Hinweis:Ihr Browser zeigt diese Seite nicht korrekt an weil er Stylesheets nicht korrekt interpretiert. Dies ist wahrscheinlich auf die Nutzung einer alten Browserversion zurückzuführen.

 
[Verfassung fir Europa]
 Version française        
 

You are here : Startseite > Aktuelles > Mai 2005 > Premierminister Juncker über das luxemburgische Referendum zur Verfassung für Europa
Diese Seite drucken Diese Seite versenden

Aktualität
Premierminister Juncker über das luxemburgische Referendum zur Verfassung für Europa
Veröffentlichung: 27-05-2005

Anbei finden Sie die Aussagen von Jean-Claude Juncker  während des Pressebriefings im Anschluss an die Ministerratsitzung vom 27. Mai 2005 gemacht hat.

Sondage Ilres-RTL vum Mount Mee en vue vum Referendum zu Lëtzebuerg
Charakter vum Referendum
Firwat ee Referendum?
Euro
Erweiderung

  • Sondage Ilres-RTL vum Mount Mee en vue vum Referendum zu Lëtzebuerg

Mir hu jo och eng Meenungsemfro hei zu Lëtzebuerg krut, déi och weisst, dat d’Zoustëmmung zum Europäeschen Verfassungsvertrag daitlech oofhëllt an d’Oflehnung vun dem Verfassungsvertrag daitlech zouhëllt.

A vill Leit ware jo och a politesche Kreeser doriwwer - wann ech dat richteg gesinn hun - zimmlech staark iwwerrascht.

(...) Ech därf iech dorops verweisen, dat ech zenter engem Joer genau dat doten (...) virausgespuert hun. Well ech mech, och wann ech vill fort sinn, awer mat de Leit ënnerhalen an dofir wees, dass contrairement zu deem Androck, deen die aner Länner vun eis hun, Lëtzebuerg sech net, a schon laang net méi, duerch eng exageréiert Europabegeeschterung auszeechent. Dat ass längst schon eriwwer.

An dofir wonnert dat mech net, dat och elo ënnert dem Affloss vun der Campagne a Frankraich, wou d’Argumenter vum Neelager jo relativ liicht kennen novollzugin, während die noutwendegerweis méi komplizéiert Explicatioune vun dem Jolager méi schwiereg ze intégréire sinn, eng Influenz spillen.

Fir d’Lëtzebuergesch Regierung an fir d’Lëtzebuerger Politik insgesamt, resultéiert aus dene schlechten Zuelen, an aus engem sech als knapp oofzeechnenden Oofstëmmungsresultat beim Referendum – dat hat ech nu wirklech an deen Termen hei e puermol gesot – ergëtt sech d’Notwendegket dat mer natierlech eis fir den Jo méi konsequent mussen engagéiren, dass mer mussen kämpfen fir de Jo, dass mer mussen déi europäesch Cause méi däitlech plaidéiren, an dass mer am Vertraagstext selwer mussen méi intensiv an zielorientéiert argumentéiren, mat de Leit die hei am Land – wat een jo an villen Fäll novollzéie kann – Zweifel un der Richtegkeet vun deem Wee do hun, deen deen Europäeschen Verfassungsvertrag do proposéiert.

Elo sinn ech strict dergéint an ech bleiwen och do dergéint, dat en elo massiv Steiergelder asetzt fir de Lëtzbuerger quasi wéi an engem Propagandafeldzuch deen Jo méi nozebréngen. Ech fannen dass d’Regierung dat net därf. Sie gëtt zwar enges Daags accuséiert dat se dat net gemaach hut, mee ech sinn awer der Meenung dass en net kann Steiergelder asetzen fir een bestëmmtent Resultat wëllen ze forcéiren. Et kann een der asetzen fir bestëmmten Explicatiounen ze ginn, mee et kann een net elo X-Milliounen  aus dem Hutt do zauberen an elo een Matracage a Richtung Opinioun publique ze maachen fir deem Jo do bëssen Been ze ginn. Ech fannen dass dat net geet. D’Geschicht, wann alles schief geet, déi wärt enges Daags net zreckhalen, dass dat net sou gewiescht wier fir keng Steiergelder anzesetzen fir eppes wat een fir richteg empfond huet, mee ech sinn awer der Meenung dat een dat net ka maachen.

