RTL-Radio présente quotidiennement les arguments du pour et du contre relatifs à la Constitution pour l'Europe. Les invités de RTL-Radio dans ce contexte ont été le ministre délégué aux Affaires étrangères et à l'Immigration Nicolas Schmit ainsi que André Hoffmann, partisan du Non, membre du parti Déi Lénk.
André Hoffmann: "Eng Verfassung misst e lieserlechen Text sinn, dee jo eigentlech nëmmen een allgemenge Kader setzt, an deem da ganz verschidde politesch Programmer kënnen ëmgesat ginn. An dës sougenannte Verfassung schreift awer eng präzis wirtschaftspolitesch Orientéierung fest an zwar déi vun der ongeregelter Konkurrenz, am Fong geholl de Programm vun enger wirtschaftsliberaler Partei. An domadder kritt se ee fundamental ondemokratesche Charakter, well se prinzipiell d’Dier zoumécht fir eng aner politesch Orientéierung."
Nicolas Schmit: "Dat ass eng Behaaptung, déi och net vun enger extremer Wichtegkeet ass. Den éischten an den zweeten Deel vun dësem Text gläichen absolut enger Verfassung. Si definéieren d’gemeinsam Objektiver, si beschreiwen d’Institutiounen an hire Fonctionnement, si delimitéieren d’Kompetenze vun der Unioun par rapport zu deene vun de Memberstaaten a si etabléieren e Fundamentrecht vun de Bierger an der Unioun. De Konvent, zesummegesat aus Deputéierten aus deenen nationale Parlamenter, aus de Memberstaaten, also gewielte Vertrieder aus alle Länner, zesummegesat och aus Membere vum Europaparlament a Vertrieder vu gewieltene Regierungen, huet dës Verfassung ausgeschafft. Si hat also déi néideg demokratesch Legitimatioun fir dësen Text auszeschaffen."
Copyright © Gouvernement luxembourgeois