[Verfassung fir Europa]
 Deutsche Fassung        
 

Chemin de navigation : Accueil > Actualités > Juin 2005 > Le Premier ministre Jean-Claude Juncker - invité d'une émission commune RTL-100,7 - explique ses arguments en faveur de la Constitution pour l'Europe

Actualité
Le Premier ministre Jean-Claude Juncker - invité d'une émission commune RTL-100,7 - explique ses arguments en faveur de la Constitution pour l'Europe
Publication: 25-06-2005

Lors d'une émission spéciale sur la Constitution pour l'Europe, organisée conjointement par les radios luxembourgeoises RTL-Radio et 100,7, le Premier ministre Jean-Claude Juncker, invité aux côtés d'André Hoffmann, défenseur du Non, représentant du parti déi Lénk, a développé les arguments suivants en faveur du Oui à la Constitution pour l'Europe:

Decisioun fir den Referendum op dem Datum vum 10. Juli 2005 beizebehalen
D’Wichtegkeet vum Lëtzebuerger Vote
Europa an dat Sozialt
Euro
Europa an Defensepolitik

Decisioun fir den Referendum op dem Datum vum 10. Juli 2005 beizebehalen

(…)Dat ass eng souverän Décisioun vun eisem Parlament. Et ass der Meenung, eist Parlament, datt déi Debatt, déi mer heiheem hunn ënnerteneen a mat de Leit, eng ass, déi een héige Grad vun explikativer Reife a Maturitéit erreecht huet. Dat ass an anere Länner, déi méi spéit hire Referendum sollten hunn, nach net de Fall. Den 10. Juli ass de Referendum an ech géif gären dozou bäidroen, datt d’Lëtzebuerger mat jo stëmmen. (...)

D’Wichtegkeet vum Lëtzebuerger Vote

An dofir ass dat een enorm wichtege Walgang, dee mer den 10. Juli maachen, well dee ka bewierken, wann d’Lëtzebuerger mat jo stëmmen, datt een Zeeche vu Weidermaachen, vun Europa virundroen, vu weider integréieren ergeet. Wann d’Lëtzebuerger Nee soen, dann huet dat eng déprimant Stëmmung op ganz Europa.(…)

(…)Ausserdeem, an dat ass mäin Haaptpunkt, ech mengen net, datt eng Kéier frësch verhandelt gëtt. (…) Mä wann dann an e puer Joer eng Kéier frësch verhandelt gëtt, jo dann hätt ech gären, datt deen, deen da lëtzebuerger Premier ass, a lëtzebuerger Ausseminister ass, datt e sech kann op ee positive Vote vu sengem Vollek beruffen, haaptsächlech zu deene Punkten och, déi wichteg fir eist Land sinn. An déi Suergen, déi mer als Land an Europa hunn, déi si samt und sonder an deem Vertragsentworf, deen elo zur Ofstëmmung usteet, berücksichtegt ginn. Wann an 3, 4 Joer de lëtzebuerger Premier an de lëtzebuerger Ausseminister do sëtzt an et soll probéiert ginn an de Steierfroen, zum Beispill, net méi eestëmmeg, mä mat Majoritéit ze stëmmen, sou datt Lëtzebuerg kënnt ënnert d’Rieder kommen, wa sollt probéiert ginn am Beräich vun der Sécurité sociale an eist Pensiounswiesen eran duerch Mehrheitsentschloss vun deenen aneren ze réguléieren, wa sollt décidéiert ginn, datt d’TVA-Sätz mat Mehrheet, also géint d’lëtzebuerger Stëmm, vun haut 15 op mar 20 Prozent, ouni, datt mir wëllen, an d’Lut gesat ginn, da muss deen nächste Premier, deen dann do sëtzt, kënne soen, ma meng Leit ware mat deem d’accord an ech sinn elo net d’accord, datt mer op déi Froen zréckkommen. An dofir brauche mer ee kloert Mandat vum Jo. Dat ass wichteg fir déi zukünfteg Ofsécherung, net nëmme vun den europäesch wichtege Froen, mä och vun den national wichtege Froen an Europa.(...)