An dofir muss een, a gedëlleger Explicatioun, do wou een dat kann, an vun deem Moment un, wou een dat kann – ech kann et net virum 1. Juli  maachen – sech mat denen Suergen beschäftegen déi d’Leit hun, woubei een sech net nëmmen mat denen Suergen därf beschäftegen vun denen déi wëlle nee soen, mee et muss een sech och beschäftegen mat den Suergen vun denen, déi wëllen jo soen, well déi hu jo d’Suerg dat wann d’Neestëmmen sech giffen duerchsetzen dass dat och bestëmmten Konsequenzen hätt, et muss een sech also mat all denen beschäftegen.

***

Ech wëll drei Saachen soen, déi mer sou opfalen, an deem ech awer dann déi Bréiwer liesen déi mer geschriwe gin an denen villen Leit nolauschteren déi mech stoppen, fir mer alt mol matzedeelen wéi d’Saache sinn.

  • Charakter vum Referendum

Fir d’éischt emol fällt mer op dass ganz vill Leit mengen, de Referendum hätt ee konsultativen Charakter an durno giff d’Chamber, dat heescht d’politesch Parteien, maachen wat se fir richteg fannen. Richteg ass dat eis Verfassung virschreift dass de Referendum konsultativ ass. Mee ech wëll hei ganz kloer an däitlech soen: „Wann d’Lëtzebuerger mat Jo stëmmen, den 10. Juli dann setzt d’Chamber, opgronn vun deem Volleksmandat, déi Verfassung soulaang wéi d’Lëtzebuergesch Zoustëmmungsgesetzt verlaangt ass a Kraaft. Wann d’Lëtzebuerg den 10. Juli nee stëmmen, dann setzt d’Chamber keen Vote deen den Géigendeel giff assoen wéi dat wat d’Leit am Referendum zum Ausdrock brengen. Wann d’Leit nee soen seet d’Chamber och neen“.

All Spekulatioun, d’Regierung, d’Majoritéit, d’politesch Parteien géifen herno maachen wat se wëllen, egal wat d’Leit gesot hun, ass eng Spekulatioun déi net stëmmt. Keen Deputéierten stëmmt d’Verfassung wann d’Vollek d’Verfassung oofleent.

Et muss also jidfereen wëssen, dat wann en mat neen stëmmt, dann ass et neen, an net mengen, “herno maachen se souwisou wat se wëllen“. Mir maachen net wat mer wëllen, mir maachen dat wat d’Leit soen.

Dat muss ganz kloer sinn: dee Referendum ass politesch obligatoresch. En ass net konsultativ, en ass net fakultativ, en ass politesch obligatoresch.

  • Firwat ee Referendum?

Dat zweet wat mer opfällt dat ass datt d’Zuel vun deene Leit, déi engem op der Strooss soën, si giffen iwwerhaapt net verstoen, firwat datt dee Referendum giff stattfannen, d’Chamber soll dat maachen, déi wier jo dofir gewielt, zouhellt.

Ech hun elo a mengem politesche Liewen bis elo ëmmer nëmmen Leit begéint, déi gesot hunn, “dir maacht jo alles fir iech an äerem klengen Zëmmer�?.

Lo hu mer dat aanescht gemaat. An méi wi enger Hinsicht. Mir hun – d’Mme Polfer war Ausseminister, wie d’Aarbechten zum Konvent ugefaangen hun -  ee Froebou hei am Land verschéckt un all Haushalt, d’Leit solle mol soen, wéi se dat do gesinn matt där europäescher Constitutioun. Mir hu Versammlungen ofgehalen, Ministeren, wou d’Leit, ier d’Aarbechten zum Konvent ugefaangen hun, konnten kommen an hier Froen stellen, hier Suggestiounen maachen. Ech loossen elo mol d’Bilanzéirung vun deene Exercicer op der Säit. Dat maache mer eng aner Kéier.

