséierungswut, déi Eenzelner kënnen hunn, deen eenzeg zur Zäit ze besichtegenden Ofwiermechanismus an der Europäescher Unioun an an der Welt duerstellt. Dat Thema vun der Delokaliséierung huele mir selbstverständlech ganz eescht.

Ech hätt just gären, datt mer virsichteger mat deem Thema ëmginn.

De Gesamtimpakt ass méi kleng wéi gesot gëtt, dat ass dat Éischt. Dat Zweet ass, datt ech gären hätt, datt mir Lëtzebuerger vläicht e bëssche manner déck optriede wann et ëm dat Thema geet, andeem mer probéieren – e puer Deeg wäerte mer dat jo packen – an de Spigel ze kucken. Wien huet zanter dem Zweete Weltkrich a wien huet zanter datt d’Siderurgie krank ginn ass, an Europa méi vun Delokaliséierung profitéiert wéi de Lëtzebuerger Aarbechtsmaart, wéi d’Lëtzebuerger Wirtschaftskultur, wéi d’Lëtzebuerger Staatsfinanzen, wéi d’Lëtzebuerger Land? Keen.

D’Goodyear ass eng Delokaliséierung aus Amerika op Lëtzebuerg, Dupont de Nemours och, déi däitsch Banken, déi d’Stad zumindest architektonesch net besser gemaach hunn, sauf ee Sursaut am leschte Moment um Kierchbierg, deen et der Stad erlaabt dem Ordinären z’echappéieren. Wat ass dat anescht wéi eng Delokaliséierung vun Däitschland op Lëtzebuerg? Firwat ass aus dem Rescht vun Europa a Richtung Lëtzebuerg delokaliséiert ginn? Well d’Bedingungen hei besser waren. Firwat hu mer d’Bedingungen hei besser gemaach? Well mer wollten eng attraktiv Plaz si fir investivt Kapital. Well mer wollten eng attraktiv Plaz si fir wirtschaftlech Tätegkeeten zouzeloossen, déi soss doruechter, an där Form wéi hei erlaabt, net erlaabt war. Loosse mer also méi douce optrieden, wann et ëm d’Delokaliséierung geet, well d’Delokaliséierung, déi gutt verstanen, déi richteg organiséiert, déi propper opgesaten, war zanter éiweg a virun allem zanter den 80er Joren ee Meeschterstéck vu Lëtzebuerger Wirtschaftspolitik, zum Gudde vum Land an zum Gudde vun deene Betriber, déi heihinner komm sinn.

Solidaritéit an Entwécklungshëllef ënnert Lëtzebuerger Présidence

Mir hunn an eiser Presidentschaft – dat fënnt am Ausland, muss ech soen, méi Erwähnung wéi heiheem – eng Decisioun geholl, déi bunnbriechend ass, déi an allen Hisiichten eng spektakulär Decisioun ass, nämlech d’Europäesch Unioun gerëselt fir se drop opmierksam ze maachen, datt den europäesche Projet net nëmmen ee Projet fir Europa ass. Mä et ass an der Welt esou eng grouss Demande no Europa do, esouvill grouss Aen, déi sech op Europa riichten, virun allem d’A vun deenen, déi näischt z’iessen hunn. Mir hunn déi Europäesch Unioun opgerëselt fir a Saachen international Solidaritéit an Entwécklungshëllef vun der Plaz ze kommen. Mir hunn eng Decisioun erbäigefouert an där confirméiert gëtt, während bis zum Moment d’Tendenz ganz genau an déi aner Richtung geet, datt mer bis an d’Joer 2015 0,7% vum europäesche Räichtum mussen zur Verfügung stellen zu Zwecker vun der Ausradéierung vun der Aarmut an zu Zwecker vun dem wirtschaftlechen a sozialen Opbau vun deem Deel vun der Welt, dee sech iwwert eis Suergen eigentlech nëmme ka wonneren.

Mir hu festgeluecht, datt mer bis an d’Joer 2010 mer an der Moyenne 0,56% vum europäesche Räichtum fir d’Entwécklungspolitik zur Verfügung stellen, wat mat sech bréngt, datt déi Länner, déi nach net do sinn, mussen an der Moyenne bei deene 15 ale Länner hiren Undeel op 0,51% vun dem nationale Räichtum eropsetzen an an deenen neie Länner den Undeel muss op 0,17% eropgesat ginn – wat eng ausseruerdentlech Ustrengung fir déi nei Länner wäert duerstellen, vun deenen d’Halschent haut nach keen entwécklungspolitesche Budget huet.

Fir domat däitlech ze maachen, datt mer äis deenen Aufgaben, déi mer an der Welt hunn, wëlle stellen, fir d’Viraussetzung ze schafen, datt déi britesch Presidentschaft vum G8 d’Méiglechkeeten huet fir a Richtung Scholdennolooss vun deenen aarme Länner ze goen, wat och wäert gemaach ginn, wat dëst Land, eist Land net trëfft, well mer alt nees eng Kéier der Nues dee richtege Virsprong ginn hunn, well mer nimools sech aner Länner, deenen et méi schlecht geet wéi äis, sech bei äis verschëlde gelooss hunn, mä ëmmer anescht gehollef hu wéi duerch Krediter, déi zréckzebezuele wieren.

Emweltschutz

Déi Festleeungen, déi mer do getraff hunn, fannen ongedeelt Zoustëmmunge weltwäit an hunn äis een exceptionnelle Prestigegewënn, ënnert anerem um afrikanesche Kontinent, abruecht, grad wéi och déi Festleeungen am Ëmweltberäich, heftegst ëmstridden – ëmmer erëm iwwregens vun deeneselwechten –, datt mer wëlle Suerg dofir droen, datt d’Erhëtzung vun der Welt héchstens 2 Grad méi héich däerf si wéi an der preindustrieller Zäit. Gekämpft bis op dee leschte Millimeter, op deem leschte Sommet fir dat kënnen duerchzesetze géint déi, déi fannen, datt dat am Beräich vun den eco-romantesche Fantastereien unzehänke wier.

Finanzperspektiven 2007-2013

Mä op engem Punkt si mer net zu Rand komm, si mer gescheitert – anescht kann ech dat net nennen – an dat war bei der Festleeung vun der finanzieller Virausschau vun de finanzielle Perspektivë fir den Zäitraum 2007-2013.

Doriwwer ass jo déi lescht Deeg vill geschriwwe ginn, a wann een dobäi war, muss ee bei der Lektür vun deem, wat geschriwwe gëtt soen, dat Meescht, wat geschriwwe gëtt, ass och richteg. Mä ech géif häerzlech drëm bieden, eescht Problemer an Europa net ze reduzéieren op Problemer tëscht den handelnde Persounen. Ech hunn an der Europäescher Unioun – wee wonnert dat – méi wéi substanziell Frëndschafte wéi déi, déi mech mam britesche Premier verbannen. Dat huet awer näischt mat deenen 2 Politiker u sech ze dinn. Dat huet eppes domat ze dinn, datt et fundamental Meenungsverschiddenheete gëtt, wéi d’Europäesch Unioun sech soll an d’Zukunft eranentwéckelen.

Mir wäerten heibanne jo iergendwann d’Geleeënheet kréien, eng Kéier iwwert déi Gesamtpresidentschaft ze bilanzéieren, dofir wëll ech op déi Episode, déi awer ee grousst Kapitel an der Europäescher Unioun opmécht, haut net weider agoen.

Just fir ze soen, datt et an engem aussergewéinleche Mooss beschämend war, um Enn vun där Verhandlung, an engem Moment wou déi Räichst, déi näischt wollte ginn, fir alles ze behale wat se hunn an nach fir méi ze kréien, wéi se eigentlech gären hätten, esouguer verhënnere wollten, datt déi, déi näischt hunn nach d’Wuert eng Kéier kritt hunn, fir ze soen, datt se op dat bëssche, wat se duerch d’lëtzebuergesch Presidentschaft géife bäikréien, gäre géife verzichten, wann dat deene Räiche géif erlaben, sech ënnerteneen ze verstännegen.

Déi, déi alles hunn, solle sech kräfteg schummen, datt déi, déi näischt haten an déi vun näischt hierkommen, bereet sinn am Interêt vum europäesche Kompromess a fir den europäesche Projet um Liewen ze halen, op dee Minimum ze verzichten, op dee se opgrond vun hirer geschichtlecher kontinentaler Vergaangenheet eigentlech Recht haten. Elo hu mer dee Succès net kritt, fir déi Finanzperspektiven do an d’Rei ze kréien, well d’Englänner net wollten – vun Ufank un net wollten – mä mir hunn een onwahrscheinlecht Kapital u Sympathie bei deenen 10 neie Länner gesammelt a bei deenen aarme Länner vun deenen ale Länner, déi gesinn hunn, datt et de Souci vun der Presidentschaft war, déi zur Verfügung stoend supplementar Geldvolumina a Richtung vun deene Regiounen an Europa ze drainéieren, wou déi Sue wierklech gebraucht ginn.

