[Verfassung fir Europa]
 Deutsche Fassung        
 

Chemin de navigation : Accueil > Actualités > Juillet 2005 > "Chat" avec le ministre délégué Nicolas Schmit entre 20 et 21 heures

Actualité
"Chat" avec le ministre délégué Nicolas Schmit entre 20 et 21 heures
Publication: 06-07-2005

Mercredi soir, 6 juillet 2005, entre 20 et 21 heures, dans le cadre d'une session de chat, le ministre délégué aux Affaires étrangères et à l'Immigration, Nicolas Schmit, a répondu aux questions des citoyens sur la Constitution pour l'Europe.

Une première session de chat a eu lieu le 4 juillet avec le ministre de la Santé et de la Sécurité sociale, Mars Di Bartolomeo, et une deuxième session a eu lieu le 5 juillet avec le ministre du Travail et de l'Emploi, François Biltgen.


Nicolas Schmit : Gudden Owend! Wëllkomm am Chat. Ech frée mech op aer Froen an op d'Diskussion, dei mir elo waerten zesummen hun. Nicolas Schmit

Manuel : Här Schmit, ech wollt emol froen wei daat kann sin, dass sech d'Parteien sou intensiv an een Referendum ameschen dierfen, woubei e Referendum jo eng Alternativ zu de Parteien duerstellt fir zu enger Entscheedung ze kommen. Eng Partei sollt schon hier Meenung soen, mee daat aggressivt Ameschen feiert a mengen Aen zu enger Verzerrung vun der politecher Realiteit an wierkt sech domad net onbedingt positiv op Demokratie aus.

Nicolas Schmit : Parteien droen natiirlech an enger Demokratie zur Meenungsbildung bei. De Biirger ass natiirlech frei seng Decisioun selwer, op Basis vun den Informatiounen, dei en iwwert Regierung, d'Parteien, Presse, Zivilgesellschaft asw. kritt, ze huelen. Ech mengen net, datt mir an desem Fall vun enger agressiver Ameschung kënne schwätzen. D'Parteien hunn natiirlech d'Recht an deelweis, an engem demokrateschem System, d'Pflicht, hier Meenung kond ze maachen, ze argumentéieren an, natiirlech, ze versiichen, de Wieler ze iwwerzegen.

Patrick : Här Schmit, waat sin Nodeeler vun der Verfassung fir Lëtzebuerg? Vue que dat d'Verfassung ee Kompromiss ass, muss jo baal Nodeeler fir Lëtzebuerg gin.

Nicolas Schmit : Par rapport zu deenen aktuellen Traités'en gëtt an der Verfassung fir Lëtzebuerg keng Nodeeler. Secher hätte mer op ville Punkten gewënscht mei weit ze goen, z.B. eng besser Koordinéierung vun der Wirtschaftspolitiken. Par conter sin ech der Meenung, datt dësen Text z.B. am soziale Beräich vill Potentiliatéiten fir eng mei aktiv Politik huet.

europa : Här Schmit, ass d'Wiel vun e Sonndeg nët méi iwwert Thema "Lëtzebuerg an Europa" ewéi iwwert den Traité selwer, wou keen mam besten Wëllen wees waat domat geschitt?

Nicolas Schmit : D'Wiehl vun den Sonndeg as natierlech an éischter Linn iwwert d'Constitutioun, mee et muss een awer och soen dass Lëtzebuerg sech mat sengem Votum och zur europäescher Integratioun en général positionnéieren wäert. En lëtzebuerger Jo den Sonnden kéint d'Ruder en faveur vun der europäescher Integratioun eremgeheien, währenddeem en Neen deenen an d'Hänn spillt déi keen politescht, demokratescht Europa daat op enger sozialer Maartwirtschaft baséiert wellen, an domat d'Positioun Lëtzebuerg an Europa géif schwächen. Dëst Konstitutioun ass gutt fir Europa an dofir och fir Lëtzebuerg.

Manuel : Här Schmit där soot: "D'Parteien hunn natiirlech d'Recht an deelweis, an engem demokrateschem System, d'Pflicht, hier Meenung kond ze maachen, ze argumentéieren an, natiirlech, ze versiichen, de Wieler ze iwwerzegen." Mee dann maat w.e.g. keen Referendum. Entweder Repräsentativ Demokratie oder partizipatorech, awer w.e.g. keng Meschung vun deenen 2 Modeller. Do kann dach keen wierklecht demokratecht Resultat erauskommen.

Nicolas Schmit : Daat géif ech esou net soen. Et gett kéng Contradictioun tëschent der représentatiiver Demokratie an der partizpitativer Demokratie, ewéi eis och d'Beispill vun der Schweiz weist. Ech mengen dass déi zwée ergänzend sin a bei esou engem kruzialen Sujet ewéi dén vun nächstem Sonnden wor et de Parteien wichteg, d'Meenung vun de Leit ze wëssen.

SteveK21 : Zitt Regierung Konsequenzen aus dem aktuellen Débat iwwer Europa an suergt endlech dofir datt Europawahlen vun den Chamberwahlen ofgekoppelt gin, fir datt dei Farce endlech ophellt an datt och nemme Kandidaten op de Leschten stin, dei och d'Intentioun hun fir an Europaparlament ze goen?