(…) An déi Verfassung bréngt villes ënnerdaach, wat fundamental lëtzebuergesch Suergen an all deene Verhandlunge ware vun 1985 - Acte unique - bis op Nice am Joer 2000, wou ëmmer erëm probéiert ginn ass vun deene méi grousse Länner, eis déi Rechter do ewechzehuelen an elo hu mer jo erlieft, wat d’Resultat ass vun däer Situatioun an däer mer sinn. (…)

(…) Et muss ee sech zesummerappen, fir déi wichtegst Punkte fir Lëtzebuerg a fir d’Lëtzebuerger, fir déi wirtschaftlech a fir déi sozial Interessë vun eisem Land, déi sinn och am institutionelle Beräich an däer Verfassung esou beeschriwwen. An deem ass esou begéint ginn, datt ech mat guddem Gewësse ka soen, et ass besser mir soe jo zu dësem Vertrag, wéi datt mer et bei enger eventueller Neiverhandlung drop ukomme loossen, alles dat erëm vu vir eran opzemaachen an erëm eng Kéier jorelaang ze streiden, fir déi Rechter ze kréien, déi mer elo kënne kréie wa mer jo soen. (…)

Europa an dat Sozialt

Wat ass wirtschaftsliberal?
Fräi an onverfälschte Konkurrenz- wat heescht dat?
Sozialmarktwirtschaft an Sozialklausel
Mindestsockel vun Arbeitnehmerrechter an Europa
Solidaritéit
Steieren
Sozialmodell Lëtzebuerg
Droit de travailler

(…) Ech wollt nach eng Kéier drun erënneren, (…) datt ech zanter 20 Joer, an an deene leschten 12 Joer verstäerkt, zu deene gehéieren, déi Europapolitik kritiséieren, well se net sozialpolitesch propper genuch gefouert ass. Dat huet näischt mat den ale Verträg ze dinn, et huet näischt mam neie Vertrag ze dinn. Dat huet mat de politesche Majoritéiten an Europa ze dinn (…)

Wat ass wirtschaftsliberal?

(…) Ass deen neie Vertrag wirtschaftsliberal? Jo an Nee. En ass net méi wirtschaftsliberal wéi déi al Verträg déi mer haten. Wat ass wirtschaftsliberal drun? Datt mer der Konkurrenz, dem Wettbewerb eng Plaz araumen? Ass dat schlecht fir eis? (...) Nee, ech mengen net. Ass dat schlecht fir ee Land wat mat deem System, - ech schwätze vun eisem Land - gutt gefuer ass? Ware mir net déi (…), déi an Europa a ville Beräicher d’Privatiséierung - an ech si kee groussen Unhänger vun der Privatiséierung eigentlech - zur europäescher Politik gemaach hunn a virdru ganz Europa virdemonstréiert hunn, datt et keng Grenzen, notamment am Beräich vu Radio an Televisioun däerf ginn?

Fräi an onverfälschte Konkurrenz- wat heescht dat?

Da steet do, dat misst eng fräi an onverfälschte Konkurrenz sinn. Dat steet schonn zanter 1957 an de Réimesche Verträg. An ech hunn zu deene gehéiert, déi staark drop insistéiert hunn, datt dat géif virun an deem Vertrag stoen, well dat ass ee Protectiounsmechanismus, haaptsächlech fir déi kleng Länner a fir déi kleng Leit. Entgéint deem, wat gesot gëtt, ass dat net d’Prädominanz vun de Wirtschaftsinteressen, mä d’Ofschottung géint schiedlech Effekter, déi d’faktuell Prädominanz vum Kapital ganz oft huet.

Kuckt emol, hätte mer gären, datt déi Länner mat deene mer op engem Bannemaart an Europa liewen - Frankräich, Däitschland, Holland, England virun allem - datt déi kënnen hir Betriber massiv ënnerstëtze mat honnerte Milliarden Euro, déi mir net hunn als Lëtzebuerger, fir eis Groussindustriebetriber z’ënnerstëtzen? Hätte mer dat gären? Fir datt mir hei kënnen apaken, well mer ee klengt Land sinn, well mer net genuch Finanzen a Finanzmëttel unzebidden hunn, fir eis grouss Betriber z’ënnerstëtzen, während déi aner Länner dat problemlos kënne maachen. Dat hu mer dach bei der Sidérurgie erlieft.