Agrarpolitik

Dunn ass eng ganz Geschicht entstan ronderëm déi gemeinsam europäesch Agrarpolitik. De britesche Premier, a mat him, epigonesch schlechtester Inspiratioun, hu sech géint eng Regelung iwwert d’Finanzperspektive gewiert, well et ee Skandal wier, datt d’Europäesch Unioun souvill Sue géif fir d’gemeinsam Agrarpolitik zur Verfügung stellen. Si hunn no enger Neistrukturéierung vum Budget geruff. Wéi mer am Dezember 2004 opgefuerdert gi sinn, déi Finanzperspektiven ze regelen, huet keen ee Ruff erklenge gelooss. Wéi am Joer 2002 endgülteg bis an d’Joer 2003 d’Agrarpolitik an hir Finanzéierung festgeluecht gi sinn, huet kee gesot, dat wier ee Problem.

[...] Elo ass dann d’Agrarpolitik dee grousse Problem an Europa, mä et muss een awer wëssen, datt et déi eenzeg Politik ass, déi eenzeg an eleng total communautariséiert, europäiséiert vergemeinschaftet ass, datt et déi eenzeg Politik ass, déi ganz aus dem europäesche Budget bezuelt gëtt, während alleguer déi aner Politiken nëmmen À-Point-Finanzementer sinn.

Normal also, datt déi Politik méi Geld kascht wéi déi aner Politiken, déi gedeelt sinn tëscht den Nationalstaaten an dem europäeschen Zentralmechanismus. Fir dofir elo eng Demonstratioun an där Gestalt ze maachen, datt mir 7 Mol méi ausginn fir Fuerschung, wéi fir Educatioun, wéi fir Kultur, wéi fir Sécherheet ass natierlech eng insularesch Betruechtungsweis. Well wa mir zesummerechnen, wéivill Sue mir an Europa an an den Nationalstaate fir Bildung, fir Fuerschung, fir Educatioun, fir Kultur, fir Kriminalitéitsbekämpfung ausginn, ass dat natierlech een enorm méi grousse Betrag fir dee klengen Deel Agrarpolitikfinanzéierung deen am europäesche Budget steet. Dofir kann ech nëmme warnen, virun deene simplisteschen Duerstellungen.

Lëtzebuerger Baueren a Wënzer an Europa

Ech well just de Lëtzebuerger Baueren a Wënzer eppes soen vun deenen ech héieren, si wieren an hirer Majoritéit éischter esou opgelaunt, datt se gäre géifen Nee soen zu deem Verfassungsvertrag. Maacht dat net. Maacht dat net, well et ass haut scho schwéier, besonnesch well Frankräich geschwächt ass duerch säin Nee beim Referendum. Frankräich dat ëmmer fir eng gemeinsam Agrarpolitik agetrueden ass. Fir déi Maartreguléierungsinstrumenter ze retten, déi mir hunn, a fir déi elementar Solidaritéitsinstrumenter, déi mir a Richtung Landwirtschaft hunn, zum Beschte vun der Landwirtschaft an zum Beschten vun den allgemengen Equiliberen am Land um Liewen ze erhalen.

Deen Dag, wou d'Englänner sech duerchsetzen a wou Bréissel näischt méi bezillt, hu mir hei am Land net Sue genuch fir dat ze bezuelen, wat mir da bezuele musse. Wann et eng Grupp Leit gëtt, déi am beschte Sënn vum Wuert vun der europäescher Politik a vun hiren Instrumenter profitéiert hunn, da mat Sécherheet d'Baueren an d'Wënzer, déi ech verstinn, datt se queesch ginn, iwwert déi Blëllen zu Bréissel, wéi s’iwwerzéien mat enger administrativer Reguléierungswut, déi kaum erdräeglech ass. Datt wann ee fir déi direkt Bäihëllefen ze kréien, muss 40 Säiten Text ausfëllen, wou deen, deem seng éischt Woch an engem landwirtschaftleche Betrib verbréngt, direkt mierkt, datt deen, deen dee Formulaire opgestallt huet nach ni en Dag an engem landwirtschaftleche Betrib war. Datt doriwwer Roserei entsteet, dat verstinn ech ganz gutt. An doriwwer hunn ech een heftegt Gespréich och mam Kommissiounspresident an deene leschten Deeg gefouert. Fir d'gemeinsam Agrarpolitik, just well dat gutt kléngt, z'eliminéieren, se platt ze walzen, well ee seet, dat profitéiert nëmme 5% vun de Leit, dat sinn déi Reflexer, déi mir mussen an Europa bekämpfen.

Ass eng Politik eréischt richteg wa se 70% vun de Leit profitéiert, da wier souguer d'Agrarpolitik richteg, well déi Suen, déi un d'landwirtschaftlech Betriber ginn an déi jo elo lassgekoppelt si vu reng betribleche Consideratiounen duerch déi Reformen, déi mir gemaach hunn, profitéieren an éischter Linn dem Konsument, profitéieren, an éischter Linn der Sécherheet vun der Ernährung, vun der Alimentatioun an Europa. Ech weess och, datt wann zu Weltpräisser op eis Agrarmäert erageliwwert gëtt, datt dat méi bëlleg ass. Ech weess awer och, datt weltwäit d'Europäesch Unioun duerch déi Instrumenter, déi mir hunn, féierend ass, wann et ëm d'Sécurité alimentaire geet, wann et ëm d'Qualitéit vun de Produkter geet, wann et ëm de ganze Secteur agro-alimentaire geet, deen an engem onwahrscheinleche Mooss, et ass een industrielle Beräich vun der Verfeinerung, dee vun den Agrarprodukter ofhängt, vun der gemeinsamer Agrarpolitik. Do unzesetzen ass Demagogie pur. Ze verlaangen, dat muss geännert ginn, ier mir hei d'Budgetsperspektiven opstellen, ass d'Traductioun vum feste Wëllen vun Ufank un, et net zu enger Eenegung iwwert de Budget kommen ze loossen.

Ee Reckschrëtt ouni Verfassung

An dofir mussen d'Leit wëssen, déi soen „et ass jo alles gutt esou wéi et haut ass, firwat brauche mir déi Verfassung, firwat brauche mir dee Verfassungsvertrag?“. Si musse wëssen, wa mir dat net hikréien, an engem absehbaren Zäitraum – dee gëtt méi laang, wéi deen dee mir geplangt haten –, da bleift et net esou wéi et ass. Da gëtt zréckgedréint. Déi, déi soen, „et soll alles bleiwe wéi et ass“ a „mir brauchen näischt Neits, et ass jo alles gutt esou wéi et ass“, déi liwweren d'Fudder an d’Munitioun fir déi, déi dat Europa wat mir hunn, a wat mir zwar an enger Rei Aspekter net gefällt, wëllen zréckdréinen op déi europäesch Situatioun, déi mir haten, ier mir déi Politiken stoen haten, déi äis et erlaabt hunn an Europa virunzekommen. Dat wat ech iwwert d'Agrarpolitik soen, a wat technesch kléngt, ass eng politesch Remarque.

Zwou géigensätzlech Virstellungen vun Europa

Mir hunn et hei mat zwou Virstellunge vun Europa ze dinn. Dat hu mir scho méi laang. Scho méi laang soe mir och, „dat explodéiert eng Kéier“. An déi Diskussioun iwwert d'Finanzperspektiven, déi huet dat net verursaacht, déi huet dat just gewisen.

Et gëtt déi fir déi ass d'Europäesch Unioun soss näischt wéi ee grousse Maart. Ee grand Magasin, wou een all Produit blanc ze kaafe kritt, déi bëlleg sinn, déi näischt kaschten, vun deenen een net weess, wou se hierkommen a vun deenen een net weess, wat vun Aarbecht an deene Produkter drastécht. Eng grouss Fräihandelszon, sou wéi den amerikanesche Maart, deen awer net nëmme Fräihandelszon ass, mä och nach aner Elementer behält. Ee grousse Marché.

Da gëtt et déi, déi deem Marché, dem Maart wëlle Solidaritéit ginn. De Maart selwer, de Maart eleng, d'Mateneen an d'Géinteneen an d'Niewentenee vu Betriber produzéiert keng Solidaritéit. En ass allergesch géint d'Solidaritéit. En däerf keng Solidaritéit wëllen, well e muss jo fonctionnéieren. An et muss jo sinn, datt deen, dee besser drun ass, dee besser kann, eleng Meeschter ass, an déi aner dominéiert. Dat ass, wat de Maart wëllt.

