Hinweis:Ihr Browser zeigt diese Seite nicht korrekt an weil er Stylesheets nicht korrekt interpretiert. Dies ist wahrscheinlich auf die Nutzung einer alten Browserversion zurückzuführen.

 
[Verfassung fir Europa]
 Version française        
 

You are here : Startseite > Informationskampagne der Regierung > Anzeigen in der Presse
Diese Seite drucken Diese Seite versenden

Anzeigen in der Presse

Hier finden Sie die Anzeigen in der täglichen und wöchentlichen Presse, die im Rahmen der Informationskampagne der Regierung, in den Monaten Mai, Juni, Juli veröffentlicht werden.

Annonce presse
Ginn dem eenzelne Bierger seng demokratesch Rechter an der Unioun duerch d'Verfassung fir Europa gestärkt?
All Bierger gëtt duerch den neien Afloss, deen d’Verfassung den nationale Parlamenter an dem Europaparlament gëtt, an der Unioun besser vertrueden. Duerch de Prinzip vun der partizipativer Demokratie, deen an der Verfassung verankert ass, gëtt den Dialog tëschent den europäeschen Institutiounen an der Zivilgesellschaft gefërdert. D’Bierger kënne sech och neierdéngs europawäit zesummendoen an der Commissioun e Gesetzesvirschlag virleeën.

Editeur : Gouvernement luxembourgeois 

PDF Télécharger la publication au format PDF


Annonce presse
"Kann duerch d’Verfassung fir Europa d’Ëmwelt besser geschützt ginn?"
D’Verfassung mécht aus dem Ëmweltschutz en Haaptobjektiv vun der Unioun. Virun allem sinn de Schutz vun der mënschlecher Gesondheet an d’Erhale vun den natierleche Ressourcë strategesch Ziler. D’Unioun wäert och weiderhin eng international Virreiderroll spillen, wéi zum Beispill am Kader vum Kyoto-Protokoll. D’Unioun trëtt och weltwäit fir de Respekt vu wesentleche Prinzipien an, wéi de Prinzip vum “pollueur-payeur” oder de Precautionsprinzip.

Editeur : Gouvernement luxembourgeois 

PDF Télécharger la publication au format PDF


Annonce presse
Verstäerkt d’Verfassung de Fridden an Europa?
Europa, wéi mir et haut kennen, ass nom 2. Weltkrich gegrënnt gi fir de Fridden op eisem Kontinent an an der Welt ze sécheren. Dat bleift och nach haut ee vun den Haaptziler, wou d’Unioun sech als Wäertegemeinschaft definéiert an identifizéiert. Laut der Verfassung muss all europäesch Politik, innerhalb an ausserhalb vun der Unioun, der Förderung an der Sécherung vum Fridden dengen.

Editeur : Gouvernement luxembourgeois 

PDF Télécharger la publication au format PDF


Annonce presse
Firwat brauche mir iwwerhaapt eng Verfassung fir Europa?
Mir brauchen eng Verfassung, fir datt dat méi grousst a vereentent Europa besser fonctionnéiere kann. Mat dëser Verfassung kann Europa d’Aufgabe vun der Zukunft op sozialem, politeschem, wirtschaftlechem an ecologeschem Plang besser meeschteren. Doriwwer eraus kënnt d’Verfassung den Erwaardunge vun de Bierger entgéint: méi demokratesch, méi transparent a méi biergerno.

Editeur : Gouvernement luxembourgeois 

PDF Télécharger la publication au format PDF


Annonce presse
Wat seet d’Verfassung a puncto Educatioun a Recherche?
D’Memberlänner si weiderhi verantwortlech fir hir national Educatiounspolitik, déi duerch Uniounsprogrammer ergänzt a beräichert gëtt. D’Verfassung fërdert duerfir europawäit, zesumme mat de Memberstaten, d’Léiere vun de Sproochen, d’Mobilitéit an den Austausch vun de Studenten (Erasmusprogramm), d’Upassung vun den Diplomer an der Dauer vun de Studien. Si gesäit och d’Zesummenaarbecht vun den Universitéiten an en europawäiten Erfahrungsaustausch vun den Schoulsystemer vir.

