[Verfassung fir Europa]
 Deutsche Fassung        
 

Chemin de navigation : Accueil > Actualités > Juin 2005 > Le ministre des Affaires étrangères, Jean Asselborn, sur le référendum du 10 juillet (Chambre des députés)

Actualité
Le ministre des Affaires étrangères, Jean Asselborn, sur le référendum du 10 juillet (Chambre des députés)
Publication: 21-06-2005

Dir Dammen an Hären,
Léif Kollegen,

Et ass rar, effektiv, wéi elo grad ee Kolleg mir gesot huet, datt an der Lëtzebuerger Chamber a bei enger uerdentlecher Debatt spontan geklappt gëtt. Ech muss soen, dat nämlecht ass virun e puer Deeg geschitt bei enger internationaler Pressekonferenz zu Bréissel. Dat war um 1 Auer nuets, den 18. Juni, wéi och do d'international Press der Lëtzebuerger Presidence, eisem Premier spontan Bäifall geklappt huet no sengen Ausféierungen iwwert seng Iwwerzeegungen zu Europa. Ech mengen, dës Kraaft, dës Energie fir seng Iwwerzeegung ze vermëttelen ass scho remarquabel an ech mengen, dat, wat en de Mëtteg hei gesot huet, dat ass äis alleguerte wierklech politesch aus dem Häerz geschwat.

De Fraktiounen aus der Chamber hir Astellung den 10. Juli e Referendum ofzehalen ass a mengen Aen als couragéis anzestufen. Courage an der Politik ass de Géigendeel vun Irresponsabilitéit. Well Courage erfuerdert Asaz a keng Gläichgültegkeet. D'Lëtzebuerger wäerten den 10. Juli deeselwechte Courage hu wéi d'Chamber hei an iwwert de Verfassungstext ewech, ech betounen et, iwwert de Verfassungstext ewech, beweisen, datt mir Lëtzebuerger Europäer sinn am Kapp, awer och am Bauch. Am Kapp, well et en Avantage ass vun eisem Land wann Europa eng Chance behält, sech eng Verfassung ze ginn déi seng Funktiounsfähegkeet ver­bes­sert. An ee Jo zu Lëtzebuerg, et ass scho puermol de Mëtteg gesot ginn, gëtt nees Hoffnung a ganz Europa. An och am Bauch oder am Häerz wann Dir wëllt, well mir Jo soen net alleng zur EU-Verfassung, mä zur Kontinuitéit vun der europäescher Integratioun op eisem Kontinent, dovunner sinn ech iwwerzeegt. Nee-Positiounen, léif Leit, sinn et der dräi ginn, eigentlech, zanter dem 29. Mee. Et war een Nee a Frankräich, et war een Nee an Holland an et war zu Bréissel de 17. Juni Nee. Lëtzebuerg kann a wäert den 10. Juli sech een Avantage verschafen an och der Europäescher Unioun een Avantage verschafen, en neie frëschen Impuls ze ginn duerch ee Jo.

Mir kënnen vu Lëtzebuerg hei aus beweisen, datt d'Europäesch Unioun nach Benzin am Motor huet fir d'Rieder vijenzeg ze dréinen an net zréck. Mir kënne beweisen, datt et an der EU vill Bierger gëtt, deenen ass d'Taktéieren tëschent dem Scheck vun den Englänner oder der neier hollännescher EU-Nee-Phobie manner wichteg, vill manner wichteg, wéi d'wierklecht Sichen nom Kompromess fir dat sozialt Europa virunzebréngen. Europa a sengen Ëmweltfroen virun ze bréngen, Sécherheetspolitik, Kriminalitéit ze bekämpfen, den Terrorismus, de Mënschenhandel asw.

D'EU ass awer, dat musse mir äis bewosst sinn, an enger Vertrauenskris. Et muss een dat soen. Seng Politiker, dat si mir jo alleguerten, déi och national Politik maache par rapport zu senge Bierger. Déi Nee-Referenden hunn dat bewisen. Europa ass falsch oder net genuch explizéiert ginn. Wann et explizéiert ginn ass, ass et ëmmer wéi eng Schwéiermamm a ville Staate behandelt ginn, an och d'Astellung vun den eenzelnen Nationalstaate par rapport zu der EU-Essenz. Dës Essenz, léif Kollegen, ass sech openeen zoubewegen, net fortlafen à tout prix virun deem Aneren, wéi et de leschte Freiden zu Bréissel de Fall war, dat ass de Kompromess um Altoer vun den Nationalegoisme geaffert. Net all Conseil européen, Här President, Dir Dammen an Dir Hären, däerf ee Fussballmatch sinn tëschent Liverpool a Bayern München oder tëschent Marseille an Ajax Amsterdam, do wou et da muss ee Verléierer ginn an ee Gewënner. Mir Lëtzebuerger hunn, wéi Dir wësst, alleguerten Nee gesot wéi d'Nazien eis Lëtzebuerger Heemecht an eise Lëtzebuerger Charakter accaparéiere wollten a speziell duerch d'Volkszählung eist d'Lëtzebuergescht ausdreiwe wollten. Mir hunn och Nee gesot beim Referendum 1937, wéi eis politesch Fräiheeten hei am Land sollte beschnidde ginn. Mir hunn Nee gesot, hei an dësem Haus, deenen, déi Ufanks den 90er Joren de Maastrichter-Vertrag als Ausverkaf vun eisem Land wollten duerstellen.

Den 10. Juli wäerten d'Lëtzebuerger beim Referendum Jo soe fir mat der Chamber a mat der Regierung den negativen Trend an der Europäescher Unioun ze stoppen. Vill Leit an Europa, et ass gesot ginn, an doriwwer eraus, kucken deen Dag op äis. An eis Gréisst, deen Dag, läit an eiser Sensibilitéit, dat Richtegt am richtege Moment ze maachen. Am Fong hu mir zu Lëtzebuerg ëmmer un d'Equatioun, méi Europa ass gläich méi Lëtzebuerg, gegleeft. Den 10. Juli bleiwe mir zu Lëtzebuerg op dëser Linn, well dës Equatioun war jo eigentlech ëmmer de Motto vun eisem Wuelstand, economesch gesinn, kulturell gesinn an och sozial gesinn.

Ech soen Iech merci.




Dernière mise à joude cette page le : 01-07-2005

Haut de page Haut de page