Dunn hu mer de Konvent gegrënnt, wou national Deputéierten sutzen, Europadeputéierten an Regierungsvertrieder, well jo gesot ginn ass, dir kennt di europäesch Verträg net nemmen méi enner Regierungen maan. Dat muss méi breed sinn, dat muss transparent sinn, dat muss öffentlech diskutéiert ginn. D’Aarbechten vun deem Konvent sinn souwuel heiheem, well heiheem d’Presse, dat hun ech schon eng Kéier gesot, eng exemplaresch gutt Opklärungsaarbecht gemat huet, an an Europa, all Dag commentéiert ginn, d’Aarbechten vum Konvent.

Dunn hu mer gesot, schon ier d’Resultat virluch am März d’läscht Joer, mir maachen och zu Lëtzebuerg ee Referendum. A lo soen d’Leit, vill Leit, net d’Leit alleguer: mir wellen eigentlech guer net gefrot gin well mer hu jo e Parlament gewielt fir dat ze maachen. Ech schreiwen dat just op well mir hu jo och lo e Gesetz am Februar gestemmt wat Zougang zum nationalen Referendum hei am Land soll wiesentlech méi einfach man.

Ech fannen et awer richteg, datt an deem Moment wou Europa sech en Verfassungsvertrag get, Verfassung an deem klasseschen, nationalpoliteschen Sënn vum Wuert ass dat net, ee Verfassungsvertrag get, wou mer de Wee festleen, wéi et déi nächst 20, 30, 40 Joër an Europa soll virugoen, dass een do muss iwwerpreifen op d’Leit nach hannert deem europäeschen Projet stinn. An dofir maache mer dee Referendum. An heinsdo muss et erlaabt sinn, datt een de Leit virschléit eng Decisioun ze huelen déi ee scho selwer huet mussen huelen.

Mir hun dee Vertrag verhandelt, dat war d’CSV-DP Regierung, ech hu mech do vill engagéiert, d’Mme Polfer och. Dunn hu mer ugefaangen déi Affairen ze finaliséiren, dat hun ech mam Här Asselborn gemaacht. A wéi ech zesummen matt der Madame Polfer am Juni, puer Deeg no eise Walen meng Zoustemmung zu deem Vertrag ginn hun, a wéi ech en mam Häer Asselborn den 29. Oktober 2004 zu Roum ennerschriwwen hun, hun ech mer jo d’Fro mussen stellen: ass dee Vetrag do gutt oder ass e schlecht?

Dee Vertrag vun Nice, wéi ech do remkomm war, et war vill Leit däer selwechter Meenung: et ass e gudde Vertrag fir e Lëtzebuerg, an e schlechte Vertrag fir Europa. An dese Vertrag ass gutt fir Lëtzebuerg an en ass gutt fir Europa, an dofir ass e besser fir Lëtzebuerg wéi dee Vertrag vun Nice. An trotz all deem wat engem do net gefällt, an trotz Saachen déi ee gaeren gehat hätt an déi een net kritt huet, an enner Berücksichtegung vun der Tatsaach datt en op eise Kontinent passt an datt déi essentiell Suergen vu Lëtzebuerg berücksichtegt gi sinn, an deem Vertragswierk, hun ech matt guddem Gewëssen, d’Interessenlaag vun mengem eegene Land fest am Bléck, dee Vertrag och ennerschriwwen. Mee wat mer lo gäer hätten, dat ass datt d’Leit sech déi Fro och stellen. Soen: ass et richteg oder ass et falsch, an sech d’Konsequenzen iwwerleen vum Jo, an sech d’Konsequenzen iwwerleen vum Nee.

An lo fällt mer op, an onendlech ville Gespréicher, (...) datt et net fundamental em déi Verfassung do geet, vun däer gesot get si wier net verständlech an se wier illisible.