Editeur : Gouvernement luxembourgeois 

PDF Télécharger la publication au format PDF


Annonce presse
Huet Lëtzebuerg mat der Verfassung weiderhin eppes an Europa ze soen?
Lëtzebuerg behält selbstverständlech seng Stëmmrechter an och säi Vetorecht am europäesche Ministerrot, esou wéi seng 6 Deputéierten en engem Europaparlament, dat un Afloss a Pouvoir gewënnt. Eis Chamber gëtt mat dëser Verfassung direkt an den europäeschen Decisiounsprozess abezunn a kritt neierdéngs 6 Wochen Zäit fir all europäesche Gesetzvirschlag z’iwwerpréifen an och ze kontrolléieren ob d’Unioun hir Kompetenzen net iwwerschratt huet.

Editeur : Gouvernement luxembourgeois 

PDF Télécharger la publication au format PDF


Annonce presse
Fërdert d’Verfassung fir Europa de sozialen Dialog an de soziale Fortschrëtt?
D’Verfassung stäerkt d’Roll vun de Sozialpartner an der Unioun a fërdert de sozialen Dialog an Europa, virun allem duerch d’Unerkennung vum Tripartite-Sommet. De soziale Fortschrëtt, d’sozial Gerechtegkeet an d’Vollbeschäftegung gehéieren zu den Haaptobjektiver vun der Unioun. All Land, also och Lëtzebuerg, bestëmmt awer nach weiderhi seng Aarbechts- a Sozialpolitik.

Editeur : Gouvernement luxembourgeois 

PDF Télécharger la publication au format PDF


Annonce presse
La Constitution pour l’Europe renforce-t-elle les droits démocratiques des citoyens au sein de l’Union?
Les nouveaux pouvoirs que la Constitution confère aux parlements nationaux et au Parlement européen assurent une meilleure représentation de tous les citoyens dans l’Union. Ancré dans la Constitution, le principe de la démocratie participative promeut le dialogue entre les institutions européennes et la société civile. Dorénavant, les citoyens disposent de la possibilité de s’organiser au niveau européen pour soumettre une proposition de loi à la Commission.

Editeur : Gouvernement luxembourgeois 

PDF Télécharger la publication au format PDF


Annonce presse
Le Luxembourg gardera-t-il son identité nationale avec la Constitution pour l’Europe?
L’Union respecte l’égalité des États membres et leur identité nationale avec leurs structures politiques et constitutionnelles fondamentales. La promotion de l’identité culturelle et linguistique restera une compétence nationale ou régionale des États membres. L’Union s’engage à encourager ces actions. Au Luxembourg également, la langue et la culture continueront à être façonnées par les habitants.

Editeur : Gouvernement luxembourgeois 

PDF Télécharger la publication au format PDF


Annonce presse
Behält Lëtzebuerg mat der Verfassung nach seng national Identitéit?
D’Unioun respektéiert d’Gläichheet vun de Memberlänner esou wéi hir national Identitéit mat hire grondleeënde politeschen a constitutionnelle Strukturen. D’Fërderung vun der kultureller a sproochlecher Identitéit bleift eng national oder regional Kompetenz vun de Memberstaten. D’Unioun setzt sech als Zil, dës Aktiounen z’ënnerstëtzen. Och zu Lëtzebuerg ginn eis Sprooch an eis Kultur weiderhi vun den Awunner geprägt.

Editeur : Gouvernement luxembourgeois 

PDF Télécharger la publication au format PDF


Annonce presse
"Ass et richteg, dass d’Verfassung fir Europa d’Immigratioun an der Unioun besser regelt?"
D’Verfassung gesäit gemeinsam Moossname fir eng europäesch Immigratiounspolitik vir. Doduerch ass op europäeschem Plang eng méi coordinéiert a méi efficace Präventioun a Bekämpfung vun der illegaler Awanderung an dem Mënschenhandel méiglech. All Land kann awer selbstverständlech nach no der Aféierung vun der Verfassung d’Unzuel vun de legalen Awanderer op sengem Aarbechtsmaart selwer festleeën.

Editeur : Gouvernement luxembourgeois 

PDF Télécharger la publication au format PDF




Letzte Änderung dieser Seite am : 06-06-2005

Top Zum Anfang der Seite