Der Regierung hir Informatiouns- a Sensibiliséierungscampagne baséiert op
- dësem Internet-Site, mat Äntwerten op déi Froen, déi Dir iech am meeschte stellt;
- eng breet Diffusioun vum Text iwwert d’Verfassung fir Europa, op Ufro;
- geschriwwent Informatiounsmaterial, ugefaang mat engem Depliant, den ëm Ouschteren un all Bréifboîte verdeelt gouf, an enger Broschür iwwert déi wichtegst Inhalter vun der Verfassung fir Europa, déi den 11., 12. an 13. Mee un all Haushalt verdeelt gëtt;
- Annoncen an der geschriwwener Press a Spoten um Radio an op der Tëlee, an am Kino, an déi déi verschidden Aspekter vun der Verfassung duerstellen
- den Dialog mam Bierger duerch eng Serie vu sougenannten Internetchaten vu Regierungsmemberen mat de Bierger.
Déi politesch Debatt gëtt an der Chamber gefouert souwéi um Niveau vun de Parteien, an duerch Initiativen um Niveau vun der Zivilgesellschaft.