[Verfassung fir Europa]
 Deutsche Fassung        
 

Chemin de navigation : Accueil > Le référendum du 10 juillet 2005 > Instructions aux électeurs pour le 10 juillet 2005 > Uweisung fir de Wieler fir den 10.Juli 2005

Uweisung fir de Wieler fir den 10.Juli 2005

Uweisung fir de Wieler (normal Wal)
Uweisung fir de Wieler (Bréiwwal)

Uweisung fir de Wieler (normal Wal)

1.Gestëmmt gëtt vu mueres 8.00 Auer un. D'Wieler hu bis 14.00 Auer d'Recht fir ze stëmmen. Duerno ass d'Wielen eriwwer.

2. De Wieler huet eng Stëmm pro Fro.

De Wieler stëmmt:

  • entweder datt hien d’Këscht  schwäerzt;
  • oder datt hien doran e Kräiz (+ oder x) mécht.

3. De Wieler benotzt fir ze stëmmen e Bleistëft, eng Fieder, e Bic oder soss ee Schreiwinstrument.

4. Wann hie fäerdeg gestëmmt huet, faalt de Wieler de Stëmmziedel a véier am rechte Wénkel mam Stempel no baussen, hie weist dem President den Ziedel esou a geheit en duerno an d'Këscht, déi dofir virgesinn ass.

5. De Wieler däerf sech nëmmen esoulaang an der Stëmm-Cabine ophale wéi hien Zäit brauch fir säi Stëmmziedel auszefëllen a fir en dann an d'Stëmm-Këscht ze geheien.

6. Ongülteg sinn:

a) all aner Ziedele wéi deen, deen de Wieler vum President kritt huet fir ze stëmmen;

b) och deen Ziedel

  • wann de Wieler méi Stëmme pro Fro oofginn huet;
  • wann de Wieler guer keng Stëmm ginn huet;
  • wann duerch en Aussträichen, en Zeechen oder eng Marque, déi net an de Bestëmmunge vum Punkt 2 vun den Instruktiounen erlaabt sinn, den Auteur kann erëmkannt ginn;
  • wa bannendran e Pabeier oder soss eppes läit.

7. Wie stëmmt ouni d'Recht dofir ze hunn, dee gëtt mat 8 bis 15 Deeg Prisong an enger Geldstrof vun 251 bis 2.000 Euros bestrooft. Wien am Numm vun engem anere Wieler stëmmt, kritt 1 Mount bis e Joer Prisong an eng Geldstrof vun 251 bis 10.000 Euros.

Uweisung fir de Wieler (Bréiwwal)

1. De Wieler huet eng Stëmm pro Fro.

De Wieler stëmmt:

  • entweder andiems hien eng vun deenen zwou Këschten, déi niewend der Fro stin schwäerzt;
  • oder datt hien doran e Kräiz (+ oder x) mécht.

2. De Wieler benotzt fir ze stëmmen e Bleistëft, eng Fieder, e Bic oder soss ee Schreiwinstrument.

3. Hie leet de Stëmmziedel an d’Walenveloppe, déi hien an Tranmissiounsenveloppe stëcht.

An der Walenveloppe däerf nëmmen e Stëmmziedel sinn.

4. Ongülteg sinn:

a) all aner Ziedele wéi deen, deen de Wieler vum Schëfferot kritt huet fir ze stëmmen;

b) och deen Ziedel

  • wann de Wieler méi Stëmme pro Fro oofginn huet;
  • wann de Wieler guer keng Stëmm ginn huet;
  • wann duerch en Aussträichen, en Zeechen oder eng Marque, déi net an de Bestëmmunge vum Punkt 2 vun den Instruktiounen erlaabt sinn, den Auteur kann erëmkannt ginn;
  • wa bannendran e Pabeier oder soss eppes läit;
  • wann den Ziedel an enger anerer Enveloppe ass, wéi déi, déi de Wieler geschéckt krut, oder wann dës Enveloppe een Zeechen huet, duerch dat de Wieler erkennbar ass.

5. Wie stëmmt ouni d'Recht dofir ze hunn, dee gëtt mat 8 bis 15 Deeg Prisong an enger Geldstrof vun 251 bis 2.000 Euros bestrooft. Wien am Numm vun engem anere Wieler stëmmt, kritt 1 Mount bis e Joer Prisong an eng Geldstrof vun 251 bis 10.000 Euros.



Dernière mise à joude cette page le : 07-05-2005

Haut de page Haut de page