[Verfassung fir Europa]
 Deutsche Fassung        
 

Chemin de navigation : Accueil > Actualités > Juillet 2005 > Chat avec le ministre Mars di Bartolomeo sur la Constitution pour l'Europe: les questions et les réponses

Actualité
Chat avec le ministre Mars di Bartolomeo sur la Constitution pour l'Europe: les questions et les réponses
Publication: 04-07-2005

Le lundi soir, 4 juillet, entre 20h et 21h, dans le cadre d'une session de "chat", le ministre de la Santé et de la Sécurité sociale, Mars di Bartolomeo, a répondu aux questions des citoyens sur la Constitution pour l'Europe.

Le gouvernement organise deux autres sessions de chat, l'une avec le ministre François Biltgen, le mardi soir 5 juillet, l'autre avec le ministre Nicolas Schmit, le mercredi soir 6 juillet. Les sessions de chat auront toutes lieu entre 20h et 21h.


Mars di Bartolomeo : Gudden Owend, Freen mëch op Aer Froen. Maer sin prett! M.d.B.

1. Steppi : Herr di bartolomeo. Wat geseit den referendum fir arbeschter fir?

Mars di Bartolomeo : Et gett jo vill behaapt dës Verfassung wäer "neoliberal". Dës Verfassung bekennt sech awer kloer an däitlech zu de Prinzipie vun der sozialer Maartwirtschaft, wéi mer se an allen europäesche Staate kennen. Dës sozial Maartwirtschaft soll en héige Grad vu sozialem Fortschrëtt bréngen, de Respekt vun der Ëmwelt sécherstellen an d’Vollbeschäftegung als Zil ustriewen. Daat sinn no der Verfassung Ziler vun der Unioun. Mat Neoliberalismus huet daat näischt ze dinn.Natiirlech stinn am Deel III vun der Verfassung Bestëmmungen zum europäesche Konkurrenzrecht an zum Bannemaart, esou wéi mer se och elo scho kennen. Dës Bestëmmungen hunn an der Vergaangenheet no der Jurisprudenz vum Europäesche Geriichtshaff dacks derzou gefouert, datt wirtschaftlech a sozial Rechter vun den Europäer verstäerkt konnte ginn. Och dëst ass de Géigendeel vun engem neoliberale System.Och wann d’Sozialpolitik haaptsächlëch eng national Kompetenz bleiwt, ënnerstëtzt an kompletéiert d’Union mat allen Mëttelen d’Actiounen vun den Memberstaaten, an deem sie gemeinsam Stratégien ausschaffen an d'Sozialnetz verbesseren. Dëst verhënnert awer nët, dass all Land och weiderhin seng eegen, méi strikt Standarden festleen kann.D’Verfassung stäerkt och d’Roll vun den Sozialpartner an der Unioun a fördert de sozialen Dialog an Europa, virun allem duerch d’Unerkennung vum Tripartite-Sommet.Letzebuerg an Europa huet an de léschten Joerzéngten duerch Europa méi Aarbechtsplaatsen kritt.

2. royalstone : Här Bartolomeo: Waat passéiert eigentlëch, sollten Lëtzebuerger Bierger den Traité iwert d'Verfassung den 10.7. ofleenen?

Mars di Bartolomeo : Sollt Lëtzebuerg den 10. Juli NEEN géif soen, esou géif déi staark Positioun déi Lëtzebuerg als Grënnungsmember an der Union huet - an daat huet së während der Présidence nees ënner Beweis gestallt - geschwächt gin. En JO géif ë kloert Signal un Europa schecken an den Debat an d'Diskussionen an deenen Länner deen och per Referendum oofstëmemn nees beliewen. Dofir ass ët esou wichtëg dass mär den 10. mat JO oofstëmmen. Maer muss Jo stëmmen well mer deen neien, besseren Text wëllen an nët deen allen, dee méi schlecht as, wëlle behalen.

3. Steppi : As d'Arbeschtzsplatz vun engem Arbeschter nach secher

Mars di Bartolomeo : D'Constitutioun gesäit als Objektiv den plein emploi fir. Villes hänkt natierlech dervun of wéi eng Politik mir spéider an Europa verteidigen. Menger Meenung sin lëtzebuerger Aarbechtsplaazen am beschten gesëchert an engem Europa daat op den Prinzip vun der sozialer Marktwirtschaft opbaut; an déi as an dëser Verfassung verankert. D'Aarbechtsplaaz vun engem Aarbechter as duurch deen neien Text sëcher nët manner sëcher wéi bis elo

4. Donomos : Ech sin ejo fir een startkt an vereentent Europa. Mee awer heiert een emmer erem dass edd sozial ongerechtegkeeten eichter giff voerderen wei anschraenken. Desen trend geseit een ejo an allen laenner ronderem an hei och an deen en leschten Joer. verstaert Verfassung deen oder eischter nedd?

Mars di Bartolomeo : D'Unioun huet et eis ze Lëtzebuerg erlaabt, eise Wuelstand progressiv auszebauen. Virun 50 Joer waren maer än Europa eent vun den ärmsten Länner iwwerhaapt. Mam Wuelstand hun mir eist Sozialstandardsen gestärkt an weider entwéckelt. Ech méngen also net, datt Europa hei ze Lëtzebuerg d'sozial Ongerechtegkeeten gefördert huet: d'sozial Gerechtegkeet ass d'ailleurs een vun den Haaptobjektiver vun der Unioun. En tout cas gëtt mam Traité d'sozial Dimensioun vun der Unioun ganz kloer privilégéiert: z.B. gesaït en Artikel am Traité fir, datt all Politik, dei um Niveau vun der Unioun définéiert gëtt, muss op hier sozial Verträglechkeet gepreift ginn.

5. heb : Bonjour. Mussen d'politiker an zukunft de bierger europa op eng aaner art a weis mi nobrengen an erklären?

Mars di Bartolomeo : Jo, ech sin fest dovun iwerzeegt.Mee mäer mussen eis och all mei fir Europa interesséieren an engagéieren. Wichteg, dass mer dat mat engem kloeren Jo um Terrain an nët mat engen Nä aus dem Abseits eraus maachen

6. al : Pourquoi une "constitution", pourquoi pas simplement un nouveau traité. Cela ferait beaucoup moins de problèmes.