Wa mer an den 80er an den 90er Joren net d’europäesch Konkurrenzpolitik gehat hätten, déi Frankräich, Däitschland, England verbueden hunn hir Betriber géint d’ARBED z’ënnerstëtzen, da géif et haut iwwerhaapt keng Schmelz méi zu Lëtzebuerg ginn, well dat huet et eréischt méiglech gemaach, datt et Regele gi sinn, un déi jiddweree sech gläichermoosse muss halen, anstatt datt just dee gewënnt, dee staark ass an deen deen d’Suen huet.

An dofir ass deen Hiwäis op d’Noutwendegkeet, datt d’Konkurrenz fräi an onverfälscht leeft, eng essentiel Bedeitung fir ee klengt Land a fir eng kleng Wirtschaft, déi sech aus eegner Kraaft net wiere kann an déi besser huet op engem Bannemaart mat festgefügten europäesche Regele kënnen ze funktionnéieren.

Sozialmarktwirtschaft an Sozialklausel

An deem neie Vertrag schreiwe mer fir d’éischte Kéier dran - dat stoung net zu Roum a soss néierens - datt et eng Sozialmarktwirtschaft ass, deen europäesche Bannemaart. Mir schreiwen déi éischte Kéier dran, datt et eng Rei vu soziale Rechter gëtt, déi ze observéiere sinn a wa gesot gëtt, „an anere Konventioune steet dat och an déi gi méi wäit“, da muss ech soen, dat steet an anere Konventiounen, mä déi Konventiounen an déi Rechter ka kee Mënsch akloen. (...)

(…) Mir hunn an deem neie Vertrag eng iwwergräifend horizontal Sozialklausel stoen. (…) déi seet, datt all Politik de sozialen Exigenze muss ënnerworf ginn an all Politik déi gemaach gëtt, muss iwwerpréift ginn ob se de sozialen Exigenzen entsprëcht.

(…) D’Prädominanz vum Sozialen ass ganz kloer. An den Aarbechte vum Konvent, dee virun der Regierungskonferenz iwwert de Verfassungsvertrag war, war déi Sozialklausel net dran. Déi ass an dee Verfassungsvertrag komm, well eng Rei Regierungen, dont eis, ganz staark insistéiert hunn op d’Noutwendegkeet, déi et géif gi fir dat sozialt Primat vun all Politik an d’Finalitéit vun der sozialer Cohésioun an dee Vertrag eranzeschreiwen.

Fir also ze maachen, wéi wann dat heiten den Duerchmarsch vum Wirtschaftsliberalismus wier, dee kenger Gêne a kenge Bornen ënnerworf wier, da féiert een d’Leit an d’Ier, well hei sinn déi sozial Suergen, déi sozial Imperativer mindestens gläichberechtegt behandelt, wann net esouguer iwwergeuerdent, well jo all Politik de sozialen Exigenze sech muss kritesch fir hir Machbarkeet ënnerwerfen. (…)

(…) Ech sinn also ëmmer der Meenung gewiescht, mir musse méi Sozialpolitik maachen. Europa verléiert d’Zoustëmmung vun de Mënschen, wa sech d’Iddi duerchsetzt, Europa ass net fir déi normal Leit gemaach, fir déi kleng Leit gemaach, fir déi schaffend Leit gemaach. Dat ass déi gréissten Zuel vun Europäer an déi fanne sech ganz oft net erëm an deem wat mer do maachen an ech hunn dat ëmmer kritiséiert.

Mindestsockel vun Arbeitnehmerrechter an Europa

Ech war ëmmer der Meenung, datt mer sollen ee Mindestsockel vun Arbeitnehmerrechter an Europa maachen. Denn neie Vertrag erméiglecht dat. En erméiglecht et net manner wéi déi Verträg virdrun. En erméiglecht et esouguer méi einfach, well de Vertrag gesäit vir, datt wann enges Dags d’Meenung ass an Europa, datt mer sollen a bestëmmte Beräicher vun der Sozialpolitik mat Majoritéit décidéieren, datt mer dat kënnen ouni Vertragsännerung duerchaus maachen an da géife mer, wann déi richteg politesch Majoritéiten do sinn, dat kënne maachen.