Nicolas Schmit : Ganz gudd Fro. Dei eischt Konsequenz, dei d'Regierung wäert aus der aktueller Debatt zéien, ass jsutement déi Debatt iwwert Europa weiderzeféieren. Ech sinn der Meenung, datt ee muss alles maachen fir de Wahlen fir d'Europaparlament mei Visibilitéit ze ginn an datt déi Leit, déi fir dëst Parlament kandidéieren och hiert Mandat unhuelen, wann se gewielt sinn.

snoopy : ännert dei nei Verfassung eppes dorunner datt ech als Geschäftsmann meng Wuren do ankaafen kann wou se am bëllesten sin oder muss ech weiderhin op dei historisch Vertriebskanäl (Benelux) zereckgreifen. Z.B wollt ech eppes an Daitschland bestellen mee den Verkeefer soot heen kéint mir daat net liwwren, ech misst daat iwwer d'Belge bestellen wou et awer mei deier wor.

Nicolas Schmit : Am Prinzip kënnt dir och schons elo äer Wuer do kaafen wou sie Iech am gënschtegsten schengt, no de Reegelen vun der freier Konkurrenz. Den Ëmstand dass dier awer äer Wuer iwert de Benelux misst akaffen wann sie z. Bsp. aus Däitschland kënnt, huet näischt direkt mam Marché Intérieur oder mat der Verfassung ze dinn mee mat den internen Verkaafs- an Distributiounsweeër vun verschiddenen Firmen déi sech esou organiséiert hunn. Et misst awer och meiglech sinn, do anzekaafen, wou een dat wënscht, well et am Prinzip an engem offene Maart keng Restriktiounen oder Monopolen därfte ginn. Dëst ass elo schon gëltend europäëscht Recht.

optimax : Kann d'EU och erweitert gin (z.B. mat Bulgarien, Rumänien, Türkei, ...) wann d'Verfassung komplett echouéieren giff?

Nicolas Schmit : Un sëch huet d'Verfassung näischt mat der Erweiderung ze din. D'Verfassung seet dass all Land Member vun der EU kann gin, sous condition dass daat Land d'Werter vun der EU unerkennt an respektéiert an um wirtschaftlëchen Plang verschidden Critèren erfëllt. Bulgarien an Rumänien hun den Beitrëttsvertrag schons ënnerschriwwen an gin spéitstens 2007 Member vun der EU. Waat d'Tiirkei ugeet, esou steet fest, dass ët duerch dësen Verfassungsvertrag - deen d'Union jo nët nëmmen als Wirtschaftsraum mais virun allem als eng Wertegemeinschaft définéiert - méi schwéier fir Tiirkei, an all aaner eventuell Bäitrëttskandidaten gëtt, der Union beizetrieden. En eventuellen Bäitrëtt vun der Tiirkei, deen sech nemme kënn um Horizont vu 15 Joër envisagéiert ginn, dierf Handlungsfähegkeet vcun der Unioun net schwächen.

SteveK21 : Haer Schmit wei soll dann eng gemeinsam europaesch Aussepolitik an der Praxis ausgesin, wann Europa wei z.B. am Fall vum Irakkrich an zwee Lager gedeelt ass? Dei eng wei Groussbritannien, Italien.. dofir an annerer wei Frankreich, Deitschland, Letzebuerg... dogeint. Ween huet dann soen? Oder ass dann dei gemeinsam Aussepolitik schons um Enn an Europa paralyseiert?

Nicolas Schmit : D'Zill ass eng europäësch Aussepolitik op deene wichtege Froen an der Welt ze erréchen. Situatiounen wéi et beim Irakkrich gouf sinn regrettabel an sollen an der Zukunft vermidde ginn. Dofir brauche mir mei staark institutionnel Mechanismen fir europäësch Positiounen auszeschaffen. Konstitutioun bitt heizou gutt Instrumenter: en europäëschen Ausseminister, eng mei eng Kooperatioun am Secherheetsberäich, en gemeinsamen diplomatëschen Déngscht, mee och mei Solidaritéit zwëschen de Memberstaaten. An der UNO, mee och am Fall vun enger terroristescher Attack oder enger Natuurkatastroph. Eng europäësch Identiéit an der Aussepolitik muss sech progressiv erausbilden.

baran : Här Minister, virwaat huet d'letzebuerger Regierung (oder d'Parlament) awer décidéiert de Referendum ofzehalen, obschon zwee Länner den neien Traité nëtt wèelle ratifizéieren, well domat ass dat d'ganzt jo hifälleg

Nicolas Schmit : D'Gesetz iwwert de Referendum war schon vun eiser Chamber gestëmmt éier ons d'Resultater vun Frankreich an Holland bekannt woren. Ausserdeem geseit d'Verfassung vir dass all d'Memberlänner hier eegen Ratifikatiounsprozesser sollen alléeden. Wann dann no engem gewëssem Délai 4/5 vun de Länner ratifizéiert hun (also 5 Länner nach net), muss den europäeschen Root entscheeden waat ze maachen ass. Bis dohin gin also d'Ratifikatiounsprozeduren an den 23 aaneren Länner virun. Ech fannen dass ons Stëmm grad elo zielt, an dofier ass et wichteg dass mir Lëtzebuerger eis Meenung zu dëser Verfassung soen. Ech sinn also net der Meenung, datt den Text ehifälleg ass.