Mars di Bartolomeo : Vous avez raison. Juridiquement, le texte du "Traité établissant une Constitution pour l'Europe" est effectivement un Traité international qui doit être ratifié par tous les Etats adhérents, mais le terme "Constitution" était destiné à caractériser la portée symbolique d'un texte qui unit 450 millions de citoyens européens autours de valeurs et d'objectifs communs. La "Consitution européenne" ne remet pas en cause les Consitutions des Etats membres et garantit l'identité nationale de tous les Etats. Mais au delà de la forme il faut discuter du contenu et le contenu du nouveau texte constitue un net progrès

7. Visiteur : jo, mais Arbëcht fir wéi een Präis? Duerch niddreg Lounlänner?

Mars di Bartolomeo : Et kann keen eis eis Sozialstandaren imposéieren. Ween op Lëtzebuerg kënnt muss eis exzellent Sozial- an Aarbechtsgesetzgebung respektéieren, eise Mindestloun, eis Sozialversëcherungen, eise Kënnergungsschutz gin nët a Fro gestallt.

8. al : On n'a pas besoin de "constitution" pour que les gouvernements essayent de combattre le chômage

Mars di Bartolomeo : C'est évident, mais dans le domaine social, le combat social, le but du plein emploi et le progrès social figurent parmi les objectifs principaux de l'Union européenne. Dans la mesure où il s'agit d'une clause d'application horizontale à toutes les politiques européennes, il s'agit d'une avancée par rapport au droit européen en vigueur. On progresse mieux et plus vite si on a les textes de son còté que sans texte et en ne dépendant que de la bonne volonté des autres

9. ech : herr di bartolomeo ech sichen elo seit baal engem joer eng arbeschtsplaatz an fannen keng well all keiers e frontalier se kritt den freet jo och manner mee daat kann ech net ech muss an dem deieren land hei iwerliewen wou dach bal näischt fir letzebuerger gemach geet. wou kommen mär dann hin wann lo jidereen hei schaffen därf? sicht där mär eng plaatz wou ech meng famill ernähren kann. PS Ech hun navel en diplome

Mars di Bartolomeo : Et läit maer näischt méi um Härz, ewéi eng Gesellschaft wou jiddereen eng Aarbescht huet an sëch doduerch eng Zukunft kann selwer opbauen. En oppent Europa huet Lëtzebuerg immens fill Aarbëchtsplaazen bruecht. Auslännësch Betrieber hun sëch ze Lëtzebuerg néiergeloss an Aarbechtsplaazen geschaaf. Nëmmen doduerch, dass sëch Lëtzebuerg opgemaach huet, konnt së d'Stoolkris vun den 70 an 80 Joren iwerstoen. Maer sin op Europa ugewisen. Lëtzebuerg alleng kann nët bestoen. Dofir géif ëch mengen dass ët falsch wir ze soen, dass ët eis géif besser goen, an deems maer eis géifen oofschotten. Natirlëch bedreckt ët mëch och, an ëch wees dass ët momentan schwéier ass eng Aarbëscht ze fannen. Ouni Europa - do sin ëch iwerzeescht - hätten mär zu Lëtzebuerg nët déi 3 niedrëchst Aarbëschtlosenquote. Watfir en Diplom dudd Dir?

10. Patrick : Här di Bartolomeo, firwaat brauchen mer eng eurpäesch armei?, de traité geseit jo fir mei souen an armei z'investeieren.

Mars di Bartolomeo : Den Traité gesait keng gemeinsam Armei fir mee eng méi staark gemeinsam europäesch Sécherheetspolitik. D'Objektiv vun dëser POlitik ass prioritär de Fridden ze erhalen, an Europa an ëm Europa, dëst gët duerch eng Solidaritéitsklausel verstaerkt. Mee all Aktiounen vun der Union ausserhalb vun séngem Territoire können nëmmen ënnert den Prinzipien vun der Uno ënnerholl gin: et geet ënner anerem dorem, Krisen wéi si am Balkan stattfonnt hun, an der Zukunft ze vermeiden, der Union Mëttelen ze gin, sëch als responsablen Akteur op der internationaler Szene fir Mënschenrechter anzesëtzen, Konfliktvermeidung ze maachen, oder Friddensinitiativen ze ënnerstëtzen.Dëst alles kann nëmmen geschéien, wann een sëch di notwendëg Mëttelen gët. Well d'Eestëmmegkeet bleiwt, kann kee Land géint säi Wëllen dozou gezwongen gin un enger Militäraktioun deelzehuelen.

11. Leeloo4563 : Moien Här Di Bartolomeo! Dei Verfassung soll die Member Staaten vun der Europäischer Union "vereinigen"?! ENG Verfassung fir Europa! Daat heescht jo an enger gewesser Weis jo och Gleichhet, oder net?! Wei steet et dann do mat der Unerkennung vun den Diplomer, waat die Beruffer an der Santé ugeet?

Mars di Bartolomeo : Gléichheet heescht net, dass maer existéierend héich Standarden no ennen sollen oder wellen upassen. Daat gellt ganz besonnesch fiir d'Gesondheetsberufer! Duerch de Fait, dass desen Text wärd a Kraaft trieden, ännert sech guer naicht dorun, dass maer weiderhin wärden dofiir suergen, dass nemmen Leit mat enger gudder Ausbildung an eisem Gesondheetssektor schaffen.

12. dana : wat sin d'Méigelechkeeten fir no engem Jo, Ännerungen vun verschiddenen Artikelen ze maachen?

Mars di Bartolomeo : Genau esou wéi bei all deenen Traitéen virdrun as et emmer méiglech all eenzelnen Artikel vun deser Verfassung duerch Konsens ze änneren.