Soulaang wéi déi englesch maartversiesse Politik sech ka spären dogéint, datt déi méi sozial responsabel politesch Dimensioun sech an Europa duerchsetzt, ass dat natierlech schwéier. Mir hunn et hei mat zwee Biller, mat zwee Konzepter vun Europa ze dinn: déi déi nëmmen de Maart wëllen, an ech wëll net nëmmen de Maart, well de Maart selwer produzéiert keng Solidaritéit.

Solidaritéit

D’Mënsche brauchen awer Solidaritéit. Dofir muss de Maart funktionnéieren, mä e muss esou a senge Produkter ëmorientéiert ginn a Richtung Organisatioun vun der Solidaritéit - dat ass dat Europa un dat ech gleewen. Dat ass och déi Politik, déi mer hei am Land zanter dem 2. Weltkrich maachen: Kucken anstänneg ze produzéieren, anstänneg ze wirtschaften, mä dann awer de Produkt vun dem wirtschaftlechen Erfolleg net nëmmen eenzelne Leit zoukommen ze loossen, mä dat an der Allgemengheet esou z’organiséieren, datt jiddwereen zu sengem kënnt an do ass deen europäesche Verfassungsvertrag, wat déi sozial Dimensioun ubelaangt, méi entwéckelt wéi déi Texter vu virdrun. Mä esouguer déi Texter vu virdrun, déi also manner gutt waren, déi hu mer net voll ausgenotzt. Et ass dat wat den Här Hoffmann elo just gesot huet an do sinn ech absolut mat him d’accord.

Steieren

(…) Zu deem anere Punkt wat d’Steieren ubelaangt: ech gesinn och d’Gefor vum fiskalen Dumping, selbstverständlech, - wann een net europäesch Mindestregelungen hëlt - an ech plädéieren heftegst dofir, datt mer europäesch Mindestregelen, och bei de Betribssteiere kréien, esouwuel wat d’Bemiessungsgrondlag ubelaangt, wéi wat de Steiersaz ubelaangt. Ech hätt just gären, datt mer dat eestëmmeg maachen.

Wësst Dir Här Hoffmann ech sinn elo (…) vun 1989 un Finanzminister - 15 Joer laang Drock, wat d’Finanzplaz Lëtzebuerg ubelaangt - an ech war ëmmer der Meenung d’Kapital soll anstänneg besteiert ginn. Ech war ni der Meenung, datt et richteg wier, datt déi Leit déi géint Loun a Gehalt schaffen, bis de leschten Cent besteiert ginn an déi déi Kapitalerträg hunn, wa se déi an d’Ausland bréngen, iwwerhaapt net. Dovun huet d’Finanzplaz Lëtzebuerg vill gelieft. Ech hunn, zesumme mat aneren an Europa, eng Regelung kritt, wou mer elo eng Kapitalertragsbesteierung maachen, ouni datt mer, wat déi aner gär gehat hätten, eist Bankgeheimnis opginn an ech wëll och hunn, datt mer bei der Betriebsbesteierung zu Mindestregele kommen, awer zu deene Mindestregelen, déi och passen an eist Land an net wann déi Däitsch, wann déi Franséisch, wann d’Englänner - déi féieren d’Steierdiskussioun führend an Europa – fannen, et misst esou goen, datt dat duerch Majoritéitsbeschloss de Lëtzebuerger kann opgezwonge ginn. Steierpolitik kann een einvernehmlech regelen, mä d’Parlament muss selwer zoustëmmen - d’lëtzbuergescht Parlament - a wat fir eng Richtung, datt déi Regele ginn (...)

Sozialmodell Lëtzebuerg

(…) Jo an ech soen Iech, wann ech de Sozialmodell zu Lëtzebuerg, dee mer gemaach hunn an der europäescher Uerdnung, (…) da soen ech, dann hu mer de Maximum aus deene Méiglechkeete gemaach, déi mer op dëser Plaz an zu dëser Zäit an Europa hunn.

