Hinweis:Ihr Browser zeigt diese Seite nicht korrekt an weil er Stylesheets nicht korrekt interpretiert. Dies ist wahrscheinlich auf die Nutzung einer alten Browserversion zurückzuführen.

 
[Verfassung fir Europa]
 Version française        
 

You are here : Startseite > Aktuelles > Juli 2005 > Nicolas Schmit und André Hoffmann stellen ihre Argumente für, respektiv gegen die EU Verfassung vor (RTL-Radio, 6. Juli)
Diese Seite drucken Diese Seite versenden

Aktualität
Nicolas Schmit und André Hoffmann stellen ihre Argumente für, respektiv gegen die EU Verfassung vor (RTL-Radio, 6. Juli)
Veröffentlichung: 06-07-2005

RTL-Radio präsentiert täglich eine Serie von Argumenten für und gegen die Verfassung für Europa. Hier finden Sie eine Argumentation des beigeordneten Ministers für auswärtige Angelegenheiten und Immigration Nicolas Schmit sowie des Beführworters des Nein, André Hoffmann, Mitglied der Partei Déi Lénk.

Nicolas Schmit: De Bierger muss am Mëttelpunkt vum europäesche Projet stoen. Dëse Verfassungsvertrag gëtt dëser politescher Noutwendegkeet méi gerecht. Een Europa fir de Bierger a besonnesch matt de Bierger .D’Europäesch Unioun ass op fundamental Werter wéi Pluralismus, Net-Diskriminéierung, Toleranz a Solidaritéit opgebaut, déi ee rechtskräftege Charakter hunn. D’Charte vun de fundamentale Rechter, politescher mä och sozialer Art ginn aklobar virun de Geriichter. Donieft kritt d’Europäesch Unioun och d’Méiglechkeet der Mënscherechtskonventioun vum Conseil de l’Europe bäizetrieden. Besonnesch d’Gläichheet vu Mann a Fra ass an dësem Text besser verankert wéi a villen nationale Verfassungen. D’Initiativerecht gëtt den europäesche Bierger ee formidabelt Mëttel direkten Afloss op d’europäesch Politik ze kréien. Duerch d’Ausübung vun dësem Recht, wat och muss am Zesummenhang mat dem gestäerkten Europaparlament gesi ginn, huet dat Europa vun de Bierger eng nei Dimensioun kritt.

André Hoffmann: Méi no beim Bierger, d’Fro ass, fir dem BIerger nozelauschteren oder fir dem Bierger an d’Ouer ze jäitzen bis datt de Kapp ëm platzt, wéi dat am Moment vun der Regierungspropaganda aus geschitt. Grad dës Verfassung an déi ganz Diskussioun ronderëm d’Verfassung, weist, wéi wäit datt d’politesch Féierungen an Europa ewech si vun de Bierger. A wann d’Bierger dann eemol anescht schwätze wéi et deenen Herrschaften do uewe genehm ass, da gi se gutt vernannt. Si hunn näischt verstan a Frankräich, se hu falsch gewielt an Holland an esou weider. Mir brauchen eng nei Verfassung, déi mat de Bierger zesummen ausgeschafft gëtt, dat heescht, datt mer de Bierger déi entscheedend Froe musse stellen. Dat däerf kee Buch si vu 500 Säiten, mä dat mussen e puer kloer verständlech Froe sinn. Gi mer a Richtung vun engem fräie Maart deen duerch d’Konkurrenz dominéiert ass oder gi mer a Richtung vun neie sozialstaatlechen Normen an Europa?




Letzte Änderung dieser Seite am : 07-07-2005

Top Zum Anfang der Seite