[Verfassung fir Europa]
 Deutsche Fassung        
 

Chemin de navigation : Accueil > Froen an Äntwerten > Froen iwwert den Referendum

Froen iwwert den Referendum

 Wéi leeft d’Ratificatioun vun der Verfassung fir Europa zu Lëtzebuerg of?

De Gesetzesprojet fir d’Ratificatioun vun der Verfassung fir Europa ass am Parlament déposéiert. No den Diskussiounen an der zoustänneger Kommissioun  kënnt de Projet an de Plenum. Hei gëtt en éischte Vote geholl. Duerno ass de Referendum. Falls d’Lëtzebuerger sech fir eng Europäesch Verfassung ausschwätzen, ass en zweete Vote an der Chamber. Eréischt nom zweete Vote gëllt d'Verfassung fir Europa hei zu Lëtzebuerg als ratifizéiert.

Wat sinn d’Konsequenzen vum Resultat vum Referendum?

De Referendum huet e konsultative Charakter. Virum Referendum huet d’Chamber schonn an engem éischte Vote iwwert d’Verfassung fir Europa ofgestëmmt. Well d’Parteien, déi an der Chamber vertruede sinn, sech an enger grousser Majoritéit fir d’Akraafttriede vun der Verfassung fir Europa ausgeschwat hunn, wäert dee Vote positiv ausfalen. Sollt d’Vollek awer beim Referendum mat Nee stëmmen, sou wäert d’Chamber sech dësem Votum ënnerwerfen an d’Verfassung fir Europa net unhuelen. Bei engem positive Vote muss d’Chamber eng zweete Kéier ofstëmmen.

Wéini ass de Referendum iwwert d’Verfassung fir Europa?

De Referendum ass den 10. Juli 2005.

Kënnen d’EU-Bierger, déi zu Lëtzebuerg wunnen, um Referendum deelhuelen?

Den Artikel 51(7) vun eiser Constitutioun erméiglecht de Referendum fir déi Wieler, déi zu de Wale fir d’Lëtzebuerger Parlament zougelooss sinn. Déi Leit, déi aus deenen aneren EU-Memberstaten hei zu Lëtzebuerg liewen, kënnen also net um Referendum vum 10. Juli deelhuelen.

Kënnen déi Auslänner, déi zu Lëtzebuerg wunnen, an hirem Land um Referendum deelhuelen, wann do e Referendum ofgehale gëtt?

 Dat hänkt vun der Gesetzgebung an deenen eenzelne Länner of. Déi néideg Informatioune kritt Dir op der jeweileger Botschaft.

Muss ee wiele goen?

 Zu Lëtzebuerg besteet Walpflicht. Dës gëllt och fir de Referendum. D’Walpflicht gëllt net fir déi Leit, déi iwwer 75 Joer al sinn.

Kann ee per Bréifwal wielen?

D’Bréifwal ass méiglech. Mä si ass u verschidde Konditioune gebonnen: et muss ee méi wéi 75 Joer al sinn oder den Dag vum Referendum aus beruflechen oder privaten Ursaachen net zu Lëtzebuerg sinn. D’Demande muss tëschent dem 1. Mee an dem 10. Juni beim Schefferot vun der Gemeng, an där ee wunnt, agereecht ginn. Bei der Demande muss e Beweis leien, datt een den 10. Juli net kann an de Walbüro goen. Da kritt een de Walziedel zougeschéckt.

Kuckt w.e.g. och ënnert "Vote par correspondance" fir déi néideg Instructiounen.

Kënnen déi Lëtzebuerger, déi am Ausland wunnen, um Referendum deelhuelen? Wa jo, wéi?

D’Lëtzebuerger, déi am Ausland wielen, kënne per Bréifwal um Referendum deelhuelen. Si musse sech bei der Lëtzebuerger Botschaft oder dem Lëtzebuerger Konsulat mellen a kréien do déi néideg Formulären. De Walziedel kréie si per Post zougeschéckt.

 Wéi sinn d’Öffnungszäite vun de Walbüroen?

 D’Walbüroe si vu moies 8 bis mëttes 14 Auer op.

Wéini gëtt d’Resultat vum Referendum publizéiert?

D’Resultater aus deenen eenzelne Gemenge ginn am Laf vum Nomëtteg vum 10. Juli no an no bekannt. Owes läit dann dat offiziéist Resultat vir. Nodeems Kontrolle vun de Resultater duerchgefouert goufen, proclaméiert de President vum Haaptwalbüro dat offizielt Resultat. D'Evolutioun vun dem Resultat kënnt Dir op desem Site verfollegen, den au fur et à mesure vun der Ouverture vun den Bulletinen evoluéiert.

 




Dernière mise à joude cette page le : 07-05-2005

Haut de page Haut de page