An déi Verfassung déi schreift jo net eng bestëmmte Politik vir, däer d’Regierungen net kënnten échappéieren. Dat ass einfach net esou, well mir maache jo ënnerschiddlech Politik op grond vun deenen ale Verträg, a vu datt déi al Verträg an déi nei Verträg zesummeféierend afléisse gelooss ginn, kënnt et also net zu enger Gewiichtsverlagerung tëscht deem wat d’Europäesch Unioun décidéiert a wat déi national Regierunge maachen, a mir hunn ebe keng wirtschaftsliberal Politik am eigentlech Sënn vum Wuert gemaach.

Mir hunn dee strengste Kënnegungsschutz zu Lëtzebuerg duerch ee Gesetz vun 1989, deen no dem Gesetz iwwert den Acte unique komm ass. Mir hunn d’Währungsunioun gemaach 1991 an obschonn se alleguer wollten hunn, datt mer den Index sollten ofschafen, hu mer den Index net ofgeschaft an dir fannt an deem neie Verfassungsvertrag näischt, wat eis obligéiert eis Mindestléin an eise Kënnegungsschutz an eis Indexéierung vu Léin a Gehälter ofzeschafen. Näischt fannt Dir dodran, well déi Politikberäicher si kloer an däitlech getrennt.

Droit de travailler

Den Droit au travail an den Droit de travailler, majo mir hunn an eiser Verfassung den Droit au travail stoe fir eist eegent Land. Mir hunn eis dorun ze halen. Dat ass ee protestativt Recht, well mir bréngen et och net fäerdeg fir dat fir jiddwereen, leider, ze maachen.

Den Droit de travailler an däer europäescher Charta wëllt eigentlech soen, net eng Ofschwächung vun deem wat an eiser Verfassung steet - dat kann den europäesche Verfassungsvertrag guer net maachen - e wëllt soen, datt keen däerf verbuede kréie schaffen ze goen.

An däer Länner hu mer an der Welt vill an an Europa och nach ee ganze Koup gehat, wou bestëmmte gesellschaftlech Kategorien, op Grond vu bestëmmte Critèren, ethneschen Zouschnëtts, gesot kréien, Dir däerft hei net eng Aarbechtsplaz unhuelen. Dat selwescht fir den Zougang zur Protection sociale. Et gëtt an eenzelnen osteuropäesche Länner ganz Gruppë vu Minoritéiten, deenen den Zougang zu geregelter, organiséierter, staatlech organiséierter Sécurité sociale verspaart ass.

Et si fir déi Fäll ze regelen, wou déi Dispositiounen do an d’Charta komm sinn, déi ee kann akloen, wann ee fënnt, datt eng europäesch Institutioun dogéint verstéisst, während fir dat nationalt Handele vun de Regierungen déi national Verfassung an déi national Gesetzer selbstverständlech gülteg bleiwen an déi Konventioune vum Conseil de l’Europe iwwer Sozialrechter oder vun der UNO, déi kann een net akloen. Déi si ganz einfach net aklobar.

Dat si Prinzipiendéclaratioune mat deenen ech ganz zefridde sinn, mä et ka keen eenzelne Bierger, fillt e sech a senge Rechter geschmälert, dat akloe kommen, während hei, wann d’Kommissioun eng Décisioun hëlt, déi net am Aklang steet mat der Grondrechtcharta, all Bierger kann d’europäesch Kommissioun virun déi dofir zoustänneg Geriichtsbarkeete bréngen. (…)

(…) Et kënnt drop un, wat fir eng Politik datt mer mat däer Verfassung maachen. Déi Verfassung, och déi lëtzebuergesch, schreift net vir, datt eng lénks oder eng riets oder eng Politik aus der Mëtt gemaach gi muss.

Mir musse kämpfe fir eng bestëmmten Iddi vun Europa, dofir suergen, datt dat wat wertvoll ass un däer Iddi, dat ass nämlech, datt mer een europäesch friddlech geuerdnete Kontinent hunn, datt mer dorunner festhalen.

An déi déi géint d’Verfassung sinn, dat si selbstverständlech net d’Leit déi géint de Fridde wieren, dat ass iwwerhaapt net meng Approche, wann ech mat Kollege schwätzen, déi net däer Meenung sinn, mä all Dag gedëlleg dru viruschaffen, lues a lues a Stéck fir Stéck, datt d’Solidaritéiten esou wuessen, datt se net méi kënnen ausernee briechen.