Eischtens mol, déi Verfassung faasst déi (...) Verträg, Euratom net, also 4 europäesch Verträg déi et get, an déi kee Mensch jemols eng Kéier gelies huet, an engem Vertrag zesummen, fir datt dat mol mi iwwersiichtlech gëtt, net noutwennegerweis einfach, mee méi iwwersiichtlech. Et get an der Regel dann wéi d’Institutiounen sollen funktionéiren an en iwwerhellt déi Politikentschedungen déi getraff gi sinn zenter 1957 an engem geschlossenen Vertrag.

An do fällt mer op datt d’Leit eigentlech dacks dat Europa wat mer hun, oflenen, an dat Europa wat mer proposéiren fir déi nächst Joerzengten, net wëllen. Wann se dat Europa wat mer fir déi nächst Joerzengten virschloen, net wëllen, falen se op dat Europa zreck, wat mer hun, a wat se oflenen. Se kréien keen bessert Europa duerch d’Oflenen vun enger Verfassung, déi probéiert Fortschrëtter ze maachen.

(...).

Dofir mussen d’Leit sech jo froen, an dat froen mer eis jo och dauernd: huet dat Europa, dat mer zënter 50 Joer maachen, huet dat eisem Land eigentlech gehollef oder huet et eisem Land geschued? Wier et eis besser gaangen, wa mer net an der Europäescher Union gewiercht wieren, oder ass et eis eingermoossen gutt gaangen, well mer an der Europäscher Union waren?

An ech stellen fest, datt eist Land haut méi staark ass, datt et méi aflossräich ass, datt et méi respektéiert ass, datt et besser eens get, matt den Zwäng matt den Zäiten als een, notamment een Grendungsmember vun der Europäescher Union vum éischten Dag un.

Nun ass et allerdengs esou, datt déi läscht 15 Joer, vun där Gewalt, vun där ze beweegender Politiksubstanz hier betruecht, wuel kaum eng Kéier an engem Zäitraum vun 15 Joer sou zolitt war, wéi dat, tëschent 1990 bis 2005, de Fall war.

An do hu mer eis selwer vill zougemutt, do hu mer dem Kontinent vill zougemutt, an selbstverständlech ass de Leit selwer um Kontinent, an allen Deeler vum Kontinent, vill zougemutt ginn, an d’Agenda vun deene läschten 15 Joer war pausenlos iwwerbelaascht matt dramatesch wichtegen Decisiouen.

Waren d’Decisiounen, déi mer geholl hu, falsch? Ech mengen déi Decisiounen waren richteg. Op deene wiesentleche Kräizungen, wou Europa an deene läschten 15 Joeren ukomm war, waren all Decisiounen déi getraff gi sinn, richteg.

Ech schwätzen net iwwert de Politikdetail, do sinn ech matt villem net averstan. Dat Europa wat mer hun ass wäit ewech vun deem Ideal, wat dir, wat ech, wat anerer sech vun deem Europa maachen.

(...)

  • Euro

Kuckt mol, mir hun 1989/90 decidéiert driwwer nozedenken fir eng europäesch Wirtschafts- a Währungsunioun ze maachen. Déi hu mer 1991 verhandelt ënnert lëtzebuerger Präsidentschaft zum groussen Deel, an 1992 an der Form vum Maastrichtervertrag ënnerschriwwen. Hätte mer dat net gemaach, hätte mer den Euro net kritt, op den 1. Januar 1999 an an upaakbarer Form op den 1. Januar 2002, hätte mer et also bei de monetären nationalen Alleingäng belooss, quitte datt mer di disciplinéirend Wierkung, wann och an der schwaacher Form vum europäeschen Währungssystem gehaat hätten, wou wiere mer dann eigentlech geland?

De Kommunismus war net méi do, d’Sowjetunioun ass verschwonn, doraus ass Onsécherheet entstaanen op eisem Kontinent.

Mir hun deen éischten Krich zanter dem 2. Weltkrich an Europa am Balkan erlieft - et sinn haut nach e puer Dausend Leit hei am Land déi doweinst hei sinn.