An da gëtt et déi – heiansdo kléngt dat archaësch, mä ech wëll schrecklech almoudesch sinn –, déi de Maart wëlle Solidaritéitsinstrumenter ginn, déi d'normativ Kraaft hunn, politesche Wëllen, demokratesch legitiméierter Rücksichtslosegkeet vum Maart wëllen opposéieren an imposéieren. De Maart eleng mécht der puer frou. D'sozial Marktwirtschaft awer, déi als Prinzip an deem neie Verfassungsvertrag fir d'Éischt an der europäescher Geschicht ageschriwwe gëtt, déi gëtt dem Maart eréischt déi richteg Faarw, déi richteg Kräften, de richtege Jus, deen erdräeglech maache fir d'Leit, déi mat de Marktgeschehen ze dinn hunn an déi net nëmmen der renger Gesetzesmässegkeet vum exklusive Maart ënnerworf sinn.

Dat sinn déi zwou Konzeptiounen vun Europa déi sech géintiwwer stinn. Déi, déi d'Fräihandelszon wëllen an déi, déi d'politesch Integratioun wëllen. An ech soen Iech, fräi a frank, mir mussen äis wieren géint ee rücksichtslose Maart. Mir mussen äis dogéint wieren, datt falls mir dee Verfassungsvertrag net kréien, déi Recht behalen, déi en net wollten, an déi de Maart eleng wëllen, an deenen d'Solidaritéit ee Graus ass.

An ech hunn et net héieren, mä et ass mir gesot ginn, datt dee britesche Premier gëschter am Ënneschten Haus, éischtens d'Lëtzebuerger Presidentschaft attaquéiert huet, wat ech net direkt als Beleidegung emfannen, mä e gesot huet, d'Verfassung wier dout. Mä den Här Blair seet d'Verfassung wier dout, net well se dout ass, mä well déi, déi fir de Maart sinn, well déi, déi géint d'Solidaritéit sinn, well déi, déi keng Solidaritéitsinstrumenter vu Räich op Aarm, vu Staark op Schwaach wëllen an Europa zouloossen, gären hätten, datt dee Verfassungsvertrag an déi Philosophie, fir deen dee Verfassungsvertrag steet dout wieren. An dofir muss ee sech wieren, mat aller Energie, géint dee simplizisteschen Dialog iwwert eeschthaft europäesch Problemer.

Den europäesche Kontinent an deen organiséierten Deel vun deem Kontinent – d'Europäesch Unioun, dat ass een dramatesch komplizéierte Kontinent. An déi, déi mengen, dat mat der Zooss vun den einfache Regelen kënnen z’iwwerdecken, wat keng Regele sinn, mä de Géigendeel vu Regele sinn, déi iere sech fundamental. Nëmmen dat deeglecht Wuessennetz vun transnationalen Intersolidaritéiten an alle Beräicher vum gemeinsame Liewen mécht den europäesche Kontinent sécher an erdräeglech fir op deem Kontinent ze liewen.

Déi, déi nëmmen een Europa vun deene Staarke wëllen, nëmmen een Europa vun deene Performante wëllen, nëmmen een Europa vun deene Schéine wëllen, nëmmen een Europa wëlle vun deenen, déi grouss international Allianzen ganz oft op Käschten vun der Europäescher Unioun schmieden, déi weisen net de Wee an déi berouegt europäesch Zukunft, déi mir brauchen fir, datt déi kleng Länner an déi kleng Leit an deem Europa kënnen eens ginn an dofir geet et hei net ëm Konflikter tëscht Leit, et geet hei ëm zwou fundamental Philosophien, ëm zwee politesch Entwërf, ëm zwou politesch Architekturen, ëm méi wéi europapolitesch Skizzen, déi openee stoussen, a wou et gutt ass, datt se elo openee gestouss sinn, fir datt dee Konflikt eng Kéier däitlech gëtt.

Firwat si vill Leit eigentlech net frou mat der Virstellung, datt mir deen europäesche Verfassungsvertrag, deen europäeschen neie Vertrag solle kréien? Et brauch ee jo nëmme mat de Leit ze schwätzen iwwer laang Joren, fir ze wëssen, wat net geet. Déi hei am Haus an der Publizistik, déi iwwert d'Leit schreiwen a schwätzen, ouni mat de Leit ze schwätzen, hu jo gemengt, déi Saach, deen neie Verfassungsvertrag, dee géif hei geholl gi wéi Hunneg. Dat war ni, wéi der Vill heibanne wëssen, ni meng Meenung. Well d'Leit sinn net frou mat deem Europa wat mir hunn, a well se net frou si mat deem Europa wat mir hunn, leene se dat Europa of, wat mir solle kréien a wat dee Verfassungsvertrag zeechent. Well si kënne jo nëmmen dat ofleenen. Si kënne jo net dat Europa ofleenen, wat mir hunn, well doriwwer huet jo kee se gefrot an doriwwer freet och kee se. Et gëtt iwwer d'Zukunft gefrot an et gëtt iwwert d'Géigewaart ofgestëmmt. Et gëtt een Text proposéiert an et gëtt ee kontinentale Kontext jugéiert. Dat ass d'Problematik mat där mir hei ze dinn hunn.

Europa, ee politesche Friddensprojet

An dofir muss een, niewent der noutwënneger Explicatioun iwwert déi Verfassung, fir déi ee méi oder manner laang Zäit brauch –, déi politesch Parteien hei zu Lëtzebuerg mengen, mir hätten Zäit genuch bis den 10. Juli, an ech mengen, wa mir dat intensiv maachen, dann ass dat och vum Kalenner hier an der Rei –, dat Europa wat mir hunn, vläicht nei erklären an nei begrënnen.

An do fällt mir op, datt iwwert dat wat essentiell ass, wat vital ass, wat existentiell ass fir den europäesche Kontinent, net geschwat gëtt. A wann een driwwer schwätzt, gesäit een aus wéi een, deen aus der däischterer Geschicht op d'Bühn vun der Aktualitéit gezu gëtt. Wann ech schwätzen iwwert déi éiweg europäesch Fro, Krich oder Fridden, gesäit een aus wéi een, deen d'europäesch Geschicht net géif kennen. Mä just déi, déi se kennen, déi se studéiert hunn, mä déi se selwer net erlieft hunn, mä déi mat deene geschwat hunn, déi se erlieft hunn, wëssen, datt déi Fro sech an Europa ëmmer erëm stellt. An déi, déi wéi den Ausseminister, de Minister Schmit an ech, déi lescht Deeg erlieft hunn, wëssen, dat hei ass ee Kontinent, deen een heftege Konfliktpotenzial huet, wou et ganz séier net a Richtung Krich geet, mä ganz séier a Richtung ongenéierte Retour zum Nationalstaat an Opstelle vun deem engen Nationalstaat géint deen aneren Nationalstaat geet – ongenéiert. Virdrun ass dat méi sophistiquéiert probéiert ginn, et ass elo ongenéiert, wou d'Leit engem soen: „Mir sinn net do am Norde vu Schweden fir ze bezuelen, datt et am Norde vu Griichenland besser geet“, „Mir sinn net do an der Mëtt vun Holland fir dofir ze suergen, datt déi lues entwéckelt Regiounen an de baltesche Staaten op d'Bee kommen“; d'Casse vun den europäesche Solidaritéitsinstrumenter, d'Ofkéier vun deem, wat Europa ausgemaach huet, well dee Solidaritéitsgedanken dee Kontinent esou irriguéiert huet, datt d'Virstellung, d'Konflikter tëscht de Staaten wieren anescht wéi friddlech an enger gutt gefügter politescher Uerdnung ze léisen, konnt entstoen.