Donomos : M. le Ministre, edd heiert een emmer erem dass dei Verfassung fir Patronat ejo ganz guff wier mee fir den Aarbeschter vuin der Stross esou seng nodeeler giff matsechbrengen. An daat virun allem an deem Deel vun der Verfassung deen henno nach esou beigeflickt guuf. Waat soot dir dann dozou? An weisou ass deen deel nach esou beigeflickt gin?

Nicolas Schmit : Dir mengt hei wahrscheinlech den 3. Deel. Den 3. Deel iwwerhellt zu engem groussen Deel d'Dispositiounen vun den viregen Traitéen, also déi Dispositiounen déi elo schon gëllen. En as also alles aanescht ewéi "bäigefléckt", au contraire, et as daat wat elo schon besteht. Ech sin fest dervun iwwerzeecht dass daat wat nei derbäikënnt (dat heescht besonnesch den 1. an den 2. Deel) eng Avancée fir d'Aarbechter duerstellt. Den 1. Deel grosso modo get eis nei "Spillreegelen" fir als erweidert Unioun besser fonktionéieren ze kënnen. Am 1. Deel as zum Beispill d'Vollbeschäftegung als Objektif vun der EU opgefouert, an d'sozial Maartwirtschaft get als Prinzip verankert. Den 2. Deel as d'Charta vun den politëschen an sozialen Grondrechter. Sie zielt eng Reih Rechter fir d'Bierger op, wéi zum Beispill d'Recht op Liewen, op Educatioun, op Fräiheet an Gläichheet virum Recht, op Gesondheetsversuergung, op sozial Secherheet oder op Schutz virun unjustifiéierten Licenciementer. Mee sie limitéiert des Grondrechter awer och net wann déi national Constitutiounen méi wäit géingen goen. Nei an der Constitutioun as coh zum Beispill eng horizontal Sozialklausel, déi assuréiert dass all Législatioun sozial Aspekter berécksichtegen muss. Natierlech muss een deen Kader och nach an Zukunft mat sozialfrëndlecher Legislatioun ausfëllen, an duerfir wäert d'lëtzebuerger Regierung sech och an Zukunft konsequent op europäeschem Niveau asetzen! Déi grouss Entreprisen brauche keng Verfassung. Sie kënnen mat engem grousse europäësche Maart liewen. De Bierger awer brauch eng Verfassung, fir seng demokratësch an sozial Rechter, wann et muss sinn och géint déi grouss Entreprisen, besser an Europa ofgeséchert ze kréien.

Denis : De par l'obligation d'un budget de l'union équilibré, la Constitution interdit-elle à l'Union de recourir à l'emprunt ? Si oui, comment fera-t-elle lors de situations de crise ?

Nicolas Schmit : L'Union européenne ne peut pas s'endetter. Elle doit fonctionner avec le budget qui lui a été alloué par les Etats membres, ainsi que sur la base de ses ressources propres. Le budget européen dispose de réserves pour faire face à des situations de crise internationales, comme il a d'ailleur été démontré lors de la catastrophe du Tsunami.

Ditsch : Här Schmit , wiesou ass keng partei keng zeitung oder den grand duc (den neutral an dem punkt soll sin) dei net probeiren mat allen mettelen vollek ze iwerzeegen jo ze soen iergendwei grenzt dat ganzt fier mech un propaganda dei leit blenden soll an net obklaeren dass vollek selwer sech eng meenung mecht ?

Nicolas Schmit : En politëschen Dialog ass natirlëch nët méiglëch wann jiddereen seng Meenung fir sëch behält. D'Zeitung erfëllen hir Obligation hir Lieser z'informéieren. D'Parteien sin an enger representativer Demokratie natirlëch en indispensablen acteur déi den débat politique am Land animéiert. Och der Zivillgeselleschaft huet eng wichtëg Roll an deem débat ze spillen. An deenen leschten Wochen sin d'Argumenter vum NEEN an vum JO dachs genuch présentéiert an kommentéiert gin. Ëch mengen nët, dass een geblend gët, wann een eng Vielfalt vun Argumenter dofir an dogéint héiert. Elo ass ët um Bierger déi Argumenter oofzeweien an fir sëch selwer ze décidéieren waat fir hien perséinlëch an fir eist Land am Beschten ass.

rourou44 : Bonsoir M. le ministre, la constitution européenne prévoit - elle la mise en place d'une gestion de l'immigration à une échelle européenne?

Nicolas Schmit : Tout à fait. C'est une des grandes et importantes innovations de la Constitution. Elle prévoit en son article III-267 "l'Union développe une politique commune de l'immigration visant à assurer, à tous les stades, une gestion efficace des flux migratoires, un traitement équitable des ressortissants de pays tiers en séjour régulier dans les Etats membres, ainsi qu'une prévention de l'immigration illégale et de la traite des êtres humains et une lutte renforcée contre celles-ci".