13. euro : gudden Owend Här Minister, an all dee aner waat geschitt wann 1/3 vun den läner dergengt ass an 2/3 derfir stemmen

Mars di Bartolomeo : D'Verfassung huet dee Fall virgesinn, wou 1/5, also 5 vun 25 Memberstaaten, Probleemer mat der Ratifikatioun huet. An deem Fall géif den Europäësche Rot vun den Staats- an Regierungscheffen sech mat der Fro befaassen, an eng gemeinsam Léisung fir dëst Situatioun fannen. D'Verfassung huet d'ailleurs kee Stëchdatum, wou se MUSS a Kraaft trieden. Et gouf an der Geschicht vun der EU eng Réih vun Situatiounen, wou Länner et ofgeléint hunn, en Traité ze ratifizéieren: et ass emmer eng Léisung fonnt gin, déi d'Länner zefridde gestellt huet. Daat eenzegt Land, wou eng Ofléinung vernichtend Konsequenzen op den Text hat, den gestëmmt sollt ginn, ass beim Adhésiounstraité vu Norwegen: d'Norweger haten an engem Referendum hiert Adhésioun ofgeleent an domadder war hieren Adhésiounstraité doud...

14. al : Dir sot : , mä mir ginn vun deenen aaneren iwerlaaf, déi wëlle nëmmen profitéieren

Mars di Bartolomeo : Lëtzebuerg huet an der Vergaangenheet och dovun profitéiert, dass Aarbechtskraaft aus dem Ausland op Lëtzebuerg komm ass. Maer wëssen och aus den rezenten Erweiterungen, ewéi déi vun Spuenien an Portugal am Joer 1986, dass vill manner Leit hiert d'Land verloos hun, ewéi daat Ufangs ugeholl gouf. Déi lëscht Erweiterungsverträg gesin eng Klausel fir, déi Mobilitéit vun den Aarbechter aus deenen Länner fir eng Zait aschréngt. Den Traité gesait och fir, dass déi Aarbechter nëmmen können hei schaffen ënnert letzebuergeschen Konditiounen. Et muss een och bedénken, dass een gewëssen Kompetenzen muss hun, fir eng Aarbecht zu Lëtzebuerg ze fannen, so zum Beispill Sproochenkenntnisser, Daitsch, Franséisch an natiirlech Lëtzebuerg. Dës Kritèren gin schwéier vun Léit aus deenen neien Länner erföellt.

15. Visiteur : Misst d'Verfassung nët gewëssen "Standarden" (Mindestloun, Congé asw) définéieren fir dass die ost-europäisch Länner z.b. sëch och drun haalen missten? Well wéi soss kann een eng gewëssen ongesond Konkurrenz tëscht de Memberen vun der EU verhënneren?

Mars di Bartolomeo : Gewëssen minimal Sozialstandarden get et schon an Europa...déi hun déi 10 nei Länner all missten adoptéieren wéi se bäigetrueden sin. D'Constitutioun leet weider Objekiver an der Sozialpolitik fest, déi natierlech duerch weider Législatioun mussen ausgefëllt gin. Mee den Kader duerfir get eis déi Constitutioun. Wat den Mindestloun ubelaangt, esou géing Lëtzebuerg nemmen derbäi verléieren wann een deen géing harmoniséieren, vu dass mir deen héchsten an der EU hun. An, deenen ärmsten Lànner vun haut op muer eisen Niveau vum Mindestloun opzwéngen géif hier Economien ruinéieren. An als Standuert fir Betrieber gin et ganz aaner Méiglechkeeten fir sech ze verkaafen wéi en déiwen Mindestloun; an daat hun mir iwwert déi läscht Jorzéngten jo och erfollegräich gemaacht.

16. al : Komesch, den Här Staatsminister huet gesot, den traité de Nice wier besser fir Lëtzeburg wéi desen traité

Mars di Bartolomeo : Ëch kennen daat dooten Zitat,mee ët soll een ët nët aus dem Kontext erausrappen . Den Här Staatsminister huet kloer gesoot, dass dësen Traité, also den Verfassungsvertrag, nët nëmmen gudd fir Lëtzebuerg ass, mais och gudd fir Europa. An daat ass mam Traité de Nice nët den Fall. Den Premier géif sëch nët esou engagéiert an mat Härz fir en Traité asetzen, wann ën nët d'Positioun vun Lëtzebuerg an Europa géif stärken.

17. Steppi : Kann enn NEE vun de Letzebuerger qwer net enn Hinweis dodroober sin dat eppes net stemmt? Dei ganz Diskusiounen em den Neen kommen villeicht nemmen do op?

Mars di Bartolomeo : Déi ganz Debatt iwwert d'Verfassung huet sécherléch dé grousse Viirdeel dass d'Politiker mat de Bierger eng intensiiv Diskussioun iwwert d'Unioun féieren kënnen. Ech mengen all Politiker hun de Message vun de Bierger verstan, mee dee Message as nët mat engem Nä zu engem gudden Text, deen dem Bierger, de Parlamenter, de Sozialpartner méi Rechter gëtt, duerchzesetze . Et verlaangt méi Engagement an en dauerhaften Intéret fir Europa. D'Suergen vun de Bierger gin eis ganz kloer matgedeelt an ech sin der Méenung dass d'EU no desem Ratifikatiounsprozess sécherléch net déi sélwecht wäert sin ewéi déi vun virdrun. Mir mussen méi iwwert déi grouss Enjeu'en vun Europa a vu Letzebuerg an Europa débattéieren. Den neien Traité wäert eis dobäi hëllefen

18. al : en Objektiv ass jo schéin a gud, mä wéi soll dat agehale gin, an ereescht gin ??

Mars di Bartolomeo : Objectiver setzt een sëch fir eppes ze ereeschen. Europa setzt sëch Zieler un deenen sëch d'Politiken sollen orientéieren. Falls elo eng Politik z.B. a Form vun engem Kadergesetz sollt contraire zu dësen Objectiver, also contraire zu dëser Constitution sin, esou kann déi vum Bierger oder vun Organisatiounen bei der Cours de Justice ugefecht gin, an a Fro gestallt gin. Een deen Zieler huet, muss sëch och Weer gin, een deen eppes nët wëllt sicht Ausrieden...

19. al : a wann an engem Etat membre keen "plein emploi" ass, gëtt deen dann vun der Cour de Justice verurteelt ?

Mars di Bartolomeo : Den plein emploi as en Objektiv vun den Politiken vun der Unioun, deen och net an den eenzelnen Memberlänner aklobar as.D? Vollbeschäftegung as en Ziel, an ët as wichteg, dat all Länner dat akzeptéieren an sëch dofir asetzen.