Ech hunn ni behaapt – ech géif et och ni behaapten –, datt déi, déi fir den Nee zu deem Vertrag sinn, déi sinn, déi de Krich wëllen. Géif ech onerhéiert fanne fir déi Ënnerstellung ze maachen. Ech denken alt ëmmer u Biller, déi een esou huet, déi ee gekuckt huet. Kuckt emol, 1932 stungen 80.000 franséisch an däitsch Zaldoten zu Versailles an hu sech d'Hand ginn an hu sech geschwuer, dat do geschitt ni méi. Siwe Joer duerno hu se erëm openee geschoss. Mengt net, déi Gefore wiere fir ëmmer fort. Haut virun 10 Joer ass a Bosnien vergewaltegt ginn, si Kanner ëmbruecht ginn, si KZer opgeriicht ginn, ass an d'Haiser vu Sarajevo geschoss ginn vun de Scharfschützen, déi ronderëm déi Stad, Olympiastad iwwregens, opgestallt waren. E puer Joer duerno ass et am Kosovo lassgaangen. Matzen an Europa, annerhallef, zwou Stonne Fliger vun hei ewech. A mir soen, déi Gefor gëtt et net. Et gëtt se net tëschent Däitschland a Frankräich. Et gëtt se net tëscht Lëtzebuerg an der Belsch. Et gëtt se emol net tëscht Lëtzebuerg an England. Mä et gëtt se matzen an Europa. A wa mir déi Europäesch Unioun net als dee groussen, kontinentale Projet onversehrt an onbeschiedegt an déi nächst 20, 30 Joer eriwwerbréngen, da gi mir där Gefor, där latenter kontinentaler Gefor, déi et an Europa gëtt, Konflikter anescht wéi mat de Mëttele vun der Politik a vu friddlecher Diplomatie ze léisen, net lass.

Erweiderung

D'Leit kritiséieren d'Erweiderung, a reege sech driwwer op – ech verstinn dat jo och e bësschen – doriwwer wiere se net gefrot ginn. Ech géif zu der Erweiderung gären eppes soen, well ech mierken, datt dat ee Punkt ass an deene Länner, déi Nee gesot hunn, déi Nee gesot hunn aus 1 000 Grënn, mä op engem Punkt – Elargissement – enger Meenung waren a well ech verstinn, datt och hei am Land Bedenke sinn. Ech géif, well ech nämlech domadder eppes ze dinn hat, méi wéi een aneren hei am Haus dat gären erklären. Dat hu mir gemaach, well mir keng aner Optioun haten. Awer heiansdo iergeren d'Leit sech jo, ech verstinn dat jo alles iwwer esou Aussoen perspektivescher Natur, déi ech maachen. Ech hunn 1997 dee Conseil européen presidéiert, wou d'Erweiderung decidéiert ginn ass. No Ost- a Mëtteleuropa, no Zypern a Malta.

Wat war dann d'Situatioun, déi mir 1993, 1994, 1995 virfonnt hunn? Et waren an Europa 32 nei Staaten entstan no 1989. Et sinn den 1. Mee 2004 sechs Staaten der Europäescher Unioun bäigetrueden, déi et viru 17 Joer nach guer net gi sinn. Déi dräi baltesch Staaten, Estland, Lettland a Litauen. Slowenien, dee raisonnabelsten Deel vun deem fréiere Jugoslawien. Tschechien an d'Slowakei, déi sech getrennt hunn, déi Länner, déi huet et iwwerhaapt net ginn. An an der Periphérie vun der Europäescher Unioun sinn onendlech vill nei Staaten entstan doduerch, datt d'Sowjetunioun sech desagregéiert huet. Do sinn déi sougenannte GUS-Staaten entstan, d'Ukraine, Moldawien, Georgien, Kasachstan, Kirgistan. D'Zeitunge sti voll dovun. Wësst Dir wéi wäit dat vun hei ewech ass? Do braucht Dir keng dräi Deeg mam Fliger ze fléien, ier een do ass. A véier Stonnen ass een do. Dat ass op eiser Hausdier. Op eiser Hausdier an an eisem eegenen Haus sinn 30 nei Staaten entstan. Hätt een déi sech solle selwer iwwerloossen? Déi Staaten, déi Grenzproblemer mateneen hunn an haten, an historesch sech d'Käpp ageschlo hunn wéinst deene Grenzproblemer. Déi Staaten, déi wirtschaftlech um Nullpunkt waren, well se aus engem System vun administréierter, zentraldirigéierter Economie iwwergewiesselt sinn ënnert dausend Affere vun de Leit, besonnesch vun deene klenge Leit a Systemer vu sozialgefaasstener Maartwirtschaft. Hätt een deene Länner keng Perspektive dierfe ginn? Hätt een deene Leit solle soen, kuckt, datt dir eens gitt? Mir hunn näischt mat iech ze dinn. Hunn ech zwar ëmmer gesot, kuckt, datt dir de Kommuniste lassgitt, mä elo wou dir e lass gi sitt, elo kucke mir iech, elo hu mir näischt méi mat iech ze dinn. Hätte mir deene Leit zu Budapest, déi 1956 virun de sowjetesche Panzere musse wäichen, deenen zu Prag an zu Bratislava, déi 1968 niddergeknëppelt an niddergerullt gi sinn, deenen zu Warschau, déi sech am Krich dat Schlëmmst hu misste gefale loossen an nom Krich sech näischt konnten erlaben, hätte mir deene Leit solle soen: „Kuckt, datt dir eens gitt“, deene baltesche Staaten, déi vun de Preise besat a vun de Sowjeten annektéiert, honnertdausende Balten bis 1988 a sibirisch Lageren ofgesat, hätte mir deene solle soen: „Klibbert äis, mir hunn näischt mat iech ze dinn.“?

Hätte mir déi Länner sollen an der totaler, wirtschaftlecher, sozialer an historescher Perspektivlosegkeet beloossen? Wat wier da geschitt? Si hätten ënnerteneen aussergewéinlech vill Konflikter a Reiwereie gehat. Si hätte keng wirtschaftlech Perspektiv gehat. Een, dee militäresch op d'Prouw gestallt gëtt an een, dee wirtschaftlech keng Perspektiv huet, een, deen dat sozialt Aus als seng eenzeg Hoffnung huet, an dat ass keng Hoffnung, dee sëtzt sech a Beweegung, dee bleift net do wou en ass.

Et gëtt iwwert d'Erweiderung sech geiergert. Déi hätt net solle sinn a si wier ze séier geschitt. Am Fall vun der Net-Erweiderung, am Fall wou d'Europäesch Unioun sech net op Invitatioun hin transportéiert hätt a Mëttel- an Osteuropa, hätte sech Milliounen Ost- a Mëtteleuropäer an de Westen transportéiert. Déi Problemer, déi elo geschriwwe ginn, sinn eng Folleg vun der Erweiderung an déi minim sinn, wiere maximal a grouss ginn am Fall vun enger Net-Erweiderung. Et ass zu där Erweiderung historesch keng aner alternativ Optioun gi wéi si selwer, an dofir huet déi Erweiderung musse gemaach ginn. Elo kommen 102 Milliounen Europäer an d'Europäesch Unioun.

Elo kommen 102 Milliounen Europäer an d’Europäesch Unioun. Dat ass 102 Millioune Mol Hoffnung, dat ass 102 Millioune Mol Energien, Talenter, Kënnen, Wëssen, historesch Erfahrung, Bludd an Tréinen och – 102 Millioune Mol! A mir soen, mir hätte gären eis Rou, mir bleiwe gären eleng, mir këmmeren äis gären ëm eis Saachen, bekëmmert dir iech ëm är Saachen.

De Kontinent, deen hätt en Erdbeben erlieft, wa mer déi Erweiderung do net gemaach hätten. An dofir – dat soen ech als een, deen 1995 heibanne gesot huet, et géif keng Entreprise, déi esou onpopulär géif ginn, wéi déi vun der Erweiderung – soen ech, a wann nach esou vill Leit dergéint ginn, et wier schlëmmer haut um europäesche Kontinent, wa mer déi Erweiderung net gemaach hätten. A villerlee Hisiichten, ech hunn een Deel dovu beschriwwen.

Mir hunn haut en Aussenhandel mat Ost- a Mëtteleuropa, mat deenen 8 Länner, deen ass méi grouss mat deene 102 Millioune Leit wéi deen Aussenhandel, dee Lëtzebuerg an iwwer 60 Joer Wirtschaftsgeschicht mat den 290 Milliounen Amerikaner opgebaut huet. Mir exportéieren haut méi no Ost- a Mëtteleuropa wéi an Amerika. Eisen Handel mat Ost- a Mëtteleuropa ass méi grouss wéi dee mat eisen traditionellen Handelspartner aus Iwwerséi. Eisen Undeel um Osteuropahandel ass dräimol méi séier geklomme wéi eisen Undeel um Welthandel insgesamt. Et gëtt haut méi Aarbechtsplazen zu Lëtzebuerg, déi vu Rumänien, vu Bulgarien, vun Tschechien, vu Slowenien a vu Polen ofhänke wéi vun Amerika. Hu mer eppes verluer och nach bei där Erweiderung, wa mer schonn net begräife wëllen, datt et noutwenneg war, wéinst deenen 102 Millioune Menschen, déi aus där Gefangenschaft erauskomm sinn, an där se agespaart waren, a mir hunn och selwer esouguer nach dovu profitéiert.