Manuel : Ech well jo och net soen dass sech d'Parteien guer net amschen sollen, eng Partei sollt zB soen: "mir sin aus deenen an deenen Grenn zu 70% derfir an zu 30% dergeint". Dann wees de Bierger wou en drun as. Net mei an net manner solt eng Partei hei soen, well et as der Partei hier Aufgab d'Intressen vun de Leit ze vertrieden an net se ze manipuleieren. Mee sollt dann net weinstens de Staat, deen den Referendum organiseiert, eng neutral Positioun vertrieden?

Nicolas Schmit : Dir huet Recht. Et ass nët nëmmen d'Aufgab vun den Parteien, mais och d'Aufgab vun der Regierung d'Interessen vun den Leit ze vertrieden. Mengt dir wirklëch, dass den Staatsminister Jean-Claude Juncker an den Aussenminister Jean Asselborn Enn 2004 hir Ënnerschrëft ënnert dësen Vertrag gesaat hätten, wann deen nët déi fundametal Interessen vun eisem Land géif garantéieren. An engem Europa zu 25 ass ët ganz schwéier en Kompromëss ze fannen. An dësen Text ass en Kompromëss tëschend 25 Länner mat verschiddenen Uusiichten an Interessen. Dofir kann een nët erwuarden en Text ze hun mat deem all Land an all Partei zu 100% zefridden ass an dat ass eng logësch Konsequenz vun enger demokratëscher Debatt! Waat den Debat op Parteiniveau ubelaangt, esou gin ët jo Leit bannend enger Partei déi verschidden Usiichten hun, an daat nët nëmmen an den Parteien, déi fir den JO sin.

Manou : Gudden Owend. Här Schmit, ech hu leider emmer méi d'Gefill, dass d'Géigner vum Verfassungstext, déi besser, well méi konkret Argumenter hunn. An déi, déi dofir sinn, "nëmmen" mat där grousser Idee Europa operéieren. Wat sot Dir dozou.

Nicolas Schmit : Ech fannen dass dës Verfassung konkret an wichteg Erneierungen mat séch bréngt, déi d'Potenzial hun, Europa op villen Pläng ze verbesseren: duerch dëse Projet kann d'EU méi demokratesch, méi transparent, méi effizient, méi sozial an méi emweltfrëndléch gin. Ech nenne nemmen e puer nei Aspekter: en europaweit Petitiounsrecht, d'Aklobarkeet vun der Menscherechtscharta, eng kloer verstäerkte Roll vun dem EU Parlament an vun den nationalen Parlamenter, wichteg institutionnel Reformen déi et der EU wäerten erlaaben méi rationnell an kontinuéierléch ze schaffen (z. B. e permanent gewielten Präsident vun dem europäesche Root, en europäeschen Ausseminister, eng zeduzéiert Kommissioun an eng réforméiert Présidence). Dobai kënnt dass d'Gewiicht vun engem klénge Land ewéi Lëtzebuerg an dësem Text garantéiert ass, waat net onbedéngt de Fall muss sin wann mir mussen nei verhandelen. Fir mech gin et also ganz staark Argumenter fir JO ze stëmmen, wéll duerch dës Verfassung gëtt net nëmmen Europa, mé och Lëtzebuerg méi staark. D'Konsequenz vun engem Neen heescht virun allem emol, datt mir do stoe bleiwen, wou mer elo sinn an datt dëst Verbesserung, déi wichtëg sinn fir Lëtzebuerg, net a Kraaft trieden. Den Neen bitt keng Garantie fir e besseren Text, mee féiert emol zum status quo, déi sie jo esou staark kritiséieren.

SteveK21 : Waert och an Zukunft nach eng Keier Meenung vum Vollek zu engem bestemmten politeschen Sujet gefroot, sou wei et eben an der vun iech genannter Schwaiz de Fall ass, oder well sech Politik net nach eng Keier Fanger verbrennen, an dofir an Zukunft op Referendumen verzichten.

Ech geing et op alle Fall schued fannen, well ech fannen datt een sech sou mei Gedanken iwwer bestemmten Thematiken mecht, wei wann een Parteien einfach wurschtelen leist.

Nicolas Schmit : Mir sin eis all bewosst dass ee Referendum iwert esou eng komplex Fro wéi d'Europäesch Verfassung keng einfach Übung ass. Villéicht mengen och déi eng oder déi aaner, ët wir besser gewiescht kee Referendum z'organiséieren. Ech fannen awer dat deen Débat den zu Lëtzebuerg doduerch enstaanen ass extrem nëtzlech a gesond an weist souwouel de groussen Intérêt vun de Lëtzebuerger fir déi europäesch Froen an dass d'Demokratie bei eis wirklech lieweg ass. Ouni Referendum hätten d'Léit nët d'Geleegenheet gehaat sech sou intensiv a passionnéiert mat dësen wichtegen Froen auserneen ze setzen. Dëst Regierung huet e generellt Gesetz iwwert de Referendum adoptéiert grad fir de Bierger zu wichtege Froen mei Matsprocherecht ze ginn.

Mister : Wann ech den G.V. op der Tele heieren, daat eleng as schon Grond genuch fir en Sonndeg JO ze soen *g*

Nicolas Schmit : je ne vous le fais pas dire...