20. Steppi : Wisst Europa dann net ze schnell am moment

Mars di Bartolomeo : Europa huet secher, mat der Erweiderung vun den 10 neien, en groussen Schrëtt gemaacht, deen net nëmmen politesch mee och wirtschaftlech wichteg war, souwuel fir déi 10 nei Länner, mee awer och fir Lëtzebuerg selwer. Lëtzeberg säin Handel mat deenen 10 neien Memberen as an der Tëschenzäit méi grouss wéi mat den USA. Déi 10 nei Länner par contre kruten souwuel eng politesch wéi eng wirtschaftlech Perspektiv, wat eis vill potentiell Problemer an der Zukunft erspuert huet. Wat Bulgarien an Rumänien ubelaangt, esou wäerten déi nëmmen bäitrieden kënnen wann sie all Konditiounen erfëllen.

21. RoudeLeiw : Bonjour, den 10 Juli gin ech fir d'éischte Kéier wielen, an ech fannen dass een an leschter Zait vill mat manner "wichtegen" Informatiounen von béiden Saiten vollgeschedd gett. An den Medien héiert een vill konfus Discusssionen vun den Befürworter an Géigner, wouraus ech mir keng kloer Meenung kann bilden. Waat sin ärer Meenung no déi wichtegst Firdeeler vun deem Traité? Stemmt daat dass en die kleng Länner (ewéi Letzebuerg) manner ze soen kréien an der EU, an grouss Länner méi?

Mars di Bartolomeo : Félicitatiounen fir den eischten Gang zum Wielen :o). Déi kleng Länner kréien mam Traité au contraire eng méi sécher an mei wichteg Stëmm an der Unioun. Mam neien Traité waert an der Unioun mat engem System vun sougenanntner duebbler Majoritéit ofgestëmmt: nemmen mat enger Majoriteit vun 55% Länner, déi 65% vun der Gesamtpopulatioun vun der Unioun duerstellt, kënnen Décisiounen geholl ginn. Dat heescht, dat och dei ganz grouss, dei zesummen relativ einfach op 65% vun der Populatioun kommen, déi kleng Länner braachen, fir op dei 55% vun Memberstaaten ze kommen... Wann Dir méng éierlech Meenung wëllt: ech sin iwerzeegt, dat deen neien Text eng Verbesserung as, dat et awer am Endeffekt vun eisem Engagement ofhängt wat mer doraus erauszéien. Zum klenge Land: ouni eis Plaz an Europa si mer eng kleng Stad, an Europa hun mer eng Stëmm wéi all di aner. Wichtegst Neierungen: mei Bedeelegung vun die Bierger, méi Gewiicht fir D'EU-Parlament an die national Parlamenter, den europäeschen Ausseminister...an...an...an

22. Leeloo4563 : Sozial Gerechtegkeet soll een Haaptobjektiv vun der Union sin?! Firwaat dierf daan een deen sein Diplom an der Belgt gemeet huet fir aide/soignant, net hei zu letzebuerg eng fortbildung machen, fir dei neideg qualifikatioun nozehuelen, dei hei zu letzebuerg fir aide/soignant gebraucht get?

Mars di Bartolomeo : Waat dësen konkreten Fall ubelaangt, esou bräicht ech méi Detailer. Stin ab muer an der Santé Tél 478 5506 zur Verfügung.

23. Visiteur : Dir hutt virdrun gesoot ët misst een sëch méi mat Europa beschäftigen, méi driwwer diskutéieren an sëch interesséieren. Déi Asicht kënnt leider e wéinig spéid ménger Meenung no well wier ët nët vielleicht besser gewierscht d'Populatioun och schons beim Beitrëtt vun den osteurop. Länner ze froen op mir domadder averstaanen sin? Vill Leit huelen elo beim Referendum dofir "revanche".

Mars di Bartolomeo : Ëch gin iesch Rescht, dass ët vill Leit gin, fir déi d'Erweiderung ze séier gaangen ass. Ëch sin awer iwerzeescht, dass d'Zukunft eis wärt weisen, dass déi richtëg Entscheedung geholl gin ass. Fir Europa an fir Lëtzebuerg ass ët wichtëg, dass déi Länner, déi johrzengtelaang ënnert dem Kommunismus an der Tyrannei geléift hun, nees an Europa agegliddert gin. Esou mussen sëch déi Länner un déi selwescht Ëmwelt- and Sozialstandarden haalen, déi europawäit a kraaft sin. Den Handel mat deenen Länner - deen iwregens aus Lëtzebuerger Siicht ëm en villfacht méi grouss ass wéi deen transatlantëschen Handel - schaaft Aarbeschtsplaazen bei eis an an deenen jeweilëgen Länner. D'Erweiderung ass a mengen Aen keng Bedrohung, mais bidd enorm fill Méiglëchkeeten fir en Europa daat ganz am Interessen vun Lëtzebuerg ass. Revanche as nie gudd, well se kee Problem léist. Besser as sëch fir séng Iwerzeegungen anzesetzen amplaz sëch mat engem Nä an de Motzeck ze setzen

24. al : Il y a tellement de "valeurs" et surtout d'intérêts divergents entre les différents Etats membres qu'il faut être bien optimiste ou naïf pour croire que la constitution va y changer quelque chose. Et c'est encore plus évident depuis l'élargissement de 2004, et ce sera encore pire si on continue comme ça

Mars di Bartolomeo : Je ne suis pas d'accord. La Constitution est à mon avis LE moyen pour reconcilier ces intérêts divergents et même les valeurs divergentes (et qui certainement est à préférer à d'autres moyens moins consensuels pour régler les différends entre Etats!). C'est une boîte à outils à laquelle tous les gouvernements des 25 ont donné leur assentiment. Croyez vous vraiment que sans constitution les intérèts seraient moins divergents.