Mir hun deen zweeten Irakkrich erlieft.

Mir hun d’Finanzkrisen an Argentinien, a Mexiko an a Russland, dat ass niewendrun, 2 Stonne Fliger vun hei dann ass een zu Moskau, erlieft.

Mir hun zanter engem Joer en permanent Uklammen vun den Uelegpräisser, eng Augmentatioun vun den Uelegpräisser em 40% erlieft, fréier huet een dat Uelegkris genannt, wann sou eppes geschitt ass.

A mir hun déi Währung, den Euro, déi eis protégéiert géint all déi Onrou, déi Instabilitéit, dat Duercherneen, wat entstaanen wier, wa mer nach all mat eisen nationale Währungen wieren – a mir haten mol keng, mir waren matt de Belge auf Gedeih und Verderb, ausgeliwwert, déi gemaacht hun wi wa mer déi national Währung do gehat hätten.

Dat wier ee Ballet vun Of- an Opwertungen gin - ouni ee Zweifel. Alleng an deene 5 Joer vun der éischter Halschent vun den 1990er Joer, hun ech u 5 Sitzungen, dat hescht eemol d’Joer, deel geholl, wou op- an ofgewert ginn ass. An all Kéier huet d’lëtzebuerger Exportindustrie drenner gelidden, all Kéier hunn déi südlännesch Währungen drënner gelidden, ass déi däitsch Währung an d’Luucht gaangen, hu mer Inflatioun importéiert, hu mer Oofsatzmärt an deene aneren Länner vun Europa verluer.

An deen Euro do, deen entléisst souguer knapps, wann dat och däitlech spierbar ass, d’Uelegpräisserhéichung duerchschloen op d’Präisser wéinst dem Euro-kurs deen en elo sou ass. A well déi Uelegpräisser eben an Dollaren expriméiert sinn an net an eppes aanescht. Et ka jo  keen sech méi virstellen wéi dann de Lëtzebuerger Frang par rapport zum Dollar géif stoen? Dat ka jo mol iwwerhaapt keen sech méi virstellen.

Dat heescht also datt den Euro sech als en Schutzwall géint déi international onsecherheetstëftend Elementer duerchgesat hätt. Wahrscheinlech muss een eng Kéier ausrechnen - fir datt jiddereen dat gleeft - wat ee Liter Benzin giff op enger Pompel kaschten, wa mer den Euro net hätten, nodeems d’Uelegpräisser em 40% an d’Luucht gaangen sinn.

Wat war falsch un där Decisioun fir den Euro ze maachen? Wat war falsch drun fir deene groussen Länner d’Steierungsinstrumenter vun der Währunsgpolitik op Käschten vun deene mi klengen Länner aus der Hand ze huelen?  Et muss ee mol erklären, wann een net matt deem Europa zefridden ass, wat dorunner falsch war? Wat d’Alternativ dozou gewiercht wier?

D’Alternativ dozou wier jidderfalls datt d’Deirecht zu Lëtzebuerg gehiecht wier, datt eis Industrie, besonneg déi export-orientéiert, manner gutt giff funktionéiren, d’Resultat wier matt Sëcherheet eng manner serieux Tenue vun den Staatsfinanzen zu Lëtzebuerg an eng wesentlech méi fragile Wirtschaftsstruktur, déi mer zu Lëtzebuerg hätten, wa mer dat do net gemaach hätten, well déi Stabilitéitszone begräift entretemps 12 Länner an dat waren Länner wou mer eis ëmmer hu missen op d’monetaire Conditiounen déi grad do geherrscht hun duerch de Wëllen vun den nationalen Regierungen géint d’Stabilitéit an vun Europa, fir eis dorop ze ajustéiren.

  • Erweiderung

An dun hu mer d’Erweiderung gemaat. An ech wees datt daat net populär ass.