Wéi déi Länner opgaange sinn, wéi mer emol an déi Länner eragesinn hunn, hu mer schrecklech Saache gesinn. Zum Beispill déi total marod, antiquéiert Atomkraaftwierker, déi an deene Länner stoungen, a Bulgarien, a Lettland, op anere Plazen, Modeller vu virun der Tschernobyl-Zäit, iwwerhaapt net méi geséchert. Wa mer déi Länner net an d’Europäesch Unioun opgeholl hätten, wa mer net déi Hëllefsprogrammer entwéckelt hätten fir den Ëmbau vun deenen Anlage fir d’alternativ Ersetzung vun dësen Anlage kënnen ze finanzéieren, wat wier dann d’Resultat? Da géife mer deenen Zäitbommen, vun deene mer guer net wossten, datt et se ginn huet, mä wou mer awer elo wëssen, datt se nach ëmmer do sëtzen. Soss fäerte mer alles, alles fäerte mer. Mä mer huelen net zur Kenntnis, datt déi europäesch Perspektiv, dat lues a lues Secherurobben vun deene Länner un d’Europäesch Unioun, et méiglech gemaacht huet, datt och eng aner Energiepolitik an enger aner Energieversuergungspolitik, eng manner geféierlech Energieversuergungspolitik duerch déi Exigencen, déi mer deene Länner gesat hunn, fir datt se kënnen an d’Europäesch Unioun kommen, imposéiert ginn ass a méiglech gemaach ginn ass.

Euro

D’Leit reege sech op, héieren ech, iwwert den Euro. Ech gesinn d’Madame Flesch, déi war Wirtschaftsminister 1982. Ech héieren nach d’Debatten heibannen no der Ofwäertung vum belsch-lëtzebuergesche Frang, ofgewäert 8,5%, ouni datt een och nëmmen eng Kéier mat äis eng Minutt driwwer geschwat huet, ob dat äis géif passen oder net, wou mer d’Gesamtpolitik ëmgestallt hunn, bis hin zu den Indexmodulatiounen, vun deenen Anerer gesot hunn, et wieren Manipulatiounen, et ass esou eppes dertëscht.

Elo si mer de Copropriétaire vun enger vun deene stäerkste Währunge vun der Welt. Musse mer äis doriwwer wierklech bekloen? Ass et soulaang wéi mer de belsch-lëtzebuergesche Frang haten, net emol heiansdo zu engem Uklammen vun der Inflatioun komm, net emol heiansdo zu engem Uklammen vun de Präisser komm? Vun un, datt ech Politik maachen, streiden d’Leit mat mer wéinst de Präisser déi ëmmer an d’Lut ginn, méi laang ënnert dem belsche Frang wéi elo ënnert dem Euro. Och deemols schon sinn d’Präisser geklomm. An ech gi jo zou, datt eenzel Secteuren bëssche schamlos profitéiert hunn vun der Euro-Aféierung, fir hir Präisser no uewen ofzerënnen.

Ënnert dem Stréch hu mer eng Inflatioun, déi ënner Kontroll ass. Wéi ech an d’Regierung komm sinn, dat ass laang hier, 1983, hate mer eng Inflatioun vu 14%. Hätte mer haut eng Inflatioun vu 14%. 14%! Hätte mer haut nach eng Inflatioun vu 14%, hätte mer och keng automatesch Indexupassung méi. D’automatesch Indexupassung hu mer duerchgesat 1991, wéi d’Währungsunioun agefouert ginn ass mam Maastrichter Vertrag, géint de Wëllen vu jiddwerengem. Déi Virstellung, Lëtzebuerg kéint sech ni duerchsetze mat sengen Spezifizitéiten, mat sengen extra Saachen, dat ass eng falsch Virstellung. Dat hu mer fäerdeg bruecht, well mer och gesinn hunn, datt déi präisstabilitéitsorientéiert Politik zu manner Inflatioun géif féieren an d’Indexéierung vun de Léin a Gehälter null competitivitéitsverzerrend Endkonsequenzen zu Lëtzebuerg hätt.

Wiere mer am belsch-lëtzebuergesche Frang bliwwen, am europäesche Währungssystem agespaart bliwwen, wat wier da geschitt, déi lescht Joren? Well d’Leit jo dat Europa oflehnen, wat mer elo hunn, musse se sech emol froen, wat ass dann duerch dat Europa, wat mer elo hunn, besser ginn, wéi déi Situatioun, déi mer haten, ier mer dat Europa, wat mer hunn, haten? Mir haten e Krich um Balkan, den éischte Krich an Europa nom Zweete Weltkrich. Mengt dir d’Währungen hätten dorop net reagéiert, wa mer net amgaang gewiescht wieren, den Euro ze kréien? Mir haten de Krich am Irak, den zweete Krich am Irak 2003. Mengt dir, déi europäesch Währungen hätten net matenee geschwat, wann et net déi zwéngend Kraaft vun dem einheitlech organiseierten Euro ginn hätt? Wee weess dann nach, firwat vergiesse mer eigentlech esou séier, wéi dat 1991 beim éischten Irakkrich war? Tëscht 1991, nom Krich, an 1993, ass 14 Mol an der Europäescher Unioun op- an ofgewäert ginn. De Finanzminister, deen ech deemools war, war all 6 Wochen zu Bréissel, fir iwwert Réalignementer ze schwätzen. Déi Leadwährungen hätte bei der mexikanescher Finanzkris, bei der argentinescher Finanzkris, bei der russescher Finanzkris, bei all deene Kricher, déi mer haten, bei der Dollarkris, dei mer elo hunn, beim Uklammen vun de Petrolspräisser – 40% a 6 Méint –, déi mer elo hunn, déi national Währunge wieren, géif et se nach ginn, am Süde vun Europa ofgewäert, an am Norde vun Europa entweder ofgewäert, de belsche Frang, oder opgewäert, d’däitsch Mark. Den däitschen Export wier zréckgaang, eis Betriber wiere konkurrenzéiert ginn op alle Mäert an Europa vun de südlännesche Betriber. 1992, wéi d’Italiener ofgewäert hunn, sinn 3 Firmen zu Lëtzebuerg pleite gaang! Wie weess dat nach, ma firwat weess eigentlech kee méi dat? Wou ganz Betriber, déi op 3 Schichte geschafft hunn, dräi Joer laang nëmme méi op enger Schicht geschafft hunn?

Dat Europa hate mer. An elo hu mer e bessert Europa, well mer en Europa hunn, dat d’Währungsstabilitéit huet, wou eis Betriber an eng geséchert Planungszon kënnen eraninvestéieren, wou se net duerch Capricen vun nationale Regierungen, déi ofwäerten, kompetitiv ofwäerten, verdrängt gi vun de Mäert. Eis Aarbechtsplaze si méi sécher ginn duerch den Euro. De Benzin un der Pompel, deen hätt zweemol de Präis vun haut, wa mer net den Euro hätten a wa mer nach mam belsch-lëtzebuergesche Frang géife gestikuléieren.

Wat fir en Europa hätte mer gär?

Wat hätte mer gär? Dat Europa, dat mer haten, oder dat Europa, dat mer hunn, a wat mer musse besser maachen? Dat Europa, wou d’Rakéiten zu Prag stoungen, déi op Lëtzebuerg an op Bréissel geriicht waren? Dat Europa, wou mer Angscht haten virun der nuklearer Katastroph, dat total iwwergerüst Europa, wou een deen aaneren gekuckt huet wéi Doudfeinden? Dat Europa, dat seng beschte Kräfte gelähmt kritt huet duerch déi fanatesch Oppositioun tëscht zwee Gesellschaftsmodeller, sowjetesch-kommunistesch a westlech-fräiheetlech? Dat Europa, wou jiddwereen seng eege Währung hat a jiddweree fir sech eleng war? Dat Europa, wou d’Solidaritéit net organiséiert war oder dat Europa, wat mer haut hunn?

Wat wëlle mer eigentlech?

Firwat liewe mer an enger Zait, an där ee sech net méi freeë kann? Kënne mer äis net freeën iwwert dat, wat mer zesummen do fäerdeg bruecht hunn? Hei am Land a mat eisen europäesche Partner zesummen. Dat ass dach eppes Formidables! D’ganz Welt staunt driwwer. Just mir soen, dat ass alles näischt.

Mir stëmmen Nee géint eppes, wat soll kommen, well mer mat deem net zefridde sinn, wat mer hunn. A mat deem, wat mer hunn, si mer net méi zefridden, well mer total vergiess hunn, wat mer virdrun haten. Et muss een heiansdo vläicht emol erëm beschreiwen, wat mer virdrun haten, a wat mer elo eréischt kritt hunn, nodeems mer déi Europäesch Unioun op d’Bee gestallt hunn.