25. Steppi : AS et net esou dat letzebuersch mei verleiert wei irgend soss eppes mat deser Verfassung?

Mars di Bartolomeo : Definitiv nët! Mat deser Verfassung huet Letzebuerg um institutionnellen Plang séng Stemm a sein Gewiicht an der Unioun garantéiert: op manst 6 EU Dépuéiert, eis Stëmm am Ministerrot, d'Veto Recht an déne Fäll wou nach mat Eestemmegkeet oofgestemmt gett, an ee Lëtzebuerger Vertrieder an 2 vun 3 Kommissiounen (genau ewéi déi grouss Länner och). Dobai kënnt dass Letzebuerg an déne Beraicher wou fir eis speziell relevant sin (z. B. d'sozial Sécherheet an d'Steierpolitik) op d'Eestemmegkeet gehaalen huet. Duerch e Jo den 10. Juli kënne mer eis Roll an Europa an eis Verhandlungspositiounen fir d'Zukunft nach kloer stäerken.

26. veez : Wei kann ech mengen 2 Bouwen ( 14 an 16 Joer aal denn Referendem erklären.

Mars di Bartolomeo : Bei engem Referendum gët direkt d'Meenung vun der Bevölkerung iwert en Thema gefrot. Den 10. Juli hält Lëtzebuerg säin 3. Referendum oof an deems d'Leit gefroot gin, ob se fir oder géint den europäëschen Verfassungsvertrag sin.Sot hinnen, dat Grondbegreffer wéi Fridden, Fräiheet an Demokratie, GLäichberechtegung a sozial Rechter keng Selbstverständlechkeet waren an sin. Dofir brauche mer Spillregelen, wéi doheem.

27. al : Konsens = accord vun allen (de Moment 25) Staaten. Dat ass esou gud ewéi ONMéIGLECH

Mars di Bartolomeo : Nach emol: Selbstverstandlëch kann d’Verfassung, esou wéi daat bei virrëschten europäëschen Verträg den Fall war, geännert gin. Et ass also wouer dass bei grondleegënden Ännerungen, zum Beispill wann d’Union méi Kompetenzen kréien soll, ën Konvent an eng Regierungskonferenz aberuff gett. Dass weiderhin Eestemmegkett besteht ass awer och fir eis Letzebuerg eng Garantie dass déi Rechter, déi mer duerch des Verfassung zougestaanen kruuten (z. B. Steierpolitik) och net kënne ouni eisen Accord geännert gin.

28. xyz55 : Gudden Owend! Ech hun eng Fro zu den livres Blanc & Vert vun der Commisioun. Ass et wouer dass dei als annexe, zum projet de traité constitutionnel geheiren?

Mars di Bartolomeo : An den Annexen vum Traité sinn eng Réih Protokoller, déi formell Deel vum Trairté an vun den Annexen sinn, an Deklaratiounen iwwerholl, déi et mei einfach maachen sollen, fir gewesst Artikelen vum Traité ze interprétéieren. D'Livres blanc et verts sinn Dokumenter( Diskussiounsgrondlagen), dei vun der Kommissioun ausgeschafft ginn, wann d'Kommissioun nei Rechtstexter proposéiert an hun also am Traité näischt verluer!

29. jasager : Et wier eng gud Idie gewiescht e Sonndeg och eng drëtt Optioun: "j'ai pas compris/lu le texte intégral" zur Wiel stéing. VILL vun eis - wann nët déi meescht - kënnen nëmmen op déi puer selwer ernannten Expert'en vertrauen déi hinnen soen wat dra steet a wéi dat ze verstoen as. Enner deene Bedingungen as awer och ee Referendum onsënneg: mir waerten e Sonndeg nët eis Meenung soen, déi eng vun eis waerten wiele wéi hir "guru'en" soten, déi aner waerten hir Angscht oder hir Trotzhaltung ausdrécken. An vill vun eis verstin och déi Discours'en nët déi do op héichem Niveau tëscht Expert'en stattfannen. Mai Wonsch un all Politiker: mé eng einfach Sprooch, nëmmen Argumenter - keng Polemik, d'Recht op Stëmmenthalung oder BESSER eng 3. Option "wees nët" um Stëmmziedel.

Mars di Bartolomeo : Et stëmmt dass et net einfach ass op en Text vun 448 Artikelen eng kloer Jo/Nee Äntwert ze gin. Ech mengen vill vun eis kënnen behaapten mat e puer vun dénen villen Artikelen net averstaanen ze sin, mé op der aanerer Seit huet den Text de Viirdeel dass et dé beschtméigléchen Kompromiss ass, dén am Moment tëschent 25 Memberlänner méigléch ass. Elo kann een séch den 10. Juli awer och enthaalen (déi Stëmm zielt dann awer net), mé ech fannen dass mer all Grond hun fir e kloert Zeechen vir Europa ze setzen.Ech war elo 6 Méint voll an den europäeschen Institutiounen engagéiert an kann Iech soen, dat wann een fir séng Iwerzeegunge kämpft, da krit een se och an Europa duerch, allerdéngs muss een dann um Terrain stoen an nët am ABSEITS. Och dorëm geet ët e Sonndeg

30. euro : merci Här Minister , an soot den Engläner si sollen emol fir déischt den EURO anféieren irr se deck Backen machen

Mars di Bartolomeo : Ech soen hinnen ët, versprach, Scoutséierewuert...

31. uranus : hallo, hei meng fro, muss elo wann Tirkey an der Eu dran, an Attakeiert get, mir hinnen hellefen goen

Mars di Bartolomeo : Wann d'Tirkei an d'EU géif kommen ënnert dem neien Traité, dann ass Aer Ausso richtëg. Den Traité gesait eng Klausel fir vun géigenseiteger Beschützung, déi seet dass am Fall vun enger Attack op een Memberstaat, déi aaner hëllefen mussen. Mee dëst ass haut schons de Fall duerch eis Obligatiounen an der Nato. Nato gesait neemlech eng ähnlech Klausel fir (Nummer 10), ënner dër Lëtzebuerg och gebonnen ass. Déi europäiesch Klausel gesait aer fir, dass all Land no séngen Méiglechkeeten hëllefen soll. Daat heescht dass Länner vun der Union, déi eng Traditioun vun Neutralitéit hun, ewéi Eisterréich, aaneschter hëllefen waerten ewéi Frankréich.

32. Leeloo4563 : an dann soll dei nei Verfassung sozial gerechtegkeet brengen! Ech zweifelen drun!

Mars di Bartolomeo : Zweifelen aleng geet nët duer, ët muss een sëch dofir asetzen an dofir kämpfen. Lëtzebuerg as di sozialst Stëmm an Europa, déi dierf een nët knebelen.