Mir hunn de Choix tëscht engem solidaresch organiséierten Europa, engem sozial orientéierten Europa oder dem Réckfall an déi reng maartwirtschaftlech inspiréiert Gesamtpolitik, wéi se vun eenzelne Regierungen an Europa - an dat hunn déi lescht Woche bewisen - bedriwwe gëtt. Deem wëlle mir eis an de Wee stellen an d’Verfassung hëlleft eis dobäi, hëlleft eis net all Froen ze beäntwerten, mä déi Verfassung ass esou, datt wa mer se oflehnen, vill Froen, déi mer haut hei am Land richteg kënne beäntwerten, an Zukunft net méi esougutt kënne beäntwerten.(…) 

Euro

(…) D’Leit sinn net zefridde mam Euro, esou wéi wann et besser wier, datt mer dem belsche Kommando géife stoen, ouni datt een eis freet, wat da mat eiser Währung, dat heescht mat eiser Kafkraaft a mat eisem Akommes geschitt. Mir si méi staark ginn, well mer ee vun de Copropriétairë vun der gréisster an der stäerkster Währung vun der Welt sinn. Virdru ware mer een Trittbrettfahrer, deen no der belscher Päif huet mussen danzen, wann en iwwerhaapt nach konnt danzen. (…)

Europa an Defensepolitik

(…) Et gëtt gesot dee Verfassungsvertrag, dee géif d’Militariséierung vun Europa virschreiwen an e géif d’Europäesch Unioun gewëssermoossen an d’NATO-Bündnistreue aweisen. Ech wëll soen, datt et zu deene schlëmmste Momenter vun europäescher Nokrichsgeschicht gehéiert huet, datt mer net konnten agräifen am Balkan, wéi vergewaltegt ginn ass, wéi Kanner dout gemaach si ginn, wéi regelrecht KZer matzen an Europa, zwou Flugstonne vun hei ewech, erëm opgeriicht hunn. Do hu mer d’Amerikaner musse ruffen, fir dee Misère do op een Enn ze bréngen. D’Europäer waren deemols schrecklech rosen, enttäuscht, iwwert d’Europäesch Unioun, datt mer keng Militärkapazitéit konnten alignéieren, fir déi fuerchtbar Mënscherechtsverletzungen, déi do matzen an Europa beemol erëm un d’Dagesliicht getruede sinn, fir déi op een Enn ze bréngen.

Ech wëll net méi, datt mer mussen anerer ruffen, fir dofir ze suergen, datt d’Mënscherechter matzen an Europa respektéiert sinn. Ech wëll net méi, datt mer mussen anerer ruffen, d’Amerikaner oder soss een, fir dofir ze suergen, datt keng ethnesch Säuberungen an Europa geschéihen. Ech wëll net méi, datt d’Europäer mussen eng Kéier d’Amerikaner ruffen, déi se ansonsten dauernd kritiséieren, fir dofir ze suergen, datt rassistesch Gewalt an Europa ka gestoppt ginn.

Ech hätt gären, datt d’Europäer dat selwer maachen. Dat gehéiert zur europäescher Zivilisatioun, zum europäesche Mënschebild. Dorëms musse mer eis bekëmmeren.

An datt gesot gëtt, a spezielle Beräicher géif dat mat der NATO zesummegemaach ginn, genéiert mech net, als Vertrieder vun engem Land dat an der NATO ass, an dat Grënnungsmember vun der NATO ass, eng NATO déi eestëmmeg muss décidéieren, ier een Truppenasaz kënnt, a wou all Land eng Stëmm huet a wou mer jo och gewisen hunn, datt et am Irak eben net dozou komm ass, datt ënner dem amerikanesche Kommando d’ganz NATO am Irak agesat ginn ass. Dofir kann ech déi Deelkritik Militariséierung net deelen. Et ass ee Stéck wahrhaft Humaniséierung vum Kontinent, déi mer wëllen iwwert dee Wee organiséieren. (…)




Dernière mise à joude cette page le : 28-06-2005

Haut de page Haut de page