[Verfassung fir Europa]
 Deutsche Fassung        
 

Chemin de navigation : Accueil > Actualités > Juin 2005 > Nicolas Schmit et André Hoffmann présentent leurs arguments pour, respectivement contre la Constitution pour l'Europe (RTL-Radio, 28 juin)

Actualité
Nicolas Schmit et André Hoffmann présentent leurs arguments pour, respectivement contre la Constitution pour l'Europe (RTL-Radio, 28 juin)
Publication: 28-06-2005

RTL-Radio présente quotidiennement les arguments du pour et du contre relatifs à la Constitution pour l'Europe. Les invités de RTL-Radio dans ce contexte ont été le ministre délégué aux Affaires étrangères et à l'Immigration Nicolas Schmit ainsi que André Hoffmann, partisan du Non, membre du parti Déi Lénk.

Nicolas Schmit: "D'Welt, esou wéi se haut sech entwéckelt, brauch ee staarkt Europa. En Europa, dat steet fir Fridden, well den europäesche Projet ëmmer e Friddensprojet war. En Europa, wat fir Mënscherechter steet, well d'Verfassung grad d'Mënscherechter nei fundéiert als Haaptzil vun der Europäescher Unioun, een Europa, dat fir Entwécklungspolitik steet. A mir hunn an deene leschten Deeg gesinn, datt d'Europäesch Unioun kapabel ass, hiren Undeel un der Entwécklungshëllef drastesch eropzesëtzen."

André Hoffmann: "Ech mengen tatsächlech och, datt mir ee staarkt Europa brauchen, och wéinst dem Fridden an Europa. Ech sinn allerdéngs der Meenung, datt mir bis elo ëmmer gemengt hunn, Fridden hätt eppes mat Ofrüstung ze dinn, während an dëser Verfassung festgeschriwwe gëtt, datt Länner sech engagéieren fir opzerüsten. Ech sinn och der Meenung, datt Mënscherechter e ganz wichtegen Aspekt misste sinn. Ech stellen awer fest, wann ech den Text liesen, datt ech souwuel wat déi mënscherechtlech wéi och déi sozialrechtlech, déi eigentlech zu de Mënscherechter solle gehéieren, déi sozialrechtlech Bestëmmungen ubetrëfft, déi Verfassung eigentlech wäit ewech ass vun deem, wat ee sech haut misst erwaarden. A wat d'Entwécklungspolitik ubetrëfft, stellt een och fest, datt och an deem Beräich de Prinzip vun engem dereguléierte Maart festgeschriwwe gëtt. Mir kënnen äis erënneren un den Accord, dee mol eng Kéier preparéiert ginn ass, an deem¬selwechte Sënn, Liberaliséierung och vun den Investissementer, dee vum Dësch komm ass. A wann een déi do Verfassung liest, da mengt een, deen Accord do, dee géif do erëm opdauchen."




Dernière mise à joude cette page le : 30-06-2005

Haut de page Haut de page