Manou : Wat ech och nach net genee verstanen hunn, ass, op a wa jo, bei wéi enge Punkten, déi Europäesch Verfassung iwwert deenen nationale Verfassungstexter steet resp. si ersetzt.

Nicolas Schmit : Eis Verfassung bleift bestoen a gëtt net duerch déi europäesch Verfassung ersat. Et ass awer effektiiv esou dass daat europäescht Recht iwwert dém nationale Recht steet. Et ass awer och esou dass d'EU just kann an dénen Beraicher légiféréieren wou d'Memberlänner hier Kompetenzen gin huet (daat ass dé sougenannten Attributiounsprinzip). EU Recht kann also eis national Gesetzgebung nëmmen do a Fro stéllen wou d'Kompetenzen zu Bréissel léien. D’Europäesch Verfassung gëtt vun eisem Rechtssystem als ën internationale Vertrag ugesinn. Déi lëtzebuerger Verfassung behält hir voll Gültegkeet.

baran : den Traité trèett nèemmen a Kraaft wann se allegur ratifizéiert hun ! Wat erfand der dann elo fir dat ze emgoen ???

Nicolas Schmit : D'Verfassung gesäit de Fall vir datt wann nëmmen 4/5 vun den EU-Memberstaaten, dat heescht 20 vun de 25 Memberlänner, d'Verfassung ratifizéieren, datt dann den Europäesche Rot sech dëser Fro unhëlt an decidéiert wéi et viru geet. Bis dohin wäerten och politësch Changementer an deene Länner, déi Neen gestëmmt hun, erfollegt sinn. Et ass dann un dëse Länner matzehëllefen, eng Léisung ze fannen. Et ass net fir d'eischt datt e Land zu engem Traité Neen stëmmt an dësen Traité, nodeems eng Léisung fir dëst Länner fonnt ginn ass, awer a Krraft trëtt.

SteveK21 : Firwaat ass dann de Referendum net vun Ufank un an den Hierscht gesaat gin wou een dach wosst, datt op Grond vun der Présidence keng Zait wier, fir d'Verfassung de Bierger ze erklären? Oder hat een net geduecht, datt et sou komplizeiert a brisant geing gin?

Nicolas Schmit : Wéi der wësst sin den Hierscht Gemengenwahlen. D'Regierung war der Meenung, dass d'Fro iwert den Verfassungsvertrag nët soll mat Nationalpolitik soll verbonnen gin. D'Beispill vun Frankräich huet gewissen, dass wann Nationalpolitik an partei-internen Rivalitéiten mat an d'Spill kommen, déi eigentlëch Fro an den Hannergrond fällt.

Manuel : Wisou huet de Staat net einfach eng Informatiounscampagne mat Jo an mat Nee Argumenter gemeet, dei jeweils vun Jo an vu Nee Unhänger ausgeschaft gi wieren? Daat wier net nemmen mei fair gewiert, et wier fir de Bierger och mei einfach gewiert sech eng eegen Meenung ze bilden well dei 2 Seiten sech net geigenseitech schlecht maachen geifen.

Nicolas Schmit : D'Zil vun der Regierung wuar breetgefächert iwer den Traité z'informéieren an d'Léit an di verschidden Aspekter anzeféieren. Den Traité muss fir d'éischt erklärt ginn an d'Regierung huest sech haaptsechlech drop konzentréiert d'Neierungen erfier ze hiewen. En demokrateschen Debat fënnt statt, wei nach nie iwwert dësen Text, wou all Argumenter vum Jo a vum Neen zur Geltung kommen.

daschimi : Giff eng eenheedlech Verfassung an Europa et endlech och fiir d'Schweiz an Norwegen schmackhaft maachen fiir beizetrieden. Mir schwetzen iwwert Tiirkei an en Eenheetseuropa, mee verleieren aus den Aan, dat dei zwee Laenner et kategoresch oofleenen beizetrieden. Wier et net och un der Zeit an dei Richtung ze forceieren. Ech mengen, dat giff Europa een gudden an positiven Coup no viir ginn.

Nicolas Schmit : Ech géif daat op alle Fall ënnertstëtzen. D'Verfassung bestätegt jo dass d'Unioun op ass fir all europäescht Land. Norwegen wollt zwee Mol beitrieden, dat wollt eng Majoriteit vun de Biierger awer net. D'Schweiz, en aanert "reicht" Land, misst och nach iwwerzeegt gin, an do ass et virun allem déi partizaptiiv Demokratie déi ze bewältegen ass. Et däerf een net vergiessen dass d'Schweiz eréischt virun kuerzem der UNO beigetrueden ass an dass d'Schweizer de 4. Juni fir d'Aféierung vum Schengener Vertrag gestëmmt hun. Daat ass schon e groussen Fortschrëtt. Et ass all Land an senge Bierger freigestallt fir der EU beizetrieden, oder och net.

baran : wéi kann Letzebuerg dann méi "staark" gin ??