33. Steppi : wat fir enn Preis mussen leit dann bezuelen dat Letzebuersch an Europa gestärkt ged?

Mars di Bartolomeo : An der Europapolitik muss een emmer kalkuléieren, ob eng Décisioun, déi getraff gëtt oder soll ginn, gutt, neutral oder schlecht fir d'Nationalinteresse ass oder waert sinn. D'Stärkung vun Lëtzebuerg an Europa huet fir eis kee Präiss, mee de Virdeel, datt mir eist Positiounen an Europa besser vertrieden kënnen. An dat ass wesentlëch fir d'Nationalinteresse, besonnesch an eisem Fall, wou mir jo dat zweetklengst Land an der Unioun sinn. Eist grouss Intérêtsen an Europa, wéi d'sozial Secherheet, d'Steierpolitik, d'Secherheetspolitik ginn och weiderhin net un eist laanscht: fir all Décisioun an dëse Beräicher muss Lëtzebuerg zoustëmmen.

34. Visiteur : Ech gin ierch recht wann dir soot dass mir den letz. Mindestloun nët kënnen europawäit anféiren. Mais wéi kann een esou Arbechtszoustänn wéi an däitschen Schluechtheiser z.b. verhënneren wou Polen fir een 3 Euro / Stonn Loun an Däitschland kënne schaffen wann d'Constituioun esou eppes erlaabt?

Mars di Bartolomeo : Déi Zoustënn, déi Dier beschreiwt, sin nët normal. Dëst ass an éischter Stëll e Probleem vun daitschen Betriber déi hier eegen Gestezgebeung nët anhaalen, an dobai polnesch Aarbechter exploitéieren. Däitschland huet leider kee Mindestloun!DOfir setzen mäer eis dofir an, dat d'Sozialéstamndaren an alle Länner eropgesat gin. Wat mer méi zesummewuessen an eis besser Spillregelen gin wat esou en Dumping Social méi schwéier gët.

35. al : Et ass KEEN gudden Text, well fir déi meeschten Leit ass en onverstädlech

Mars di Bartolomeo : Et as effektiv en komplizéierten Text, well en eng komplizéiert Problematik wéi d'europäesch Integratioun adresséiert.Iwert d'Form kann een streiden, mee den Inhalt zielt an Dir fand Erklärungen hei zu Letzebuerg an bis elo ron 7000 Zeitungsartikelen, zeg Tele- a Radiosemissiounen an Opklärungsversammlungen. Ech fannen den Inhalt as e Jo wäert.

36. Visiteur : Dementspriechend missten Rumänien an Bulgarien an ärer Optik jo och Memberen gin fir en wirtschaftlëch Perspektiv ze hun an keng Problemer mat Europa ze riskéieren? Wou sin d'Grenzen: Türkei? Ukraine? Irak?

Mars di Bartolomeo : D’Verfassung bestätegt dass d’Unioun och an Zukunft op ass fir all europäescht Land. Esou wéi all national Verfassung gesait och déi europäesch Verfassung keng geographesch Grenzen viir. Mé et wäert an Zukunft méi schwiereg gin, der Unioun beizetrieden. Ssie geseit nämléch nei an méi strikt Bedingungen fir esou e Beitrëtt vir: neiderdéngs muss all europäescht Land, daat der Unioun wëll beitrieden och nach beweisen dass et d’Wäerter vun der Unioun respektéieren a fërderen kann. Dës Wäerter sin : D’mënschlech Dignitéit, d’Fräiheet, d’Demokratie, d’Gläichheet zwëschen Mann a Fra, de Rechtsstat, d’Mënschenrechter an d’Rechter vun de Minoritéiten. Eng weider Viraussetzung besteet doran festgeluegte wirtschaftlëch Critèren z’erfëllen. Ouni déi Wäerter a Critèren ze respektéieren, ka keen neit Land Member vun der Unioun ginn. Dobai kënnt dass engem Land waat déi Wäerter net méi respektéiert seng Rechter am Ministerrot kennen op Eis geluecht gin. Bulgarien a Rumänien gin spéitstens den 1.Januar 2008 Member vun der Unioun. Mat der Türkei gin ab dem 3. Oktober Verhandlungen gefouert an do muss ee kucken wéi déi ausgin...et ass en openen Prozess.

37. al : Bulgarien a Rumänien sin elo schon an den Verhandlunge (Conseils) derbei. A ween giw deenen da soen, si giwen d'Konditoune nëtt erfëllen an missten nees heem goen?

Mars di Bartolomeo : Bulgarien a Rumänien hun hieren Adhésiounstraité schon ënnerschriwwen. Elo muss den Text nach an all Memberstaat ratifizéiert ginn. D'EU-Parlament huet den Adhésiounstraité mat Bulgarien an Rumänien bereits ugeholl. Nom Adhésiounstraité trieden Bulgarien a Rumänien 2007 bei. Den Adhésiounstraité gesaït allerdéngs och eng Klausel fir, wou, am Fall wou Bulgarien an Rumänien gréisser Onregelmässegkeeten an der Omsetzung vum "acquis communautaire", d.h. den Korpus vun all den Rechtstexter an der Unioun, opweisen, den Adhésiounsprozess fir ee Joer verlängert gëtt. An dësem Fall géifen Bulgarien a Rumänien 2008 beitrieden. D'Kommissioun verfaasst all Joer e Rapport iwwert d'Progrèsen vun deen zwee Länner: wann d'Kommissioun der Meenung ass, d'Adhésioun misst verluegt ginn, kann se dem Ministerrot proposéieren, genau dat ze maachen. Et ass dann um Ministerrot fir ze décidéieren.

38. aka : Wat heescht déi Ausso 'Europa gëtt méi biergerno méi transparent', gëtt elo manner zu Bréissel décidéiert?