De Verfassungsvertrag a seng Ratifizéierung

Elo solle mer dee Verfassungsvertrag do kréien. Op dat ganz gescheit war – vill Kollegen heibanne wësse vu menge Reserven, den neie Vertrag Verfassung ze nennen – ass eng aner Fro. Well fir d’Leit ass dat e Begrëff aus der nationaler Proximitéit, deen net einfach z’iwwerdroen ass op eppes, wat kee Staat ass, a wat awer méi ass wéi eng politesch Organisatioun.

Mä onofhängeg vun de Wierder: firwat musse mer dee Verfassungsvertrag an der Saach wëllen hunn?

E steet elo net zur Dispositioun. Den Europäesche Rot huet gesot, de Ratifizéierungsprozess, dee geet virun. En huet gesot, déi Länner, déi Paus brauche fir nozedenken, fir ze schwätzen, fir ze diskutéieren, fir z’explizéieren, solle sech déi Zäit huelen. E Land, wat am Explicatiounsprozess ass – well et sinn nach vill Explicatiounen ze ginn, a vill Lijen aus der Welt ze huelen, a vill Onwouerechten aus der Welt ze huelen, a vill Phantasmen aus der Welt ze huelen – esou wäit fort ass am Explicatiounsprozess wéi mir – ass, mengen ech, mat sech selwer an der Rei, wann et an e puer Wochen senge Bierger dës Fro stellt. Op et duergeet fir alles z’eliminéieren, wat u falsche Saachen gesot gëtt, do musse mer äis gutt dru ginn, a mir wäerten äis och gutt dru gi fir dat ze maachen.

Et gëtt e puer Parlamenter, déi nach an dësem Mount ratifizéieren: Malta, Zypern. Dat steet a kenger lëtzebuergescher Zeitung. Firwat solle mir äis och mat de Prozedure vun deene klenge Länner beschäftegen? Malta an Zypern ratifizéieren virum Enn vun dësem Mount. Estland mécht dat och, déi aner baltesch Staaten hunn et och gemaach. Mä loosse mer net no deene klenge Länner kucken, loosse mer äis schéi fixéieren op déi Grouss, op déi, déi zu äis passen. Mä déi Kleng, déi ratifizéieren! An et gëtt der e puer, déi froe sech Bedenkzäit, well se nach net esou wäit an hirer Explicatioun si wéi mir, a mat där Explicatioun musse mer virufueren.

Akraafttriede vun der Verfassung

Wann der mech haut froot, ob ech 100% sécher sinn, datt déi Verfassung a Kraaft trëtt, da kann ech iech déi Fro net beäntwerten. Ech kann hei Theater spillen a soen, dat geet schonn. Mat der Pudderdous duerch déi 12 Kantonë fueren a soen, maacht iech keng Gedanken, dat geet schonn an d’Rei. Wann d’Fransousen an d’Hollänner net nach eng Kéier stëmme ginn, an dat maache se eréischt no Mee 2007, dann trëtt dee Vertrag net a Kraaft. A bis dohinner trëtt e mat Sécherheet och net a Kraaft.

"Mir hunn äis ëmmer richteg entscheed"

Mä wann en a Kraaft trëtt, well déi, déi Fro dann nach eng Kéier, no enger anerer Debatt, anescht beäntwerten, dann hätt ech gären, datt déi eleng si mat hirem Nee, an datt mir bei deene sinn, déi zur Zäit Jo gesot hunn!

Mir hunn äis ëmmer an der Geschicht vun eisem Land zur Zäit richteg entscheed. Ech wess net wou mer dat Talent hierhuelen, mä mir hunn äis ëmmer richteg entscheed. Ëmmer.

Mir hunn äis richteg entscheed viru 60 Joer a méi, wéi mer Nee gesot hunn zum däitschen Occupant, während anerer net Nee gesot hunn. Mir hunn, vun der éischter Sekonn un, Jo gesoot zur europäescher Integratioun, wéi anerer nach iwwert de Wee gestridden hunn, ob se solle matmaachen oder net matmaachen. A wou der hei am Land vill gesot hunn, mir dierften net matmaachen, eis Schmelzen géifen zougemaach ginn no 3 Méint, wa mer d’CECA géife maachen. Mir hu Jo gesot zu deem Courage, dee mer gebraucht hunn, nodeems eisen Agrarstaat op en Enn komm war fir en Industriestaat ze maachen. A wéi dee krank ginn ass mat neie Projeten, neien Iddien, neien Aktivitéiten, eng nei Wirtschaft opgebaut hunn. Mir kënne jo wa mer wëllen, a mir hunn äis ëmmer richteg geluecht, wann et wichteg war.

Loosst mer äis och dës Kéier richteg leeën. Well dat, wat mer do offréiert kréien, dat ass gutt. Dat ass gutt fir eist Land an dat ass gutt fir Europa.

Wann d’Fransousen an d’Hollänner net d’Kraaft fannen, eng Kéier Jo ze soen, a wann dee Vertrag eng Kéier muss, wat ech net wënschen a kaum gleewen, renegociéiert ginn, wien negociéiert do aus enger Positioun vun der Stäerkt eraus? Déi, déi de Vertrag ofgelehnt haten, oder déi, déi Jo gesot hunn zu deem Vertrag?

Et negociéieren déi aus enger Positioun vun der Stäerkt eraus, déi in tempore non suspecto, a matzen an enger Atmosphär vum Nee eran, Jo gesot hunn zu deem Vertrag. Déi sinn un der Spëtzt vun deenen, déi hier Vuen, déi gutt europäesch Vuë sinn, an déi gutt national Intressivertriedungen, déi et sinn, kënnen duerchsetzen.

D’Verfassung leet d’Kompetenzen fest tëscht der EU an den eenzelne Länner

Deen neie Vertrag, dee regelt d’europäesch Kompetenzuerdnung nei. Dat hu mer ëmmer gefrot als Land, datt Europa net alles soll regelen, mä sech nëmmen ëm dat soll bekëmmeren, wat Europa besser ka wéi den Nationalstaat, sech ewechhale soll vun alles wat mer selwer, eleng, besser kennen. Déi Iwwerreguléierungswut, dee Programmrausch vun der Europäescher Kommissioun, dee mer virun 20 Joer a méi ëmmer erëm festgestallt hunn, muss gebremst ginn an ersat ginn duerch eng fein Opdeelung tëscht europäeschen an nationalen Aufgaben.

Dat liwwert deen neie Vertrag als Äntwert. Da solle mer déi Äntwert huelen.

Mir wëllen dat net, oder wëllt een dat, datt d’Europäesch Unioun, doduerch dass se déi Regel net festleet, iwwert d’Entwécklung vun der Jurisprudenz, där heiansdo megalomaner, vum Europäesche Geriichtshaff, an eist Schoulwiesen erandiktéiere kënnen, an eis Kulturinstituter, an eis Kulturbehuelen erandiskutéieren, wëlle mer dat?

D’Kompetenze si festgeluecht elo op Punkten, och déi fir Lëtzebuerg – esou hat ech dat wéinstens emol verstanen – an der Vergaangenheet ëmmer wichteg waren, a wouriwwer mer mat eisen Noperen emmer am Sträit stoungen: d’Steieren...

D’Verfassung verankert d’Eestëmmegkeet an de Steieren

Wahrscheinlech sinn ech ee vun deene Wéinegen heibannen, déi sech iwwerhaapt theoretesch konnte virstellen, datt een doriwwer kéint mat Majoritéit ofstëmmen. Soss ass dach ëmmer gesot ginn vun all Mënsch, bei de Steieren muss et bei der Eestëmmegkeet bleiwen. An deem neie Vertrag bleift et bei der Eestëmmegkeet.

A mir wëllen dach jo och net, datt duerch en EU-mehrheitleche Beschloss vun den europäesche Regierungen driwwer decidéiert gëtt wéi den normalen TVA-Saz hei zu Lëtzebuerg ass, oder wëlle mer dat?

Wëlle mer, datt eng Majoritéit vun europäesche Regierungen, déi keng Suen hunn, well se net op hier Suen oppassen, driwwer decidéieren, datt eisen TVA-Saz vun 3% op der Restauratioun, op de liewenswichtege Grondernährungsmëttelen vun 3 op 25% gesat gëtt – just well d’Majoritéit vun de Regierungen dat wëllt? Wëlle mer dat? Stoung dat – jo oder nee? – am Entworf vum Konvent, an ass dat – jo oder nee? – an der Regierungskonferenz ewechgeholl ginn? Wëlle mer dat oder wëlle mer dat net?

