Hinweis:Ihr Browser zeigt diese Seite nicht korrekt an weil er Stylesheets nicht korrekt interpretiert. Dies ist wahrscheinlich auf die Nutzung einer alten Browserversion zurückzuführen.

 
[Verfassung fir Europa]
 Version française        
 

You are here : Startseite > Aktuelles > Juni 2005 > Nicolas Schmit und André Hoffmann stellen ihre Argumente für, respektiv gegen die EU Verfassung vor (RTL-Radio, 28. Juni)
Diese Seite drucken Diese Seite versenden

Aktualität
Nicolas Schmit und André Hoffmann stellen ihre Argumente für, respektiv gegen die EU Verfassung vor (RTL-Radio, 28. Juni)
Veröffentlichung: 28-06-2005

RTL-Radio präsentiert täglich eine Serie von Argumenten für und gegen die Verfassung für Europa. Hier finden Sie eine Argumentation des beigeordneten Ministers für auswärtige Angelegenheiten und Immigration Nicolas Schmit sowie des Beführworters des Nein, André Hoffmann, Mitglied der Partei Déi Lénk.

Nicolas Schmit: "D'Welt, esou wéi se haut sech entwéckelt, brauch ee staarkt Europa. En Europa, dat steet fir Fridden, well den europäesche Projet ëmmer e Friddensprojet war. En Europa, wat fir Mënscherechter steet, well d'Verfassung grad d'Mënscherechter nei fundéiert als Haaptzil vun der Europäescher Unioun, een Europa, dat fir Entwécklungspolitik steet. A mir hunn an deene leschten Deeg gesinn, datt d'Europäesch Unioun kapabel ass, hiren Undeel un der Entwécklungshëllef drastesch eropzesëtzen."

André Hoffmann: "Ech mengen tatsächlech och, datt mir ee staarkt Europa brauchen, och wéinst dem Fridden an Europa. Ech sinn allerdéngs der Meenung, datt mir bis elo ëmmer gemengt hunn, Fridden hätt eppes mat Ofrüstung ze dinn, während an dëser Verfassung festgeschriwwe gëtt, datt Länner sech engagéieren fir opzerüsten. Ech sinn och der Meenung, datt Mënscherechter e ganz wichtegen Aspekt misste sinn. Ech stellen awer fest, wann ech den Text liesen, datt ech souwuel wat déi mënscherechtlech wéi och déi sozialrechtlech, déi eigentlech zu de Mënscherechter solle gehéieren, déi sozialrechtlech Bestëmmungen ubetrëfft, déi Verfassung eigentlech wäit ewech ass vun deem, wat ee sech haut misst erwaarden. A wat d'Entwécklungspolitik ubetrëfft, stellt een och fest, datt och an deem Beräich de Prinzip vun engem dereguléierte Maart festgeschriwwe gëtt. Mir kënnen äis erënneren un den Accord, dee mol eng Kéier preparéiert ginn ass, an deemselwechte Sënn, Liberaliséierung och vun den Investissementer, dee vum Dësch komm ass. A wann een déi do Verfassung liest, da mengt een, deen Accord do, dee géif do erëm opdauchen."




Letzte Änderung dieser Seite am : 30-06-2005

Top Zum Anfang der Seite