Mars di Bartolomeo : All Bierger gëtt duerch den neien Afloss, deen d’Verfassung den nationale Parlamenter an dem Europaparlament gëtt, an der Unioun besser vertrueden. Duerch de Prinzip vun der partizipativer Demokratie, deen an der Verfassung verankert ass, gëtt den Dialog tëschent den Europäeschen Institutiounen an der Zivilgesellschaft gefördert. D’Bierger kënne sëch och neidergéngs europawäit zesummen doen an der Commissioun e Gesetzesvirschlag virleeën. Dobai kënnt dass de Biierger accès zu allen EU Dokumenter kritt an dass de Ministerrot seng Dieren fir déi interesséiert Bierger opmecht esouball hien iwwert gesetzesgeberesch Texter verhandelt an oofstemmt.D'Gesetzestexter gin all veröffentlécht. Et sin also eng Reih vun Erneierungen, déi et dem Biierger erlaaben méi enk an d'Entscheedungsprozeduren vun Bréissel agebonnen ze sin. D'Komptenzen vun Bréissel sin och kloer festgeluecht an et gett en Iwwerwaachungsmechanismus agefouert.Duerch desen neien Iwerwaachungsmechanismus vun de Prinzipie vun der Subsidiaritéit an der Proportionalitéit ginn ënner der Verfassung déi national Parlamenter mat all gesetzgeberescher Propositioun vun der Kommissioun befaasst, ier dës Propositioun an den europäesche legislative Prozess agereecht get. Déi national Parlamenter iwerpréifen, ob daat, waat d’Kommissioun wëlles huet, konform ass mat der Verfassung, an ob et wiirklech muss op euopäeschem Niveau geschéien – ob et net also och duergéing wann esou eng Initiativ um Niveau vun de Memberstaate geholl géif. Wann een Drëttel vun de nationale Parlamenter (ee Véirel am Beräich vun der Sécherheet) da fannen, datt keng europäesch Initiativ néideg ass, oder dës an déi falsch Richtung geet, oder se iwer daat eigentlecht Zil erausschéisst, da kënnen déi national Parlamenter d’Initiativ vun der Kommissioun blockéieren. Get se awer geholl, kënnen déi national Parlamenter den Europäesche Geriichtshaff mat enger Klo befaassen.Wéi wäit mer mat deem Prozess kommen ,hänkt am Endeffekt dovun of, ob den Engagement fir Europa bei eis all nët eng Eintagsfliege bleiwt, also paakt mat un a mellt Iech nët of!

39. al : Reng mathematesch gesinn, hu mer mat deser constitutioun méi ze soen, mat déer komplizéierter Rechnung. Mä a Wirklechkeet, hu mer natiirlech zu 25 manner ze soen wéi virdrun zu 15. An wann mer bis zu 27 oder 30 oder 35 sin .... Da geseit een eis nëtt méi. Äddi, Lëtzebuerg ...

Mars di Bartolomeo : ...an Moien Lëtzebuerg AN Europa. Et ass natiirlech wouer, datt Europa gewuess ass. Dat wuer jo och genauso geplangt an gewenscht: den Churchill huet emol gesoot, datt Westeuropa an de 50'er Joeren eppes ufänckt, waat am Osten weidergefouert gëtt. Dat bedeit allerdéngs net, datt Lëtzebuerg manner a manner visibel gëtt: och wa mir als Unioun wuessen, bleiwt Lëtzebuerg nach emmer e Grënnungsmember. Emmer wann nei Länner an d'Unioun kommen, sin mir als Lëtzebuerg mat eiser Erfahrung gefrot a ginn, au contraire, mei visibel. An eiser Présidence ass all Staats- oder Regierungschef op Lëtzebuerg komm fir eise Rot an eist Négociatiounswënsch en vue vum Conseil européen ze froen... Iwregens huet eist Land haut vill méi Impakt um internationale PLang wéi virun 50 Joer wou mer aleng waren an och wi 1970 wou mer an Europa nëmmen zu 6 waren.

40. mim : ass et meiglech dass dei laenner die mat nee gestemmt hun,zu engem zweeten vote geruff gin?

Mars di Bartolomeo : Eng ganz Reih Froen vun Iech dobaussen handelen em dén doten Sujet: hei also ang Äntwert op dé genre vun Fro: Réng theorétesch schon. Et gin och schon Präzedentzfäll (Irland an Dänemark). D’Verfassung gesait zwar vir dass se a Kraaft trëtt ënnert der Bedingung dass all d’Memberstaten sie ratifizéiert hun. Mé et ass och esou dass wann bis Allerhéllegen 2006 4/5 vun de Memberlänner ratifizéiert hun (also manner ewéi 5 Länner se oofgeléent hun), séch den europäesche Root séch mat der Fro befaasst. Wann dann sollten 2 Länner isoléiert mat hierem Nee dostoen, kann een sech duerchaus virstellen dass déi Länner nach emol gefroot gin.

41. Visiteur : Här Minister, wéi stellt dir ierch een Europa am Joer 2020 vir? Sin mir do alleguer aarm oder geet ët ons besser?

Mars di Bartolomeo : Ech sin en onstierwlechen Optimist, wa mer weider d'Aerm eropstrëppen wéi eis Pappen a Mammen, da geet ët eis besser.

42. al : Här Minister, ech soen iech merci. Der hutt e puer gud Äntwerten ginn, awer der hutt mech op jidderfall nëtt iwerzeecht

Mars di Bartolomeo : Ech hun nach 5 Deeg a gin d'Hoffnung nët op.Et wäer schued...

43. Paul : Ween huet mei macht wann den traité ugeholl gëtt, parlament oder comission?

Mars di Bartolomeo : Déi zwou Institutiounen spillen eng wichteg Roll an Europa: d'Kommissioun, als Vertrieder vum EU intérêt bleiwt zoustänneg fir Gesetzestexter ze proposéieren, während d'Parlament, Vertrieder vun den EU Biierger, zesummen mam Ministerrot d'Gesetzestexter adoptéiert. D'Verfassung festegt awer d'Roll vum EU Parlament, daat elo an 95% vun de Politikberaicher matstëmmt, waat bis elo just an 75% vun de Beraicher de Fall war. Iwregens, sin ech ganz fest der Iwerzeegung, dat mäer eis hei zu Letzebuerg d'Mëttelen musse gin, fir die europäesch Diskussiounen schon am Ufank wann se entstin matzeféieren. Dorun musse mer schaffen.