Nicolas Schmit : Méi staark als Mëmber vun an engem méi staarken Europa, nët par rapport zu aanere Länner. Lëtzebuerg huet eng Roll kritt dank Europa déi an kengem Verglach mat senger geographescher an demographescher Gréist steet. Viru 50 Joer waren mir mat dat ärmst Land an Europa. Eist STärkt anEuropa verdanken mir haut och eism Wuelstand, deen op enger funktionéierender Wirtschaft baséiert. Fir vill Länner sinn mir e Beispill, wei e klengt Land seng Identitéit an Europa an an der Welt kann behaapten.

SteveK21 : Ass daat och aer Meenung als Privatmann Nicolas Schmit oder nemmen dei vum Politiker Schmit? ;-)

Nicolas Schmit : Et ass meng perséinlech Meenung. Den Politiker Schmit denkt wei de Privatmann. Déi zwee kënnen sech ganz gut :o).

Manou : Merci fir Är Äntwert Här Schmit. D'Fro ass einfach firwat déi gutt Argumenter déi et ouni Zweifel gett, net méi dacks genannt an erklärt ginn amplaz vu 60 Joer Fridden a Wuelstand ze schwätzen, déi zwar (zum Deel) mat der EU, mee awer net mam zukünftegen Verfassungstraité ze dinn hunn. Dat fannen ech schued.

Nicolas Schmit : Déi inhaltléch Argumenter vum Verfassungsvertrag sin mengen ech awer bei dénen villen Informatiounsversammlungen zur Sprooch komm. An em déi geet et schliessléch e Sonnden. Paackt mat un!

Eric : As desen chat hei net öfffentlech??

Nicolas Schmit : Et ass en sougenannten "modéréierten" Chat, dir kënnt äer Froen erareechen an ech fréen mech drop ze äntwerten.

Manuel : Den Här Biltgen huet geschter hei erklärt, dass d'Verfassung am fong keng Verfassung as mee en Vertrag oder en Verfassungsvertrag. Wisou nennen mer et dann stänneg Verfassung?

Nicolas Schmit : Dësen Text ass effektiv keng "Verfassung" am klassëschen Sënn, wou d'Grondreegelen vun engem Staat néiergeschriwwen sin. D' EU ass jo keen Staat meng eng Union vun onoofängëschen Staaten, an dofir ass dësen Text eigentlëch en internationalen Vertrag tëschend souveränen Länner. Den Numm "Verfassung" sollt dësem Vertrag en symbolëschen Character gin, well dësen Text awer och wesentlëch Punkten beinhalt, déi een och an enger Verfassung erëmmfënnt. Daat ass virun allem den Fall am éischten an am zweeten Deel vum Vertrag, wou d'Grondrechter vun den EU Bierger festgeluecht gin, esou wéi d'Objectiver an d'Valeuren vun der Union an den Fonctionnement vun den verschiddenen europäëschen Institutionen an Organer.

Eric : Här Schmit.Gudden Owend.Kennt dir mir een plausibelen Grond nennen ,firwaat ech oder dei aner Leit den Sonnden sollen mat jo stemmen??

Nicolas Schmit : Gudden Owend. Well Lëtzebuerg all Intérêt huet, datt d'EU sech politësch a sozial weiderentwéckelt an dat mecht dësen Text méiglech.

Manou : Steet näischt an der Verfassung, dass ee Leit wéi den Här Vogel kann op de Mound schéissen? ;-)

Nicolas Schmit : Daat géif e bessen déier ginn...

janlux : firwaat hun d´birger nemmen esou weineg informatioune iwwerd´verfassung kruut?

Nicolas Schmit : Mir hun als Regierung versicht de Leit seit Ufank März mat enger Informatiouns-an Opkläreungscampagne, den Text vun der Verfassung méi no ze bréngen. Mir hun z. B. mat 2 Brochüren, déi un all Haushalt verdeelt goufen, e Résumé vum Projet gemaach, dobai koumen eng ganz Reigh vun Radio- an Telé-Spot'en, Extrait'en an der geschriwwener Press asw. All Bierger dén den integralen Text vun der Verfassung wollt, huet en kënnen gratis vun den zoustännegen Regierungsstellen zougestallt kréien. Déi öffentléch Opkläerung iwwert den Text geht awer schon op d'Aarbechten vum Konvent zréck. D'Parteien an eis Chamber hun eng ganz Réih Informatiounsversammlungen organiséiert, déi et jidferengem erméiglechen, sech iwwert den Traité ze informéieren an eng Meenung ze bilden.

janlux : firwaat brauchen mier iwwerhaapt eng verfassung? wier eng ökonomesch an militärech allianz net vill besser?

Nicolas Schmit : Lëtzebuerg huet sech säit dem Enn vum 2. Weltkrich fir d'europäesch Integratioun agesaat, an zwar net nemmen um wirtschaftlechen an um militäreschen Plang, mee och um politeschen. En staark Europa daat och staark no baussen kann optrieden kritt een nëmmen mat engem politeschen Europa, an nët mat enger Fräihandelszon (woumat ech natierlech d'Wichtegkeet vum Marché intérieur hei net schmäleren wëll!) Et as och nëmmen en Europa mat politeschen Institutiounen (wéi zum Beispill der Kommissioun, déi als supranational Institutioun den intérêt communautaire vertrëtt fir eng Hegemonie vun den groussen Länner ze verhënneren) dat eng gemeinsam Emwelt-, Sozial- oder Aussenpolitik maachen kann. Wéi ech virdrun schon soot, déi grouss Entreprisen brauchen keng europäesch politesch Institutiounen; deen eenzelenen Bierger awer Wuel, an zwar fir seng sozial an demokratesch Rechter, an natierlech och seng légitim Intérêten, als en Konsument zum Beispill, an desem groussen europäeschen Maart geltend maachen ze kënnen.