Wa frësch verhandelt gëtt – a well jo hei vill Leit Applaus kréien a se ginn och nach invitéiert fir hir Iddien duerzeleeën ënnert dem Deckmantel vum Plädoyer fir e méi sozialt Europa kloer an däitlech – a wat fir enger lëtzebuergescher Zeitung stoung dat? - fir d’Majoritéitsdecisiounen bei der Besteierung schwätzen. Stellt dem Här Emmanuelli déi Fro, wann e kënnt: ob zu Lëtzebuerg d’TVA soll duerch Majoritéitsbeschlëss vun anere Regierunge erbäigefouert ginn oder ob mer selwer zoustänneg si fir d’Skulptéieren vun eiser Steierlandschaft a fir d’sozial Verhältnisser hei am Land?

Wa mer nei verhandelen, wie gewënnt bei där Verhandlung? Obschonn ech den Audrock „gewanne“ guer net gär hunn – ween huet déi beschten Argumenter an där Verhandlung? Deen, dee Jo gesot huet zu där Verfassung, oder deen, deen Nee gesot huet zu där Verfassung, an deen emol net ka soen, firwat datt en e Land muss vertrieden, wat Nee gesot huet? Mä wann een e Land vertrëtt, wat Jo gesot huet, weess een, firwat datt d’Leit an engem Land Jo gesot hunn?

Wëlle mer en europäesche Vertrag, dat wëllen der vill déi Nee gesot hunn a Frankräich, wou sech de majoritäre Beschloss vun deenen anere Regierungen a vum Europäesche Parlament an eise Pensiounsregime agegraff gëtt? A Gott weess jo, wéivill Zodi mer hei schonn iwwer d’Pensiounen haten! Mä ech hunn awer léiwer, mir streiden hei an dësem Haus mateneen, wéi datt Anerer, déi dogéint stëmmen, decidéieren, egal wat mir soen, wéi d’Pensiounen hei am Land sollen organiséiert ginn. Dat ass eis Decisioun!

Déi, déi a Frankräich Nee gesot hunn, dee sougenannten fortschrëttlechen, pro-europäeschen Deel vum Nee, hätte gären, datt dat Majoritéitsdecisioune ginn, bei de Steieren, bei der Sécurité sociale, an anere Beräicher vun der Politik, wou mir mengen, mir kleng Lëtzebuerger wieren do alleng Meeschter, a wou mer wëllen eleng Meeschter bleiwen – wat jo net heescht, datt mer net am Gedanke vun der Solidaritéit mat deenen anere Länner zesummeschaffen. Mer hu jo eestëmmeg eng Harmoniséierung vun der TVA an Europa gemaach, mam Accord vun alle Parteien heibannen – mat Ausnahm vun de Gréngen, aus anere Grënn.

Mir hu festgeluecht, datt de Mindestsaz an Europa 15% ass, a mir waren op 12%, a mir hu missen op 15% eropgoen. Mä mir sinn nach emmer op 15%, an ech hätt och gären, datt mer kënnen den niddregste Steiersaz an der Europäescher Unioun behalen, ouni datt déi Aner duerch Mehrheitsbeschloss soen, e misst gehéicht ginn. Mir hunn dach eng Harmoniséierung vun der Kapitalertragssteier zu Lëtzebuerg an an Europa gemaach, ouni datt mer eist Bankgeheimnis hu missen opginn. Mir hunn awer eng europäesch Léisung hikritt. Et geet also och eestëmmeg, wann een déi richteg Verhandlungspositiounen huet a versteet, se mat Geschéck ze vertrieden.

D’Verfassung stäerkt d’Roll vun den nationale Parlamenter

Elo steet dran, datt wann déi national Parlamenter befaasst ginn, an a genügend grousser Zuel sech wieren –, datt d’Kommissioun, déi dat jo virschléit, eng Directive, déi an der Opfaassung vun eisem Parlament net de Regele vun der Subsidiaritéit géif entspriechen, wou eist Parlament also géif mengen, mir kënnen dat do besser maachen eleng, wéi datt mer dat an der Europäescher Unioun maachen – kann Asproch erhiewen.

D’Verfassung bréngt een europawäit Petitiounsrecht

Elo kréie mer een europawäite Petitiounsrecht. Doriwwer gëtt de Géck gemaach. Firwat gëtt eigentlech doriwwer de Géck gemaach? Wou gëtt et dee Kontinent, wou gëtt et dee Grupp vu 25 Länner an der Welt, wou d’Bierger, d’Intressegruppen, déi, déi eppes ze soen hunn oder déi, déi eppes fäerten, sech kënnen un déi politesch Instanze wenden, fir ze soen: Dat do wëlle mer net oder mer hätte gären dat do.

Mengt dir wierklech, datt wann d’Kommissioun, zum Beispill am Aarbechtsrecht Reformë mécht, wéi den Här Blair se gären hätt a wéi ech se net wëll, an et si 50 Millioune Gewerkschaftler vum EGB, déi eng Ënnerschrëftenaktioun dogéint maachen, mengt dir da wirklech, da géif d’Kommissioun soen: Mir maachen dat wéi d’Englänner et gären hätten, a mir maachen et net esou, wéi d’europäesch Gewerkschaftsbeweegung et gären hätt?

Wann d’Ëmweltverbänn an Europa – déi iwwregens ganz zefridde si mat der lëtzebuergescher Presidentschaft – eng Petitioun maache géint d’Virpreschen vun der Europäescher Kommissioun, mat deem se net averstane sinn, mengt dir da wierklech, d’Kommissioun kéint soen: Dat ass äis egal wat déi Leit, déi d’Ëmwëltsensibilitéit duerstellen, zum Ausdrock bréngen. Dat europäescht Petitiounsrecht bremst alles, wat an déi falsch Richtung leeft, an erméiglecht alles – gutt Initiativen –, déi aus der eegener Verantwortung vun der Politik wahrscheinlech ni géife geholl ginn.

D’Verfassung gëtt d’Méiglechkeet fir gemeinsam géint d’Kriminalitéit, den Terrorismus an d’Finanzkriminalitéit virzegoen

Dee neie Vertrag erlaabt et an engem onwahrscheinleche Mooss besser géint déi grenziwwerschreitend Kriminalitéit virzegoen. Déi, déi elo maximal vun Europa profitéieren, dat sinn d’Gangsteren. Hätte mer gären, datt mer einfach nokucken? Oder solle mer net äis d’Instrumenter an d’Hand ginn, fir wierksam géint d’Kriminalitéit, géint den Terrorismus, géint d’Finanzkriminalitéit unzetrieden? Déi nei Verfassung gëtt ons d’Méiglechkeet, fir dat ze maachen.

D’Verfassung an d’Asylproblematik

Asyl. Mengt dir wierklech, eist klengt Land, dat klengt Frankräich, dat butzegt Frankräich, dat klengt Däitschland, dat butzegt Däitschland op der Weltkaart kéint sech eleng wieren géint d’Problematik vun der Wanderung vun de Mënschen, géint d’Asylproblematik, géint d’Immigratiounsproblematik? Ronderëm d’Mëttelmier wunnen 350 Milliounen jonk Afrikaner an 10 Joer, déi manner wéi 25 Joer al sin. Mengt dir wirklech, wa mer se aarm loossen, sou wéi et der Vill wëllen – mir net – an déi setze sech a Beweegung, den Nationalstaat eleng kéint sech wieren oder kéint déi Leit integréieren? E kann et net.

Mir brauchen europäesch Äntwerten op Froen, déi sech un de Gesamtkontinent a senger Breet an a senger Déift adresséieren.

D’Verfassung schreift d’sozial Maartwirtschaft an: alles muss der Sozialexigence ennerworf gin

Woubäi souguer och nach an deem Verfassungsvertrag steet, datt wat den Zougang zum Aarbechtsmaart ugeet, d’Länner selwer Meeschter bleiwen, wat ech fir eng wichteg Dispositioun halen.

Hätte mir gären eng Europäesch Unioun, déi sech zréckentwéckelt, och sozial, wou lues a lues dee neoliberale Gedankegang, dee guer näischt mat Liberalismus ze dinn huet, sech duerchsetzt, an deen onbefristeten Aarbechtsvertrag lues mä secher als eng absolut Ausnahm erschenge léisst, d’Zäitverträg zum Normalfall mécht?

Oder wëlle mer eng Europäesch Unioun, déi d’sozial Martkwirtschaft a seng Verfassung geschriwwen huet? Déi an der Verfassung stoen huet, datt all Politik muss iwwerpréift ginn, ob et de sozialen Exigencen entsprecht, déi bestëmmte Politik, déi do ugepeilt gëtt duerch déi sougenannte horizontal Sozialklausel.