(…)

Dir (...) könnt (...) iech genau erënneren, wann der är Noten liest, datt ech gesot hun 1993, „et ass an Europa nach niimols een méi onpopulärt Unterfangen gin, wéi déi Erweiderung do vun der Europäescher Unioun“, an dat an engem Moment wou d’Leit mat Tréinen an den Aan an der Chamber, an de Gemengeréit, an den Zeitungen iwert d’Noutwennegkeet vun där Erweiderung geschriwen hun, an hierer Freed - Gott sei Dank - fräie Laaf geloos hun, fir datt lo mol déi Menschen am aneren Deel vun Europa fräi wieren.

Mee ech hun emmer gesoot, daat get daat Onpopulärste, waat je an Europa ze maachen ass, an daat huet sech och erausgestallt. Well et muss een d’Leit hei kennen, an eise Géigenden, d’Weigerung ze deelen mat aneren, et drop ukommen ze loosen op et net awer vläit besser wier,  déi aner giffen aarm bleiwen an mir giffe räich bleiwen. Net de Risiko anzegoen sech mat anere Menschen anzeloossen, daat ass eng verbreetend Tugend entre-temps an eisem Deel vun der Welt.

An du si mer de Risiko angaangen fir ons mat aneren anzeloossen. Firwat? Well mer déi aner gär hun? Net nëmmen. Well mer och un eis eegen Interessien geduecht hun.

Déi Europäesch Unioun déi mer haten, vun de 15, wou war déi eigentlech ugebaut? Déi war ugebaut, an dat huet se laang zesummegehal, mam henneschden Deel vum Haus un der Berliner Mauer. Dat war d’Réckgrad an d’Recksäit vum Europäeschen Haus, an wéi déi Mauer net méi do war – se ass iwwregens net vum selwen zesumme gefall – huet een natirlech missen iwwert d’Grondarchitektur vun deem Haus nei nodenken, et huet een also missen op enger Säit weiderbauen.

Datt daat net einfach giff gin, war mer emmer kloer. Ech giff gären d’Leit drun erënneren, an dann halen ech opp, mat mengem lange Plädoyer’en, et muss een sech emol firstellen mer hätten déi Erweiterung net gemat. Mir hu jo keen forcéiert an d’Europäesch Unioun ze kommen, an eis Friddens- an Stabilitéitssphère anzetrieden, déi wollten daat jo.

Virun 17 Joer sin et 6 vun deenen 8 mëtteleuropäesche Länner, déi bäigetruede sinn, den 1. Mee 2004 nach iwwerhaapt net gin. Ufanks de 90er Joeren sin d’Slowakei an d’Tschechien entstanen, déi sin et virdrun als onoofhängeg Staaten net gin. Slowenien ass entstanen, Estland ass entstanen, Litauen ass entstanen an Lettland ass entstanen.

Déi hu mer lo an der Europäescher Unioun. Niewt deene Länner get et Kroatien - ass et net gin virun 17 Joer -, get et Mazedonien, ass et net gin virun 17 Joer, get et Serbien-Montenegro, ass et net gin, Bosnien-Herzegowina, ass et net gin, plus 16 fréier Sowjetesch Republiken, GUS-Staaten genannt.

Dat heescht, an Europa, op den éischten Bléck sin 32 nei Staaten dobei komm. Lo kann ee soen, „Interesséiert mech net!“, déi gin schon eens, - Minoritéiteproblemer zu Hauf an dene Staaten an tëscht dene Staaten.

Keng 2 Staaten hätten hier Grenzproblemer geregelt, wann di Länner gesot kritt hätten, bleiwt wou der sidd,  - besonneg déi, di mer lo erageholl hun, oder déi di mer iwert aner Accord’en wéi Mazedonien stabiliséiert hun - kuckt dass der eens gitt, zerschlot iech mat ären Noperen, sou wéi der dat ëmmer gemat hutt, loost eis hei an Rouh.... Mengt wirklech een, mir hätten dovun näischt ze spieren kritt, mer hätten näischt dovun matkritt wann d’halschent vum Kontinent dauernd an pausenlos erschüttert gi wier?