Manuel : Dir gidd also net zou dass et Versäumnisser gi sin waat d'Informatiounscampagne ugeet? Et get jo och am Ausland diwwert diskuteiert, dass hei net alles graat ideal oofleeft.

Nicolas Schmit : Déi leschten Sondagen hun kloer gewissen, dass vill méi Leit - egal op së elo fir den JO oder fir den NEEN sin - vun sëch selwer behaapten informéiert ze sin, wéi daat nach virum Ulaafen vun der Regierungscampagne de Fall war. Natirlëch huet d'Informationscampagne vun der Regierung nët alleng Mérit dorunnen. D'Zuelen an den animéierten Debat deen elo dobaussen stattfënnt weist eis ganz kloer, dass vill Efforts'en gemaach si ginn, fir d'Léit dozou ze bréngen, fir sech ze informéieren.

Denis : Quelle sera la capacité du Luxembourg à garder une politique étrangère autonome si la constitution est adoptée ? Serons-nous obligés de répondre d'une voix unique pour tous les membres, à savoir celle de l'Union ? Et si l'unanimité n'était pas trouvée au sein des membres ?

Nicolas Schmit : Ne serait-ce pas formidable que nous ayons une politique étrangère commune qui soit le fruit d'une décision unanime de tous les Etats membres, dont le Luxembourg ? C'est une des grandes ambitions de ceux qui veulent faire progresser l'Europe dans des domaines qui jusqu'à présent restent à la marge des grands chantiers de l'intégration communautaire. Le souvenir cuisant de la cacophonie de la diplomatie européenne à l'occasion de la guerre en Irak devrait nous inciter à travailler à l'élaboration d'une telle politique étrangère européenne. Est-il réaliste pour un pays comme le Luxembourg d'avoir une poltique étrangère réellement autonome? C'est à travers une politique étrangère commune que le Luxembourg peut exercer son influence.

Eric : Ech hät och nach eng zweet Saach.Firwaat mussen mir esou eng Verfassung iwerhaupt hun.Politiker aus der EU brengen et net emol faerdeg,fir dass an 2 Läner dei selwecht Gesetzer gellen repektif bestinn.Domat gin se net emol eens.Ech schwetzen do leider aus Erfahrung.Wei en Chaos kennt dann erreicht ob eis duer mat deser Verfassung???

Nicolas Schmit : Et ass normal, datt d'Gesetzer sinn net iwwerall nämlecht sinn. Mir wëllen jo keen europäëschen Zentralstaat. Par conter, doduerch dass d'Kompetenzen tëschend der EU an den Nationalstaaten kloer définéiert sin, brengt dësen Vertrag eis méi Kloerheet an villen Domäinen, waat beim jetzëgen Traité den Nice nët den Fall ass. Dësen Vertrag ass wichtëg, well ët der mëttlerweil op 25 Länner erweiterter Union erméiglëcht, um institutionnelem Plang besser ze fonctionnéirern an esou och zu 25 weiderhin handlungsfähëg ze bleiwen fir sëch esou den Erausfuerderungen vun der Zukunft kënnen ze stellen. ET entsteht also keen Chaos, mee eng Union, déi besser funktionéiert.

Manou : Ech hunn an der Schwäiz studéiert. Ech mengen, dat ass just eng Fro vun der Zäit bis déi och kommen.

Nicolas Schmit : Wéi gesoot, ech géif daat begréissen!

SteveK21 : Apropos beitrieden. Kennt dir dem Haer Blari net mol soen, datt wann en jo sou e groussen Europaer ass, wei en seet, et net geschwenn Zait wier fir den Euro och a Groussbritannien anzefeieren.

Nicolas Schmit : Den Här Blär huet sech ëmmer als groussen Unhänger vum Euro duergestallt mee seng öffentlech Meenung huet hien nach nët ënnerstetzt. Deest ass eng Fro déi nach méi Zäit brauch an déi een engem Land nët imposéieren kann. Ech sinn awer zouversichtlech dass zu gudder Läscht genügend Intérêt fir den Euro, och an England opkënnt.

marc : Herr Schmit, den Herr Bodry huet behaapt dat innerhalb vun der LSAP den Derfir an den Dergeint vun der EU-Verfasung ofgewien gouf an well dat Positivt iwerwieen huet, sou dass elo d'LSAP fir den JO as. Wat sin dann fir Iech dei negativ Punkten aus deser Verfassung?

Nicolas Schmit : Dëst Verfassung ass am politëschen an am sozialen Beräich, mee besonnesch wat d'Rechter vun de Biirger ubelaangt, e Fortschrëtt. Ech hei an de O wend hun schons gesoot, datt ech der Meenung sin, datt den Verfassungstraité géintiwwer vum Traité de Nice keng Nodeeler huet, mee nemme Verbesserunge bréngt. Et een hätt kënne op verschiddene Punkten méi weit kënne goen.