Alles gëtt der Sozialexigence ënnerworf a muss bewise ginn. Wëlle mer dat? Oder wëlle mir einfach den Duerchmarsch vun deenen, déi den einfachen Leit, déi schaffe ginn an déi net méi domm si wéi déi aner, all Rechter ewechhuele wëllen, all Sécherheeten ewechhuele wëllen, se bis an hir Dignitéit wëllen treffen doduerch, datt se sech net méi kënne wieren géint déi brutal Gewalt vun de Maartgesetzer?

Wat wëlle mer? Dat, wat mir an deem Verfassungsvertrag ugebuede kréien? Oder dat, wat riskéiert ze geschéien, wann alles esou bleift wéi et ass, a wann zwangsleefeg, dat huet de leschte Sommet gewisen, déi europäesch Entwécklung sech haaptsächlech géint déi kleng Leit erëm no hannen entwéckelt?

D’Verfassung stärkt d’Lëtzebuerger Positioun an Europa

Wëlle mir an eng Verhandlung eragoen, nodeem mir ee Vertrag gestëmmt hunn, wou mer 6 Deputéierten hunn, oder nodeem mir géint ee Vertrag gestëmmt hunn, wou mer 6 Deputéierten hunn? Wëlle mir an eng Verhandlung eragoen, wou mir, wéi déi grouss Länner, d’selwecht behandelt ginn, wann et drëms geet, e Kommissär op Bréissel ze schécken, oder wëlle mir mat enger Verhandlungspositioun eragoen, déi vum Vollek ofgeleent gi wier a wou een da misst erklären, datt se do wuel dofir waren, mä datt et aner Saache waren, wou se dogéint gewiescht wieren?

Wëlle mir eng Verfassung, wou d’Steieren, wou d’Sécurité sociale, wou de Kënnegungsschutz net kann ëmmoduléiert ginn géint eise Wëllen?

Oder wëlle mir eng – an dofir solle mir se stëmmen, da kréie mir och dat, an da kënne mir dat och vertrieden an der Zukunft, wou déi Sachen do esou geregelt sinn, wéi et der Intresselag vum Kontinent an der Intresselag vun eisem eegene Land entsprecht?

Wëlle mer eng europäesch Uerdnung hunn, wou europäesch Aussen- an Sécherheetspolitik no europäeschem Muster, no europäeschem Zoutrëtt gemaach gëtt oder no dem Zoutrëtt vun de nationalen Intresselagen vun deene grousse Länner?

Europäesch Verteidegungspolitik an aktiv Solidaritéit

Wëlle mer a Richtung europäesch Verdeedegung goen, jo oder nee?

Virun 10 Joer, hei an op villen anere Plazen, war grouss Opreegung, datt d’Europäer géife nokucken, wéi um Balkan d’Mënschen géife geschluecht ginn. An elo gi mer äis d’Instrumenter an d’Hand fir selwer, anstatt ëmmer op Washington mussen ze telefonéieren, déi Problemer, déi sech heiheem an eise Länner stellen, an de Grëff ze kréien.

Net nokucken ze musse während 6 Méint, datt Fraen vergewaltegt ginn, net nokucke mussen, wa Konzentratiounslager erëm um Balkan opgeriicht ginn, mä selwer eppes machen, aktiv Solidaritéit weisen. Dat steet an där neier Verfassung.

An déi, déi se oflehne mat alle méiglechen Argumenter – an ech hu fir Villes Verständnis wat un Ängschte formuléiert gëtt –, bieden ech och emol Verständnis dofir ze hunn, datt et gutt geet, fir Jo ze soen zu deem Entworf iwwert deen den 10. Juli ofzestëmmen ass, well et ass een Entworf, deen zum Gudde vun de Mënschen ass an zum Gudde vun de Länner.

A wat hu mir als Land dann dobäi ze gewannen?

A firwat applaudéiere mir deenen a Frankräich, déi Nee zur Verfassung gesot hunn, well se gären eng eegestänneg franséisch Aussepolitik behalen?

Wat ass dat dann, eng eegestänneg lëtzebuergesch Aussepolitik? Wat ass dat? Wat ass dat dann, eng eegestänneg lëtzebuergesch Aussepolitik, trotz allen Talenter, déi mer do zënter Joren, an och elo, alignéieren fir eis diplomatesch Ambitiounen no baussen ze droen?

Wat ass dat dann, déi lëtzebuergesch Äntwert op d’Konflikter vun eiser Zäit, wa mer eleng op äis gestallt sinn?

Begräife mer dann net – ech kommen jo elo mam Här Asselborn aus Kanada an Amerika erëm, viru genau engem Dag war ech beim President Bush –, datt déi Aner sech froen, wat geschitt elo mat deem Europa do? Déi Eng spiere sech op emol méi staark an déi Aner fille sech verlooss. Amerikaner an Anerer kënne sech méi staark spieren – mir hunn dat zwar gutt gemaach, beim Här Bush, fir datt deen dat do richteg gesinn huet – an d’Afrikaner, déi fille sech verlooss.

Et muss een dach gesinn, datt d’ganz Welt op Europa kuckt, mir sinn dach net fir äis eleng! Wie si mer dann, datt mer mengen, mir kéinten d’Geschécker vun der Welt no eise Regele festleeën, ouni Rücksicht ze huelen op aner Deeler vun der Welt.

D’Verfassung bréngt mei Demokratie, méi Transparenz, méi Sozialpolitik

Dee Verfassungsvertrag brengt méi Demokratie, brengt méi Transparenz, mécht et méiglech, méi Sozialpolitik ze machen, wa mir déi richteg politesch Majoritéiten an eise Länner hunn.

Dat ass jo net eng Verfassung, déi firschreift, de Kënnegungsschutz misst ofgebaut ginn. Et ass eng Verfassung, déi seet, alles muss de sozialen Exigencen ënnerworf ginn.

D’sozial Exigencen – wee befënnt doriwwer? Doriwwer befannen d’Regierungen an d’Europaparlement. Et ass eng Saach vun de politeschen Gestaltungsmajoritéiten, déi mer an den eenzelne Länner opriichten, déi där Verfassung Liewe ginn. Eis Verfassung seet jo och net, esou muss et gemaach ginn, oder sou muss et gemaach ginn. Et sinn d’Regierungen an d’Parlamenter, déi decidéieren, wat de Gebrauch ass, wat den Ëmgang ass mat enger Verfassung.

D’Decisioun vum 10. Juli 2005: eng Saach vun Häerz

An dofir gesinn ech, beim beschte Wëllen, keng aner Méiglechkeet fir den 10. Juli dee Referendum ze hunn, a keng aner Méiglechkeet fir den 10. Juli a méiglechst grousser Zuel Jo ze soen.

Well ganz Europa kuckt op äis. Ech kommen aus Sitzungen mat Europäer, mat Amerikaner, mat Kanadier fir iech ze soen – den Här Asselborn bestätegt mech doranner – datt den 10. Juli net nëmmen Europa op Lëtzebuerg kuckt, mä d’Welt op Lëtzebuerg kuckt.

Nach ni hat e klengt Vollek esou eng grouss Entscheedung an Europa ze huelen. Nach ni.

An dat klengt Vollek, dat ass eist. An ech sinn iwwerzeegt, datt dat klengt Vollek, wéi ëmmer a senger Geschicht déi richteg Decisiounen trëfft.

An dofir musse mir – ech maachen dat – mat Leidenschaft kämpfen, fir datt d’Lëtzebuerger den 10. Juli Jo soen – wéinst Europa a wéinst dem eegene Land.

Wéinst deem eegenen Land fir d’Éischt, an da wéinst Europa.

Wéinst Europa fir d’Éischt, an da wéinst deem eegene Land.

Et geet ëm eis Plaz an der Europäescher Unioun, et geet ëm eis Harmonie mat äis selwer.

Et geet drëms, ob mer äis versöhne mat deem, wat mer an der Vergaangenheet gehollef hunn opzebauen, a wat mer wëlle mathuelen an d’Zukunft eran.

Eng Zukunft, déi an 30 Joer wäert vun deene dirigéiert ginn, déi näischt méi wëssen vun den Ursaachen, déi dozou gefouert hunn, datt mer d’Europäesch Unioun an de 50er Joren hu misse maachen. Den Hitler an de Stalin sinn an de Käpp am Joer 2040 esouwäit ewech, ewéi de Wilhelm II. an de Clemenceau aus eisen Erënnerungskategorien haut. Haut scho wëssen 80% vun de jonken Éisträicher net méi, ween de Goebbels an den Himmler waren. Haut schonn!

Wie soll dann an 30 Joer nach wëssen, wou mer hierkommen a wat mer gemaach hunn?

An dofir, et ass eng Saach vum Häerz!



Dernière mise à joude cette page le : 01-07-2005

Haut de page Haut de page