Also soen ech, wou war dann elo de Fehler?  Menge mer wirklech déi Propaganda, déi populistesch gedriwwe get, d’Rumänen an d’Bulgaren an d’Polen an d’Tcheschen giffen eis Arbecht eweghuele kommen?

Mengt der wirklech et wiere keng komm, wa mer d’Erweiterung net gemat hätten? Ma d’Mënschen hätten sech milliounefach an Bewegung gesat, wann se d’Garantie kritt hätten, wann et bei hinnen onroueg giff bleiwen, datt et bei hinnen wirtschaftlech net giff no uewe goen.

All déi Problemer, déi mer lo mengen ze hun, an déi mer hei am Land guer net hun - ech gesin net datt hei 10.000 Polen op den d’Arbechtsmarkt komm wieren - do hu mer jo Iwwergangsbestëmmungen gehat, déi mer jo fir mäi Gefill net gebraucht hätten - déi Virstellung, wéi wann een eng aner Optioun gehaat hätt, eng Alternativ zu der Erweiterung gehat hätt, déi Virstellung et hätt een mat der Onuerdnung könne liewen, anstatt datt ee probéiert huet d’Stabilitéitspfeileren op den europäeschen Kontinent nei eranzedreiwen, ass eng Virstellung, déi ech wirklech muss an de Beräich vun den Illusioune verweisen.

Et muss een dach och gesin, waat déi Erweiderung ons elo Rouh an Stabilitéit bruecht huet, niewt der Tatsach datt eis Exportindustrie an engem onwahrscheinlechen Moos vun de supplementären Exportmärkt a Mëttel- an Osteuropa profitéiert huet, an enger onwahrscheinlecher Moos, just mat China hu mer den Aussenhandel méi wäit virun gedriwen aus strukturell total anere Grënn. Mee mat deene Länner hu mer en massiv gehéicht.

(...) Déi Zäit wou zu Prag an zu Warschau an an der Slowakei Rakéiten stungen, déi op Lëtzebuerg geriicht woren, a wou mir Gecken hei Rakéiten opgestallt hun, déi op Warschau geriicht haaten, war daat eng Zäit ouni Angscht? War daat daat Schéinst waat een sech konnt firstellen? Déi Rakéiten get et net méi. Ass daat net gut? Wier et besser mer hätten nach alles wéi et war?

Wa mer déi Länner net gewollt hätten, waat hätten se dann gemaat mat hieren neien Energien, mat hierer neier Souveränitéit, mat hierer Autonomie? Jiddwerfall näischt wat positiv fir eis gewierscht wier.

(...) Déi Atomzentralen di do - daat jo kaum een wees - an Rumänien, Litauen, an Bulgarien stin, déi aal sowjetesch Modeller, déi um Futtigoen waren, déi oofgeschalt hu misse gin, fir dass déi Länner hun därfen an d’Europäesch Unioun kommen, an déi lo nach an den nächsten 2 Joer oofgeschallt musse gin, well se ze geféierlech sin.

Mengt irgendeen d’Rumänen, d’Bulgaren, d’Litauer hätten sech nei Atomzentralen gebaut, wa mer se net forcéiert hätten, well se wollten an d’Europäesch Unioun kommen fir déi Sachen ze machen.

Also bei allem Verständnis fir Problemer, muss een dach, de grâce, och emol gesin waat d’Noutwendegkeeten waren, déi een huet misse begéinen, an waat déi d’absolut Avantage - bei och Nodeeler, déi een huet - vun där Erweiderung sin.

An dofir mengen ech, datt ee muss intensiv op déi Suergen, déi d’Leit hun, an iwwert déi ech wäit dovun eweg sin, fir mech driwwer lëschteg ze maachen, fir deenen Suergen ze begéinen, an deenen nach eng Kéier erklärt, wou mer hierkommen an firwat datt mer bestëmmte Sachen gemat hun an mat wat fir Konsequenzen, datt déi Sachen verbonnen sin. 



Letzte Änderung dieser Seite am : 03-06-2005

Top Zum Anfang der Seite