[Verfassung fir Europa]
 Deutsche Fassung        
 

Chemin de navigation : Accueil > Actualités > Juin 2005 > Nicolas Schmit et André Hoffmann présentent leurs arguments pour, respectivement contre la Constitution pour l'Europe (RTL-Radio, 29 juin)

Actualité
Nicolas Schmit et André Hoffmann présentent leurs arguments pour, respectivement contre la Constitution pour l'Europe (RTL-Radio, 29 juin)
Publication: 29-06-2005

RTL-Radio présente quotidiennement les arguments du pour et du contre relatifs à la Constitution pour l'Europe. Les invités de RTL-Radio dans ce contexte ont été le ministre délégué aux Affaires étrangères et à l'Immigration Nicolas Schmit ainsi que André Hoffmann, partisan du Non, membre du parti Déi Lénk.

André Hoffmann: "Fräi Konkurrenz, dat heescht en dereguléierte Maart, dee gëtt hei zu engem Verfassungsprinzip erhuewen. Mir wëssen awer, a mir gesinn et jo och un der europäescher Realitéit, datt den onreguléierte Maart destruktiv Wierkungen huet, virun allem um soziale Plang. Mir stelle fest, datt d’Aarbechtslosegkeet wiisst, datt déi sozial Rechter ëmmer méi ofgebaut ginn, an datt déi sozial Ongläichheeten méi grouss ginn. A fir dat ze änneren, bräicht ee verbindlech, sozial Regelen um europäeschen Niveau. Déi sinn awer an dësem Meeschterwierk net virgesinn."

Nicolas Schmit: "D’Europäesch Unioun déi ass aus der europäescher Wirtschaftsgemeinschaft ervir gaangen. An déi hat als Objektiv, d’Schafung vun engem groussen, gemeinsame Maart. Dëse Maart huet wesentlech zur wirtschaftlecher Prosperitéit an Europa, mä awer och zu Lëtzebuerg, engem klenge Land, wat Aussemäert brauch, bäigedroen. D’Prinzipie vun der fräier Konkurrenz sollen emol virun allem de Konsument virun de Monopolen, an den Ofsproochen tëschent deene groussen Entreprise schützen. An dësem Sënn ass fräi Konkurrenz eppes Positives. Weder den Traité de Rome, nach dëse Projet vun enger europäescher Verfassung verbitt de Länner gewësse Wirtschaftsaktivitéiten a Gemeineigentum ze féieren. Donieft gëtt kloer festgehalen, datt d’Recht op Eigentum kann duerch Gesetz reglementéiert ginn, a sou dem Intérêt général ënnerstallt ginn."




Dernière mise à joude cette page le : 04-07-2005

Haut de page Haut de page