Manou : firwat ass aus dem recht op aarbecht ee recht fir ze schaffe ginn?

Nicolas Schmit : En Recht op Aarbecht as et nie an engem europäeschen Traité gin; et get et awer an eiser nationaler Verfassung an déi bleift och nach mat deser Constitutioun voll gülteg. D'Recht ze schaffen an der Constitutioun bezitt sech éischter op d'Recht nët um Aarbechtsmarché diskriminéiert ze gin. Et handelt sech hei em dei europäësch Dimensioun, well Bréissel u sech, jo keng Aarbechtsplaatzen verdeelt. Déi ginn nach ëmmer um nationale, wann net regionalen oder lokale Plang geschaaf.

snoopy : dir soot selwer dat et emmer mei schwéier gett een Kompromiss ze fannen wann emmer mei Länner beikommen, waat ho och normal ass. Besteet awer do net d'Gefohr datt mir als klengt Land e beemol naischt me ze soen hun respektiv daat aaner Länner vir eis decidéiren.

Nicolas Schmit : Éischtens sin mer eis jo bestëmmt eens dass mer als Lëtzebuerg iwwerhaapt näischt ze soen hätten wann mer net Member an der EU wieren. Wat elo eis Positioun an enger erweiderter Unioun ugeet: des Constitutioun gesäit eben grad nach ëmmer d'Eenstëmmegkeet an deenen Beräicher vir wou se fir Lëtzebuerg wichteg as (zum Beispill an der Fiscalitéit oder an verschiddenen Beräicher vun der Sozialpolitik, z.B. Renten, Gesondheet). Do décidéiert also keen ouni eis, net an engem Europa vun den 15, vun den 25 oder vun den 28! Duerfir géing ech soen dass dës Constitutioun wierklech deen Kader setzt mat deem mir eis Intérêten an engem erweiderten Europa am beschten duerchsetzen kënnen.

marc : Wat sin fir Iech dei negativ Punkten an der Verfassung? Oder as alles nemmen positiv?

Nicolas Schmit : Par rapport zu dénen betsehenden Texter bréngt d'Verfassung Europa vill Verbesserungen op politeschen a sozialem Plang. Meng Meenung dozou hun ech schon mé fréi gesoot. Et ass awer och esou dass et e Kompromiss tëschent 25 Regierungen ass. Och wann et dé beschtméigléchen Kompromisstext ass, Wann mir als Lëtzebuerg den Text elléng geschriwwen hätten, wäeren mer sélcher nach an verschiddenen Beraicher méi weit gaangen, ewéi zum Beispill an der Koordinéierung vun den Wirtschaftspolitiken oder am Beraich vun der "Justice et Affaires intérieures".Mé genau ewéi an der nationaaler Politik muss een nun émol och an der europäescher Politik Oofstrëch maachen.

MrDahlia : Mir kreien emmer gesood wei eng firdeeler mir hun, een Europäischen Fürerschein, wisou hun mir do nett dei selwecht Avantagen wei an Deitschland zb.

Nicolas Schmit : Et gëtt momentan en effet un engem europäësche Führerschein geschafft. D'Efforts'en sinn allerdéngs am MOment blockéiert. Och wann an Europa versicht geet verschidden Aspekter ze harmoniséieren, bleiwen an ganz villen Domäner d'Memberstaaten kompetent fir d'Détailler ze reegelen.

daschimi : Haer Schmit; Wei ass eer Positioun am Fall vunn engem "NEE". D'Bengelen bei d'Tromm, (wei den Haer Juncker). Oder eischter no viir kucken an nach mei Ofklaerung bedreiwen fiir dat hei an Letzebuerg Europa nees de Stellewert kritt deen eis nees "dreemen" leisst??

Nicolas Schmit : Merci. Dir schwätzt mir aus dem Härz. Europa ass et wäert sëch weider dofir anzesetzen.

merry : firwat schwätzt jidderen sief et DP, Greng, CSV oder LSAP vu sachen déi net esou gudd sinn an dem traité resp. constitutioun, an awer get an der chamber unanim mat jo ofgestemmt an dat nach virum referendum ass dat net awer e besschen leit fir domm gehal????

Nicolas Schmit : Véier vun Fënnef politeschen Parteien, déi an der Chamber vertrueden sin, hun sech kloer fir den Text ausgeschwaat. An daat aus ville Grënn, an zwar fir t'aller éischt wéll den Text e kloeren Fortschrëtt vun der Unioun duerstellt, dén et der EU erlaabt an Zukunft handlungsfäheg ze bleiwen. Den Text bréngt en eng Reih vun wichtegen Verbesserungen. Wéi d'Chamber iwwert den Text oofegstëmmt huet, huet se och gleichzeiteg en Engagement geholl séch de Biergerwëllen ze respektéieren an dësen Text nemmen dann unzehuelen, wann eng Majoritéit vu Lëtzebuerger heen den 10. Juli approuvéiert hunn.

Nicolas Schmit : Ech soen Iech villmols merci fir dësen interessanten Owend! Bis e Sonnden. Nicolas Schmit.




Dernière mise à joude cette page le : 07-07-2005

Haut de page Haut de page