44. mike671 : Waat hued et dann nach fier en waert fier ofzestemmen,wann et souwiesou net fierun geed,wann schon 2 grouss Länner net mei derbei sin?D'Länner mussen jo alleguer derfier sin,sos kann se jo nie an kraft trieden!

Mars di Bartolomeo : All d'Länner mussen den Text ratifizéieren. Den Text gesait och vir, dass d'Staats an Regierungscheffen sech zesummensëtzen, wann den 1. November 2006 4/5 vun den Länner den Text ugeholl hun. Dofir ass et wichteg dass all Staaten and all Volleker an Europa frai hier Meenung iwwert deen Text soen. Wann um Schluss eng large Majoritéit vun Länner dësen Text wëllen (bis elo sin mër bei 11 Länner, déi méi wéi 50% vun der Populatioun an Europa ausmaachen, déi jo gesoot hun), dann waert et en komescht Demokratieverständniss, wann eng Minoritéit enger grousser Majoritéit an Europa Politik virsetzt. Ech sin mier sécher, dass déi betraffen Länner, déi nee gesot hun, dann eng Diskussion iwwert Europa an engem aaneren Liicht wärten beurteelen. En plus sin ech iwwerzeegt, dass de Nee an Holland an Frankreich vill matt Innenpolitik ze din huet. Sidd Dir der Meenung, dat mer Frankräich an Holland fir eis ofstëmme loossen dierfen?

45. mim : kann eist arbeitsamt ee chomeur europawait plazeieren,

Mars di Bartolomeo : Do muss ech passen, mäi Koleesch de Biltgens Fränz as muar um Chat-Rendez-Vous, frot hien wegl. Merci

46. mike671 : An der Verfassung steht een Artikel iewert Oldteimeren,dorein steht dass all Auto,och dei aal Autoen den Europeeschen Normen mat der Secherheet an Ofgasen entspriechen mussen,sos därf een net mei dermat furen.Daat hescht,wann een en passioneierten Sammler vun aalen Autoen ass,dann muss een sein Hobby op gin?

Mars di Bartolomeo : Esou en Paragraph konnt ech nët fannen.Sin selwer Oldtimerfan an Oldtimeren musse weider rulle kënnen!

47. Nathalie22 : Virwaat schwätzt jidereen elo vun enger europäescher Kriis? Ech mengen säitdem mir an Europa sin, sin mir jo och esou eenz gin mat eiser Verfassung. An virwaat as dei Decisioun vun eisem Referendum en Sonndeg esou wichteg wann Frankräisch an Holland souwisou Nee gesoot hun. Waat geschitt elo?

Mars di Bartolomeo : D'Verfassung fir Europa remplacéert jo mol éischtens net eis eegen Verfassung. D'Verfassung fir Europa iwwerhëllt plus ou moins déi existéierend Verträg (dat as den 3. Deel) an get eis en plus nach eng ganz Reih besser, méi adaptéiert "Spillreegelen" fir en erweidert Europa (1. Deel). An dann as jo och nach den zweeten Deel, d'Charte vun de sozialen Grondrechter, déi och nei as an déi fir den europäeschen Bierger eng ganz Reih Rechter festschreiwt. Eisen Referendum vun en Sonnden as wichteg fir ganz Europa en Signal ze sin dass Lëtzebuerg, an virun allen d'Lëtzebuerger, op der Säit vum JO zu der europäischer Integratioun stin. Et geet definitiv duer mat däer Katerstëmmung an Europa. Europa muss erëm virukommen

48. Nathalie22 : Ech well just soen dass een och hätt missen en Referendum maachen an d'Leit froen ob se den Euro wellen oder net. D'Letzebuerger Frangen hätten missen bäibehaalen gin an den Euro nach zousätzlech dobäi huelen, daat geng villes mei einfach maachen.

Mars di Bartolomeo : Ouni den Euro hätte maer haut: (1) vill mei heich Benzinspräisser, wei se haut bereits sin, well den lëtzebuerger Frang vill mei schwaach wei den Dollar war, am Géigesaatz zum Euro, (2) an der aktueller Konjunktur, geife mir permanent Devalutatiounsrisiken géintiwwer vun zum Beispill der italienischer Lira oder dem spueneschen Peso laafen, wat eiser Wirtschaft extrem geif schueden, well d'Produktioun dann op ee Schlaag géif bei hinnen mei belleg ginn, wei hei, an dat nemmen op Basis vum Wiesseltaux'en,(3) och mam belsche Frang sin maer an den 70'er an 80'er Joeren dacks genug iwwerrascht ginn, wou iwwer Nuecht ze Bréissel devaluéiert ginn ass, ouni datt mir hei ze Lëtzebuerg Bescheed woussten, wat eis Milliarden kascht huet, (4) vill mei heich taux d'intérêts'en, déi haut mam Euro op engem historesch niddrege Stand sinn... Bref: ouni den Euro, leift Nat22, géif et eis haut définitiv mei schlecht goen! All aner Aentwert ass net wuer. Wirklech.

49. Nathalie22 : Wann een dei Länner nach eng zweete Keier freet kennt dach erem bestemmt och NEE eraus

Mars di Bartolomeo : Also éi een déi Länner nees eng Kéier freet muss an deenen Länner en Debat stattfannen virwaat NEEN gesot gin ass. Wann een den Debat am Frankräich virum 23. Juni matverfollëgt huet, dann stellt een fest dass do immens vill Innenpolitik am Spill war. D'Regierung ass do kloer oofgestrooft gin, an menger Meenung no hun d'Leit nët op déi eigentlëch Fro geäntwert. Mëttlerweil hun awer och schons verschidden Leit am Frankräich festgestallt, dass den NON d'Positioun vun Frankräich par rapport zu aaneren Länner an Europa geschwächt huet.

50. Nathalie22 : Ech muss wierklech soen dass dir en ganz feinen sympatheschen Mann an gudden Politiker sidd deen hällt waat en versprecht

Mars di Bartolomeo : Dat as ganz léif vun Iech.Merci ët war flott mat Iech ze chatten

Mars di Bartolomeo : Merci alleguer, Dir hudd mech gefuedert, mee et war flott. Bis e Sondeg




Dernière mise à joude cette page le : 06-07-2005

Haut de page Haut de page